Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
国 ルクセンブルク
ジャンル ニュース
言語 LB
エピソード数 50
最新 16.10.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

エピソード

  • Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter 16.10.2026
    Eise Korrespondent Leonardo Kahn mat engem Abléck an d'Alldagsliewen vun dem vum Krich gezeechente palästinenseschen Territoire.
  • Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm? 16.10.2026
    Den Yves Claude mécht sech staark fir den Erhalt vun deem Gebai am Bauhaus-Stil. Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine wëll hie sensibiliséieren.
  • Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt" 16.10.2026
    Hei am Land ginn et, trotz ganz dréchene leschte Méint, bis elo keng Enkpäss beim Drénkwaasser. Op Mauritius ass dat anescht. Eng Lëtzebuergerin erzielt, wéi dat sech ufillt.
  • Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung? 16.10.2026
    DP ass dofir datt Wueren aus illegal besaten Territoiren am Westjordanland net méi däerfen op Lëtzebuerg importéiert ginn. Wëllt d'CSV dat blockéieren? Mir froen de Fraktiounschef Laurent Zeimet.
  • Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun 16.10.2026
    An der Affär ëm de Spiller, deen aus reliéise Grënn refuséiert huet, weiblech Supporteren ofzeklappen, freet de Veräin elo en onofhängegen Avis. De President Marc Theisen erkläert.
  • Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen 15.10.2026
    Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen.
  • Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer 15.10.2026
    D'Nouvelle vun der Präsenz vu Feierbakterien a verschiddene Wéngerten huet de President vum Wënzerverband Paul Funck komplett iwwerrascht. A se mecht him Suergen.
  • Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen? 15.10.2026
    D'LSAP, déi gréng an déi Lénk soen, Lëtzebuerg soll net méi op aner EU-Länner waarde fir ze handelen. Mee wéi steet d'DP dozou? Mir froen hiren aussepolitesche Spriecher Gusty Graas.
  • Mc-collection.lu: Eng nei Online-Gallerie fir Lëtzebuerger Konscht 15.10.2026
    Mir hunn nogefrot, wéi eng Wierker do ausgestallt ginn.
  • Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un 14.10.2026
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
  • Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag 14.10.2026
    Den 1. Oktober huet d'Elisabeth Hoffmann de Frank Schroeder un der Spëtzt vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains ofgeléist.
  • Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus? 14.10.2026
    Mir froen eise Korrespondent Max Tholl.
  • Walrecht vu 16 Joer un: Ass d'CSJ vun hirer Mammepartei enttäuscht? 14.10.2026
    Mir hunn den CSJ-President Metty Steinmetz gefrot.
  • Chamber: Pirate gi sanktionnéiert 14.10.2026
    D'Presidentekonferenz vum Parlament huet, wéinst net-korrektem Ëmgang mat ëffentleche Suen, Strofe géint déi zwee Piraten-Deputéiert décidéiert. D'Reaktioun vum Marc Goergen.
  • Kënnt et zu engem Exit vum Brexit? 13.10.2026
    Den neie brittesche Premier Andy Burnham betount, hie wéilt d'Relatioune mat der EU nees verbesseren. Mir froen eis Korrespondentin, wéi wäit déi Iwwerleeunge ginn.
  • Psychesch krank Mënschen doheem begleeden 13.10.2026
    De Service SPAD vun der Rehaklinik vum Ettelbrécker CHNP geet bei Leit heem, déi Verhalensstéierungen, Schizophrenie oder eng Suchterkrankung hunn. Wat huet dat fir Virdeeler fir d'Patienten? Ënner anerem doriwwer schwätze mir mat der Responsabeler, Karin De Kroon.
  • Filmtipp: "On sera heureux" 13.10.2026
    Zwee homosexuell Flüchtlingen a Kanada, Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter... Déi kanadesch Realisatrice Léa Pool weist an där Lëtzebuerger Co-Produktioun, wéi dat Intiimt an dat Politescht unenee gerode kënnen. Et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.
  • Serge Wilmes: “D’EU soll méi bescheiden op der Cop31 optrieden” 13.10.2026
    D’Europäesch Unioun pocht drop, datt de Klima-Accord, wou wéi en 2015 zu Paräis ofgemaach gouf, och ëmgesat gëtt. D’Länner missten sech op der nächster Klimakonferenz dozou engagéieren, d’Engagementer vum Paräisser Accord effektiv anzehalen, heescht et an enger Deklaratioun vun de 27 EU-Memberlänner. Dee Pabeier gouf gëscht hei zu Lëtzebuerg vun den EU-Ëmweltministeren ugeholl - d’EU fiert domat op déi nächst Klimakonferenz, déi a gutt dräi Wochen an der Tierkei zu Antalya ufänkt. Lëtzebuerg steet hannert deem europäesche Mandat, sot eis gëscht um Bord vun der Reunioun um Kierchbierg den Ëmweltminister Serge Wilmes. D’EU misst zu Antalya méi “bescheiden” wéi nach zejoert op der Klimakonferenz a Brasilien optrieden.
  • Mental Gesondheet no der Gebuert: Hiewamme fuerdere besser Betréiung 13.10.2026
    D'Lëtzebuerger Asscoiatioun vun den Hiewamme fuerdert, datt Fraen an der Schwangerschaft an direkt no enger Gebuet eng besser Betreiung a punkto mental Gesondheet kréien.
  • Demokratie ënner Drock: Table ronde zum Theema Desinformatioun 12.10.2026
    Wéi verbreet sech Desinformatioun? Wéi erkennt ee se? A wat kann ee géint se maachen? E ganz aktuelle Sujet, well d’Verbreede vu geziilte Falschinformatiounen nach ni esou einfach war – wéinst de Soziale Medien, Populismus a Kënschtlecher Intelligenz. Am Kader vun der aktueller Ausstellung vun ënner anerem der schwäizer Ambassade an der Uni Lëtzebuerg iwwer d’Roll vum Journalismus war dës Woch eng Table ronde zum Theema, mam Constat, datt besonnesch d’Covid-Pandemie en neie Moment am Beräich vun der Desinformatioun war.

人気の国

このポッドキャストはこれらの国のポッドキャストチャートにも登場します。