News in Slow Luxembourgish
Melusina Media
0
This podcast helps you improve your Luxembourgish language skills while staying informed about current events. Each week, episodes present news stories in slow, clear Luxembourgish, making it easier for learners to follow along. The podcast is produced by Melusina Media and is designed for learners at various levels.
Епизоди
-
006: Affaire à suivre 25.04.2026 13минDës Woch schwätze mir fir d’éischt iwwert d’Energiekris. De Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden huet no laangem Hin an Hir elo eng Tripartite ugekënnegt, fir op d’ekonomesch Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Ausserdeem beschäftege mir eis mat der Energietransitioun am Grand-Duché. De Joresrapport vun der Klimaagenceweist, wat fir ee Potential am Ëmstig op erneierbar Energiequelle stécht. Duerno geheie mir nach e Bléck op d’Lëtzebuerger Kulturzeen an op zwee Kënschtler, vundeenen dës Woch vill rieds war.Transkriptioun a ShownotesËnnerstëtzt de Podcast op PatreonD'Theme vun haut:(00:00) Intro(01:50) Tripartite fir Juni ugekënnegt(05:15) Energietransitioun zu Lëtzebuerg(07:10) CNA-Direkter trëtt zeréck(09:23) De Pe'l Schlechter feiert 105 Joer
-
005: Eng Visioun fir d'Zukunft 18.04.2026 15минProspicere saluti civium. Dës Woch konzentréiere mir eis op Lëtzebuerg. Mir fänken u mat engem Wuert, dat dës Woch oft gefall ass: Tripartite. Wat genee versteet een zu Lëtzebuerg dorënner? A kann d’Tripartite eis wierklech aus der aktueller Kris hëllefen? Duerno zéie mir de Bilan vum europäesche Speedmarathon. Ausserdeem kucke mir eis un, wéi ee sech zu Lëtzebuerg op d’Zukunft virbereet: De Fluchhafen umFindel kritt ee Masterplang fir 2050 an et sollen 11 nei Lycéeën am Grand-Duché entstoen. Zum Schluss verrode mir iech nach, firwat dir onbedéngt en Ausfluch op Duelem maache sollt.Transkriptioun a ShownotesËnnerstëtzt de Podcast op PatreonD'Theme vun haut:(00:00) Intro(02:02) Gëtt et Zäit fir eng Tripartite?(07:25) Vitesskontrollen uechter Europa(09:00) Ausbau um Fluchhafe Findel(11:07) Eelef nei Lycéeë geplangt(12:36) Duelem a seng réimesch Vergaangenheet
-
004: En helle Punkt um Mound 11.04.2026 18минHaut beschäftegt eis fir d’éischt d’Situatioun am Noen Osten, wou eng Wafferou tëscht den USA an dem Iran potenziell Verhandlungsgespréicher kéint erméiglechen. Ausserdeem kucke mir op Ungarn, wou muer um Sonndeg Parlamentswale stattfannen. Duerno geet et ëm en Insekt, dat e Risiko fir d’europäesch Biodiversitéit duerstellt, a mir schwätzen iwwert zwee wichteg Chantieren zu Lëtzebuerg. Zum Schluss gëtt et nach e Grond fir ze feieren: Déi éischt bemannte Moundmissioun a 54 Joer huet et an der Nuecht erfollegräich zeréck op d’Äerd gepackt.Transkriptioun a ShownotesËnnerstëtzt de Podcast op PatreonD'Theme vun haut:(00:00) Intro(01:51) Eng onbestänneg Wafferou am Noen Osten(04:10) Walkampf an Ungarn geet an déi lescht Phas(06:16) Asiatesch Runne breede sech an Europa aus(08:58) Grousse Chantier op der Lëtzebuerger Schinn(11:48) De Projet Südspidol kritt weidere Retard(14:30) Artemis II zeréck op der Äerd
-
003: E klengt Stéck Hoffnung 05.04.2026 15минFir déi drëtt Episod beschäftegt eis nach emol de Konflikt am Noen Osten, dee säit fënnef Wochen undauert. An eisem Bléck op Lëtzebuerg geet et ëm Diskussioune ronderëm de Mindestloun an eng Cyber-Attack op d'Parlament. Ma et ass net alles schlecht! Mir schwätzen och iwwer zwou gutt Neiegkeeten, déi allebéid op hir Manéier e klengt Stéck Hoffnung a sech droen: ee Konschtwierk, dat op eemol mat ganz aneren Ae betruecht gëtt, an eng spektakulär Missioun am Weltall, déi d'lescht Woch fir vill Jubel gesuergt huet.Transkriptioun a ShownotesËnnerstëtzt de Podcast op PatreonD'Theme vun haut:(00:00) Intro(01:49) Fënnef Woche Krich am Iran(04:57) Sträit ëm de Mindestloun(07:56) Cyber-Attack op d'Chamber(09:04) Neit Bild vum Rembrandt opgedaucht(12:19) Artemis II um Wee a Richtung Mound
-
002: Looss viru blénken d'Fräiheetssonn 16.01.2026 18минDës Woch beschäftegt eis besonnesch d’Lag an der Welt. Mir behandelen d’Onrouen am Iran a schwätzen iwwer Protester am US-Bundesstaat Minnesota. Ausserdeem kucke mir op d’Situatioun ronderëm Grönland, nodeems den Donald Trump kierzlech seng Fuerderung widderholl huet, datt d’Land vun den USA annektéiert sollt ginn. Zum Schluss geheie mir nach e Bléck op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem, deen dës Woch nawell eng gutt Zensur ausgestallt krut.Transkriptioun a ShownotesËnnerstëtzt de Podcast op PatreonD'Theme vun haut:(00:00) Intro(02:27) Onrouen am Iran(08:27) Kritik un US-amerikanescher Awanderungsbehörd(12:24) D'Zukunft vu Grönland bleift onsécher(15:13) De Lëtzebuerger Gesondheetsprofil um Préifstand
-
001: De Rutsch an d'Joer 2026 09.01.2026 15минAn eiser éischter Episod kucke mir zeréck op déi éischt Deeg vum neie Joer. Mir schwätzen iwwert en tragescht Accident an der Schwäiz, dat international fir vill Betraffenheet gesuergt huet, a mir beschäftegen eis mat der Baussepolitik vun den USA. Duerno kucke mir eis un, wat fir eng Gesetzer a Reglementer mam Joreswiessel zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden. Zum Schluss schwätze mir iwwert d’Wiederlag an Europa, déi och nach dëse Weekend e puer Iwwerraschunge mat sech bréngt.Transkriptioun a ShownotesËnnerstëtzt de Podcast op PatreonD'Theme vun haut:(00:00) Intro(02:17) Nationalen Trauerdag an der Schwäiz (04:30) Geopolitesch Onsécherheet no US-Attack op Venezuela(09:29) Stéchdatum 2026: Dat ännert sech zu Lëtzebuerg(12:30) Wiederwarnung wéinst Frascht zu Lëtzebuerg an Europa
Популярен в
Този подкаст се появява и в подкаст класациите на тези държави.