Am Bistro mat der woxx

Am Bistro mat der woxx

woxx
Shteti Luksemburg
Zhanret Lajme
Gjuha LB
Episode 100
I/E fundit 18.09.2026

D'woxx ass eng lëtzebuergesch Zeitung, an an dësem Podcast bitt se all Woch en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Jede Episod beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel a erkläert, wéi d'Recherche an d'Redaktioun vun enger Geschicht ofleeft. D'Moderatioun an d'Gäscht kommen aus der Redaktioun vun der woxx, an et gëtt och iwwer d'politesch an gesellschaftlech Themen diskutéiert, déi d'Zeitung begleeden. Et ass e formaten Interview- an Analysspodcast, deen de Lieser a Lieserinnen en Zousaz zum gedréckten Artikel bitt.

Episodet

  • Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg? 18.09.2026 16min
    Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumverbrauch, den dacks immense Waasserverbrauch, ausserdeem gi Fläche versigelt an als Killmëttel kommen Eiwegkeetschemikalien zum Asaz. An dëser Episod vum Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Donnéeën et iwwert existéierend Rechenzentren zu Lëtzebuerg gëtt, wéi vill Energie déi verbrauchen, wat fir Firmen nieft Google nach esou Projete plangen an op mir och am Grand-Duché wäerte Protester dogéint gesinn. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Das Schweigen der CloudThe post Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.
  • Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass 11.09.2026 10min
    Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rentrée huet sech d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras mat dem Thema beschäftegt a mat verschiddenen Leit vum Terrain geschwat. Am Podcast erzielt si, wat bei hirer Recherche erauskomm ass – ënnert anerem och, datt et ganz ënnerschiddlech Opfaassungen dovunner gëtt, wat Inklusioun an der Schoul iwwerhaapt ass a wat se leeschte soll. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Élèves à besoins spécifiques, école à besoins urgentsThe post Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass first appeared on Radio ARA.
  • Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet 04.09.2026 14min
    Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d’Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d’Wüstebildung an d’Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am Podcast schwätzt d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui iwwert d’Léieren, déi aus dëser COP gezu kënne ginn an erkläert och, wat dat erniichterent Resultat fir weider Konferenzen zur Biodiversitéit an natierlech dem Klima bedeiten. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: COP17 gegen Bodendegradation: Ein Tropfen auf den heißen BodenThe post Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet first appeared on Radio ARA.
  • Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  28.08.2026 9min
    Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze kämpfe gehat. Dat, well besonnesch Vigel an där Zäit hir Kleng kritt hunn. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras war op Diddeleng, fir mat de Verantwortlechen iwwert dës Problematik ze schwätzen. Am Podcast erzielt si, wat si erlieft huet, a geet och op d’Fro an, wat mat invasiven Aarten, wéi zum Beispill de Wäschbieren, déi dës Woch um woxx-Cover ze gesi sinn, geschitt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Déiererechter: Soigner la faune sauvage dans un climat qui changeThe post Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  first appeared on Radio ARA.
  • Um Tour mam Dynamobile 31.07.2026 12min
    Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou dës Vëlos-Vakanz och eng politesch Dimensioun huet. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Dynamobile : Une vague de cyclistes intergénérationnelle Déi nächst Editioun vun der woxx kënnt den 21. August eraus. Dofir gëtt et och da réischt erëm eng Episod vun eisem Podcast. Mir wënschen iech zwou flott Summerwochen! The post Um Tour mam Dynamobile first appeared on Radio ARA.
  • D’Enn vu Filmland 24.07.2026 6min
    An enger Woch maachen d‘Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D‘Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen an erzielt am Podcast dem María Elorza Saralegui, wéi grouss de Verloscht fir d‘Lëtzebuerger Filmindustrie ass, wisou Filmland dann elo zoumécht a wat deemnächst mat dem grousse Know–How, deen opgebaut gouf, passéiere wäert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Filmland : « C’est impératif pour nous d’avoir des studios ici »The post D’Enn vu Filmland first appeared on Radio ARA.
  • Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha 17.07.2026 9min
    Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D’Resultater vun der Studien hunn iwwerdeems d’Erwaardungen net erfëllt. An dem Educatiounsminister Claude Meisch gëtt e Mangel vun Transparenz virgeworf. Am Podcast schwätze mir iwwert de Projet Alpha, d’Fro op Franséisch dee richtege Choix fir eng Alphabetiséierung war a wat et soss nach fir Méiglechkeete gëtt, Ongläichheeten ze besäitegen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:  Debatte über Alphabetisierungssprache: Wie werden wir ein glückliches Babel? Wëllt dir d’woxx ënnerstëtzen? Ënnert dësem Link fannt dir méi Informatiounen dozou.The post Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha first appeared on Radio ARA.
  • Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen? 10.07.2026 12min
    Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d’Appell zu Paräis huet d’Strof fir d’Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen virgeworf ginn ass a wéi sech d’Urteel op déi franséisch Presidentewale wäert auswierken. Dobäi gi mir och op Parallellen zum Donald Trump an awer och op d’Kontrahent*innen vum Le Pen an. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:  Élection présidentielle française : Une culpabilité sans trop de peine Ënnerstëtzt d‘woxx mat engem Abo oder enger Spend!  The post Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen? first appeared on Radio ARA.
  • Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung? 03.07.2026 14min
    Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d’Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d’Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d’Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet relativ gutt: Obwuel vill Industrienatiounen hir Gelder gestrach hunn, wëll de Grand-Duché weiderhi vill Sue fir d’Klimafinanzéierung an de Grapp huelen. Mëttlerweil ass dann och gekläert, wat mam Prinzip vun der Zousätzlechkeet geschitt. Am Podcast erkläre mir, wisou dat awer alles net esou grandios ass, wéi d’Regierung et verkeeft a wéi vill Klimaschold Lëtzebuerg wierklech hätt. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Internationale Klimafinanzierung: Auf gleicher SchieneThe post Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung? first appeared on Radio ARA.
  • KI an Aarbecht 19.06.2026 18min
    All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. “KI geet d’Aarbechtswelt revolutionéieren” heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d’Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi “Pro-Tech” an “Pro-KI” ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech am Aarbechtsmarché aus? Heiriwwer schwätzt in dëst Episode d’Melanie Czarnik mat dem Joël Adami. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ausbleibende ProduktivitätsgewinneThe post KI an Aarbecht first appeared on Radio ARA.
  • Wat bedeit den Asyl- a Migratiounspakt fir Lëtzebuerg? 12.06.2026 18min
    Haut um Freiden ass den Asyl- a Migratiounspakt vun der EU a Kraaft getrueden. Esou just nach mat Zäit goufen déi entspriechend Gesetzer an der Chamber gestëmmt. Op Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, kommen domadder eng ganz Rëtsch Nodeeler duer, obwuel et och e puer punktuell Verbesserunge gëtt. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui wat sech konkret ännert, wisou et vill Onsécherheete gëtt a wisou méi séier Asylprozeduren net méi Fairness fir d’Asyldemandeure bedeit. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Pacte sur la migration et l’asile : Coups d’avance & EU-Migrationspakt tritt in Kraft: Wettlauf der Schäbigkeiten The post Wat bedeit den Asyl- a Migratiounspakt fir Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.
  • Blutspende: Anhaltende Diskriminierung 05.06.2026 16min
    All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben, um Vollblut spenden zu dürfen – eine Regelung, die sich auf einen Generalverdacht stützt, der mit dem heutigen medizinischen Stand nicht mehr zu rechtfertigen ist. Melanie Czarnik spricht mit Joël Adami darüber, warum Luxemburg seit mehr als 20 Jahren auf der Stelle tritt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Blutspende: Anhaltende Diskriminierung The post Blutspende: Anhaltende Diskriminierung first appeared on Radio ARA.
  • KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand? 29.05.2026 15min
    All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Et ginn ëmmer méi Berichter iwwer Leit, déi duerch d’Notzung vu KI-Chatbots a Wahnzoustänn geréie sinn. Mä wéi genau geschitt dat? A firwat versoen d’Sécherheetsmecanisme vun dëse Systemer? D’Melanie Czarnik huet mam Psychiater a Psychotherapeut Marc Augustin geschwat, deen als ee vun den éischten am däitschsproochege Raum iwwer KI-assoziéiert Wahnphänomener geschriwwen huet. Am Podcast erkläert d’Melanie Czarnik der María Elorza Saralegui, wat et mat dësem neie Fuerschungsfeld op sech huet a iwwer d’Fro, déi Augustin am meeschten ëmdriwwt: Ab wann hale mir eng Maschinn net méi fir e Wierkzeeg, mä fir e Géigeniwwer? Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: KI-Wahn: „Wann wird aus einem Etwas ein Jemand?“ The post KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand? first appeared on Radio ARA.
  • Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ? 22.05.2026 11min
    Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette fois-ci, retour sur le discours sur l’état de la nation prononcé par le Premier ministre Luc Frieden le 19 mai. Entre appels répétés à la cohésion et au « vivre-ensemble », annonces sociales et fiscales, et silences éloquents sur les finances publiques, Fabien Grasser en discute avec María Elorza Saralegui et décortique ce que le discours dit – et surtout ce qu’il tait. L’article dont nous avons parlé : Discours sur l’état de la nation : Tous ensemble avec Frieden ! More Posts for Show: Am Bistro mat der woxx The post Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ? first appeared on Radio ARA.
  • Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll 15.05.2026 19min
    Et gëtt een neie Pilotprojet an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg. De Konzept kënnt aus Holland, nennt sech „Fact“ a geet bei seng Patient*innen – egal, wou dat grad ass. Domadder sollen déi 20 Prozent vu psychesch kranke Mënsche gehollef kréien, déi an normale Strukturen net eens ginn, oder guer net emol an dëse System kommen, zum Beispill well si sech schummen. Och de Phänomen, datt beispillsweis Leit, déi op der Strooss liewen, ee stännegen Eran-an-Eraus a Psychiatrien erliewen, soll domadder opgebrach ginn. Am Podcast erkläert d’Melanie Czarnik dem Joël Adami, wat et mat dem Projet op sech huet, wisou en am Moment op de Norde vum Land konzentréiert ass a wisou d’Hoffnunge ganz grouss sinn. The post Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll first appeared on Radio ARA.
  • Klimagipfel zu Santa Marta 08.05.2026 18min
    Am Bistro mat der Woxx Klimagipfel zu Santa Marta All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast schwätzen den Thorsten Fuchshuber an d’Melanie Czarnik doriwwer, op wou Russland profitéiert a wat dat fir d’Zukunft vum Konflikt a vun der Muechtpolitik bedeit. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Klimagipfel: Die Koalition der Willigen   The post Klimagipfel zu Santa Marta first appeared on Radio ARA.
  • Wéi Russland vum Irankrich profitéiert 30.04.2026 22min
    All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast schwätzen den Thorsten Fuchshuber an d’Melanie Czarnik doriwwer, op wou Russland profitéiert a wat dat fir d’Zukunft vum Konflikt a vun der Muechtpolitik bedeit. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Irankrieg und Russland: Beute und Bredouille The post Wéi Russland vum Irankrich profitéiert first appeared on Radio ARA.
  • Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd 24.04.2026 23min
    Am Bistro mat der Woxx Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d’Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat Chatbots ëmzegoen. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Melanie Czarnik doriwwer, firwat dat problematesch ka ginn a firwat d’Campagne selwer net ëmmer esou kritesch ass, wéi se et wëllt sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Künstliche Intelligenz: Falscher Freund The post Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd first appeared on Radio ARA.
  • Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et net esou schlecht, wéi d’Patronat seet 17.04.2026 11min
    All Joer mécht d‘Fondatioun Idea, déi vun der Chambre de Commerce finanzéiert ass, ee Rapport iwwert déi wirtschaftlech Lag vum Land. Si gesäit éischter schwaarz fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie: Net genuch Wuesstem, net genuch Produktivitéit – an iwwerhaapt géif et ze vill Paperassen a Prozedure ginn. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi vill vum dem Rapport fir bor Mënz ze huelen ass, a wéi vill dozou déngt, de Standpunkt vum Patronat ze verdeedegen. Hien erkläert och, wisou d‘Rating–Agenturen ee ganz anere Bléck op Lëtzebuerg hunn an dem Land zanter Joren ëmmer een AAA–Rating ginn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: La finance n’est plus une bouée de sauvetage The post Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et net esou schlecht, wéi d’Patronat seet first appeared on Radio ARA.
  • Ungarn vor dem Systemwechsel? 10.04.2026 14min
    All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System verschwënnt net einfach, well en sech déif an der ungarescher Gesellschaft a Wirtschaft verankert huet. An dëser Episod schwätzen d’Melanie Czarnik an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, wat fir Ungarn a fir d’EU op dem Spill steet. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Geht Orbán, bleibt das System? The post Ungarn vor dem Systemwechsel? first appeared on Radio ARA.

I/E popullarizuar në

Ky podkast shfaqet edhe në listat e podkasteve të këtyre shteteve.