KOMM MOL AN DE BÜRO!
Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
0
De Podcast vun der Fédération des Artisans, presentéiert vun der Vize-Präsidentin Alexa Ballmann. An all Episod begréisst si en Invité a schwätzt iwwer en Thema aus dem Beräich Artisanat an Entreprenariat. Nieft Facte a Meenungen ginn och Froen aus dem Public an der Press behandelt. De Podcast gëtt vum Studio J produzéiert.
Episódios
-
#9 Aarbechtsbezéiungen: Si Win-Win Situatiounen zu Lëtzebuerg méiglech? 18.08.2026 50minWéi moderniséiere mir d'Aarbechtsbezéiungen zu Lëtzebuerg? D'Alexa Ballmann schwätzt mam Aarbechtsminister Marc Spautz iwwer Aarbechtszäit, Kollektivverträg, Mindestloun, KI an d'Zukunft vun der Lounaarbecht. A virun allem: Produzéiert eis Sozialpartnerschaft nach Léisungen – oder blockéiert si Reformen? Kommt mol an de Büro! -
#8 Eng Entreprise kafen oder verkafen 28.05.2026 1h 3minEng Entreprise verkafen oder iwwerhuelen – dat kléngt oft no Zuelen a Kontrakter. Mee am Handwierk geet et meeschtens ëm vill méi: ëm Vertrauen, Verantwortung an d'Fro, wéi e Liewenswierk weidergeet. An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Joubin Bashiri vun Tenzing Partners iwwert déi grouss Froen hannert dem Kaf a Verkaf vun Handwierksbetriber – konkret, éierlech a mat Ablécker aus der Praxis. -
#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk 11.12.2025 40minCyberattacken treffen ëmmer méi Handwierksbetriber – dacks ouni Virwarnung, an d’Konsequenzen si massiv: Blockéiert Systemer, wirtschaftleche Schued, Verloscht vu Vertrauen. An der neier Episod vu Komm mol an de Büro schwätzt d'Alexa Ballmann mam Goy Grosbusch a mam Jean-Marc Sertic iwwert d’Realitéit hannert engem Ugrëff, wat am Noutfall ze maachen ass a wéi Betriber sech schütze kënnen. Eng Episode fir all Entrepreneur, dee säi Betrib an d’Zukunft sécher wëll maachen. -
#6 Wou sti mir, Här Premierminister? 23.09.2025 50minDe Sozialdësch ass eriwwer. Probleemer bleiwen zu engem gudden Deel bestoen: Wéi geet et weider mat de Renten, wéi kréie mer eis Ekonomie erëm un d'Lafen a wéini maache mer endlech Neel mat Käpp am Dossier vun den Independant? Dëst Thema hu mer mam Premierminister Luc Frieden beschwat. Luc, komm mol an de Büro. -
#5 Wirtschafts- oder Sozialkris? 24.06.2025 56minWéi vill Muecht sollen d'Gewerkschaften hunn? Wéi kann een en éierlechen an effiziente Sozialdialog féieren? A wien decidéiert eigentlech, wat gutt ass fir d'Zukunft vum Land? An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Michel Reckinger, Handwierker a President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), iwwer déi grouss Froen déi Lëtzebuerg am Moment beschäftegen. -
#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant 14.04.2025 1h 5minAbsenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant? Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet. -
#3 Handwierk a Beruffsausbildung 03.03.2025 1h 7min"Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn. Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk. Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn? -
#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik 03.02.2025 50minDe Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell? D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber. -
#1 Pensiounssystem 19.12.2024 33minMuss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie? Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef(fe) d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié(e) preparéieren? Dëse Froe geet d'Alexa Ballmann op de Gronn: „Wéi gesäit et dann elo wierklech mat eise Renten aus, a kréien ech nach eng?“ Doriwwer schwätzt d’Alexa Ballmann mam Marc Wagener, Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL). Dir wëllt méi iwwert d'Fédération des Artisans gewuer ginn? https://www.fda.lu
Popular em
Este podcast também aparece nas paradas de podcasts destes países.