RTL - Afterwork
RTL Radio Lëtzebuerg
0
Den entspaanten Interview mat Bistrosambiance. De Podcast RTL - Afterwork bitt entspaant Gespréicher an eng gemittlech Atmosphär, inspiréiert vun engem Bistro.
Osad
-
RTL-Afterwork: mam Goy Feltes, 13/07/2026 13.07.2026De Fluchkapitän Goy Feltes ass e leidenschaftleche Pilot, deen virun 10 Joer, no 25.000 Fluchstonnen bei eiser nationaler Fluggesellschaft a Pensioun goung
-
RTL-Afterwork: mam Nora Back, 06/07/2026 06.07.2026d'Nora Back: Vun der 'Reine des bleus' zur OGBL-Presidentin. Et geet ëm d'Pai, 3 wäiss Kanéngercher an e geklaute Schwan
-
RTL-Afterwork: mam Carlo Schneider, 29/06/2026 29.06.2026De Carlo Schneider ass Karikaturist a Cartoonzeechner. Et geet ëm Romantik, speziell Réng, Spullkëschten bei Toilette, Hiewanen an de KARIKATOUR 2026
-
RTL-Afterwork: mam Jhemp Hoscheit, 22/06/2026 22.06.2026Den renomméierte Schrëftsteller a Kabarettist iwwer seng laang Zäit bei de Massendénger, d'Beatles, säin 'apprentissage amoureux' an drolegt Lousgléck
-
RTL-Afterwork: mam Jérôme Beck, 15/06/2026 15.06.2026 52minViru 25 Joer huet de Jérôme Beck mat Planet RTL Tëlees-Geschicht geschriwwen. Vum Casting iwwer Coco&Co bis beim Ricky Martin säin Flocki
-
RTL-Afterwork: mam Michel Malherbe, 08/06/2026 08.06.2026De Mierscher Buergermeeschter behaapt, dass hien e 'Péggi' ass, an seet dass dat munches erkläert. Seng Hënn heeschen Sheila an ass schonn op Kéi geridden
-
RTL-Afterwork: mam Charel Margue, 01/06/2026 01.06.2026 56minDe fréiere Chef-Meenungsfuerscher vun der ILRES an Deputéierten vun déi Gréng iwwer säin Papp a säin Grousspapp, eng Ruge an der Chamber an e Fussballmatch
-
RTL-Afterwork: mam Laurent Mosar, 18/05/2026 18.05.2026 54minDen Deputéierten a fréiere Chamberpresident iwwer Piano, Schlager, en ze enke Paltong, de Klitschko an der Sauna, säin Hond a säin Liewen als Influencer
-
RTL-Afterwork: mam Jeff Oberweis, 11/05/2026 11.05.2026 53minDe Patissier-Confiseur zielt, wéi hien Knippercher gestreet hat, seng Mamm de Maître Vogel mam Fausti verwiesselt hat an déi éischt Commande fir den Haff
-
RTL-Afterwork: mam Ali Kaes, 04/05/2026 04.05.2026 53minDen Ex-député-maire aus der Gemeng Tandel ass duerch de Fussball an d'Gewerkschaft bekannt ginn, an huet d'Deputéiert mat Zoossiss an Eeër agedeckt
-
RTL-Afterwork: mam Carlo Cravat, 27/04/2026 27.04.2026De Chef vum legendären Hotel an der Stad, iwwer säin Papp, d'Léier an Asien, säin Rolls-Royce, Golf, d'Gëlle Fra a firwat hien un der 'aler Këscht' hänkt
-
RTL-Afterwork: mam Marc Graas, 20/04/2026 20.04.2026 51minDe Fils vum Gust Graas, Psychiater an Auteur vu Kriminalromaner iwwer d'Äschen vum Schwéierpapp, droleg Fäll, LSD an dass hien als Student schonn Papp gouf
-
RTL-Afterwork: mam Pol Urbany, 13/04/2026 13.04.2026 54minDen Affekot huet ni eppes ubrenne gelooss. De Fils vum René Urbany beschreift seng aussergewéinlechst Fäll a verréit firwat hien net Profimuseker ginn ass
-
RTL-Afterwork: mam Marc Hobscheit, 23/03/2026 23.03.2026Den Immobilienhändler, Gastronom an Trendsetter aus dem Nuetsliewen iwwer d'Spatz Nenn, d'Problemer um Waldhaff a firwat hien nach net ënner der Hauf ass
-
RTL-Afterwork: mam Djuna Bernard, 16/03/2026 16.03.2026Déi gréng Deputéiert iwwer hire Virnumm, en Tripp mat der Mamm op Amsterdam, mat der Grande-Duchesse an der Kees vum Supermarché an hir Hallefschwëster
-
RTL-Afterwork: mam Sven Clement, 09/03/2026 09.03.2026Mam Deputéierten vun de Piraten geet et net nëmmen ëm Reesen, Suen an Affären mee och d'Jusoen, Autoen, d'Grënnung vun der Partei an Zauberei
-
RTL-Afterwork: mam Emile Eicher, 02/03/2026 02.03.2026Den Deputéierten an aktuelle President vum Syvicol iwwer seng éischt Schrëtt an der Politik, seng Nanny, d'Still am Cube an e Schnéihues deen seng Fra gouf
-
RTL-Afterwork: mam Christianne Wickler, 23/02/2026 23.02.2026 43mind'Woman Business Manager of the Year' 2007 iwwer hir Tankstell, de Carwash, d'Cargolux, hiren kuerzen Ausflug an d'Chamber, d'Pandemie a Männer an Uniform
-
RTL-Afterwork: mam Michel Rodenbourg, 09/02/2026 09.02.2026De fréiere President vum Stater Geschäftsverband an Epicier aus der Louvignysgaass iwwer de Superjhemp, de Bommeleeër an eng memorabel Alkoholkontroll
-
RTL-Afterwork: mam Nicolas Schmit, 02/02/2026 02.02.2026De fréieren Aarbechtsminister an EU-Kommissär iwwer d'Ursula von der Leyen, säin Wonsch Acteur ze ginn a wéi e seng Fra op der A13 kennegeléiert huet
Populaarne riigis
See taskuhääling on ka nende riikide taskuhäälingute edetabelites.