Ëmgefall an Ausgelaf
Danièle a Joël
0
De Podcast vum Danièle a Joël: E Blogger an eng Journalistin am Gespréich. Si diskutéieren iwwer verschidden Themen aus hirem Alldag a Beobachtungen. Weider Informatiounen fannt Dir op emgefallausgelaf.com.
Episoder
-
Nr.27 - Mir ginn e Patt huelen 05.08.2026 27minEise 27. Podcast kennt an der Woch eraus wou mer Gebuertsdag hunn. Ëmgefall an Ausgelaf gëtt 1 Joer al! Wien hätt dat geduecht! Dat muss gefeiert ginn a mir ginn en anstännege Patt bei d’Tanja an den Dipso huelen. Prost! -
Nr. 26 - Am Kino: The Odyssey 22.07.2026 24minDräi Joer nom Oppenheimer bréngt de Christopher Nolan säin nächste Film op de ganz groussen Imax Ecran . The Odyssey. Mir waren e kucken. Ass et derwäert ? Mir diskutéieren driwwer. -
Nr.25 - Idoler a Virbiller 08.07.2026 23minWei wichteg si Virbiller? Hatte de mir der? Waren oder si mer Fan vun enger bekannter Perséinlechkeet? Wei wäit huet eis dat beaflosst? -
Nr.24 - Resilienz 24.06.2026 27minResilienz ass zu engem Moudewuert ginn, all Mënsch schwätzt doriwwer, oft mat vill Meenung a wéineg Anung. Mir hunn en Invitée, d'Nadine Entringer, dat eis mei iwwer Resilienz erzielt a wat dat an der Psychologie genee bedeit.emgefallausgalf.comhttps://www.resilienzzentrum.dehttps://www.monikagruhl.de/buecher-autorin/https://www.kunstmann.de/buecher/resilienz-wie-man-krisen-uebersteht-und-daran-waechstPodcast op Soundcloud iwwer Impathie.https://soundcloud.com/systelios-podcast/impathie-als-psychologisches-konzept-interview-stefanie-neubrand -
Nr. 23 - Mir hu gelies 1 10.06.2026 32minMir hu gelies gëtt eng labber Serie wou mir dräi Bicher gelies hunn, déi eis gefall hunn.emgefallausgelaf.comFred Vargashttps://editions.flammarion.com/une-unique-lueur/9782080160713Gisèle Pélicot Franséisch https://editions.flammarion.com/et-la-joie-de-vivre/9782080497260Däitsch https://www.piper.de/gisele-pelicot-memoirenEmily Brontëhttps://www.gutenberg.org/ebooks/768Däitsch: https://projekt-gutenberg.org/authors/emily-bront/books/umwitterte-hoehen/chapter/1/Sturmhöhe Hörbuch WDR5https://www1.wdr.de/mediathek/audio/wdr5/wdr5-sturmhoehe/sturmhoehe-108.html -
Nr.22 - Wuerzelen 27.05.2026 26minSou wéi all Planz an der Natur seng Wuerzelen huet, sou kann een dat och bei Mënsch soen. Wat sinn eis Wuerzelen? Wat hu mer duerch déi mat op de Liewenswee kritt? Wéi schlëmm ass et entwuerzelt ze ginn? Elauter Froen ob déi mer versichen ze äntwerten. -
Nr. 21 - E Podcast iwwert podcasten 13.05.2026 27minEisen Invité ass den Thierry Heles, den e vun deenen éischte Podcasteren hei zu Lëtzebuerg war. Sou steet et emol bei Wikipedia geschriwwen. An den Thierry produzéiert der nach emmer . Mir kucken zesummen op d'Ufäng. Wou kennt dat Wuert Podcast hier, wien huet dat erfonnt, a wéi realistesch ass et ze mengen dass e vu Podcaste ka liewen?emgefallausgelaf.comLinks:https://lb.wikipedia.org/wiki/PodcastLokale Radio Sender:https://www.radioaktiv106-5.orgPodcasten dei erimmt ginn:https://open.spotify.com/show/7mGCMGKZfCnIxD64plAck0?si=JVUhBswyTee6SgicbH6swwhttps://open.spotify.com/show/7mGCMGKZfCnIxD64plAck0?si=JVUhBswyTee6SgicbH6swwhttps://open.spotify.com/show/4rOoJ6Egrf8K2IrywzwOMk?si=XLv7bNW2RvO9rlYYU36RlA -
Nr. 20 - Frëndschaften 29.04.2026 23minFrëndschaften ass e wichtegt Thema. Eng empiresch Studie seet, dass gutt Frënn musse minimum 200 Stonnen an dräi Méint matenee musse verbréngen. Dat ass vill! Brauch et esou vill Stonnen oder net? Wat ass eng gutt Frëndschaft? Wéi wichteg si gutt Frënn? -
Nr.19 - Mir ginn an d'Pensioun (oder och net) 15.04.2026 28minNee, eise Podcast geet nach net an d'Pensioun. Haut hu mer en kleng Premiere, mir hunn vir d'éischte Kéier en Invité. D' Vibeke Walter vu Gero, déi gehollef huet Coachen ze forméieren, déi d'Leit begleeden, wann se an d'Pensioun ginn.E wichtegt Thema, well mat Reesen, Rauem a Raschte ass et an der Pensioun net gedoen.https://emgefallausgelaf.comLinks aus dem Podcast:https://www.gero.lu -
Nr.18 - 1.Abrëll 01.04.2026 12minJo, haut ass den éischte Abrëll a well mer soubal net mei e Podcast genee op den Dag erausbréngen, si mer e bësse wulle gaang wou dat hier kennt. De Brauch ass mei al wéi e mengt. Alles Guddes fir den Dag a faalt op näischt a keen eran! emgefallausgelaf.com -
Nr.17 - Faarwen 18.03.2026 25minHaut schwätze mer iwwer Faarwen, net an der Molerei, wou se sécherlech hier Wichtegkeet hunn, ma iwwert d'Faarwen aus eisem Alldag a wéi mir drop reagéieren. Wat ass eis Liblingsfaarf a wat fir eng net, a wéi beaflossen eis Faarwen?emgefallausgelaf.comLinks:Interview a Bicher vum Michel Pastoureauhttps://www.editionspoints.com/auteur/michel-pastoureau/4851https://youtu.be/vDWYAKxVyuE?is=SiDHBtOW4iuPqU2lFaarwen Test:https://youtu.be/fYz05BZO63U?is=hmY6cTO96RmrUo_B -
Nr.16 - Spréch an Zitater / Deel 2 04.03.2026 17minMir haten op eis Episod iwwer Spréch an Zitater eng Partie Réckmeldunge kritt. An der tëscht hu mir och eng rei Spréch an Zitater gesammelt. An do ginn et der eng Hellewull mat Déieren. Deene gi mer haut mol eng Grimmel méi op de Fong. -
Nr.15 - Wat vun eis bleiwt 18.02.2026 17minDes Kéier hu mer méi en eescht Thema. Mir hunn eis Gedanke gemaach, iwwert dat wat vun eis bleift, wa mer irgendwann net mei do sinn. -
Nr.14 - Fuesend 04.02.2026 25minHaut schwätze mer iwwert déi fënneft Joreszäit. Fuesent /Karneval / Fasching. Mir zwee waren nach ni begeeschtert Fuesboken. Awer och mir gesinn, dass sech munches an deene leschte Joerzéngten verännert huet. Wat genee, a wéi Fuesent anerwäerts gefeiert gëtt, dat ass haut eist Thema. -
Nr.13 - Schéin an Ellen 21.01.2026 25minMir ginn et zou, et ass e subjektiivt Thema. An awer bestëmmt et ganz Villes an eisem alldeegleche Liewen. Wat fanne mer schéin a wat net? A firwat?Refashioned Hippie: https://youtube.com/shorts/oQXThSsZ7V0?si=tNIAB6m0v_nEGy6Q -
Nr 12 - Musée Bonnat Helleu zu Bayonne 07.01.2026 31minMir waren am Musée Bonnat Helleu zu Bayonne, den Enn vum leschte Joer seng Dieren no 14 Joer erëm opgemaach huet. Firwat dat esou laang gedauert huet a wat et do alles ze gesi gëtt, doriwwer schätze mer live op der Plaz an dëser EpisodeFotoen:https://emgefallausgelaf.com/ -
Nr.11 - Kaddoen 24.12.2025 24minKeng Angscht! Mir wëllen op Chrëschtdag kengem an d'Gewësse rieden dass dat villt Gekaddos net gutt ass. Awer Kaddoe maachen a kréien ass eppes wou mer vill Erwaardungen dra stiechen. Wat, wéini a wiem schenke mer eppes?emgefallausgelaf.comErinimmte Link aus den Joël sengem Blog:https://joel.lu/2022/10/25/das-parfum-2/ -
Nr.10 - Mir maache näischt 10.12.2025 22minHaut maache mer näischt. Dat heescht, mir maache net näischt näischt, awer mir schwätzen doriwwer wéi et ass näischt ze maachen, an ob mer dat iwwerhaapt nach kennen an eiser Welt, déi ëmmer méi a manner Zäit vun eis verlaangt.emgefallausgelaf.com https://utopia.de/ratgeber/niksen-gluecklich-sein-im-nichtstun_419230/https://www.buddenbohm-und-soehne.de/2025/08/15/die-stunden-zwischen-hotel-und-bahnhof/https://www.bps.org.uk/psychologist/brain-doing-lot-something-when-we-appear-be-doing-nothing -
Nr.9 - D‘ Ausstellung X-Ray an der Völklinger Hütte 26.11.2025 22minMir waren d‘ Austellung X-Ray an d'Gebléisshaal vun den Völklinger Hütte kucken. Mir erziehlen Iech wat während eisem Rondgsng gesi hunn. Fotoen ginn et op emgefallausgelaf.com ze gesinn. https://emgefallausgelaf.com/https://voelklinger-huette.org/de/ausstellungen/-/x-ray-die-macht-des-roentgenblicks/809 -
Nr.8 - Virwëtzeg sinn 12.11.2025 22minAm Bild kann een et erkennen. Wa mer iwwert de gesonde Virwëtz schwätzen, iwwert den och Forschungsarbechte gëtt, da musse mer och sou al Spréch wéi ‚Curiosity kills the Cat ‚ausgruewen. Wou kennt de Sproch hier, a firwat ass de Virwetz heiansdo net gut?
Populær i
Denne podcast optræder også i podcast-hitlister i disse lande.