RTL inteam

RTL inteam

RTL Radio Lëtzebuerg
Maa Luxemburg
Kieli LB
Jaksot 38
Viimeisin 25.08.2026

Munches gëtt eben net um Mikro oder virun der Kamera gesot. E labbert Gespréich mam Mënsch hannert der Stëmm an dem Gesiicht. De Gibbes Bertolo léisst hei seng Aarbechtskolleg/innen zu Wuert kommen.

Jaksot

  • RTL inteam: Sam Rickal 25.08.2026 40min
    Léiwer Sport ewéi Politik, léiwer Eeselbuer ewéi Eelefmeter. Eisen Ex-Drummer a Bal-Held huet eng butzeg Rësel a fënnt et doheem (ëmmer nach) am schéinsten
  • RTL inteam: Michèle Schons 18.08.2026 32min
    E Bäckeschmeedchen dat ganz am Ufank nach an d'Stäre gekuckt huet - net nëmme fir d'Ootmung an d'Fotoen ass d'Michèle dacks am Bësch
  • RTL inteam: Pit Everling 10.08.2026 35min
    En Eschduerfer Jong mat Baart a mat enger Virléift fir däitsch Autoen a belsche Béier: beim Pit ass den T-Shirt entweder schwaarz oder wäiss
  • RTL inteam: Tom Hoffmann 08.08.2026 49min
    Zuelemënsch a Keeleraiber, e patente Kärel deen och mol gär ënnerdaucht - den Hoffi war bal Pilot a bal Weltmeeschter ginn
  • RTL inteam: Céline Eischen 04.08.2026 42min
    Vu Kielen op de Lampertsbierg, Reporterin am Big Apple, portugisesche Fado an Diplomatie - op 7ème nach e Wibbeldewapp, haut staunt souguer de JCJ
  • RTL inteam: Fränz Aulner 31.07.2026 42min
    E richtege Stater deem Basket, Pasta an Humor wichteg sinn. De Fränz, François oder Steve erzielt iwwer Mënschen, Politik, Grenobel a China
  • RTL inteam: Serge Pauly 10.12.2025 43min
    MX5 oder 911? Den Autosgeck vun Tréier iwwert d'Alphadéieren Pascal a Fränky, Völkerball an Tëntefësch an datt een als Gewerkschaftler och mol falsch séngt
  • RTL inteam: Monica Camposeo 04.12.2025 37min
    D'Kandheet tëscht Käl an Diddeleng, Konschtjournalismus zu Berlin, chillen um Rüdesheimer Platz an dee klengen Elias lauschtert Kannaniuuss op italieenesch
  • RTL inteam: Roy Grotz 02.12.2025 40min
    Aus der Dell via Esch an d'Gaasperecher Wisen - eemol an ëmmer Scout, en Häerz fir den Niger, Agriturismo am Piemont: de Roy ass en engagéierte Genéisser
  • RTL inteam: Dan Spogen 26.11.2025 41min
    Moies um 4 rabbelt de Wecker, Schülerradio a Foussball zu Wolz, Tennis an Afterwork no Bauchgefill, Trëppeltoure mam Mupp a wgl. net virdrécken!
  • RTL inteam: Marc Hoscheid 20.11.2025 47min
    Aus dem Housener Park an d'Gaasperecher Wise getrëppelt, Kéis ouni Goût, eng Wunneng ouni Biller awer eng Bréifdauw verléiert ni den Norden
  • RTL inteam: Carine Lemmer 19.11.2025 34min
    Guiden a Gittar, Depeche Mode, Arsenal London, flott Joren zu Wien awer zu Jonglënster mécht de Max ëmmer nach de beschte Kaffi
  • RTL inteam: Olivier Catani 14.11.2025 59min
    E feine Lënster Jong mat italieeneschem Blutt dee bal Turnproff gi wier, d'Boma Béierpanz, de Kolleeg Joseph a sécher eng 3. Rees op Pisa
  • RTL inteam: Diana Hoffmann 07.11.2025 29min
    Radio Fëtzebuerg zu Käerch, Autostopp duerch Südamerika, mam Moto iwwert d'A3, Artikelen am Wort a Faszinatioun Indien ... scho cool
  • RTL inteam: Bob Konsbruck 30.10.2025 46min
    Am Atelier de Mann fir alles, kaum ouni Cap awer fir ëmmer tätowéiert. De B.O.B. fiert serious Moto an organiséiert ewell méi wéi e schwätzt
  • RTL inteam: Jeff Kettenmeyer 27.10.2025 48min
    Aus der Forge du Sud op d'Musel - e Liewe laang giel an nimools blo, wgl. keng Loftballonen op Vältesdag an et wäert definitiv beim "Här" Philipp bleiwen
  • RTL inteam: Annick Goerens 21.10.2025 43min
    Wäicherdang, Tel Aviv, Mëllerdall a Pakistan - Klammen, Theater, Paragliding, Yoga, Moto ... mat eiser Vollbluttjournalistin gëtt et eben ni langweileg
  • RTL inteam: Gérard Floener 15.10.2025 43min
    Den Technikfreak vum Kuelebierg: En Haus voller BDen, ni méindes, ni Mëllechschockela a wann et nëmme geet mam Vëlo - "Larguez les amarres!"
  • RTL inteam: Pitt Wagner 09.10.2025 31min
    Dem Pitt säi Wee vun där enger op déi aner Säit vun der Kamera: E Maacher Wakeboarder dee gäre fir vill Leit kacht - och Wiederfräschenhamen?
  • RTL inteam: Claudia Kollwelter 01.10.2025 28min
    Basket- a Gesangstalent, Podcasten am Bambësch, Skinny Bitch am Vis-à-Vis ... a vum Kierchbierg kann net mol eng Maus d'Claudia verjoen

Suosittu maassa

Tämä podcast esiintyy myös näiden maiden podcast-listoilla.