On the Record - Reporter.lu
Reporter.lu
0
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Epizody
-
Erwächen an der Energiekris 29.05.2026 29minCSV an DP hunn eng „aner“ Klimapolitik versprach. Mee wéi zilféierend ass déi? Wou steet Lëtzebuerg a puncto Energietransitioun? A wéi wëll d’Regierung op déi aktuell Präiskris reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Eng Ried laanscht d'Lag vun der Natioun 22.05.2026 27minDe Luc Frieden huet dës Woch seng drëtt Ried zur Lag vun der Natioun gehal. Mee wéi éierlech war seng Analys? Wat huet hie verpasst ze soen? A wéi huet hien domat den Terrain bereet fir d'Tripartite? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Eng Tripartite ënner schwierege Virzeechen 15.05.2026 25minDës Woch kruten d'Regierung an d'Sozialpartner Zenarien zur Energiekris virgeluecht. Wéi gesinn déi aus? Wat muss lo an der Tripartite diskutéiert ginn? A wéi grouss ass den Drock op de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Vun enttäuschten Dokteren an eidele Keessen 08.05.2026 28minD'AMMD verweigert hir Ënnerschrëft ënner eng nei Konventioun mat der CNS. Wat wëllen d’Dokteren? Firwat kënnt d’Regierung deem net no? A wéi huet sech dat dës Woch op d’Quadripartite ausgewierkt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Déi onendlech Geschicht vum Sportsmusée 01.05.2026 34minGläich dräi Ministeren hunn sech dës Woch an der Chamber zum Dossier Sportsmusée erkläert. Wat ass dovun zréckzebehalen? Wat steet am Avis juridique zum Projet? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Eng Tripartite, mee firwat elo? 24.04.2026 31minDe Luc Frieden wollt se laang net, elo kënnt se dach: eng Tripartite. Wéi koum et zu dëser Decisioun? An wéi vill politeschen a finanzielle Spillraum bleift nach fir d'Verhandlunge mat de Sozialpartner? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Den Dokter vun Ärem Vertrauen? 17.04.2026 26minFäll vu Feelverhale vun Doktere sinn an der Aktualitéit. Wien ass fir d’Kontroll vun de Medezinner zoustänneg? Firwat dauert et dacks laang, bis schwaarz Schof aus dem Verkéier gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Stréifeier amplaz Stabilitéit 10.04.2026 20minDe Lëtzebuerger Immobiliemarché huet sech nach ëmmer net stabiliséiert. Wat sinn d'Ursaachen? Wat hunn déi staatlech Mesurë bruecht? A wéi kéint déi aktuell Weltlag d'Situatioun beaflossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Mindestloun an aner politesch Manöveren 03.04.2026 31minD'Decisioun vun der Regierung zum Mindestloun stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. Wéi ass d'Virgoe vun der Koalitioun ze beurteelen? Gouf et keng aner Optioun? A wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Wéi vill Sputt bleift bei deene Scholden? 27.03.2026 26minDuerch den Iran-Krich dréit eng nei Energiekris. Wéi vill budgetäre Spillraum huet d'Regierung fir ze reagéieren. Wéi eng Depensë kéint si reduzéieren? A wéi problematesch ass déi héich Staatsschold? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D'Léieren aus der Affär Traversini 20.03.2026 30minAktuell gëtt un engem Deontologie-Kodex fir Gemengepolitiker geschafft. Firwat besteet grad bei hinnen e Risiko vun Interessenskonflikter? A wat muss aus der Affär Roberto Traversini geléiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Besser an der Oppositioun? 13.03.2026 30minSäit méi wéi zwee Joer sinn LSAP an Déi Gréng an der Oppositioun. Wéi hunn déi fréier Regierungsparteien an dës Roll era fonnt? A wéi stellen si sech säitdeem personell a programmatesch nei op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
E neie Krich, an eng nei Energiekris? 06.03.2026 26minDe militäresche Konflikt an der Golfregioun huet elo schonn en Impakt op Gas- a Pëtrolspräisser. Wat erwaart Europa a Lëtzebuerg? A wéi kéint hei eng méi onofhängeg Energiepolitik ausgesinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Wéi bléckt Lëtzebuerg op den Ukrain-Krich? 27.02.2026 26minOch véier Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain schéngt e Fridde wäit ewech. Wéi ass d'Situatioun aktuell? Wéi ee Bild gëtt Europa an deem Konflikt of? A wéi ass d'Lag vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D'Konsequenze vun der Affär Wilmes 20.02.2026 31minDe Fall vum Chirurg Philippe Wilmes wërft vill Froen op. Wéi en Impakt huet dat op d’Patienten? Wéi een op d’Dokteren? A wéi kéint dës Affär de ganze Secteur a d’Gesondheetspolitik veränneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Wat bréngt e Social-Media-Verbuet fir Jonker? 13.02.2026 30minOch zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert, Jugendlecher den Zougang zu soziale Medien ze verbidden. Ass dat dee richtege Wee? Wéi grouss sinn d'Gefore vu Social Media? A wéi een Impakt huet KI? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
En onerwaarte Stresstest fir d'Koalitioun 06.02.2026 31minD'Fro vu méiglechen Unisex-Toiletten an de Lycéeë beweegt d'Gemidder. Wéi ass d’Virgoe vun der DP hei ze beurteelen? Wéi d’Reaktioun vun der CSV? A wat seet dat iwwer den Zoustand vun der Koalitioun aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Vun Duebelmandater an Duebelmoral 30.01.2026 27minCSV an DP wëllen awer net d’Duebelmandater ofschafen. Wéi ass et zu dësem Revirement komm? Wat ass lo geplangt? A wéi eng aner Reformen si néideg, fir d’Chamber ze moderniséieren an ze stäerken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Special Edition: Huet de Lëtzebuerger Modell nach eng Zukunft? 23.01.2026 1h 4minManner Wuesstem an Emploi kéinte fir de Lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialmodell massiv Problemer bedeiten. Wéi kéint een deem entgéintwierken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“, déi fir déi éischt Kéier live viru Publikum opgezeechent gouf.
-
Eng nei Welt-Onuerdnung 16.01.2026 26minVenezuela, Grönland oder och nach déi nei Sécherheetsstrategie: D'USA geheien d'Weltuerdnung op d'Kopp. Wat bedeit dat fir déi transatlantesch Relatiounen? A wéi kann oder muss Europa reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.