Moiesstudio
radio 100,7
0
Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.
Episoder
-
Abordabel Wunnenge just fir Handwierker 20.10.2026D’Chambre des Métiers gëtt en Acteur am soziale Wunnengsbau. Gëscht ass en éischte Projet vu 37 Wunnengen ugekënnegt ginn. De Max Urbany vun der Handwierkerkammer erkläert. -
Vizeweltmeeschter am Agility 20.10.2026Bei der Weltmeeschterschaft zu Turku a Finnland hunn den Daniel Volz a säin Hond d'Sëlwermedail an hirer Kategorie gewonnen. Wéi trainéiert een op esou engem Weltklassen-Niveau? Mir waren eis et op hiren Trainingsterrain zu Munneref ukucken. -
Belsch Vignette: Gemeng Stengefort besuergt 20.10.2026De Buergermeeschter Sammy Wagner fäert, datt mat der Aféierung vun der belscher Autobunns- a Stroossevignette de Verkéier an den Dierfer vu senger Gemeng staark wäert zouhuelen. -
Ëmfro: Zwee Drëttel vun den Israeelie géint Sanktiounen 20.10.2026Lëtzebuerg well Wueren aus illegale Siidlunge vum Import ausschléissen. De Regierungsrot hat e Freiden den entspriechenden Gesetzesprojet ugeholl. Wéi Israel op déi Sanktioune bléckt, dozou e Bäitrag vun eisem Korrespondent zu Tel Aviv, de Léonardo Kahn. -
STATEC-Direkter: Index-Tranche am 1. Trimester 2027 "warscheinlech" 20.10.2026Am Virfeld vun der Tripartite vu mar erkläert den Tom Haas, vu wéi engen Hypothesen seng Verwaltung aktuell ausgeet. -
Phenomeen Ni Xia Lian 19.10.2026Mat hiren 63 Joer huet d'Dëschtennisspillerin et d'lescht Woch bei der EM nees bis an d'Aachtelsfinall gepackt. Dozou en Interview mat hirem Mann an Trainer Tommy Danielsson. -
Reesen, déi markéieren: Mat Lycéesschüler an d'KZ-Gedenkstätt 19.10.2026Den Gianni Mersch organiséiert zënter Joren d'Reese mat Lycéesschüler an d'Gedenkstätt vum fréieren KZ zu Mauthausen an Eisterräich. Wéi koum hien zu dem Engagement? -
LSC 2026 19.10.2026Wie wäert Lëtzebuerg um nächste Eurovision Song Contest vertrieden? D’Sich no dem passende Kandidat huet dëse Weekend ugefaang, an d’Sophie Schroeder war fir eis dobäi. -
Krawaller a Frankräich: Wéi reagéiert d'Politik? 19.10.2026Mir froen eise Korrespondent zu Paräis, de Max Tholl. -
Am Tunnel Micheville gouf den Eeschtfall getest 19.10.2026Eng 80 Pompjeeën, Mataarbechter vu Ponts et Chaussées a vun der Police ware gëschter un engem groussen Exercice bedeelegt. -
Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter 16.10.2026Eise Korrespondent Leonardo Kahn mat engem Abléck an d'Alldagsliewen vun dem vum Krich gezeechente palästinenseschen Territoire. -
Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm? 16.10.2026Den Yves Claude mécht sech staark fir den Erhalt vun deem Gebai am Bauhaus-Stil. Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine wëll hie sensibiliséieren. -
Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt" 16.10.2026Hei am Land ginn et, trotz ganz dréchene leschte Méint, bis elo keng Enkpäss beim Drénkwaasser. Op Mauritius ass dat anescht. Eng Lëtzebuergerin erzielt, wéi dat sech ufillt. -
Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung? 16.10.2026DP ass dofir datt Wueren aus illegal besaten Territoiren am Westjordanland net méi däerfen op Lëtzebuerg importéiert ginn. Wëllt d'CSV dat blockéieren? Mir froen de Fraktiounschef Laurent Zeimet. -
Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun 16.10.2026An der Affär ëm de Spiller, deen aus reliéise Grënn refuséiert huet, weiblech Supporteren ofzeklappen, freet de Veräin elo en onofhängegen Avis. De President Marc Theisen erkläert. -
Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen 15.10.2026Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen. -
Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer 15.10.2026D'Nouvelle vun der Präsenz vu Feierbakterien a verschiddene Wéngerten huet de President vum Wënzerverband Paul Funck komplett iwwerrascht. A se mecht him Suergen. -
Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen? 15.10.2026D'LSAP, déi gréng an déi Lénk soen, Lëtzebuerg soll net méi op aner EU-Länner waarde fir ze handelen. Mee wéi steet d'DP dozou? Mir froen hiren aussepolitesche Spriecher Gusty Graas. -
Mc-collection.lu: Eng nei Online-Gallerie fir Lëtzebuerger Konscht 15.10.2026Mir hunn nogefrot, wéi eng Wierker do ausgestallt ginn. -
Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un 14.10.2026Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Populær i
Denne podcast optræder også i podcast-hitlister i disse lande.