Zeenewiessel
radio 100,7
0
Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.
Епизоди
-
S04E06: Wéi ee Saumon an der Uelzecht 11.05.2026An den 1950er gouf hei am Land de leschte Saumon gesinn. Fréier konnt een dëse Wanderfësch tonneweis an der Uelzecht fänken. Kéint e Retour vum Saumon geléngen, wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgaben erleedegt? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S04E05: Ugezaapt 04.05.2026Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist, ass d'Land net gutt opgestallt, fir Verdeelungskämpf ëm d'Waasser nohalteg ze reegelen. Bleift genuch Waasser fir d'Uelzecht iwwreg? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei: Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S04E04: Stad, Land, Floss 27.04.2026De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och fir Landwirtschaft a Wunnengsbau wäertvoll. Een Immobilieprojet zu Walfer weist, wéi schwiereg et ass un Terraine fir d'Renaturéierung vun der Uelzecht ze kommen. Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S04E03: Ugepifft! 20.04.2026Zënter den 1960er huet d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech op Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert. Elo ginn et am Land eng 180.000 Ranner. Mam Resultat, datt enorm Quantitéite Gülle als Dünger op de Felder lant. An ze vill Dünger dréit dozou bäi, datt Flëss a Baachen erstécken. Muss de Véibestand reduzéiert ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S04E02: Gekläert? 13.04.2026Laang huet Lëtzebuerg wéineg a Kläranlagen investéiert a krut dowéinst och eng Milliounestrof vun der EU. Elo sinn d'Anlagen EU-konform, mee fir d'Uelzecht nach ëmmer eng ze grouss Belaaschtung. D'Flosspartnerschaft Uelzecht huet sech dowéinst géint de Bau vun enger Jugurtsfabrik zu Beetebuerg gewiert. Déi griichesch Molkerei Fage ass schlussendlech net komm. Mee et muss ëmmer méi kommunaalt Ofwaasser traitéiert ginn. Wéi vill Kläranlage packt d'Uelzecht nach? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S04E01: De Präis vum Fortschrëtt 13.04.2026Vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert war d'Uelzecht mat hire Millen ee Wuesstemsmotor. Mat der Industrialiséierung lant ëmmer méi Knascht am Waasser, d'Uelzecht gëtt zu enger Kloak. Mee d'Zäiten ännere sech: An den 1960er, bei engem Geriichtsprozess ëm d’Schwämm op der Gantebeensmillen, steet d’Uelzecht op eemol am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Gestridde gëtt iwwer eng Fro, déi bis haut relevant ass: Muss een déi negativ Konsequenze vum Wuesstem a Kaf huelen? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S04E00: Trailer 06.04.2026D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. A Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden Zoustand bréngen. Wéi kann d'Uelzecht dat Zil jee erreechen, wa Bevëlkerung a Wirtschaft weider wuessen? Dëse Froe ginn d'Charlotte Bruneau an d'Pia Oppel a 6 Episoden no. "Iwwerfloss" heescht eis nei Serie am Zeenewiessel. Zeenewiessel gëtt produzéiert mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound-Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
S03E05: Chefsaach 27.10.2025De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft huet. Dës Affär weist, wéi schwiereg et fir Plattformaarbechter:inne ka sinn, hir Rechter ze verteidegen. Wëllt Lëtzebuerg de legale Kader veränneren, fir datt dat an Zukunft méi einfach gëtt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu De ganzen Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
-
S03E04: Nei Spillreegelen 20.10.2025An der EU schaffen ëmmer méi Leit fir digital Plattformen. An dat deels ënner prekäre Conditiounen. Dorunner soll sech mat enger neier Direktiv elo eppes änneren. Mee wéinst gréisserem Widderstand gouf dëse Projet staark verwässert. Wat mécht déi nei Reegele fir d’Plattformekonomie esou ëmstridden? A ginn d’Rechter vu Plattformaarbechter:innen elo gestäerkt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes, Danièle Weber a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der ganzer Episod fannt dir hei.
-
S03E03: Uber-raschung 13.10.2025Digital Plattformen, déi iwwer eng App Servicer ubidden, hunn net ëmmer Succès mat hirem Geschäftsmodell. An engem wichtege Secteur krute si sech zu Lëtzebuerg bis haut net duerchgesat: D’Taxiwiesen. An dat obwuel d’Taxi-App Uber scho virun zéng Joer versicht huet, sech hei ze lancéieren. Aus strategesche Grënn, wéi intern Dokumenter vun der Firma, déi sougenannt "Uber Files", weisen. "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
-
Zeenewiessel um Prix Europa 09.10.2025De Radio 100,7 ass dëst Joer fir de Prix Europa nominéiert. Als éischte Lëtzebuerger Medium iwwerhaapt. Eis Zeenewiessel-Serie “Carambolage” iwwer d’Caritas-Affär ass fir de Präis vun der beschter europäescher Audio-Investigatioun am Rennen. Zesumme mat Produktioune vun der BBC, der RTBF, der ARD a vun enger Dosen aneren ëffentlech-rechtleche Medien. D’Pia Oppel mellt sech aus dem Runfunkhaus vum Sender RBB zu Berlin aschwätzt mam Jean-Claude Franck doriwwer wéi d’Presentatioun vun eiser Podcast-Serie virum Jury ofgelaf ass. A wéi eng aner spannend Produktiounen nominéiert sinn. An et gëtt ee kuerzen Update, wou d’Caritas-Affär den Ament drun ass.
-
S03E02: Fräie Fall 06.10.2025Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen, dee si dobäi ënnerstëtzt. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
-
S03E01: Schéin nei Aarbechtswelt 29.09.2025D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei Clienten, déi hir Bestellungen iwwer eng App maachen. Den 32 Joer ale Syrer ass mat senger Famill op Lëtzebuerg geflücht. An der éischter Episod vun “Ausgeliwwert” begleet de Léonardo Kahn hien a sengem Aarbechtsalldag. Een Alldag, dee markéiert ass vun der Hoffnung awer e bësse méi ze verdénge wéi de Mindestloun. “Ausgeliwwert”, eng Recherche iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg, ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
-
S03E00: Trailer 22.09.2025Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei am Land. Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episoden no. “Ausgeliwwert” heescht eis drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
-
Schlechte Schüler E06: Net vu schlechten Elteren 28.07.2025Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-6-1684060030 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
-
Schlechte Schüler E05: Am Speckgürtel 28.07.2025Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi se ass? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/article/aktualiteit/schlechte-schuler-transkript-vun-der-episod-5 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
-
Schlechte Schüler E04: En français, s'il te plaît 28.07.2025Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-4 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
-
Schlechte Schüler E03: Esch international 28.07.2025D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-3 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
-
Schlechte Schüler E02: Zeréck an d'Zukunft 28.07.2025An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-2-1625279074 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
-
Schlechte Schüler E01: Op den Ufank kënnt et un 28.07.2025Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-1 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Популарен во
Овој подкаст се појавува и на подкаст-листите на овие земји.