Vill am Kapp

Vill am Kapp

Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)
Zemlja Luksemburg
Žanrovi Obrazovanje
Jezik LB
Epizode 3
Najnovija 07.07.2026

„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen. Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn.

Epizode

  • Héichbegabung a motoresch Entwécklung 07.07.2026 33min
    Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt. De Begrëff gëtt dacks benotzt, fir en Ënnerscheed zu neurodivergente Persounen ze maachen, zum Beispill bei Héichbegabung, Autismus oder ADHS – ouni dobäi eng Bewäertung oder Hierarchie auszedrécken.Wat huet d'Motorik mat Héichbegabung ze dinn? Vill méi, wéi een op den éischte Bléck mengt. An dëser Episod vu Vill am Kapp schwätze mir mam Psychomotoriker Guillaume Rodrigues iwwert de spannende Lien tëscht Héichbegabung an der motorescher Entwécklung.Mir erklären, wat motoresch Entwécklung iwwerhaapt bedeit, firwat et en Zesummenhang tëscht engem héijen IQ a fréier motorescher Entwécklung gëtt, a firwat Kanner mat engem heterogenen Héichbegabungsprofil dacks motoresch Schwieregkeeten hunn, déi laang duerch Strategië kompenséiert kënne ginn.Ausserdeem geet et ëm déi éischt Signaler, op déi Elteren a Fachleit oppasse kënnen, an ëm konkret Recommandatiounen, wéi d'motoresch Entwécklung am Alldag an an der Schoul gezielt ënnerstëtzt ka ginn – vun einfache Beweegungsaktivitéiten iwwer kreativ Handaarbechte bis hin zu koordinative Spiller.
  • Underachievement 07.04.2026 49min
    An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld.Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklären, wéi Facteuren ewéi Stress, Motivatioun, Selbstvertrauen oder d’Léierëmfeld d’Leeschtung beaflosse kënnen, wéi een éischt Warnzeechen erkennt a wéi d'Schoulen an d'Elteren d'Kanner gezielt ënnerstëtze kënnen.Zum Schluss gëtt kloer: Leeschtung reflektéiert net automatesch Potenzial. Nolauschteren, Verstoen an individuell Ënnerstëtzung si wichteg Schrëtt, fir Kanner an hirer Entwécklung ze stäerken.
  • Em wat geet et bei "Vill am Kapp"? 13.02.2026
    Teaser
  • Wat bedeit Héichbegabung? 13.02.2026 34min
    An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis. Och d’Roll vun der Famill an der Schoul kënnt zur Sprooch, sou wéi konkret Beispiller aus dem Alldag. Zum Schluss huele mir mat: Héichbegabung ass vill méi wéi héich Leeschtung – a Versteesdemech ass de wichtegste Startpunkt.

Popularan u

Ovaj podcast pojavljuje se i na podcast ljestvicama ovih zemalja.