Moiesstudio
radio 100,7
0
Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.
Episódios
-
D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio 18.09.2026Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert. -
Kann d'KI dout maachen? 18.09.2026De Francesco Ferrero vum Recherche-Institut LIST reagéiert op alarmistesch Aussoen, déi prominent KI-Fuerscher rezent gemaach hunn. -
Zu Lëtzebuerg bleift d'Sich no enger Studentewunneng komplizéiert 18.09.2026Zu Lëtzebuerg war dës Woch net just Rentrée fir d’Schülerinnen a Schüler – och fir eppes méi wéi 7.000 Studenten op der uni.lu geet dat akademescht Joer nees lass. Iwwert d’Hallschent vun hinne kënnt aus dem Ausland fir ze studéieren a vill vun de Studente sinn nei op der uni.lu ageschriwwen. Besonnesch fir Si stellt sech d’Fro wou si zu Lëtzebuerg ënner Daach kommen. Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg, an engem Land, wou et jo allgemeng eng Wunnengsnout gëtt? -
EU-Proposen: Lëtzebuerg begréisst Aschränkungen op soziale Medien 18.09.2026Méi Kontroll, manner Fräiheete fir d'Plattformen: Mir froen d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wéi realistesch si d'Virschléi vun der Kommissioun aschätzt. -
Rentrée an der Chambre de Commerce 18.09.2026D’Rentrée an der Chambre de Commerce dëse Mëttwoch stoung ganz am Zeeche vun der Fro, ob et an den haitegen Zäiten iwwerhaapt nach méiglech ass, e Land ze reforméieren? Den Thierry Breton, fréiere franséische Minister an EU-Commissaire, sot op der Konferenz et wier absolut kruzial, Gesetzer déi schonn decidéiert sinn ëmzesetzen, amplaz sech mat neie Reformen ze beschäftegen. -
Startschoss fir déi francophone 7e am Jongelycée 17.09.2026De Lampertsbierger Lycée ass eng vun iwwer 30 Schoulen, déi vun der Rentrée un eng franséischsproocheg Septième ubidden. Wat ännert fir d'Proffen a fir d'Schüler:innen? Dat froe mir op der Plaz no. -
Kann de Gadi Eisenkot dem Netanjahu säin Nofollger ginn? 17.09.2026En Israel ouni Benjamin Netanjahu kann ee sech bal net virstellen. An awer wielt Israel de 27. Oktober en neit Parlament. An den Ëmfroe besteet et ëm d'Zukunft vum israeelesche Premier net esou gutt. Amplaz huet ee Politiker zënter zwee Méint d’Nues vir, deen hei am Ausland ëmmer nach onbekannt ass: De Gadi Eisenkot. Eise Korrespondent Léonardo Kahn ass op eng Walveranstaltung vun him gefuer, fir erauszefannen, fir wat hie steet, a wien d'Leit sinn, déi hie wielen. -
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer? 17.09.2026D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënnert anerem den Arbechtsmarché ze spieren? -
Santé: Relatiounen tëschent Ministesch an AMMD bleiwe ugespaant 17.09.2026Bréngen d'Diskussiounen an de sechs Aarbechtsgruppen iwwer zukünfteg Erausfuerderunge vum Gesondheetssecteur béid Säiten nees beieneen? Froen un d'Martine Deprez. -
Méiglech Interessekonflikter um Bau: OAI verlaangt Nobesserungen 16.09.2026De Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, erkläert, op wéi enge Punkten nei gesetzlech Bestëmmunge misste preziséiert ginn. -
Tour de Luxembourg: E wéineg méi ausgeglach wéi an de leschte Joren 16.09.2026De Mëtteg ass um Knuedler an der Stad nees den Depart vum Tour de Luxembourg. D’Vëloscourse vu 5 Deeg huet mëttlerweil eng fest Plaz am Rennkalenner vun de Cyclisten an ass fir verschiddener vun hinnen d’Virbereedung op d’Weltmeeschterschaft, déi vu nächster Woch un a Kanada gefuer gëtt. Mir hunn de President vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck, am Virfeld ënner anerem gefrot, firwat dëst Joer méi am Norde gefuer gëtt wéi nach an de leschte Joren. -
Dréchent: 50 Prozent manner Gromperen, mee d'Assurance kënnt net dofir op 16.09.2026Wéinst der Dréchent ass den Ertrag beim gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent dëst Joer ëm op mannst 50 Prozent zeréckgaangen. Vun den Assurancë gëtt den Ausfall awer net ofgedeckt. -
Walrecht vu 16 Joer un: D'Jugendparlament hofft op een neien Debat 16.09.2026D'Jugendparlament fuerdert, datt nach eemol seriö iwwer d'Walrecht vu 16 u geschwat gëtt mam Zil, datt Jonker eventuell schonn 2029 bei de Gemengewale kënne matbestëmmen. Den aktuelle President Julien Lemmer-Veloso erkläert. -
Lag vun der Unioun: Ursula von der Leyen op "Mission impossible"? 16.09.2026Haut hält d’Kommissiounspresidentin am Europaparlament zu Stroossbuerg hir Ried zur Lag vun der Unioun. Dat ass all Joer ee grousse Rendez-Vous, an d’Erwaardunge sinn des Kéier besonnesch héich. Dorun ass an éischter Linn och d’Ekipp vun der Kommissiounscheffin selwer Schold. Zënter Woche gëtt mat Messagen op de Soziale Medien op dee Speech higewisen, d’Europäesch Kommissioun huet eng 70 Influencer invitéiert, fir den Event méi breet ënner d’Leit ze kréien. Dobäi wäert et schwéier ginn, d’Erwaardungen ze erfëllen. Wëll déi verschidde politesch Fraktiounen hu ganz ënnerschiddlech Virstellungen doriwwer, wat an där Ried op alle Fall muss dra sinn. Virun allem d’Resultat vun de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD setzt déif - an d’Fro stellt sech, wéi d’EU dorop adäquat äntwerten soll. -
Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht 15.09.2026Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz am Foyer kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen, Paul Galles (CSV) am Interview. -
Alphabetiséierung op Franséisch: Wéi gëtt orientéiert? 15.09.2026Mir froen de Regionaldirekter vun de Grondschoulen zu Esch, den Yves Ciaffone, wéi d'Schüler:inne bei hirem Choix tëschent der Alphabetsiéierung op Däitsch oder Franséisch begleet ginn. -
Belsch Wollefsruddelen: "D'Wahrscheinlechkeet klëmmt" och zu Lëtzebuerg 15.09.2026An der belscher Province de Luxembourg goufen 13 jonk Wëllef, respektiv zwee Ruddelen confirméiert. Den Dr. Laurent Schley, Biolog a Chef vum Service Faune sauvage et Chasse bei der ANF, erkläert wat dat fir déi Lëtzebuerger Bëscher bedeit. -
De Bléck zeréck op déi eege Rentrée 15.09.2026De 15. September ass jo all Joer d'Rentrée hei zu Lëtzebuerg. Fir Dausende vu Schüler:inne geet domadder nees de Schoulalldag lass. De Simon Larosche huet mat Senioren a Seniorinnen driwwer geschwat, wéi si hiren éischte Schouldag erlieft hunn. -
Schoulfoyeren an der Stad: Och dëst Joer erëm eng laang Waardelëscht 15.09.2026Bal 600 Kanner hu fir d'Rentrée keng Plaz am Foyer kritt fir d'Mëttespaus oder no der Schoul. Fir 90 Kanner ass guer keng alternativ Léisung fonnt ginn, erkläert den zoustännge Schäffen, Paul Galles (CSV) am Interview. -
Stock-Car: Eng Welt fir sech 14.09.2026Wann an enger Autoscourse zwee Autoen anenee knuppen ass an der Reegel fir béid Pilote Schluss. Mee beim sougenannte Stock-Car geet d’Course da réischt esou richteg lass. Sech géigesäiteg dréinen an op d’Kopp geheien ass hei nämlech ausdrécklech erwënscht a gewanne mécht och net onbedéngt deen, deen als éischt duerch d’Zil fiert.Zu Rammerech war um Sonndeg déi lescht Course vum Joer.
Popular em
Este podcast também aparece nas paradas de podcasts destes países.