Status 5 - De CGDIS Podcast
CGDIS
0
De Status 5 Podcast vum CGDIS bitt Interviewen mat verschiddene Persounen aus dem Corps grand-ducal d'incendie et de secours. D'Theme sinn ënner anerem Asätz, de Fonctionnement an d'Organisatioun vum CGDIS, souwéi d'Rekrutement vu fräiwëllegen a Beruffspompjeeën. De Podcast gëtt regelméisseg nei Follgen eraus, déi ëmmer en anert Thema behandelen. E beliicht de CGDIS hannert de Kulissen a gëtt Abléck an d'Aarbecht vun de Pompjeeën zu Lëtzebuerg.
Episode
-
6 - Iwwert d'Organisatioun wärend der Canicule (mam Sven Viktor) 29.07.2026 21mntWat ass de CGO?Wéi preparéiert de CGDIS sech op eng Canicule?Ginn et wärend enger Canicule tatsächlech méi Asätz fir de CGDIS?An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor, Chef de département Bâtiment zesummegesat. Hie war wärend der Canicule am Juni 2026 de Coordinateur vum CGO. Hien zielt eis wéi de CGDIS sech op dës aussergewéinlech Situatioun virbereet huet, wéi eng Demarchen an d'Weeër geleet goufen an, dass de Fonctionnement vum CGDIS, grad wärend enger Canicule, net nëmmen duerch Pompjeeë garantéiert gëtt. -
5#KOMPAKT - Iwwert de Fonctionnement vun engem CIS (mam Annick Baustert a Serge Steffes) 10.04.2026 8mntWat gesäit d'Aarbecht an engem CIS aus?Wéi ass d'Struktur vun engem CIS opgebaut?Wéi kann een sech als Pompjee an engem CIS weiderentwéckelen?An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d'Annick Baustert, zukünfteg Chef vum CIS Luxembourg an de Serge Steffes, Chef vum CIS Echternach invitéiert. Béid erklären eis wéi d'Aarbecht an engem CIS ausgesäit, wéi en CIS iwwerhaapt funktionéiert a wéi e Pompjee sech an engem CIS ka weiderentwéckelen. Do dernieft gi mer och dem Annick säi perséinleche Parcours gewuer a wéi hat zum Poste vum Chef CIS komm ass. -
4#KOMPAKT - Iwwert de Parcours vun engem Stagiaire (mam Luciano Da Conceiçâo) 03.04.2026 7mntWéi gesäit den Alldag vun engem Pompjeesstagiaire aus?Wéi vill Praxis ass wierklech um Programm?Wat mécht e Stage an engem CIS aus?...An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição, Pompjeesstagiaire am éischte Joer, eis iwwert säi perséinleche Parcours gezielt a wéi heen déi éischt Deeg an der Ausbildung erlieft huet. Doriwwer eraus gi mir vun him gewuer, wéi e praktesche Stage an engem Centre d'incendie et de secours (CIS) ausgesäit a wat hie bis elo alles a senger Ausbildung konnt léieren. -
3#KOMPAKT - Iwwert de Rekrutement vum Beruffspompjee (mam Jeff Zanussi a Sébastien Gemmer) 24.03.2026 8mntWat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn?Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of?Wat stécht hannert dem psychometreschen Test?An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer, Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d'Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een dann och kandidéiert. -
2#KOMPAKT - Iwwert d'Ausbildung vum Beruffspompjee (mam Yves Legil) 24.03.2026 8mntWéi laang dauert d'Ausbildung zum Beruffspompjee?A wéi enge Beräicher gëtt de Stagiaire ausgebilt?Ass et just dréchene Theorie-Unterrecht?...An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil, Chef de Département Formation de base vum CGDIS, bei eis am Studio. Heen hëlt eis mat hannert d'Kulisse vun der Ausbildung, déi all Beruffspompjee muss duerchgoen. Wéi déi Ausbildung ausgesäit, op wéi eng Situatiounen de Pompjeesstagiaire virbereet gëtt a wéi Asätz beim CGDIS kënnen ausgesinn, gitt der an dëser Episod gewuer. -
1#KOMPAKT - Iwwert de CGDIS (mam Claude Frantzen) 24.03.2026 8mntWat ass de CGDIS iwwerhaapt a wat si seng Missiounen?Wéi koum et zur Kreatioun vum CGDIS?Wéi eng Beruffer ginn et beim CGDIS?...An dëser KOMPAKT-Episod schwätze mir mam Claude Frantzen, Directeur administratif et financier vum CGDIS, iwwert de CGDIS allgemeng a seng Beruffer an awer och iwwert d'Kreatioun vum nationale Feier- a Rettungscorps a wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng Entitéit gebraucht huet, déi déi verschidden Acteuren aus dem Rettungswiesen ënnert een Hutt bréngt. -
Introduktioun zum Podcast 17.03.2026 1mntAn dëser Introduktioun gitt dir gewuer wat et mam "Status 5 - De CGDIS Podcast" op sech huet, wat iech an den zukünftegen Episoden erwaart an firwat de Podcast iwwerhaapt "Status 5" heescht.Hutt dir Froen zum CGDIS, déi nach ëmmer beäntwert wollt hu bzw. hutt Propose fir zukünfteg Theme fir de Podcast?Da schreift eis eng Email op communication@cgdis.luMir freeën eis op äre Retour!
Populer di
Podcast ini juga muncul di daftar podcast negara-negara ini.