80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv
RTL Radio Lëtzebuerg
0
Den Podcast behandelt d'Erliewungen zu Lëtzebuerg während dem Zweete Weltkrich, besonnesch wärend der Ardennenoffensiv. Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun Nazi-Däitschland iwwerfall an bis September 1944 besat. Nom Enn vun der Besatzung koum et den 10. September 1944 zum Aanzuch vun US-Zaldoten, mee schonn de 16. Dezember 1944 sinn däitsch Truppen am Éislek nees anmarschéiert. De Marc Hoscheid kuckt mat Gäscht op d'Evenementer vun deemools zeréck, bis zur Befreiung vun der leschter Uertschaft de 12. Februar 1945.
Episodios
-
12. Februar 1945, 12/02/2025 12.02.2025 47mVeianen gëtt als lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit (Minnen als Gefoer nom Krich an den Neesopbau) -
25. Januar 1945, 25/01/2025 25.01.2025 38mClierf gëtt befreit (Roll vun der Fra) -
21. Januar 1945, 21/01/2025 21.01.2025 45mWolz gëtt befreit (Roll vun den Zwangsrekrutéierten) -
12. Januar 1945, 12/01/2025 12.01.2025 31mZerstéierung vun der belscher Grenzuertschaft Bras (D'Roll vun der Sprooch wärend der Offensiv) -
6. Januar 1945, 06/01/2025 06.01.2025 36mDen US-Zaldot mat Lëtzebuerger Originne Philip Weis stierft am Kampf (Lëtzebuerger an Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen an der Offensiv) -
25. Dezember 1944, 25/12/2024 25.12.2024 31mD'Zerstéierung vun Eschduerf an d'Kommunikatioun mat Doheem Op Chrëschtdag 1944 war d'Ardennenoffensiv matzen amgaang. Besonnesch brutal waren d'Kämpf an der Géigend ronderëm Eschduerf. Wärend esouwuel op däitscher wéi och op alliéierter Säit vill Zaldoten hiert Liewe verluer hunn, huet d'Zivilpopulatioun musse flüchten an nokucken, wéi hier Haiser a Flamen opgaange sinn. Ma an der Zäit ronderëm Chrëschtdag hunn d'Zaldoten och besonnesch intensiv no hire Familljen an hirer Heemecht verlaangert. Wann een d'Bréiwer vun deemools liest, fält op, datt sech d'Hoffnungen an d'Ängscht vun den Amerikaner net grouss vun deene vun den Däitschen ënnerscheet hunn. Anescht war et iwwerdeems bei der offizieller Propaganda. -
19. Dezember 1944, 19/12/2024 19.12.2024 35mWolz gëtt ageholl (Krichsgefaangener op béide Säiten) -
16. Dezember 1944, 16/12/2024 16.12.2024 47mUfank vun der Ardennenoffensiv, Clierf gëtt ageholl (Zäit virun an Ufank vun der Offensiv) -
Den RTL Podcast: 80 Joer Battle of the Bulge, 12/12/2024 12.12.2024D'Éislek am Wanter 1944/45. Dräi Méint nodeems déi Alliéiert Lëtzebuerg vun den Nazie befreit hunn, kommen déi Däitsch rëm zeréck. Ee Mount laang gëtt am Norde vum Land bluddeg gekämpft, Uertschaften zerstéiert an d'Zivilpopulatioun steet tëscht de Fronten.
Popular en
Este podcast también aparece en las listas de podcasts de estos países.