On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

Reporter.lu
Land Luxembourg
Språk LB
Episoder 207
Siste 11.09.2026

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Episoder

  • Iwwer Walen, Zäsuren a politesch Lektiounen 11.09.2026 32min
    Wéi erwaart huet d'AfD d'Walen a Sachsen-Anhalt däitlech gewonnen. Wéi konnt et dozou kommen? Wat bedeit dat fir Däitschland an doriwwer eraus? An ass esou en Zenario och zu Lëtzebuerg denkbar? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi eng politesch Rentrée steet eis bevir? 04.09.2026 28min
    Eng laang Summerpaus geet op en Enn. Wéi eng grouss Reforme vun der CSV-DP-Agenda stinn no der Rentrée un? Wat huet d’Regierung soss nach wëlles, éier et Richtung nächst Wale geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi soll et weidergoen mam Ukrain-Krich? 28.08.2026 28min
    Wéi ass déi aktuell Lag an der Ukrain? Wat bréngen d’Hëllefen vun der „Coalition of the willing“? An wéi ass d’Roll vun der Lëtzebuerger Regierung an hir aktuell Strategie an der Militärpolitik anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Krisekommunikatioun am Dréiwen 21.08.2026 20min
    D'Feier am Héije Venn hat en direkten Impakt op Lëtzebuerg. Wéi grouss war d'Gefor duerch den Damp? Gouf fréi a präzis genuch informéiert? A wéi ass generell d'Krisekommunikatioun ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Klimapolitik ouni Wäitsicht 14.08.2026 30min
    D’Regierung setzt Ureizer fir d’Energietransitioun, mee d’Klimaziler ginn ëmmer méi schwéier ze areechen. Wouru läit dat? Wou muss nogebessert ginn? A firwat bräicht et virun allem eng aner Kommunikatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Méi séier Prozeduren, mee wierklech méi einfach? 07.08.2026 24min
    D’Regierung hat sech eng grouss Simplificatioun administrative virgeholl. Mee si Reforme wéi de „Once only“ esou einfach ëmsetzbar? Oder d'Digitaliséierung bei der Steierverwaltung? An dat alles bis 2028? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Affär mat politeschem Opklärungsbedarf 31.07.2026 24min
    D’Affär ëm presuméierte Bedruch an der Immigratioun wërft vill Froen op. Wat ass gewosst? Wéi glafwierdeg sinn d’Aussoe vun den zoustännege Ministeren? A wéi ass et mat der politescher Responsabilitéit? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Méi séier a méi einfach bauen? 24.07.2026 22min
    Den Inneminister Léon Gloden huet säin Text fir en nationaalt Bautereglement virgeluecht. Wat steet do dran? Gëtt et de grousse Versprieche gerecht? A wéi vill Autonomie behalen d'Gemengen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Vum Projet Alpha zum Projet Alternativlos? 17.07.2026 31min
    Kuerz virun der Summervakanz war de Projet Alpha nach eemol Thema an der Chamber. Wat soen déi nei Etuden an Evaluatiounen aus? Wéi ass d'Virgoe vum Ministère ze beurteelen? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi wiele mir an Zukunft? 10.07.2026 28min
    D’Chamber diskutéiert iwwert eise Walsystem. Wéi sécher ass de geplangten elektronesche Vott? Wéi solle Wieler am Ausland agebonne ginn? A wat huet dat mat de Bezierker an dem Walrecht ze dinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Hëtztwell als Warnschoss 03.07.2026 28min
    Déi lescht Woch huet gewisen, wéi eng Auswierkungen héich Temperaturen op d'Liewen zu Lëtzebuerg kënne hunn. Wéi war d'Land dorop virbereet? Wéi gouf d'Situatioun geréiert? A wat fir Léiere musse lo gezunn ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Politik op Nummer sécher 26.06.2026 26min
    CSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng schwiereg Gemenge-Lage 19.06.2026 31min
    Aktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d'Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d'Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Wéi resilient mécht eis dëse Pak wierklech? 12.06.2026 36min
    Den Tripartite-Accord ass ënnerschriwwen an de Resilienzpak läit vir. Wat ass dovun ze halen? Wou gouf verpasst, déi strukturell Problemer unzegoen? A wéi koum et réckbléckend zu där séierer Eenegung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • En Accord, mee fir wéi laang? 05.06.2026 23min
    An der Tripartite hunn d'Regierung an d'Sozialpartner méi séier en Accord fonnt wéi geduecht. Wéi koum et dozou? Op wat fir Mesurë gouf sech gëeenegt? An hu mer domat d'Kris iwwerwonnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Erwächen an der Energiekris 29.05.2026 29min
    CSV an DP hunn eng „aner“ Klimapolitik versprach. Mee wéi zilféierend ass déi? Wou steet Lëtzebuerg a puncto Energietransitioun? A wéi wëll d’Regierung op déi aktuell Präiskris reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Ried laanscht d'Lag vun der Natioun 22.05.2026 27min
    De Luc Frieden huet dës Woch seng drëtt Ried zur Lag vun der Natioun gehal. Mee wéi éierlech war seng Analys? Wat huet hie verpasst ze soen? A wéi huet hien domat den Terrain bereet fir d'Tripartite? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Eng Tripartite ënner schwierege Virzeechen 15.05.2026 25min
    Dës Woch kruten d'Regierung an d'Sozialpartner Zenarien zur Energiekris virgeluecht. Wéi gesinn déi aus? Wat muss lo an der Tripartite diskutéiert ginn? A wéi grouss ass den Drock op de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Vun enttäuschten Dokteren an eidele Keessen 08.05.2026 28min
    D'AMMD verweigert hir Ënnerschrëft ënner eng nei Konventioun mat der CNS. Wat wëllen d’Dokteren? Firwat kënnt d’Regierung deem net no? A wéi huet sech dat dës Woch op d’Quadripartite ausgewierkt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
  • Déi onendlech Geschicht vum Sportsmusée 01.05.2026 34min
    Gläich dräi Ministeren hunn sech dës Woch an der Chamber zum Dossier Sportsmusée erkläert. Wat ass dovun zréckzebehalen? Wat steet am Avis juridique zum Projet? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Populær i

Denne podkasten finnes også i podkast-listene til disse landene.