35M Elevator Pitch

35M Elevator Pitch

35M Films
Valsts Luksemburga
Valoda EN-US
Epizodes 32
Jaunākā 04.04.2026

35M Elevator Pitch is a podcast by 35M Films that brings together filmmakers from Luxembourg and around the world. Each episode features conversations about their passion for cinema and the craft of making movies. The show offers insights into the creative and technical sides of filmmaking, highlighting diverse perspectives from the industry.

Epizodes

  • FRED NEUEN – Parallel Welten 🇱🇺 04.04.2026 1h 13min
    Haut hu mer net nëmmen héije Besuch (eisen éischte President!) mee et ass des Kéier och e Podcast, dee struppevoll ass mat de verschiddensten Themen. Well de Fred Neuen ass un allem interesséiert wat mat Geschichtenerzielen a Weltebauen ze dinn huet. De Fred ass duerch an duerch Cinephile vu klengem un, dat erkennt ee spéitstens wann ee säin Tattoo gesäit. Iwwer d'Joren huet hien net nëmme Filmer gemaach als Regisseur a Produzent, mee och Telés Programmer, Musiksvidoen, Reklammen, huet Produk...
  • SASCHA LEY – Ni opginn! 🇱🇺 07.03.2026 1h 13min
    D’Sascha Ley ass sou villsäiteg wéi een als Performer nëmme ka sinn – hatt ass grad sou douéiert als Sängerin a Komponistin, wéi och als Schauspillerin, souwuel op der Bühn wéi virun der Kamera. Also, ech sinn e mega Fan. An dat net réischt zënter, dass ech d’Chance hat mat him ze schaffen op eisem leschte Kuerzfilm „Backstage“ – wou hatt rëm op en Neit bewisen huet, wat fir eng couragéiert Schauspillerin hatt ass, déi sech traut bis zum Äussersten ze goen. D’Sascha erzielt eis wat fir ...
  • JULES WARINGO – Best of Both Worlds 🇱🇺 07.02.2026 1h 17min
    Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo. Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht. De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et op der Premiere zu San Sebastian war, wou hien den neie Film vum belsche Starregisseur Joachim L...
  • EUGENIE ANSELIN – Ausser Otem 🇱🇺 05.04.2025 1h 14min
    D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass. D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat mer mengen ech alleguer kennen. Gottseidank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni ...
  • HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng Bühn 🇱🇺 14.03.2025 1h 11min
    D'Hana Sofia (moment, ass dat iwwerhaapt säi richtege Numm!?) ass weltwäit gutt ennerwee. Als Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Zu Letzebuerg huet et éischt Schrett gemaach mat der Sitcom "Comeback", wärend hatt a Portugal duerch eng Telenovela engem Milliounepublikum bekannt ginn ass. Haut schwätze awer iwwer seng neiste Roll am actionräichen ZDF Thriller "Flucht aus Lissabon" wou hatt un der Säit vum "Bergdoktor" Hans Sigl drop la...
  • CHRISTINA SCHAFFER – Baut sich die Welt wie sie ihr gefällt 🇩🇪 08.03.2025 1h 2min
    Unser heutige Gast ist geboren in der ältesten Stadt Deutschlands. Nicht nur deswegen kennt die Christina sich gut aus mit Geschichte. Als Production Designerin hat sie schon viele verschiedene Zeitepochen wahrheitsgetreu in ihren Kulissen wieder aufleben müssen. Bis ins letzte Detail kümmert sie sich um alles was im Film um die Schauspieler herum zu sehen ist. Man kann also sagen, dass Christina Schaffer Welten erschafft. Mit Christina unterhalten wir uns über wie wichtig es ist, unsere Kre...
  • ALEX ESPIGARES – Eise Mann mam Oscar 🇱🇺 15.02.2025 1h 15min
    And the Academy Award goes to... Alexandre Espigares! Yes, haut hu mer e ganz spezielle Gaascht op Besuch. Nämlech eise Mann mam Oscar. Ier en zu Hollywood di gëlle Statue fir de "Mr Hublot" an de Grapp gedréckt krut, huet den Alex awer fir d’éischt mol misse laang Joren iwwert d’ganz Welt reesen, wou hien op deene verschiddensten Zeechentrickfilmer als Animateur geschafft huet. Mam Alex ënnerhalen mer eis iwwert den Ënnerscheed tëschent Animatioun a Live Action, respektiv wat déi zwou Konsch...
  • ULI SIMON – Kleider machen Leute 🇩🇪 25.01.2025 1h 9min
    Uli ist nicht nur unser erster nicht Luxemburgisch-sprachiger Gast, sondern mit ihr haben wir zum ersten mal eine Kostümbildnerin zu Besuch. Einer dieser Jobs beim Film, die viel spannender sind als man sich das als Nichtkenner so vorstellen würde – es geht nämlich um viel mehr als nur Kleider. Besonders wenn man schon so viele, und so große Projekte wie die Uli aufzeigen kann. Man denke nur an die vielen Stars, die sie über die Jahre hinweg an– und auch ausgezogen hat... Support the show Ënn...
  • ERIC LAMHÈNE – Stäerkt & Resilienz 🇱🇺 04.01.2025 1h 16min
    "Hors d'Haleine" ("Breathing under Water") heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et em haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft. Den Eric verréit wéi hien de Scenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, no jorelaanger Recherche geschriwwen huet. Wéi huet hier Kollaboratioun funktionéiert, wärend se net nëmmen um Set Regisseur- a Kamerafr...
  • JULIE KIEFFER – D’Julie war ni fort 🇱🇺 14.12.2024 56min
    Ugefaangen huet fir d'Julie alles um Set vun der Sitcom „Comeback“, wou hatt fir d’éischte Kéier huet dierfen eng Haaptroll spillen. Dobäi huet seng grouss Loscht fir d’Schauspillerei schonn an der Kandheet an him gebrodelt. Haut ass d’Julie net nëmmen eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Actricen – hatt huet sech parallel dozou fir de Wee als Pädagog entscheet, wou hatt de Nowuess un den Theater eruféiert. Dat wëll awer net heeschen, dass een net och ka fir Präisser op international...
  • Special: "QUICKIES" Round Table – Go Make Films Now! 🇬🇧 30.11.2024 1h 1min
    "QUICKIES" is an anthology of low budget short films, each directed by another filmmaker, created by the Luxembourg Filmmakers’ association FILMREAKTER. We celebrate the premiere of the 2nd season with a live round table, where we talk to one of its creators, Govinda van Maele, and four of the participating filmmakers: Julie Schroell, Eileen Byrne, Ganael Dumreicher, and Roxanne Peguet. Created to inspire new approaches to filmmaking in a rapidly changing world, the "Quickies" series welcome...
  • ANDY BAUSCH: PART 2 – Steel crazy after all these years 🇱🇺 23.11.2024 54min
    Nodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt. Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: de "Club des Chômeurs", an een Documentaire nom aneren iwwer lëtzebuerger Geschichten. An och haut gëtt et kee Grond fir d...
  • ANDY BAUSCH: PART 1 – D’Kees op an d‘Klacken eraus! 🇱🇺 09.11.2024 1h 10min
    Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf. Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënnt an "acteur fétiche", Thierry van W...
  • 35M Elevator Pitch | RTL PLAY – Trailer 06.11.2024
    Elo op RTL PLAY! E Podcast iwwer d'Léift zum Film, a wéi e gemaach gëtt. All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, a poteren iwwert d‘Konscht an de Beruff vum Filmemaachen. Den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. play.rtl.lu/shows/lb/35m-elev... 35mfilms.com/podcast Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Sc...
  • THIERRY FABER – D'Handwierk vum Storytelling beherrschen 🇱🇺 29.06.2024 1h 5min
    Vun der Schéier zum Stëft: Dem Thierry Faber säin Talent als Geschichtenerzieler couvréiert all Aspekt vun der Filmproduktioun – vum éischte geschriwwene Wuerd, iwwert d'Regie-féieren, bis hin zum Schnëtt vum fäerdege Film. Den Thierry ass de Mastermind vun der erfollegräichster Lëtzebuerger Serie "Capitani" 1 & 2 – déi Serie, déi via Netflix d'ganz Welt erreecht huet. Mir schwätze mam Thierry iwwert dësen onerwaarte Succès; wéi hie mat Kritik ëmgeet; wéi wäit hie geet an der Recherche....
  • GOVINDA VAN MAELE – Däi Selbstvertrauen schützen 🇱🇺 15.06.2024 1h 4min
    De Govinda ass net nëmmen ee vun de Createuren vun der "Quickies" Kuerzfilm-Anthologie, hien ass virun allem den Auteur & Regisseur hannert eisem Liblings Lëtzebuerger Film : dem Bauerenduerf-Thriller "Gutland" (2017) mam Vicky Krieps. Mir ënnerhalen eis iwwer Selbstvertrauen – déi wichtegst Qualitéit vun engem Filmemaacher, dat ee mat alle Mëttele schütze muss; a wisou et wichteg ass kleng Karriärs-Schrëtt ze maachen, fir seng Kreativitéit net duerch ze vill Geld ruinéieren ze loo...
  • KEN BARTHELMEY – Monsters & Blockbusters 🇱🇺 11.05.2024 1h 6min
    Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi. De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet. Support the show Ënnerstëtz ...
  • LUKAS GREVIS – Einfach just maachen! 🇱🇺 27.04.2024 1h 1min
    De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen. Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet. Wat no baussen i...
  • JERRY FRANCK – De Wee bei d'Oscars (Hollywood Series) 🇱🇺 06.04.2024 57min
    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet. De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator. De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot...
  • ANNE KLEIN – Raus aus der Comfort Zone (Hollywood Series) 🇱🇺 23.03.2024 1h 15min
    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet. D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si w...

Populārs valstī

Šis podkasts parādās arī šo valstu podkastu topos.