Panorama
radio 100,7
0
National an international Noriichten
Episod
-
Panorama 26.09.20261. D’Resultat vun der direkter Wiel vum Comité directeur bei der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC läit vir. De President Claude Reuter krut déi meescht Stëmmen; op de Plazen zwee an 3 leien d’Sandy Hansen an de Guy Breden. 2. Zanter gëschter ass de Poopst Leo de 16. op Visite a Frankräich. De Moie koum de Chef vun der kathoulescher Kierch mat Migranten zesummen an huet ë.a. betount, et sollt een an Dignitéit an a Fridden zesumme liewen. 3. An der Nations League am europäesche Fussball spillt Lëtzebuerg den Owend a Bulgarien, an an där Nations League gewannen eis franséisch a belsch Noperen hir 1. Matcher: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
Panorama 26.09.20261. D’UNO-Vollversammlung zu New York war den 1. groussen Optrëtt op internationalem Parquet fir de Grand-Duc Guillaume. E positive Bilan dovun a vu senge Gespréicher zu New York huet gëschter den Ausseminister Xavier Bettel gezunn. 2. No weideren Attacke vun ukraineschen Dronen op Russland stellt sech de Wladimir Putin d’Fro, ob hie mat Kiew iwwer e Fridde verhandele wëll. Donieft seet de russesche President, säi Land hätt keng Attack op Europa wëlles. 3. An der Nations League am europäesche Fussball spillt Lëtzebuerg den Owend a Bulgarien, an an där Nations League gewannen eis franséisch a belsch Noperen hir 1. Matcher: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
Owespanorama 25.09.20261. Affär Fridman: LSAP a Gréng fuerderen Erklärungen, fir wat Lëtzebuerg sech dofir agesat huet, dass de russeschen Oligarch vun der EU Sanktiounslëscht gestrach gouf 2. Gréng: Wäerte Steierreform net mat stëmmen, well se net sozial gerecht wier 3. Poopst: Gouf zu Paräis vum Emmanuel Macron empfaangen 4. Neien Tankrabatt an Däitschland: 17 Cent manner um Liter Bensinn an Diesel vun Oktober bis Dezember 5. England: Fussball Club Manchester City huet 115 finanziell Reegele gebrach -
Mëttespanorama 25.09.20261. D’Decisioun fir de russesche Milliardär Mikhail Friedman vun der Sanktiounslëscht ze huele wier vun alle 27 EU-Memberstaaten zesumme geholl ginn, esou de Xavier Bettel am 100,7-Interview, um Bord vun der UNO-Vollversammlung zu New York. 2. D’Otemweeinfektiounen zu Lëtzebuerg klammen den Ament, allerdéngs just liicht. D’Saison géif eréischt ufänken, seet d’Dr. Anne Vergison, Cheffe de division vun der Inspection sanitaire. 3. De Poopst Leo XIV fänkt haut eng Visitt vu véier Deeg a Frankräich un, déi hien e Méindeg och bei eis an d‘Géigend, op Metz féiert 4. Den Iran soll verschiddene Mediemeldungen no en neie Virschlag fir Verhandlungen iwwer en Enn vum Krich virgeluecht hunn. -
Moiespanorama 25.09.20261. Drone-Pressekonferenz: schaarf Kritik un der Kommunikatioun vun der Regierung 2. Optakt vun der Popstvisitt am Frankräich 3. UN: Tumult wärend der Ried vum B. Nethanjahu -
Moiespanorama 25.09.20261. Drone-Pressekonferenz: Schaarf Kritik un der Kommunikatioun vun der Regierung 2. Optakt vun der Poopstvisitt a Frankräich 3. UN: Tumult wärend der Ried vum B. Nethanjahu -
Owespanorama 24.09.20261. Luc Frieden no Dronevirfall: Sécherheetsproblem mee keng reell Gefor fir d'Populatioun 2. Oppositioun kritiséiert Kommunikatioun zu den Drone vun der Regierung 3. CNN, MS NOW a POLITICO dierfen trotz Geriichtsuerteel nach ëmmer net an d'Wäisst Haus -
Mëttespanorama 24.09.20261. Wat den Drohne virfall um Findel ugeet sou haett een déi néideg Mesüren ergraff huet ët de moie vum Premier geheescht. Ausser dat d‘Fluchlosten se visuell gesinn hunn an ets ech ëm grouss Drohnne gehnadelt huet war de moien op enger Pressekonferenz awer nët vill gewuer ze ginn. 2. Am centre hospitalier neuro-psychiatrique ass e Prisonnéier verscheed, wéi d‘Justiz matdeelt gouf de 24 Joer ale Mann de moien dout opfonnt. 3. De Wunnegsmarché zu lëtzebuerg dréint nee méi roueg nom exceptionelle Pic 2025, dat ass ee vun de Constaten vum Observatoire de l‘habitat zesumme mam Statec. De Brand an enger Starlink Statioun a Polen ass op Sabotage zrëck ze féieren, dat sot haut de polneschen Ausseminister -
Moiespanorama 24.09.20261. Spuetestéch bei der SES op der Kockelscheier 2. Weider Rieden op der UN-Vollversammlung 3. Riichter stoppt dem Trump säi Blockage vu verschiddene Medien -
Moiespanorama 24.09.20261. Spuetestéch bei der SES op der Kockelscheier 2. Weider Rieden op der UN-Vollversammlung 3. Riichter stoppt dem Trump säi Blockage vu verschiddene Medien -
Owespanorama 23.09.20261. Leit déi eng allocation de vie chère bezéien, kënne vu Januar un en E-Auto fir 15 Euro de Mount leasen 2. ACEL fuerdert méi Studentewunnengen 3. USA erlabe keng OSZE-Walobservateuren op de Midterms -
Mëttespanorama 23.09.20261. Déi schlecht Wahlresultater vun der CDU bei de rezente Landtagswahlen an Däitschland , wieren d’Konsequenz vun der Regierungspolitik an der allgemenger Stëmmung an Däitschland. Dat sot den CDU-Member vum Bundestag an Ex-Verkéiersminister Patrick Schnieder aus der Eifel, de Moien als Invité vum Dag. 2. Den iranesche President ass zu New York ukomm. De Massoud Pezeshkian soll haut eng Ried virun der UNO Vollversammlung halen. 3. D‘EU Kommisisoun huet haut virgeschloen 4,2 Milliarden Euro u Finanzhëllefen fir Ungarn ze déblockéieren. 4. D‘OECD huet hir global Wirtschaftsprognosen liicht eropgesat op elo 2,9 Prozent. -
Moiespanorama 23.09.20261. UNO-Vollversammlung: Grand-Duc Guillaume verdeedegt a senger Ried de Multilateralismus a mécht en Opruff fir méi Vertrauen 2. UNO-Vollversammlung: Iranesche President soll haut eng Ried halen 3. Elektromobilitéit Lëtzebuerg: Leasing social soll kommen 4. CDU: Friedrich Merz soll fir elo mol bleiwen, sou den CDU Politiker Patrick Schnieder de Moien am 100,7 Interview 5. Xi Jinping: Chineesesche President fir Staatsvisitt zu Washington -
Moiespanorama 23.09.20261. UNO-Vollversammlung: Grand-Duc Guillaume verdeedegt a senger Ried de Multilateralismus a mécht en Opruff fir méi Vertrauen 2. UNO-Vollversammlung: Iranesche President soll haut eng Ried halen 3. Elektromobilitéit Lëtzebuerg: Leasing social soll kommen 4. Ukrain: Kritik nodeems zwee Oligarchen op Wonsch vun ënner anerem Frankräich a Lëtzebuerg vu Sanktiounslëscht geholl goufen 5. Xi Jinping: Chineesesche President fir Staatsvisitt zu Washington -
Owespanorama 22.09.20261. UNO-Vollversammlung: Trump verdeedegt Iran-Krich 2. EU verlängert Sanktiounen géint Israel 3. US-Airbase Spangdahlem an der Äifel: Militärfliiger erofgefall -
Mëttespanorama 22.09.20261. Vun den Dronen, déi bis elo zu Lëtzebuerg detektéiert goufen, géif absolut keng direkt Gefor fir d’Populatioun ausgoen, sot de nach-Arméi-Chef Steve Thull 2. Mat hirem Klimaplang wëllt d’Stad Lëtzebuerg bis 2050 komplett klimaneutral ginn 3. De Grand-Duc Guillaume hält haut eng Ried zu New York am Kader vun der Generaldebatt vun der UNO-Vollversammlung 4. De Radio 100,7 schéckt d’Formatioun “Jambal” zesumme mam Rapper “Kenai Shogun” fir Lëtzebuerg op den Eurosonic Festival am Januar 5. Eskalatioun am Jemen: bei neie Kämpf tëscht der Huthi-Miliz an de Regierungstruppe sinn 154 Mënschen ëm d‘Liewe komm -
Moiespanorama 22.09.20261. Arméi-Chef: D‘Dronen, déi zu Lëtzebuerg detektéiert goufen, wiren keng direkt Gefor fir d‘Populatioun, esou de Steve Thull am 100,7 Interview 2. Findel: Et goufen nees Dronen detektéiert, dowéinst gouf de Fluchtrafic gëschter Owend eng knapp Stonn laang gestoppt 3. New York: Grand-Duc Guillaume hält Ried bei der Generaldebatt vun der UNO Vollversammlung 4. EU: Ambassadeure goufen sech nach net eens fir Sanktioune géint Persounen an Organisatiounen an Zesummenhang mat Russland ze verlängeren 5. USA: CNN an aner Medie kloe géint Decisioun vum Donald Trum, si aus dem Wäissen Haus auszeschléissen -
Moiespanorama 22.09.20261. Findel: Et goufen nees Dronen detektéiert, dowéinst gouf de Fluchtrafic gëschter Owend nees eng knapp Stonn laang gestoppt 2. New York: Grand-Duc Guillaume hält Ried bei der Generaldebatt vun der UNO Vollversammlung 3. UNO: Lëtzebuerg ënnerstëtzt weider den humanitäre System vun de Vereente Natiounen, esou den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel 4. EU: Ambassadeure goufe sech nach net eens fir Sanktioune géint Russland ze verlängeren 5. USA: CNN an aner Medie kloe géint Decisioun vum Donald Trump, si aus dem Wäissen Haus auszeschléissen -
Owespanorama 21.09.20261. De Staat huet net Wëlles seng Parten vun der BIL ze verkafen, seet de Finanzminister. 2. No den Drone-Virfäll vun de leschten Deeg diskutéieren d’Parteien an der Chamber iwwer d’Kommunikatioun dozou vun der Regierung. 3. Ëmmer manner Bréiwer, dofir awer ëmmer méi Päck: De Lëtzebuerger Postmarché huet sech an de leschte Joren däitlech verännert, esou den ILR. 4. Den zukünftege Vëlodrom zu Munneref soll Enn 2028 fäerdeg ginn. -
Mëttespanorama 21.09.20261. Interministeriell Drone-Cellule war zesummen: et gi keng weider Detailer oder zousätzlech Informatiounen zu de Virfäll de Weekend 2. De Chômagetaux ass am August op 6,5% geklomm: 20.136 Persounen si bei der ADEM ageschriwwen 3. D’Arméisgewerkschaft SPAL fuerdert en effikassen a konstruktive Sozialdialog mat der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes 4. Zwee Mineure sinn an den Erwuesseneprisong komm no brutalem Iwwerfall zu Bierchem 5. No de regionale Walen an Däitschland an de Verloschter vun CDU steet de Bundeskanzler Merz massiv ënner Drock
Popular di
Podcast ini turut muncul dalam senarai podcast negara-negara ini.