Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
Kraj Luksemburg
Gatunki Wiadomości
Język LB
Odcinki 50
Najnowszy 24.09.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

Odcinki

  • Nei Campagne soll belsch Frontalierë vun der Heemecht iwwerzeegen 24.09.2026
    Méi wéi 50.000 Leit kommen all Dag aus der Belsch op Lëtzebuerg schaffen. Knapp all Zéngte vun hinne kënnt aus der däitschsproocheger Gemeinschaft. An deem Deel am Oste vun der Belsch gëtt awer dringend no qualifizéiertem Personal gesicht. Fir d’Awunner drop opmierksam ze maachen, wéi eng Méiglechkeeten et an der däitschsproocheger Belsch ginn a firwat dat besser ass wéi all Dag ze pendelen, gouf lo eng Campagne lancéiert.
  • En eenzegartege Fond zu Lëtzebuerg 24.09.2026
    Am Kader vum Reamenagement vun der Place de la résistance zu Veiane goufe bis ewell ronn 160 mënschlech Skeletter um fréiere Kierfecht vun der Trinitarierkierch fonnt. Zënter August lafen archeologesch Ausgruewungen op der Plaz. D'Andrea Bischof vum nationalen Archeologie-Institut INRA erkläert am Interview mam Paule Rodesch, wat déi mënschlech Iwwerreschter iwwert d’Liewen zu Veianen a fréieren Zäite kënne verroden.
  • Lëtzebuergesch Coursen: Et feelt weider u Proffen 24.09.2026
    Mir froen d'Direktesch vum Institut national des langues, d'Maisy Gorza, firwat et esou schwéier ass Lëtzebuergesch Proffen ze fannen.
  • natur&ëmwelt sicht nom Vull vum Joer 2027 24.09.2026
    ... an Dir kënnt mat ofstëmmen: Haubentaucher, Feldsperling a Wintergoldhähnchen sinn déi 3 Vullenaarten, déi zur Auswiel stinn.
  • Spacecampus Kockelscheier: Meilesteen fir d'SES 24.09.2026
    Mam Spuetestéch, gëschter, fir hire Weltraumcampus op der Kockelscheier ass d’SES an eng nächst Phas gaangen, hir industriell Phas. De Chef vun der Société européenne des satellites, Adel Al-Saleh, huet dann och vun engem nächste Meilesteen an der Entwécklung vun der SES geschwat.
  • Wéi gutt fonctionéiert de Locatiouns-System Vel'OH an der Stad Lëtzebuerg? 23.09.2026
    Den aktuelle Vel’OH-System vun der Stad Lëtzebuerg leeft 2028 aus - da gëtt eng nei Ausschreiwung gemaach an d’Vëlosflott gëtt moderniséiert. Aktuell ass d’Firma JCDecaux den zoustännege Prestataire. De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt hofft op een Zitat: “Méi performante System”, wéi hie vis-à-vis vum Tageblatt sot. Wéi gutt fonctionéiert den aktuelle System a wéi zefridden ass d’Stad Lëtzebuerg domat?
  • Den Dan Lorang am Interview: De Mann hanner de performanten Athleeten 23.09.2026
    Laang Zäit war den Dan Lorang Trainer vun der däitscher Triathleetin Anna Haug. Du koum de Wiessel an de Vëlossport, wou hie sech bei RedBull-Bora hansgrohe een Numm als Trainer gemaach huet. Rezent ass hie bei d'Ekipp Lidl-Trek gewiesselt. De Jean-Claude Majerus hat d'Geleeënheet, mam Dan Lorang iwwer seng Karriär als Coach ze schwätzen.
  • UNO-Vollversammlung: Wat bréngen d'Rieden zu New York? 23.09.2026
    Mir schwätze mat eisem Korrespondent op der Plaz, dem Philip Crowther.
  • Nei am Kino 23.09.2026
    De Michel Delage stellt eis déi nei Filmer vir, déi dës Woch an de Lëtzebuerger Kinoen ulaafen.
  • "Swan Song: Diana, my sister" - wat stécht dohannert? 22.09.2026
    D'Buch vum Earl Spencer suergt fir Opreegung am Vereenegte Kinnekräich an doriwwer eraus. Mir hu mat eiser London-Korrespondentin Marie Billon driwwer geschwat.
  • Viru 35 Joer ass den Ötzi fonnt ginn 22.09.2026
    Den 19.9.1991 ass déi 5.300 Joer al Läich duerch Zoufall fonnt ginn. Déi Entdeckung huet de Bléck op d'Kofferzäit revolutionnéiert. E Gespréich mat der Directrice vum Südtiroler Archeologiemuseum Elisabeth Vallazza.
  • D'Drone-Problematik aus der Siicht vun de Fligerpiloten 22.09.2026
    Froen un de Paul Reuter, Luxair-Pilot a Vize-President vun der European Cockpit Association (ECA).
  • Kanada: Éischten associéierte Member vun der EU? 22.09.2026
    Den däitschen Europadeputéierten Tobias Cremer huet viru 6 Méint an engem Rapport fir méi enk Relatioune mat Kanada plädéiert. Elo geet et effektiv an déi Richtung. Seng Reaktioun?
  • Frankräich: Den neie fräiwëllege Militärdéngscht ass ugelaf 22.09.2026
    De Service national riicht sech haaptsächlech u jonk Leit vun 18 oder 19 Joer, déi wärend 10 Méint d’Geleeënheet kréien ze erliewen, wat et heescht, Zaldot ze sinn.
  • En Doheem fir demenzkrank Persounen 21.09.2026
    Haut ass de Welt-Alzeimer-Dag. Domat gëtt op eng Rei Demenzkrankheeten opmierksam gemaach, un deene weltwäit geschätzt 55 Millioune Leit leiden. Dorënner ass Alzheimer déi heefegst. Zu Lëtzebuerg bekëmmert sech d’ALA  – d’Association Luxembourg Alzheimer – ëm d’Belaange vu Mënsche mat Alzheimer. Nieft der Berodung vu potentiell Erkrankten an hire Familljen, bedreift d’ALA och Dagesfoyeren an ee Wunn- a Fleegeheemer hei zu Lëtzebuerg, speziell fir demenzkrank Persounen.
  • Ass d'Summervakanz ze laang a sollt se aneschters opgedeelt ginn? 21.09.2026
    Dat war fir d'Rentrée eis Fro vun der Woch. D'Meenungen doriwwer gi wéineg iwwerraschend wäit auserneen. Mir hunn Är Iddien zesummegefaasst an och an der Politik nogefrot
  • Berlin a Mecklenburg-Vorpommern hu gewielt: Eng Analys 21.09.2026
    Wat bedeiten d'Resultater vun deene Wale fir déi zwee Bundesländer? A wéi eng Konsequenze kéinte se um nationale Plang kréien? D'Analys vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch.
  • Tour de Luxembourg: E Bilan no 5 Deeg Course 21.09.2026
    Um Lampertsbierg war gëschter traditionell d’Arrivée vun der leschter Etapp am Tour de Luxembourg. D’Etappevictoire war no spektakulären 177km en solitaire fir den Hollänner Mathieu van der Poel. Entgéint dem wat sech virun de 5 Deeg Course erwaart gouf, konnt hien de Generalklassement awer net gewannen. Mir kucken op seng Leeschtung an och déi vun de Lëtzebuerger Cyclisten.
  • Ëmgang mat Dronen: "Et gëtt méi Equipement a Formatioun gebraucht" 21.09.2026
    De Manuel Atug ass Grënner a Spriecher vun der däitscher AG Kritis. Hie gesäit nach vill Loft no uewe wat d'Detektioun vun - an de Schutz virun - Dronen ugeet.
  • D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio 18.09.2026
    Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert.

Popularny w

Ten podcast pojawia się również w listach podcastów tych krajów.