Studio 2
RTL Télé Lëtzebuerg
0
Studio 2 ass eng Podcast-Emissioun vum RTL Télé Lëtzebuerg, déi sech mat aktuellen Theemen aus der Politik a Gesellschaft beschäftegt. All zweeten Donneschdeg kommen Invitéen zesummen, fir iwwer déi wichtegst Sujete vum Moment ze diskutéieren. D'Gespréicher ginn op Lëtzebuergesch gefouert an deelen Analysen, Meenungen an Hannergrënn zu nationale Froen. De Podcast riicht sech u Leit, déi sech fir politesch a gesellschaftlech Entwécklungen zu Lëtzebuerg intresséieren.
Epizode
-
PISA: Wéi komme mer endlech aus der Datz?, 01/10/2026 01.10.2026 1h 3minPISA soll net séier laanschtzéien, mä zum Diskussiounsthema ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Presentatioun vun den neiste PISA-Resultater D'Zuelen aus der leschter PISA-Etude mussen engem schonn ze denke ginn, wa bal 40% am Liesen an an der Mathé mol net den niddregsten Niveau erreechen. Firwat kritt de Lëtzebuerger Schoulsystem ëmmer rëm eng Datz am internationale Verglach? Et ass jo net, datt déi lescht Joren näischt geännert hätt. Wat muss elo nieft dem méi strikten Handyverbuet lo kommen? Och fir endlech de sozialen Ongläichheeten bäizekommen. Doriwwer wëlle mer mam Educatiounsminister a Vertrieder vun der ganzer Lycéescommunautéit schwätzen.
Popularan u
Ovaj podcast pojavljuje se i na podcast ljestvicama ovih zemalja.