Mäin Element

Mäin Element

FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
ルクセンブルク
ジャンル 教育, 科学
言語 LB
エピソード数 38
最新 07.07.2026

De Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) a mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

エピソード

  • Mäin Element - Christine Schiltz 07.07.2026 39分
    Wat heescht et Dyskalkulie ze hunn a wéi geet en domadden ëm? Déi Fro stellt sech d’Christine Schiltz. Si ass Dozentin op der Uni.lu a fuerscht als Neurowëssenschaftlerin ronderëm Theema vun der Dyskalkulie. An der neister Episod vu Mäin Element schwätze mir virun allem doriwwer wat déi Diagnos an der Praxis bedeit a wéi d’Christine Schiltz dorobber komm ass vum Sportstudium an d’Neurowëssenschaft ze goen. E Podcast an Zesummenaarbecht mam Luxembourg National Research Fund (FNR), deen d’Mënschen hannert der Fuerschung weist.
  • Mäin Element - Sophie Pilleron 09.06.2026 33分
    Kriibs als Diagnos verbannen déi meescht mat engem héijen Alter. An awer gëtt an der Fuerschung net genuch iwwert Kriibs am héijen Alter gefuerscht, esou d’Sophie Pilleron. D’Epidemiologin fuerscht mat hirem Team op der Uni Lëtzebuerg zu der Diagnos am Alter a well konkret rausfannen: Wat bréngt Dokteren dozou den diagnostesche Prozess bei eelere Leit an d’Liewen ze ruffen? Ëm dat, hiert Liewen a Neuseeland a villes méi geet et an der neister Episod vum Podcast Mäin Element.
  • Mäin Element - Axel Hochkirch 16.04.2026 27分
    Déi meescht Leit denke beim Geräisch vun Heesprénger un eng waarm Summernuecht. Eisen Invité denkt dobäi u seng Fuerschung. Den Axel Hochkirch fuerscht nämlech am Beräich vun den Heesprénger. Den däitsche Biolog, deen sech op Naturschutz a Biodiversitéit spezialiséiert huet, erzielt dem Max, wéi en dozou komm ass. Zousätzlech schwätzt hien och iwwert aner Sujeten, wéi zum Beispill, ob et den Axel jeemools an d’Politik kéint zéien.
  • Mäin Element - Benoît Majerus 31.03.2026 37分
    Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Gespréichstheemen net aus. Virun allem dann, wann ee mat him iwwert déi faméis Bréifboite-Firmen zu Lëtzebuerg schwätzt. De Fuerscher erzielt eis iwwert säi Letterbox-Projet, bei deem hien iwwert d'Geschicht vun de Bréifboite-Firme fuerscht an iwwert den historesche Kontext, deen een aus den Tintin-Comics erausliese kann. Zousätzlech erzielt de Benoît wéi et ass, wann een als Kand vun engem Sexolog opwiisst.
  • Mäin Element - Ann Kiefer 10.02.2026 35分
    Wat huet de Graf Zahl mam Manneke Pis ze dinn? Op den éischte Bléck net vill – an awer spille béid eng wichteg Roll am Liewe vun eiser Invitée aus dëser Episod „Mäin Element“. D’Ann Kiefer hëlt eis mat an d’Welt vun der Mathematik a schwätzt mat eis iwwer hire Parcours: vun der Schoul an d’Fuerschung a vun do aus erëm zréck an de Klassesall - just eben net als „typesch Mathésprof“, wat dat genau heescht, héiert Dir an der neier Episod. Vill Spaass!
  • Mäin Element - Jordi Cabot 13.01.2026 32分
    KI, Katalounien a Cabot - Dat kéint den Titel vun dëser Episode "Mäin Element" sinn. Zesumme mam Jordi Cabot maache mir ee Rant iwwert d'Recherche, blécken hannert d'kënschtlech Intelligenz a reesen op Plazen, déi bis ewell onberéiert vum Massentourismus bliwwe sinn. Vill Spaass mat der neier Episode vu Mäin Element!
  • Mäin Element - Christophe Ley 22.10.2025 32分
    Stellt Iech fir, dir wéisst virun all Sportevent schonn am viraus d‘Resultat? Onwarscheinlech, oder? Dobäi mécht eisen Invitée vun haut genau dat, wat soss just en Oktopus wärend der WM kann - e rechent d‘Gewënner vun der EM a WM am Fussball aus. De Christophe Ley huet zu Bréissel studéiert an huet sech do net nëmmen eng Expertise mä huet do nach eng weider Passioun vun sech kennen ausliewen: d'Léift zu Comics a Bandes-Dessinés. Freet Iech op eng léierräich Episode mat spannenden Insights, informative Geschichten an en Abléck an d'Formel mat där een all Tippspill gewanne kann! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Dominique Santana 30.09.2025 36分
    Wann Film op Geschicht trëfft, dann denkt ee meeschtens un den Indiana Jones… Schued u sech. Fir dësen Episod hate mir d'Dominique Santana als Gaascht. Si verbënnt dës zwou Saachen – Film a Geschicht – a ganz spannend Projeten. Daucht mat hir a mam Max an dat "brasilianescht Esch", d'Success-Story vun RTL Radio an natierlech och an dem Dominique säi Wee vun der lokaler Tëlee bis zum multimediale Fuerschungsprojet. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu https://colonia.lu/de https://radio.lu/de/
  • Mäin Element - Lindsay Flynn 17.07.2025 28分
    Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Johannes Meiser 04.03.2025 30分
    Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Alexander Skupin 03.02.2025 32分
    Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet. Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Nesryne Mejri 16.12.2024 30分
    Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a verréit eis, wee säi léifste Game of Thrones-Personnage ass. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Sean Takats 06.11.2024 36分
    Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Christiane Hilger 07.08.2024 30分
    Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet. A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Emmanuel Defay 23.05.2024 29分
    Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
  • Mäin Element - Ines Chihi 28.03.2024 32分
    Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
  • Mäin Element - Gilbert Fridgen 05.02.2024 31分
    NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen. De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
  • Mäin Element - Constanze Weth 23.10.2023 28分
    An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
  • Mäin Element - Maria Rita Palattella 28.07.2023 29分
    Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen. Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
  • Mäin Element - Emma Schymanski 05.06.2023 31分
    An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt. Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

人気の国

このポッドキャストはこれらの国のポッドキャストチャートにも登場します。