Moiesstudio
radio 100,7
0
Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.
Osad
-
Iwwer 6.000 Leefer dëst Joer: Stéisst d'Route du Vin un hir Grenzen? 25.09.2026Mir schwätze mam Organisateur vum traditionnelle Semi-Marathon, dem José Azevedo. -
Schwéierpunkt bis 2029: Kohäsioun a Benevolat 25.09.2026D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn de leschte Weekend op hirem Kongress eng nei Verbandsspëtzt gewielt. Déi nei Ekipp geet hiert Mandat mam Slogan “Mir wuessen zesummen” un. Zwee vun de fënnef neie Cheffen, d'Aurélie Dell an de Charel Donven, sinn am Studio zu Gaascht, fir e wéineg an den Detail ze goen, wat si déi nächst dräi Joer konkreet wëllen ëmsetzen. -
Véier Matcher fir d'Fussball-Nationelkipp an der Nations League 25.09.2026Am Virfeld vun deem aussergewéinlechen Zyklus vu véier Matcher huet den Eric Ewald mam Nationaltrainer Jeff Strasser a mam Leandro Barreiro iwwer dee laangen Zäitraum zesummen als Grupp geschwat, hir "Winner"-Mentalitéit an hir Ambitioune fir déi véier Partien. -
EU-Sanktiounslëscht: Xavier Bettel verdeedegt Erofhuele vum Michail Fridman 25.09.2026"Wann et ëm d'Bezuele vu Schuedensersatz geet, ass een an der EU ganz oft eleng", esou d'Erklärung vum Ausseminister am 100,7-Interview. -
Pressekonferenz nom Drone-Virfall: 3 Ministeren, mee kaum kloer Äntwerten 25.09.2026De Maurice Molitor seng perséinlech Analys vun enger Pressekonferenz, déi senger Meenung no iwwerflësseg, vläicht souguer kontraproduktiv war. -
Nei Campagne soll belsch Frontalierë vun der Heemecht iwwerzeegen 24.09.2026Méi wéi 50.000 Leit kommen all Dag aus der Belsch op Lëtzebuerg schaffen. Knapp all Zéngte vun hinne kënnt aus der däitschsproocheger Gemeinschaft. An deem Deel am Oste vun der Belsch gëtt awer dringend no qualifizéiertem Personal gesicht. Fir d’Awunner drop opmierksam ze maachen, wéi eng Méiglechkeeten et an der däitschsproocheger Belsch ginn a firwat dat besser ass wéi all Dag ze pendelen, gouf lo eng Campagne lancéiert. -
En eenzegartege Fond zu Lëtzebuerg 24.09.2026Am Kader vum Reamenagement vun der Place de la résistance zu Veiane goufe bis ewell ronn 160 mënschlech Skeletter um fréiere Kierfecht vun der Trinitarierkierch fonnt. Zënter August lafen archeologesch Ausgruewungen op der Plaz. D'Andrea Bischof vum nationalen Archeologie-Institut INRA erkläert am Interview mam Paule Rodesch, wat déi mënschlech Iwwerreschter iwwert d’Liewen zu Veianen a fréieren Zäite kënne verroden. -
Lëtzebuergesch Coursen: Et feelt weider u Proffen 24.09.2026Mir froen d'Direktesch vum Institut national des langues, d'Maisy Gorza, firwat et esou schwéier ass Lëtzebuergesch Proffen ze fannen. -
natur&ëmwelt sicht nom Vull vum Joer 2027 24.09.2026... an Dir kënnt mat ofstëmmen: Haubentaucher, Feldsperling a Wintergoldhähnchen sinn déi 3 Vullenaarten, déi zur Auswiel stinn. -
Spacecampus Kockelscheier: Meilesteen fir d'SES 24.09.2026Mam Spuetestéch, gëschter, fir hire Weltraumcampus op der Kockelscheier ass d’SES an eng nächst Phas gaangen, hir industriell Phas. De Chef vun der Société européenne des satellites, Adel Al-Saleh, huet dann och vun engem nächste Meilesteen an der Entwécklung vun der SES geschwat. -
Wéi gutt fonctionéiert de Locatiouns-System Vel'OH an der Stad Lëtzebuerg? 23.09.2026Den aktuelle Vel’OH-System vun der Stad Lëtzebuerg leeft 2028 aus - da gëtt eng nei Ausschreiwung gemaach an d’Vëlosflott gëtt moderniséiert. Aktuell ass d’Firma JCDecaux den zoustännege Prestataire. De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt hofft op een Zitat: “Méi performante System”, wéi hie vis-à-vis vum Tageblatt sot. Wéi gutt fonctionéiert den aktuelle System a wéi zefridden ass d’Stad Lëtzebuerg domat? -
Den Dan Lorang am Interview: De Mann hanner de performanten Athleeten 23.09.2026Laang Zäit war den Dan Lorang Trainer vun der däitscher Triathleetin Anna Haug. Du koum de Wiessel an de Vëlossport, wou hie sech bei RedBull-Bora hansgrohe een Numm als Trainer gemaach huet. Rezent ass hie bei d'Ekipp Lidl-Trek gewiesselt. De Jean-Claude Majerus hat d'Geleeënheet, mam Dan Lorang iwwer seng Karriär als Coach ze schwätzen. -
UNO-Vollversammlung: Wat bréngen d'Rieden zu New York? 23.09.2026Mir schwätze mat eisem Korrespondent op der Plaz, dem Philip Crowther. -
Nei am Kino 23.09.2026De Michel Delage stellt eis déi nei Filmer vir, déi dës Woch an de Lëtzebuerger Kinoen ulaafen. -
"Swan Song: Diana, my sister" - wat stécht dohannert? 22.09.2026D'Buch vum Earl Spencer suergt fir Opreegung am Vereenegte Kinnekräich an doriwwer eraus. Mir hu mat eiser London-Korrespondentin Marie Billon driwwer geschwat. -
Viru 35 Joer ass den Ötzi fonnt ginn 22.09.2026Den 19.9.1991 ass déi 5.300 Joer al Läich duerch Zoufall fonnt ginn. Déi Entdeckung huet de Bléck op d'Kofferzäit revolutionnéiert. E Gespréich mat der Directrice vum Südtiroler Archeologiemuseum Elisabeth Vallazza. -
D'Drone-Problematik aus der Siicht vun de Fligerpiloten 22.09.2026Froen un de Paul Reuter, Luxair-Pilot a Vize-President vun der European Cockpit Association (ECA). -
Kanada: Éischten associéierte Member vun der EU? 22.09.2026Den däitschen Europadeputéierten Tobias Cremer huet viru 6 Méint an engem Rapport fir méi enk Relatioune mat Kanada plädéiert. Elo geet et effektiv an déi Richtung. Seng Reaktioun? -
Frankräich: Den neie fräiwëllege Militärdéngscht ass ugelaf 22.09.2026De Service national riicht sech haaptsächlech u jonk Leit vun 18 oder 19 Joer, déi wärend 10 Méint d’Geleeënheet kréien ze erliewen, wat et heescht, Zaldot ze sinn. -
En Doheem fir demenzkrank Persounen 21.09.2026Haut ass de Welt-Alzeimer-Dag. Domat gëtt op eng Rei Demenzkrankheeten opmierksam gemaach, un deene weltwäit geschätzt 55 Millioune Leit leiden. Dorënner ass Alzheimer déi heefegst. Zu Lëtzebuerg bekëmmert sech d’ALA – d’Association Luxembourg Alzheimer – ëm d’Belaange vu Mënsche mat Alzheimer. Nieft der Berodung vu potentiell Erkrankten an hire Familljen, bedreift d’ALA och Dagesfoyeren an ee Wunn- a Fleegeheemer hei zu Lëtzebuerg, speziell fir demenzkrank Persounen.
Populaarne riigis
See taskuhääling on ka nende riikide taskuhäälingute edetabelites.