Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
Zemlja Luksemburg
Žanrovi Vijesti
Jezik LB
Epizode 50
Najnovija 21.09.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

Epizode

  • En Doheem fir demenzkrank Persounen 21.09.2026
    Haut ass de Welt-Alzeimer-Dag. Domat gëtt op eng Rei Demenzkrankheeten opmierksam gemaach, un deene weltwäit geschätzt 55 Millioune Leit leiden. Dorënner ass Alzheimer déi heefegst. Zu Lëtzebuerg bekëmmert sech d’ALA  – d’Association Luxembourg Alzheimer – ëm d’Belaange vu Mënsche mat Alzheimer. Nieft der Berodung vu potentiell Erkrankten an hire Familljen, bedreift d’ALA och Dagesfoyeren an ee Wunn- a Fleegeheemer hei zu Lëtzebuerg, speziell fir demenzkrank Persounen.
  • Ass d'Summervakanz ze laang a sollt se aneschters opgedeelt ginn? 21.09.2026
    Dat war fir d'Rentrée eis Fro vun der Woch. D'Meenungen doriwwer gi wéineg iwwerraschend wäit auserneen. Mir hunn Är Iddien zesummegefaasst an och an der Politik nogefrot
  • Berlin a Mecklenburg-Vorpommern hu gewielt: Eng Analys 21.09.2026
    Wat bedeiten d'Resultater vun deene Wale fir déi zwee Bundesländer? A wéi eng Konsequenze kéinte se um nationale Plang kréien? D'Analys vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch.
  • Tour de Luxembourg: E Bilan no 5 Deeg Course 21.09.2026
    Um Lampertsbierg war gëschter traditionell d’Arrivée vun der leschter Etapp am Tour de Luxembourg. D’Etappevictoire war no spektakulären 177km en solitaire fir den Hollänner Mathieu van der Poel. Entgéint dem wat sech virun de 5 Deeg Course erwaart gouf, konnt hien de Generalklassement awer net gewannen. Mir kucken op seng Leeschtung an och déi vun de Lëtzebuerger Cyclisten.
  • Ëmgang mat Dronen: "Et gëtt méi Equipement a Formatioun gebraucht" 21.09.2026
    De Manuel Atug ass Grënner a Spriecher vun der däitscher AG Kritis. Hie gesäit nach vill Loft no uewe wat d'Detektioun vun - an de Schutz virun - Dronen ugeet.
  • D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio 18.09.2026
    Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert.
  • Kann d'KI dout maachen? 18.09.2026
    De Francesco Ferrero vum Recherche-Institut LIST reagéiert op alarmistesch Aussoen, déi prominent KI-Fuerscher rezent gemaach hunn.
  • Zu Lëtzebuerg bleift d'Sich no enger Studentewunneng komplizéiert 18.09.2026
    Zu Lëtzebuerg war dës Woch net just Rentrée fir d’Schülerinnen a Schüler – och fir eppes méi wéi 7.000 Studenten op der uni.lu geet dat akademescht Joer nees lass. Iwwert d’Hallschent vun hinne kënnt aus dem Ausland fir ze studéieren a vill vun de Studente sinn nei op der uni.lu ageschriwwen. Besonnesch fir Si stellt sech d’Fro wou si zu Lëtzebuerg ënner Daach kommen. Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg, an engem Land, wou et jo allgemeng eng Wunnengsnout gëtt?
  • EU-Proposen: Lëtzebuerg begréisst Aschränkungen op soziale Medien 18.09.2026
    Méi Kontroll, manner Fräiheete fir d'Plattformen: Mir froen d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wéi realistesch si d'Virschléi vun der Kommissioun aschätzt.
  • Rentrée an der Chambre de Commerce 18.09.2026
    D’Rentrée an der Chambre de Commerce dëse Mëttwoch stoung ganz am Zeeche vun der Fro, ob et an den haitegen Zäiten iwwerhaapt nach méiglech ass, e Land ze reforméieren? Den Thierry Breton, fréiere franséische Minister an EU-Commissaire, sot op der Konferenz et wier absolut kruzial, Gesetzer déi schonn decidéiert sinn ëmzesetzen, amplaz sech mat neie Reformen ze beschäftegen.
  • Startschoss fir déi francophone 7e am Jongelycée 17.09.2026
    De Lampertsbierger Lycée ass eng vun iwwer 30 Schoulen, déi vun der Rentrée un eng franséischsproocheg Septième ubidden. Wat ännert fir d'Proffen a fir d'Schüler:innen? Dat froe mir op der Plaz no.
  • Kann de Gadi Eisenkot dem Netanjahu säin Nofollger ginn? 17.09.2026
    En Israel ouni Benjamin Netanjahu kann ee sech bal net virstellen. An awer wielt Israel de 27. Oktober en neit Parlament. An den Ëmfroe besteet et ëm d'Zukunft vum israeelesche Premier net esou gutt. Amplaz huet ee Politiker zënter zwee Méint d’Nues vir, deen hei am Ausland ëmmer nach onbekannt ass: De Gadi Eisenkot. Eise Korrespondent Léonardo Kahn ass op eng Walveranstaltung vun him gefuer, fir erauszefannen, fir wat hie steet, a wien d'Leit sinn, déi hie wielen.
  • Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer? 17.09.2026
    D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënnert anerem den Arbechtsmarché ze spieren?
  • Santé: Relatiounen tëschent Ministesch an AMMD bleiwe ugespaant 17.09.2026
    Bréngen d'Diskussiounen an de sechs Aarbechtsgruppen iwwer zukünfteg Erausfuerderunge vum Gesondheetssecteur béid Säiten nees beieneen? Froen un d'Martine Deprez.
  • Méiglech Interessekonflikter um Bau: OAI verlaangt Nobesserungen 16.09.2026
    De Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, erkläert, op wéi enge Punkten nei gesetzlech Bestëmmunge misste preziséiert ginn.
  • Tour de Luxembourg: E wéineg méi ausgeglach wéi an de leschte Joren 16.09.2026
    De Mëtteg ass um Knuedler an der Stad nees den Depart vum Tour de Luxembourg. D’Vëloscourse vu 5 Deeg huet mëttlerweil eng fest Plaz am Rennkalenner vun de Cyclisten an ass fir verschiddener vun hinnen d’Virbereedung op d’Weltmeeschterschaft, déi vu nächster Woch un a Kanada gefuer gëtt. Mir hunn de President vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck, am Virfeld ënner anerem gefrot, firwat dëst Joer méi am Norde gefuer gëtt wéi nach an de leschte Joren.
  • Dréchent: 50 Prozent manner Gromperen, mee d'Assurance kënnt net dofir op 16.09.2026
    Wéinst der Dréchent ass den Ertrag beim gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent dëst Joer ëm op mannst 50 Prozent zeréckgaangen. Vun den Assurancë gëtt den Ausfall awer net ofgedeckt.
  • Walrecht vu 16 Joer un: D'Jugendparlament hofft op een neien Debat 16.09.2026
    D'Jugendparlament fuerdert, datt nach eemol seriö iwwer d'Walrecht vu 16 u geschwat gëtt mam Zil, datt Jonker eventuell schonn 2029 bei de Gemengewale kënne matbestëmmen. Den aktuelle President Julien Lemmer-Veloso erkläert.
  • Lag vun der Unioun: Ursula von der Leyen op "Mission impossible"? 16.09.2026
    Haut hält d’Kommissiounspresidentin am Europaparlament zu Stroossbuerg hir Ried zur Lag vun der Unioun. Dat ass all Joer ee grousse Rendez-Vous, an d’Erwaardunge sinn des Kéier besonnesch héich. Dorun ass an éischter Linn och d’Ekipp vun der Kommissiounscheffin selwer Schold. Zënter Woche gëtt mat Messagen op de Soziale Medien op dee Speech higewisen, d’Europäesch Kommissioun huet eng 70 Influencer invitéiert, fir den Event méi breet ënner d’Leit ze kréien. Dobäi wäert et schwéier ginn, d’Erwaardungen ze erfëllen. Wëll déi verschidde politesch Fraktiounen hu ganz ënnerschiddlech Virstellungen doriwwer, wat an där Ried op alle Fall muss dra sinn. Virun allem d’Resultat vun de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD setzt déif - an d’Fro stellt sech, wéi d’EU dorop adäquat äntwerten soll.
  • Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht 15.09.2026
    Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz am Foyer kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen, Paul Galles (CSV) am Interview.

Popularan u

Ovaj podcast pojavljuje se i na podcast ljestvicama ovih zemalja.