Moiesstudio
radio 100,7
0
Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.
Епизоди
-
Startschoss fir déi francophone 7e am Jongelycée 17.09.2026De Lampertsbierger Lycée ass eng vun iwwer 30 Schoulen, déi vun der Rentrée un eng franséischsproocheg Septième ubidden. Wat ännert fir d'Proffen a fir d'Schüler:innen? Dat froe mir op der Plaz no. -
Kann de Gadi Eisenkot dem Netanjahu säin Nofollger ginn? 17.09.2026En Israel ouni Benjamin Netanjahu kann ee sech bal net virstellen. An awer wielt Israel de 27. Oktober en neit Parlament. An den Ëmfroe besteet et ëm d'Zukunft vum israeelesche Premier net esou gutt. Amplaz huet ee Politiker zënter zwee Méint d’Nues vir, deen hei am Ausland ëmmer nach onbekannt ass: De Gadi Eisenkot. Eise Korrespondent Léonardo Kahn ass op eng Walveranstaltung vun him gefuer, fir erauszefannen, fir wat hie steet, a wien d'Leit sinn, déi hie wielen. -
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer? 17.09.2026D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënnert anerem den Arbechtsmarché ze spieren? -
Santé: Relatiounen tëschent Ministesch an AMMD bleiwe ugespaant 17.09.2026Bréngen d'Diskussiounen an de sechs Aarbechtsgruppen iwwer zukünfteg Erausfuerderunge vum Gesondheetssecteur béid Säiten nees beieneen? Froen un d'Martine Deprez. -
Méiglech Interessekonflikter um Bau: OAI verlaangt Nobesserungen 16.09.2026De Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, erkläert, op wéi enge Punkten nei gesetzlech Bestëmmunge misste preziséiert ginn. -
Tour de Luxembourg: E wéineg méi ausgeglach wéi an de leschte Joren 16.09.2026De Mëtteg ass um Knuedler an der Stad nees den Depart vum Tour de Luxembourg. D’Vëloscourse vu 5 Deeg huet mëttlerweil eng fest Plaz am Rennkalenner vun de Cyclisten an ass fir verschiddener vun hinnen d’Virbereedung op d’Weltmeeschterschaft, déi vu nächster Woch un a Kanada gefuer gëtt. Mir hunn de President vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck, am Virfeld ënner anerem gefrot, firwat dëst Joer méi am Norde gefuer gëtt wéi nach an de leschte Joren. -
Dréchent: 50 Prozent manner Gromperen, mee d'Assurance kënnt net dofir op 16.09.2026Wéinst der Dréchent ass den Ertrag beim gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent dëst Joer ëm op mannst 50 Prozent zeréckgaangen. Vun den Assurancë gëtt den Ausfall awer net ofgedeckt. -
Walrecht vu 16 Joer un: D'Jugendparlament hofft op een neien Debat 16.09.2026D'Jugendparlament fuerdert, datt nach eemol seriö iwwer d'Walrecht vu 16 u geschwat gëtt mam Zil, datt Jonker eventuell schonn 2029 bei de Gemengewale kënne matbestëmmen. Den aktuelle President Julien Lemmer-Veloso erkläert. -
Lag vun der Unioun: Ursula von der Leyen op "Mission impossible"? 16.09.2026Haut hält d’Kommissiounspresidentin am Europaparlament zu Stroossbuerg hir Ried zur Lag vun der Unioun. Dat ass all Joer ee grousse Rendez-Vous, an d’Erwaardunge sinn des Kéier besonnesch héich. Dorun ass an éischter Linn och d’Ekipp vun der Kommissiounscheffin selwer Schold. Zënter Woche gëtt mat Messagen op de Soziale Medien op dee Speech higewisen, d’Europäesch Kommissioun huet eng 70 Influencer invitéiert, fir den Event méi breet ënner d’Leit ze kréien. Dobäi wäert et schwéier ginn, d’Erwaardungen ze erfëllen. Wëll déi verschidde politesch Fraktiounen hu ganz ënnerschiddlech Virstellungen doriwwer, wat an där Ried op alle Fall muss dra sinn. Virun allem d’Resultat vun de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD setzt déif - an d’Fro stellt sech, wéi d’EU dorop adäquat äntwerten soll. -
Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht 15.09.2026Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz am Foyer kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen, Paul Galles (CSV) am Interview. -
Alphabetiséierung op Franséisch: Wéi gëtt orientéiert? 15.09.2026Mir froen de Regionaldirekter vun de Grondschoulen zu Esch, den Yves Ciaffone, wéi d'Schüler:inne bei hirem Choix tëschent der Alphabetsiéierung op Däitsch oder Franséisch begleet ginn. -
Belsch Wollefsruddelen: "D'Wahrscheinlechkeet klëmmt" och zu Lëtzebuerg 15.09.2026An der belscher Province de Luxembourg goufen 13 jonk Wëllef, respektiv zwee Ruddelen confirméiert. Den Dr. Laurent Schley, Biolog a Chef vum Service Faune sauvage et Chasse bei der ANF, erkläert wat dat fir déi Lëtzebuerger Bëscher bedeit. -
De Bléck zeréck op déi eege Rentrée 15.09.2026De 15. September ass jo all Joer d'Rentrée hei zu Lëtzebuerg. Fir Dausende vu Schüler:inne geet domadder nees de Schoulalldag lass. De Simon Larosche huet mat Senioren a Seniorinnen driwwer geschwat, wéi si hiren éischte Schouldag erlieft hunn. -
Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht 15.09.2026Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz am Foyer kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen, Paul Galles (CSV) am Interview. -
Stock-Car: Eng Welt fir sech 14.09.2026Wann an enger Autoscourse zwee Autoen anenee knuppen ass an der Reegel fir béid Pilote Schluss. Mee beim sougenannte Stock-Car geet d’Course da réischt esou richteg lass. Sech géigesäiteg dréinen an op d’Kopp geheien ass hei nämlech ausdrécklech erwënscht a gewanne mécht och net onbedéngt deen, deen als éischt duerch d’Zil fiert.Zu Rammerech war um Sonndeg déi lescht Course vum Joer. -
Gravelbiken: Vum Trend bei d'Kompetitioun 14.09.2026Gëschter war zu Hesper dat éischt nationaalt Championnat am Gravelbiken. Wéi ass de Bilan a wou steet déi haaptsächlech geselleg Sportaart hei am Land? Mir froen de Scott Thiltges an de Pol Weisgerber vum Vëlosklubb "Le Guidon" vun Alzeng, dee fir d'Organisatioun vum Event zoustänneg war. -
Luxembourg Music School: Groussen Undrang virun der Rentrée 14.09.2026D'Porte ouverte bei Luxembourg Music School déi d'CAVEM iwwerholl huet, hat vill Succès. Kanner an Erwuessener hu sech am Virfeld vun der neier Rentrée fir d'Kueren interesséiert. -
Sécurité routière: De Schoulwee ass méi sécher ouni Auto 14.09.2026Muer ass Rentrée, och op de Stroossen. Den Haaptmessage vun der Direktesch vun der Sécurité routière, Isabelle Medinger, ass: Kanner sollen net an d'Schoul gefouert ginn. -
"Plattform fir Demokratie": déi Lénk, ADRenalin an d’Pirate reagéieren 14.09.2026Déi nei "Plattform fir Demokratie" gouf vu siwe jonke Politiker aus CSV, DP, LSAP an déi gréng gegrënnt. Si wëllt demokratesch Institutioune stäerken, géint Desinformatioun virgoen an d’Qualitéit vum ëffentlechen Debat verbesseren. Déi Lénk, d’Piraten an d’ADRenalin sinn net dobäi. Si kritiséieren ënner anerem déi sozial-ekonomesch Ausriichtung, méiglech Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet an d’Zesummesetzung vun der Plattform. -
Haut viru 25 Joer stoung "America under attack" 11.09.2026Haut op den Dag viru 25 Joer hunn d‘USA déi schlëmmsten Terrorattack an hirer Geschicht erlieft: 2.996 Leit sinn ëm d‘Liewe komm an iwwer 6.000 goufen der blesséiert, wéi zwee Passagéierfligeren an d‘Tierm vum World Trade Center geflu sinn, eng drëtt an de Pentagon gesteiert gouf an eng véiert iwwer Pennsylvania erofgefall ass.
Популарен во
Овој подкаст се појавува и на подкаст-листите на овие земји.