Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
Zemlja Luksemburg
Žanrovi Vijesti
Jezik LB
Epizode 50
Posljednja 22.10.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

Epizode

  • Filmtipp: "Franz" 22.10.2026
    Der Agnieszka Holland hire Kafka-Biopic setzt sech mam historesche Personnage mee och der Ikon vun der Massekultur auserneen - et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.
  • 40 Joer Initiativ Liewensufank: Et hu vill Tabuë misse gebrach ginn 22.10.2026
    Zesumme mat der Direktesch vun der Initiativ, Maria Eudier, kucke mer op d'Geschicht vun der Asbl. zréck.
  • (Firwat) Léisst den Trump d'Ukrain falen? 22.10.2026
    Den US-President gëtt an der Lescht ëmmer méi Russland- a Putin-frëndlech - zum Nodeel vun der Ukrain. De Prof. Stephan Bierling vun der Uni Regensburg gett méiglech Erklärungen.
  • Presserevue vun 08:15 22.10.2026
    Back on track fir de Sozialdialog, d'Landwirtschaft an de Klimawandel a staatlech Resilienz, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
  • AfD-Visioun fir d’EU: Just nach eng Optioun fir "Raus aus dem Euro" 22.10.2026
    “A new Deal for Europe” - ënner deem engleschen Titel huet d’AfD an enger Pressekonferenz am Europaparlament zu Stroosbuerg hir Visioun fir d’Europäesch Unioun virgestallt. D’Partei, déi vum däitsche Verfassungsschutz als “geséchert rietsextreemistesch” agestuuft gëtt, geet dobäi net zëmperlech mat der EU ëm: Hiert Zil ass et ënner anerem, d’Europawahlen ofzeschafen an d’Roll vun der Europäesch Kommissioun staark ofzeschwächen. D’Danièle Weber doriwwer, wat sech d’AfD fir d’EU vu muer wënscht.
  • Martine Deprez, CSV-Sozialministesch 22.10.2026
    No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?
  • Polen depenaliséiert Avortement - a bestëmmte Fäll 22.10.2026
    Dat polnescht Parlament huet dës Woch d'Depenaliséierung vum Avortement gestëmmt fir all déi Fäll, wou et beim Foetus staark gesondheetlech Schwieregkeete ginn. Fir Fraerechtler gëllt dëst als e grousse Fortschrëtt an engem vun den europäesche Länner mat de strengsten Anti-Ofdreiwungsbestëmmungen.
  • Presserevue vun 07:15 22.10.2026
    De Sozialdialog dee nees lieft, d'Timeline vun der Affär Wilmes a Schutz virun Hackerattacken: Dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
  • Internationaalt Strofgeriicht: Ass d'EU prett, op Konfrontatioun ze goen? 21.10.2026
    D’Europäesch Unioun sollt sech méi staark fir dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag asetzen. Dofir mécht sech d’Europaparlament staark. Déi rezenten Annoncen aus den USA, weider Sanktioune géint déi international Cour pénale zu Den Haag ze verhänken, dierft d’EU net weider toleréieren, huet et en Dënschdeg an enger Debatt an der Plenière zu Stroossbuerg geheescht. Well déi Sanktiounen och Auswierkungen op Bierger an Entreprisen an der EU hunn, misst elo méi däitlech dorop reagéiert ginn, esou den Appell. Mee ass d’EU prett, op Konfrontatioun mat den USA ze goen? Verschiddener, wéi och de Lëtzebuerger Premier wëllen d’éischt weider op den Dialog setzen. D’Danièle Weber iwwert déi Debatt, déi och Enn der leschter Woch um EU-Sommet gefouert gouf. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
  • 80 Joer MeteoLux: Alles huet mat enger klenger Hütt um Findel ugefaang 21.10.2026
    Mir kucken zeréck op den Ursprong vum staatleche Wiederdéngscht.
  • Legaliséierung vu Pefferspray: Petitioun kritt méi wéi 5.500 Ënnerschrëften 21.10.2026
    De Pétitionnaire Alexandre Titeux erkläert säin Uleies, dat hien also elo eng Kéier an engem ëffentlechen Debat virdroe kann.
  • Presserevue vun 08:15 21.10.2026
    Energiebäihëllefen, Taxen op eidel Wunnengen an en erliichterte Luc Holtz, dat sinn d'Themen an der Presserevue
  • Wourëms geet et op der Hierscht-Quadripartite? 21.10.2026
    Regierung, Sozialpartner a Prestatairen aus dem Gesondheetsberäich gesi sech haut, fir d'Finanze vun der CNS ze analyséieren. Eng Cotisatiounserhéijung ass warscheinlech.
  • Nora Back, Presidentin vum OGBL 21.10.2026
    D'nächst Woch gëtt an der Tripartite weider verhandelt. Mir froen d'OGBL-Presidentin, wat si sech vun der Regierung erwaart.
  • Groussen Interessi um zweete Pensiounsdag zu Diddeleng 21.10.2026
    288 Persounen hate sech fir déi zweet Editioun vum Pensiounsdag zu Diddeleng fir eng individuell Berodung ugemellt. Vill vun hinne wollte gewuer ginn, wéini si an d'Pensioun kënne goen a wéi eng Konsequenzen déi nei Pensiounsreform fir si huet. D'CNAP betount d'Wichtegkeet vun der perséinlecher Berodung. D'Sozialministesch Martine Deprez mécht iwwerdeems kloer, datt weider Diskussiounen iwwer d'Zukunft vum Pensiounssystem néideg bleiwen.
  • Presserevue vun 07:15 21.10.2026
    Energiebäihëllefen, Taxen op eidel Wunnengen an en erliichterte Luc Holtz, dat sinn d'Themen an der Presserevue
  • Abordabel Wunnenge just fir Handwierker 20.10.2026
    D’Chambre des Métiers gëtt en Acteur am soziale Wunnengsbau. Gëscht ass en éischte Projet vu 37 Wunnengen ugekënnegt ginn. De Max Urbany vun der Handwierkerkammer erkläert.
  • Vizeweltmeeschter am Agility 20.10.2026
    Bei der Weltmeeschterschaft zu Turku a Finnland hunn den Daniel Volz a säin Hond d'Sëlwermedail an hirer Kategorie gewonnen. Wéi trainéiert een op esou engem Weltklassen-Niveau? Mir waren eis et op hiren Trainingsterrain zu Munneref ukucken.
  • Belsch Vignette: Gemeng Stengefort besuergt 20.10.2026
    De Buergermeeschter Sammy Wagner fäert, datt mat der Aféierung vun der belscher Autobunns- a Stroossevignette de Verkéier an den Dierfer vu senger Gemeng staark wäert zouhuelen.
  • Presserevue vun 8:15 20.10.2026
    En zweete Mataarbechter vun Amazon huet eng Plainte gemaach an d'Petitioun fir eng Legaliséierung vum Pefferspray wäert déi 5.500 Ënnerschrëfte kréien

Popularan u

Ovaj podcast se pojavljuje i u podcast listama ovih zemalja.