Kloertext fir ze lauschteren

Kloertext fir ze lauschteren

RTL Télé Lëtzebuerg
Maa Luxemburg
Genret Society & Culture
Kieli LB
Jaksot 100
Viimeisin 16.04.2026

D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Jaksot

  • 25 Joer Télévie, 16/04/2026 16.04.2026 1t 2min
    Nieft Temoignagë gëtt op d’Kriibsfuerschung zeréckgekuckt an dorop, wat alles erreecht gouf a punkto Behandlungen, Heelungen, an och Klinicken
  • Mindestloun, Inflatioun an Index: Wéi bezuelen?, 26/03/2026 26.03.2026 1t
    Neie Minister, al Problemer: De Sozialdialog ass nees um 0-Punkt! Riskéiert Schwaarz-Blo de Clash mat de Syndikater, kënnt et zu neie Streikaktiounen?
  • Logement: Noutstand zu Lëtzebuerg?, 12/03/2026 12.03.2026 1t 17min
    D’Regierung muss offiziell d'Kris am Logement deklaréieren, sou d’Fuerderung vun enger Plattform, déi sech virop géint Aarmut asetzt
  • Ass d’Schoul haut scho fit fir d’Zukunft?, 26/02/2026 26.02.2026 1t 10min
    Ons Aart a Weis ze enseignéieren ass iwwerlieft, si entspriecht net den Erausfuerderunge vun onser Gesellschaft, seet d’Schülervertriedung
  • Méi Gewalt: Gefillt oder Realitéit?, 12/02/2026 12.02.2026 1t 8min
    Gewalt ass e schwieregt Theema, och politesch, well ee mat der Angscht liicht spille kann.
  • Perspektive fir Wirtschaft an Aarbechtsmaart: tëscht Geopolitik a KI, 29/01/2026 29.01.2026 1t 10min
    Am Kader vun de geopolitesche Spannungen uechter d'Welt muss d'EU seng Kooperatiounen iwwerdenken. “Nostalgie ass keng Strategie”, sou de kanadesche Premier zu Davos, wa Groussmuechten d’Ekonomie als Waff asetzen, misst ee sech wieren an zesummendoen. Mat wiem? Nei Handelsaccorde si fir d’EU dacks Schwéiergebuerten. A wéi kënne si d’Ofhängegkeete vu China an den USA reduzéieren? Wat sinn d’Perspektive fir eng kleng oppe Wirtschaft wéi eis, déi manner wiisst? Erliewe mir grad eng Transitioun oder en Ëmbroch, net just geopolitesch, mee och technologesch duerch KI? Wéi musse Betriber, de Staat an all eenzelen domat ëmgoen?
  • Nei Weltuerdnung: Dee Staarke wënnt an d’EU e Vull fir d’Kaz?, 15/01/2026 15.01.2026
    "Ech wëll dat, ech braucht dat an ech huele mir, wat ech wëll." Méi komplizéiert schéngt d’Weltbild vum Donald Trump net ze sinn. Ass d’EU just nach e Vull fir d’Kaz tëscht den USA, China a Russland, déi sech d’Welt ënnereneen opdeelen? Wat fir Méiglechkeeten hunn d’Europäer a wat bedeit eng Weltuerdnung vum Recht vum Staarke fir kleng Länner wéi eist?
  • Den traditionellen Neijoerschinterview mam Premier Luc Frieden, 01/01/2026 01.01.2026 1t 35min
    Wat waren d'Erausfuerderungen a wéi wëll d'Regierung 2026 hir Prioritéite setzen? D'Caroline Mart kuckt mam Premier zréck op 2025 an no vir op 2026.
  • "Ouni Rechtsstaat an Europa si mir e Vull fir d’Kaz!", 18/12/2025 18.12.2025 1t 20min
    Fir den Ofschloss vum Joer maache mir am Kloertext de Réckbléck vun der grousser nationaler an internationaler politescher Aktualitéit. De Kloertext mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn
  • Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?, 04/12/2025 04.12.2025 1t 36min
    Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?
  • Si Wirtschaft, Mënscherechter a Klima kompatibel?, 20/11/2025 20.11.2025 1t 17min
    CSV an DP schwätze vu Pragmatismus, LSAP an déi Gréng vu Verwässerung.
  • Duerch den Doud fir d'Liewe léieren, 06/11/2025 06.11.2025 1t 5min
    E ka stënterlech kommen, ouni Virwarnung, ouni Logik scho ganz jonk, oder no laangem erfëllte Liewen: den Doud.
  • Dronen, KI a Cyberattacken: en neie Krich?, 23/10/2025 23.10.2025 1t 1min
    Gëllt just nach d’Recht vum méi Staarken? Wat brauch et u Personal a Material? Sinn Dronen déi nei Wonnerwaff? Jo, nee, dach an awer net – déi lescht Deeg war et e grousst Hin an Hier, ob et zu enger Entrevue Trump-Putin kënnt. Lo huet den US-President erkläert, dass d’Gespréicher mam Kreml-Chef zwar ëmmer gutt wieren, awer néirens hiféieren, an d’USA hu Sanktioune géint russesch Pëtrolsfirmaen decidéiert.
  • Déi Jonk: Ons Zukunft, mee net op si gelauschtert?, 09/10/2025 09.10.2025 58min
    D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.
  • Avortement an d’Verfassung: jo oder nee?, 25/09/2025 25.09.2025 1t 5min
    Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn. Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen? A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra? Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen hält dat fir néideg.
  • Sozialdialog: Kou vum Äis oder nach alles op?, 10/07/2025 10.07.2025 1t
    De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.
  • Informatioun sichen, Desinformatioun fannen?, 03/07/2025 03.07.2025 1t
    Den Internet, e weltwäit Netz fir jiddereen! Mee Algorithme maachen eisen Horizont méi kleng, dofir gëtt den Toun méi rau. Haass an Angscht gi verstäerkt.
  • Zolidd Verloschter am Politmonitor: Bleift Schwaarz-Blo op Kurs?, 19/06/2025 19.06.2025 59min
    Sondagë gi rof a dann nees rop, soten CSV-Politiker no onsem neiste Politmonitor. Kee Problem also?
  • Milliarde fir d’Defense: ouni Diskussioun?, 05/06/2025 05.06.2025 1t 3min
    Mécht dat Sënn? Wouhier d'Suen huelen? Geet et net awer op Käschte vu Sozialem? Wouranner ka Lëtzebuerg iwwerhaapt investéieren?
  • Méi laang schaffen, méi fir d’Defense: Lëtzebuerg stäerken?, 22/05/2025 22.05.2025 1t 23min
    Et diskutéieren d’Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun. Et gëtt awer geschwat iwwer déi Saachen, iwwer déi de Premier wéineg oder guer näischt sot. Et geet och ëm de Stil an d’Approche vum Luc Frieden.

Suosittu maassa

Tämä podcast esiintyy myös näiden maiden podcast-listoilla.