The Fox Talk - Handball Diddeleng
Handball Diddeleng
0
De Podcast 'The Fox Talk - Handball Diddeleng' bitt spannend Insider-Stories, éierlech Gespréicher an och mol e gudde Schotz Quatsch aus der Welt vum Handball Diddeleng an eise Fiiss. Keng Superstars – mee 100 % lëtzebuergesch Handballpassioun mat Häerz, Harz an heiansdo Muskelkater. Mat Gäscht direkt aus eisem Veräin, vill Laachen an einfach e bëssen Handball-Talk. All Mount eng nei Episod – fir jiddereen, deen sech nëmme Minimal fir den Handball zu Lëtzebuerg an zu Diddeleng interesséiert.
Epizody
-
#2 - mam Zoé Caruso | "Ech hunn déi Mentalitéit réischt säit dëser Saison" 09.06.2026 1h 13minD'Zoé Caruso - vum klengen Tollpatsch zum All-Star op der Riester Bant ! Wéi ass et dozou komm? Wat huet hatt geprägt? A wéi huet hatt den Championstitel gefeiert? An natierlech gëtt et net nëmmen Handball: Ass hatt méi Team Kaiserschmarren an Après-Ski oder léiwer Cocktail op der Plage? Lauschtert eran a léiert d’Zoé vun enger anerer Säit kennen – bescheiden, sympathesch an haut ee vun de wichtegste Piliere vum HBD.
-
#1 - mam Aldin Zekan | "Ech weess, wou ech hierkommen" 21.04.2026 1hE klenge Androck an dem Aldin Zekan seng Welt. Wat et heescht mat 2 Bridder opzewuessen déi och Handball spillen, wat seng Meenung zum lëtzebuerger Handball ass an nach vill méi. Hien gëtt eis och e klengen Abléck hannert Kulisse vun eisen Hären, wien nervt, wien ass de Clown a wien hätt dann heiansdo besser manner ze schwätzen. Wat hält den Aldin vun der aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg a wei gesäit säi Liewen aus. Mir si frou dass den Aldin sech eis offenbar huet an eisen éischten Invitée war.
Oblíbený v
Tento podcast se objevuje také v podcastových žebříčcích těchto zemí.