Invité:e vum Dag
radio 100,7
0
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Episódios
-
Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS 17.07.2026De Joresrapport vum CGDIS, dem Corps grand-ducal d’incendie et de secours, ass Theema mat eisem Invité vum Dag.
-
Sonja Ugen, Direktesch vum LUCET 16.07.2026Wéi sinn d'Resultater vun der Etüd vum Luxembourg Centre for Educational Testing iwwer de Projet ALPHA ze verstoen? A firwat koum se esou spéit eraus? Dat froe mir d'Direktesch vum Luxembourg Center for Educational Testing.
-
Alexandra Oxaceley, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss 15.07.2026D'Stëmm feiert haut hir 30 Joer. D'Prekaritéit ass an där Zäit net verschwonnen, am Géigendeel. Wéi huet d'Situatioun an de Profil vun de Concernéierte sech verännert?
-
Claude Meisch, DP-Edukatiounsminister 14.07.2026Am Virfeld vun der grousser Vakanz schwätze mir iwwer déi gemëschte Kriticken um Projet ALPHA, deen am September uleeft. Déi entspriechend Rapporte goufe gëschter publizéiert.
-
Léon Gloden, CSV-Inneminister 13.07.2026Mir schwätzen iwwer de grousse Bedruchsfall a sengem Ministère an iwwer dat neit nationaalt Bautereglement, wat virum Weekend presentéiert gouf.
-
Dr. Bernard Thill, Éierepresident vu Médecins du Monde Lëtzebuerg 10.07.2026Aarmut mécht krank, seet d'ONG, a widderhëlt hir Fuerderung no enger Couverture universelle des soins de santé (CUSS) fir Leit ouni CNS-Versécherung.
-
Gusty Graas, DP-Deputéierten 09.07.2026Nom NATO-Sommet zu Ankara: Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
-
Barbara Agostino, DP-Deputéiert 08.07.2026Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert.
-
Elisabeth Margue, Justiz- an delegéiert Medieministesch 07.07.2026De Gesetzesprojet iwwer d'Comparution accélérée gouf op den Instanzewee geschéckt. Et ass e weidere Schrëtt am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit. Haut ass an der Chamber iwwerdeems de Vott iwwer de Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten. De Presserot hat den Text zwar generell begréisst, eenzel Punkten awer kritiséiert.
-
Diane Dhur, Presidentin vun Omega 90 06.07.2026D'Associatioun, déi Leit um Enn vun hirem Liewen esouwéi Famille begleet, wëllt d'Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen ausbauen. Omega 90 wëllt dofir en Zentrum fir pediatresch Palliativfleeg zu Hamm schafen.
-
Lex Faber, President vun AULa 03.07.2026Wéi sollen eis Stied an Dierfer méi resilient gi géint Hëtztwellen? Doriwwer schwätze mir mam President vun der ASBL vun de Lëtzebuerger Amenageuren an Urbanisten. Hie reagéiert och op Iddie vun eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen, wéi den urbane Raum kéint méi gréng ginn.
-
Bettina Steinbrügge, MUDAM-Directrice 02.07.2026De MUDAM feiert 20 Joer. Spiert seng Directrice haut nach Nowéie vu senger turbulenter Entsteeungsgeschicht a wéi soll de Musée sech zukünfteg entwéckelen?
-
Michelle Friederici, Presidentin vum OAI 01.07.2026Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. D'Architekte mussen déi haiteg klimatologesch Realitéit scho bei der Konzeptioun vun neie Constructioune bedenken.
-
Paul Galles, Stater CSV-Schäffen 30.06.2026Wéi eng Léieren zitt de Stater CSV-Schoulschäffen aus der Organisatioun an de Schoulen a Foyere wärend der Hëtztwell? War et richteg, fir kee generelle schoulfräi ze ginn?
-
Martine Hansen, Ministerin fir ë. a. Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau 29.06.2026Wéi soll d'Lëtzebuerger Landwirtschaft zukünfteg ausgesinn? Dat froe mir déi zoustänneg Ministesch. E Gespréich iwwer Hëtztwell, EU-Düngemëttel-Plang a Mëllechbaueren
-
Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg 26.06.2026Zanter genee 65 Joer këmmert de Fonds Kirchberg sech ëm d'Entwécklung vun deem groussen Deel vun der Stad, deen ursprünglech just e Feld war. Wat sinn d'Ziler fir de Quartier haut?
-
Andrew Ferrone, Direkter fir europäesch an intl. Affären am Ëmweltministère 25.06.2026Mir schwätze mam Klimatolog iwwer déi aktuell Wiederlag, ëmmer méi heefeg Hëtztwellen a wat Lëtzebuerg nach muss maachen, fir seng Klimaziler ze erreechen.
-
Beryl Koltz, Responsabel fir den Nation Branding 24.06.2026Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.
-
Asylpak: wat hätt Lëtzebuerg missten anescht maachen, Noémie Sadler? 22.06.2026An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.
-
Dr. Marc Berna, Direkter vum HRS 19.06.2026D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or. De Projet kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Regierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat d’Zukunft vun de Spideeler? A wéi grouss gëtt d’Konkurrenz tëschent Klinicken a privaten Initiativen? Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman.
Popular em
Este podcast também aparece nas paradas de podcasts destes países.