Loscht op Mord

Loscht op Mord

Charel Krier, Julie Gerard
Riik Luksemburg
Žanrid True Crime
Keel LB
Osad 122
Viimane 31.05.2026

"Loscht op Mord" ass e True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d'Julie presentéieren spektakulär a spannend Kriminalfäll aus aller Welt. An all Episod gëtt d'Geschicht ronderëm e Mordfall an d'Affer opgerullt, an och d'Täter an hir Methoden. Si baséieren sech op Fakten, loossen awer och hir eege Meenungen an Interpretatiounen afléissen.

Osad

  • Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4 31.05.2026 55min
    Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.
  • Episod 121 - De Fall Heather Maples 17.05.2026 35min
    Am Januar 2015 plënnert dat 22-järegt Heather Nicole Maples aus Texas op Tennessee. Hatt erhofft sech hei méi Chancë fir seng Zukunft a säi Studium an esou kritt hatt dann och Ufank August 2015 endlech de Bréif, dass et un der Middle Tennessee State University ugeholl ass. Hatt freet sech immens op de Studium, mee leider sollt et ni dozou kommen, well de 7. August 2015 gëtt d'Heather vu senger beschter Frëndin dout an der Wunneng fonnt. Wat ass hei genau geschitt? Wien ass den Täter? Alles dat an der neien Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes 04.05.2026 35min
    An dëser Episod vu Loscht op Mord schwätze mir iwwert de Fall Collien Fernandes. Hatt weess schonn zënter e puer Joer, dass am Internet sougenannten Deepfakes vun him verbreet ginn. Viru Kuerzem ass elo erauskomm, dass dës Deepfakes vu sengem Ex-Mann verbreet goufen. Net nëmme goufen dës verbreet, mee och huet hie komplett virtuell Affären am Collien sengem Numm opgebaut an dat ouni, dass d'Collien eppes dovunner wosst. Wéi dat Ganzt erauskomm ass, huet dat fir ee risege Skandal gesuergt an erëm eng Kéier gewisen, wéi geféierlech kënschtlech Intelligenz ka sinn, wann dës fir schlecht Saachen agesat gëtt. Weider schwätze mir och allgemeng iwwer Deepfakes an aner sexuell Ausbeutungen am Internet.
  • Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann 19.04.2026 38min
    De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schlussendlech ass och een Erpresserbréif bei der Famill ukomm. D’Erpresser briechen awer iergendwann de Kontakt of a kuerz drop gëtt d’Ursula Herrmann dout an enger Këscht fonnt. Alles wierkt esou, wéi wann den Doud vum Meedchen een Accident war. Wéi konnt et dozou kommen a wien ass de Schëllegen? An wisou ass de ganze Fall bis haut esou ëmstridden? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 118 - Germanwings Flug 9525 05.04.2026 28min
    De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden huet. Sou späert dësen sech eleng am Cockpit an a bréngt d'Maschinn an de franséischen Alpe gezielt zum Crashen. Keen u Bord sollt iwwerliewen. Wéi konnt et dozou kommen, dass kee bemierkt huet, dass de Co-Pilot u sech net hätt duerfe fléien? Wéi konnt hien de Pilot ausspären? All dës a wieder Froe versiche mir an dëser Episod vu Loscht op Mord ze klären.
  • Episod 117 - Verschwonnen nom Casting 08.03.2026 39min
    Den 1. Dezember 2014 hätt d'Shannon Madill solle mat sengem Brudder iesse goen, hei daucht déi jonk Fra awer net op. Doropshi geet dem Shannon seng Schwëster bei hatt heem fir ze kontrolléieren ob alles an der Rei ass, mee d'Shannon ass och hei net unzetreffen. Just dem Shannon säi Mann de Joshua ass do a well dat Ganzt awer relativ komesch wierkt, gëtt d'Shannon als vermësst gemellt. Wochen a Méint laang ginn et keng Resultater bei der Sich no der Fra. Bis d'Police beim Shannon sengem Mann opdaucht an hei alles ënnersichen dierf. Wat da geschitt a wéi eng Hiweiser et goufen, gëss du an der neier Episod vu Loscht op Mord gewuer.
  • Episod 116 - Dat falscht Geständnis vum Günther Kaufmann 08.02.2026 29min
    Den 1.Februar 2001 fënnt den däitsche Schauspiller Günther Kaufmann säi Kolleeg a Steierberoder Hartmuth Hagen dout a senger Wunneng op. De Günther verhält sech opfälleg géigeniwwer den Ermëttler a leet och e Geständnis of, an deem hie seet, dass hien an engem Kampf den Hartmut ëmbruecht hätt, andeems hien op hie gefall wier. Spéider sollt sech awer erausstellen, dass dem net esou war. Wien ass dann elo Schold um Doud vum Hartmut Hagen? Firwat gouf hien ëmbruecht? A firwat huet de Günther sech esou verhalen? Alles dat an der neier Episode vu Loscht op Mord.
  • Episod 115 - De Fall Annie Le 25.01.2026 40min
    Am September 2009 schafft dat 24-järegt Annie Le als Doktorandin an de Laboe vun der Yale University. Sou och den 8. September. Hatt ass moies nach ze gesinn, wéi hatt an d’Labosgebai era geet, mee hei sollt hatt ni méi rauskommen. Seng Matbewunner mellen hat owes nach als vermësst an et gëtt grouss nom Annie gesicht. Den 13. September fënnt een dann dem Annie seng Läich, verstoppt am Keller vum Labosgebai. Wien huet d'Annie ëmbruecht a firwat? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi 14.12.2025 37min
    Am Mee 2010 fiert dem Samuel Herr säi Papp bei säi Bouf an d'Wunneng nodeems dësen net opgedaucht ass. An der Wunneng fënnt de Papp an der Wunneng d'Läich vun enger jonker Fra. Dobäi handelt et sech ëm dat 23 Joer alt Juri „Julie“ Kibuishi. Hatt ass eng gutt Frëndin vum Sam Herr. Alles weist drop hin, dass de Sam Sex mam Julie wollt hunn an hien sech gewaltsam un him vergraff huet an d'Julie dono erschoss huet. Bei weideren Ermëttlunge sollt sech awer e ganz anert Bild zum Fall weisen. Alles Weideres an dëser Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi 30.11.2025 45min
    Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D’Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de Vatikan. Hei kënnt hatt awer ni un an zanterdeem feelt vum Emanuela all Spuer. Et kommen ëmmer erëm verschidden Hiweiser an Tipps, mee dat alles féiert zu kengem Resultat. Sou entstinn onzieleg Theorien zu senger Verschwannen. Alles dat gëtt et an dëser Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 112 - D'Verschwanne vum Brian Shaffer 16.11.2025 31min
    Den 31. Mäerz 2006 geet de Brian Shaffer mat engem Kolleeg eraus a Baren a Clubben. Seng Mamm ass kierzlech gestuerwen an de Brian wëll sech bëssen oflenken. Tëschent 1:00 an 2:00 Auer kennt de Brian an der Bar mam Numm „The Ugly Toona Saloona“ un, hei gëtt hien um 1:57 Auer nach vun enger Kamera gefilmt, mee dono verléiert sech all Spuer vum Brian. An der Bar ginn nach säi Portmonni an seng Schlëssele fonnt, mee hie selwer ass fort. De Brian taucht och dono net méi op. Wou ass hien? Wat ass geschitt? Wat hunn d’Ermëttler fonnt? Wat sinn d’Theorien? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 111 - De Fall Kalinka Bamberski 02.11.2025 26min
    Am Joer 1982 verbréngt dat 14 Joer alt Kalinka seng Summervakanz mat sengem klenge Brudder um Bodensee bei senger Mamm a sengem Stéifpapp. Dëst leeft och souwäit ganz normal of, mee den 9. Juli geet et dem Kalinka net sou gutt an den Dr. Krombach, dem Kalinka säi Stéifpapp, sprëtzt him ee Mëttel. D'Kalinka geet an d'Bett a schléift an an aus dësem Schlof sollt hatt net méi erwächen. Moies fënnt de Stéifpapp hatt dout am Bett an obwuel d'Meedche scho laang dout ass, versicht hien hatt nach ze reaniméieren, mee ouni Erfolleg. Vun dësem Moment u fänkt et un, dass sech alles komesch entwéckelt: Saache gi vertuscht, ignoréiert a fir onwichteg gehalen. Just dem Kalinka säi richtege Papp gëtt net op. Bal 30 Joer laang kämpft hie fir Gerechtegkeet fir seng Duechter. Wéi ass d'Kalinka gestuerwen? Wien huet Schold dorunner? Wéi konnt de Papp fir Gerechtegkeet suergen? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 110 - D'Oetker-Entféierung 12.10.2025 20min
    De 14. Dezember 1976 kennt de Richard Oetker, Ierwe vum groussen Oetker-Konzern, grad aus dem Gebai vun der Uni Freising, wéi um Parking schonn e Bewaffneten op de Richard waart. De Richard Oetker gëtt iwwerwältegt an an eng kleng Këscht aus Holz gespaart an där hien ageenkt gouf a schlëmm Qualen iwwert sech ergoe muss loossen. Den Oetker gëtt vu sengem Entféierer 47 Stonnen an dëser Këscht gefaange gehale bis en erëm fräi kennt. Wien ass den Entféierer a wéi koum den Oetker erëm fräi? Alles dat an der neitster Episod vu Loscht op Mord. Alles dat an dëser Episode vu Loscht op Mord.
  • Episod 109 - De St. Pauli Killer 28.09.2025 29min
    An den 1980er Joren ass Hamburg St. Pauli vun Drogen, Prostitutioun a Gewalt gepräägt. An genau hei fënnt de Werner Pinzner seng Beruffung. Hien gëtt zum Optragskiller an dësem Milieu a begeet op mannst véier Optragsmorden. Dat Ganzt geet op en Enn wéi de Pinzner verhaft gëtt a schlussendlech am Policebüro seng Fra, de Procureur an sech selwer erschéisst. Mee hei stécht nach vill méi derhannert. Wat ass alles geschitt? Wéi konnt et zu dëser bluddeger Dot am Policebüro kommen? Wat fir Nowierkunge ginn et? Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 108 - Den Déifstall vum Mona Lisa 14.09.2025 20min
    Dës Kéier gëtt et kee Mord, keng Entféierung, kee Fall vun enger vermësster Persoun. Mee d'Julie an de Charel schwätzen dës Kéier iwwert een Déifstall deen d'Konschtgeschicht fir ëmmer verännert huet. Si schwätzen iwwert den Déifstall vum Mona Lisa. Wéi konnt dat weltberüümte Bildgeklaut ginn? Wien war et? A wéi ass dës Persoun opgeflunn? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
  • Episod 107 - Mordfall Hinterkaifeck 27.07.2025 37min
    Am Mäerz 1922 entdeckt d'Famill Gruber um Haff Hinterkaifeck komesch Saachen, déi drop hindeiten, dass een sech am Haus ophält. Den Haff läit relativ isoléiert an et wunne sechs Persounen do. Den 31. Mäerz 1922 gëtt déi ganz Famill brutal ermort. Mee bis dat opfält vergi véier Deeg. Et schéngt wéi wann den Täter weider um Haff gewunnt, gekacht, gebak  a souguer d'Kéi gestrach hätt. Et ginn e puer Verdächteger, mee bis haut konnt keen Täter ermëttelt ginn.
  • Episod 106 - Froen an Diskussioune Part 3 06.07.2025 38min
    Et ass scho bal eng alljärlech Traditioun, dass mir eis virun de Mikro setzen a Froe stellen iwwert True Crime am Allgemengen an dodriwwer diskutéieren. Dofir ass hei den 3. Part vun eiser Froen- an Diskussiounsronn. Zeck net a beäntwert eis gären déi gestallte Froe selwer mat enger Noricht. Vläicht hues du och eng Äntwert zu Froen, bei deene mir net wosste wat soen.
  • Episod 105 - Albert Fish - The Greyman 15.06.2025 47min
    An dëser Episod huele mir dech mat an de Fall vum Albert Fish – engem vun de grausaamsten Täter an der US-Kriminalgeschicht. Hie war net nëmmen ee Seeriemäerder, mee war och ee Sadist, ee Kannibal an ee reliéise Fanatiker. Mir zéien duerch säi Liewen – vu sengem traurege Start bis zu senge makabere Verbriecher.
  • Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier 01.06.2025 37min
    Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere kucke mir dodrop wéi eng Auswierkungen dës Dot op d'Chrëschtmäert hat.
  • Episod 103 - Den Happy-Face-Killer 18.05.2025 43min
    An dëser Episod vu Loscht op Mord geet et ëm de Keith Hunter Jesperson, ee Camionschauffeur, deen duerch seng Ënnerschrëft op Bréiwer den Numm Happy-Face-Killer krut. Tëschent 1990 an 1995 huet hien an de ganzen USA verdeelt eng Serie vu brutale Morden u Frae begaangen. Trotz senge bizarre Bréiwer un d'Medien - ënnerschriwwe mat engem Smiley - war et de Mord u senger Ex-Frëndin, dee schliisslech zu der Iwwerféierung gefouert huet. Mir kucken eis seng Kandheet un an analyséieren d'Mordserie, sou wéi déi psychologesch Dynamik hannert sengem Handele.

Populaarne riigis

See taskuhääling on ka nende riikide taskuhäälingute edetabelites.