Panorama
radio 100,7
0
National an international Noriichten
Epizode
-
Mëttespanorama 22.10.20261. Um Verwaltungsgeriicht gouf sech de Moien, am Kontext vum geplangte Google-Datazenter zu Biissen, mat engem Recours vum Mouvement écologique befaasst. Et geet ëm Informatiounszougang 2. D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez wëll mat strukturelle Reforme déi laangfristeg Finanzéierung vun der Gesondheetskeess ofsécheren. An dem Kader géifen Aarbechtsgruppen ulafe fir de legale Kader an deenen nächste Joren ze analyséieren. 3. Den neie Bankekollektivvertrag soll idealerweis op een Neits fir dräi Joer laang gëllen: dat huet den Nach-ABBL-Generaldirekter Jerry Grbic de Moien op Nofro hinn an Aussicht gestallt. 4. Den ukraineschen President Volodymyr Selsenksyj ass, eegnene Aussoen no, d‘Accord dass di aktuelle Line vun der Front agefruhr gëtt, an dass domat de Krich op en Enn geet -
Moiespanorama 22.10.20261. Quadripartite: d'Cotisatioune kéinten erop goen 2. Lëtzebuerg ass vun de Problemer bei der Programméiersprooch PHP concernéiert 3. Tilly Metz als Vizepresidentin fir d'EP nominéiert -
Moiespanorama 22.10.20261. Quadripartite: d'Cotisatioune kéinten erop goen 2. Lëtzebuerg ass vun de Problemer bei der Programméiersprooch PHP concernéiert 3. Tilly Metz als Vizepresidentin fir d'EP nominéiert -
Owespanorama 21.10.20261. Quadripartite: et musse Sue bei der Gesondheetskeess gespuert ginn, dofir mussen eventuell d‘Cotisatioune gehéicht ginn 2. Audit Immigratiounsaffär: keen Alerte-Mechanismus an ze héich Aarbechtslaascht an der Direction générale de l‘immigration 3. Weltwäit Probleemer bei Programméiersprooch PHP, och Lëtzebuerger Websäiten an IT-Systemer kéinte betraff sinn 4. Wéinst dem Verdacht op Aarbechtsrechtsverletzunge bei Amazon lafen den Ament aacht Plainte bei der ITM 5. Moskau ass bereet, fir en Dräiertreffe mat Kiew a Washington Mëtt November -
Mëttespanorama 21.10.20261. Eng Petitioun fir obligatoresch Lëtzebuergesch ze léiere wann ee laangfristeg hei am Land wunnt oder schafft soll an der Chamber weider diskutéiert ginn – an zwar a Form vun enger Motioun. Dat sot d’ Presidentin vun der Petitiouns-Kommissioun, d’LSAP Politikerin Francine Closener de Moien no dem Debat public. 2. No de Gespréicher vum Comité de Suivi vun der Tripartite wieren sech d’Regierung an d’Sozialpartner eens, datt ee weider Mesurë géif brauchen. Dat sot d’OGBL Presidentin Nora back haut e Moien. 3. D‘Äerd steiert der UNO no op eng Erwäermung vun 2,8 Grad bis d‘Enn vum Joerhonnert hin. Dat ass wäit iwwert dem Zil vun annerhalwwem Grad am Paräisser Klimaaccord vun 2015. Dat steet am neisten UN-Klimarapport. 4. Zu Lëtzebuerg klëmmt den Antibiotika -Verbrauch zënter 2021, 2024 lung de Verbrauch däitlech iwwer der europäescher Moyenne. Dat geet aus dem Joresrapport zum Antibiotika Verbrauch 2024 ervir. 5. Den amerikanesche Speizal Emissär Steve Wikoff ass zu Sankt Petersburg ukomm. Hie soll do de russesche President Wladimir Putin begéinen, fir Gespréicher iwwert en Enn vum russesche Krich géint d‘Ukrain. -
Moiespanorama 21.10.20261. Tripartite: Energie-Hëllefe gi verlängert, sou de Premier, op wéi eng Aart a Weis soll d‘nächst Woch bei weider Reunioun beschwat ginn 2. Quadripartite: Ausgläiche vum Defizit bei der Gesondheetskeess ass Haapttheema 3. Meurthe-et-Moselle: Militärfliger erofgefall, sou fanséisch Medien 4. Russland: US Emissär Steve Witkoff soll russesche President Wladimir Putin begéinen 5. Cyclocross: Marie Schreiber wënn Nuets-Cross zu Woerden an Holland -
Panorama 20.10.20261. E Kardiolog kënnt no senger Interpellatioun an Untersuchungshaft, nodeems d’Gesondheetskeess beim Parquet eng Plainte agereecht huet. Dem Mann ginn eng Rëtsch Gesetzverstéiss virgehäit. 2. Frankräich wäert besser op déi nächst Manifestatioune vun e Samsde preparéiert sinn, seet de Premier Sébastien Lecornu. D’Assemblée nationale ass sech iwwerdeems eens doriwwer, eng Enquêtekommissioun anzesetzen. 3. An der Champions League am europäesche Fussball fänkt haut den 3. Spilldag an der Ligaphas un. Dobäi kéint bei der Partie FK Sabah géint Borussia Dortmund ënner Ëmstänn de jonke Lëtzebuerger Enzo dos Santos zum Asaz kommen. -
Mëttespanorama 20.10.20261. De Chômage bleift och am September weider héich bei 6,5% 2. D‘Gewerkschaften an d‘Patronat gi mat klore Virstellung an d‘Sëtzung vum Comité de suivi Tripartite de Mëtteg 3. Kritik um Jugendpakt: ze wéineg konkret Ziler, kee kloren Zäitplang an ze wéineg Opmierksamkeet fir vulnerabel Jonker 4. D‘Stad Lëtzebuerg wëll méi vëlo- a foussgängerfrëndlech ginn a baut d‘Vëlosweeër aus 5. Reserve ganz déif: d‘Croix Rouge mécht urgenten Appell fir Blutt ze spenden -
Moiespanorama 20.10.20261. Philharmonie: Huet de Justizautoritéite verdächteg Bankoperatioune vun 160.000 Euro gemellt 2. Comité de Suivi Tripartite: Gewerkschafte fuerdere weider finanziell Entlaaschtunge fir d‘Leit 3: Stater Gréng: Nicolas Back hält als Conseiller op a gëtt vum Jean-Marc Cloos ersat 4. Frankräich: Partiell Ausgangsspären zu Paräis an an anere Stied a Kraaft 5. Australien: Deputéiert Helen Haines weider a kriteschem Zoustand no Attack mat engem Auto -
Moiespanorama 20.10.20261. Philharmonie: Huet de Justizautoritéite verdächteg Bankoperatioune vun 160.000 Euro gemellt 2. Comité de Suivi Tripartite: Gewerkschafte fuerdere weider finanziell Entlaaschtunge fir d‘Leit 3: Stater Gréng: Nicolas Back hält als Conseiller op a gëtt vum Jean-Marc Cloos ersat 4. Frankräich: Partiell Ausgangsspären zu Paräis an an anere Stied a Kraaft 5. Australien: Deputéiert Helen Haines weider a kriteschem Zoustand no Attack mat engem Auto -
Panorama 19.10.20261. A Saache Vignette fir d’belsch Autobunne wäert et keng Ausnameregelung fir d’Grenzregioune ginn, och net fir Lëtzebuerg. D’Reaktiounen dorop vun Deputéierte vun hei héiert Dir elo gläich. 2. Mam neie Jugendpakt solle méi öffentlech Treffpunkter a Fräizäitaktivitéite fir Jonker geschafe ginn. Den Éducatiounsminister Claude Meisch huet den entspriechenden Aktiounsplang de Moie virgestallt. 3. Wann néideg gëtt a Frankräich den Ausnamezoustand ausgeruff: Dat sot de Premier Sébastien Lecornu de Mëtte virum Hannergrond vun der Gewalt bei de Manifestatioune vu virgëschter. Fir e Samsde sinn déi nächst annoncéiert. -
Mëttespanorama 19.10.20261. „De Jonken eng gutt Zäit erméiglechen”, ënnert deem Slogan gouf den neie Jugendpakt presentéiert 2. De Luc Frieden hat fir en Eclat um EU-Sommet gesuergt, elo kritt hien Ënnerstëtzung vun der Oppositioun an der Chamber 3. Obligatoresche Militärdéngscht "bréngt näischt", seet den neien Arméischef Claude Robinet 4. No de Protester a Frankräich an der Gewalt huet de franséische Premier Sébastien Lecornu d‘Krisecellule op en Neits zesummegeruff 5. A Groussbritannie suergt en Documentaire iwwert déi riets-extreem Partei „Reform UK“ fir Opreegung -
Moiespanorama 19.10.20261. Frankräich Protester: Emmanuek Macron huet zur Rou opgeruff no der Gewalt bei de Protester. 2. Virun Tripartite: Oppositiounsparteie sinn ënnerschiddlecher Meenung ob Subventioune vu fossillen Energië solle verlängert ginn. 3. Noutlandung: Austrian Airlines Passagéierfliger vun Tel-Aviv op Wien ass noutgelant wéinst Bomme-Menace. 4. Donald Trump: Wolodymyr Selenskij wéilt Krich mat Russland net op en Enn bréngen 5. Biodiversitéit: Optakt vun UNO-Konferenz COP17 zu Eriwan an Armenien -
Moiespanorama 19.10.20261. Frankräich Protester: Emmanuel Macron huet zur Rou opgeruff no der Gewalt bei de Protester 2. Virun Tripartite: Oppositiounsparteie sinn ënnerschiddlecher Meenung ob Subventioune vu fossillen Energië solle verlängert ginn 3. Noutlandung: Austrian Airlines Passagéierfliger vun Tel-Aviv op Wien ass noutgelant wéinst Bomme-Menace 4. Donald Trump: Wolodymyr Selenskij wéilt Krich mat Russland net op en Enn bréngen 5. Biodiversitéit: Optakt vun UNO-Konferenz COP17 zu Eriwan an Armenien -
Mëttespanorama 18.10.20261. Tunnel Micheville: Eeschtfall gouf geprouft 2. Frankräich: massiv Ausschreidungen an Zerstéierungen 3. D.Trump soll de Stopp vun de russesche Sanktioune 60 Deeg testen -
Moiespanorama 18.10.20261. Frankräich: schwéier Ausschreidungen no Manifestatiounen 2. S. Lecornu weist op LFI 3. Brasilien: Kapp u Kapp Renne virum 2. Tour vun de Presidentewalen -
Owespanorama 17.10.20261. D‘Grenzregioune wäerte fir déi geplangt Vignette op den Autobunnen an der Belsch musse bezuelen, mellt RTL. D‘Wallonie hätt confirméiert, datt et keng Ausnahm géif ginn. 2. Grousse Mobilisatiounsdag haut a Frankräich géint déi héich Liewenskäschten – zéngdausende Leit sinn op d‘Strooss gaangen. A Panorama héiert dir Andréck vun der Manifestatioun zu Metz. 3. Duerchbroch bei de Sondéierungsgespréicher zu Berlin: Die Linke, Bündnis90/ Die Grünen an SPD hätten d‘Gespréicher erfollegräich ofgeschloss. 4. De Poopst Leo 14. huet nëmme 4 Deeg no senger Longekriibs-Operatioun d‘Klinik erëm verlooss. Ob hien elo kriibsfräi ass, ass awer onkloer. -
Mëttespanorama 17.10.20261. EU-Sommet: Lëtzebuerg verhënnert gemeinsame Conclusiounen iwwert d'Migratioun 2. Mobilisatiounsdag am Frankräich 3. D. Trump stoppt geplangten Taxe géint Russland -
Moiespanorama 17.10.20261. Et koum erëm e Mannerjäregen an de Prisong op Schraasseg 2. EU-Sommet: um Enn gouf et Sträit ëm d'Migratioun 3. Frankräich: grousse Mobilisatioundag haut -
Owespanorama 16.10.20261. Parquet: Mannerjährege vu 15 Joer kënnt temporär op Schraasseg 2. EU Sommet: Ukrainesche President kritt Réck gestäipt no Kritik vun den USA 3. EU Rechnungshaff: Zukunft vum EU-Budget an d’Zukunft vun der EU stinn um Spill 4. Autosindsutrie: Däitschland a Frankräich wëllen Enn vun Autoe mat Verbrennermotoren opweechen 5. Dëschtennis EM: Ni Xia Lian verléiert an 8.tels-Finallen géint déi Däitsch Anett Kaufmann
Popularan u
Ovaj podcast se pojavljuje i u podcast listama ovih zemalja.