Ongefiltert Podcast

Ongefiltert Podcast

Chris & Pier
Држава Luxembourg
Жанрови Comedy, Society & Culture
Језик LB
Епизоде 7
Последња 01.06.2026

Mir, de Chris an de Pier, maache Podcast. Et ginn der einfach nach net genuch. 100% ongefilterte Chaos Podcast mat Humor, Real Talk an de beschte Gäscht. Nei Episod all 1. Méinden am Mount. Vill Spaass beim Lauschteren!

Епизоде

  • Alles iwwert eisen neie Lieblingstéi an eng besonnesch Zesummenaarbecht - mam Stephan Kneip 01.06.2026 1ч 7мин
    An sengem Büro an/oder Doheem, hu mir de Grënner vun Ortea - de Stephan - vum schaffen ofgehalen. Selten hu mir esou eng motivéiert an éiergäizeg Persoun kennegeléiert! Mee mir ginn net just inspiréiert heem: mir wëssen elo alles iwwert säin Téi, ewéi wichteg him säi Laptop ass, d'Virdeeler vun engem Gilet,... a mir hunn eis éischt Collab an der Täsch. Jo, richteg gelies. Du wëlls méi wëssen? Dann vill Spaass beim Lauschteren! Een Tipp: mat enger kaler Ortea genéisst se sech nach besser. Stephan, mir gesinn eis an fënnef Joer!
  • Onpreparéiert am Schluechthaus mat Picon Béier an Anekdote vu fréier - mam Vic Bové 04.05.2026 1ч 28мин
    Okay vläicht hu mir awer net alles krass anescht gemaach: mir waren nees net wierklech preparéiert a mir haten erëm ee super sympathesche Gaascht. Mam anscheinend eenzege Vic hu mir eis iwwert seng Musek an déi gutt al Zäite verlabert - Jo, mir hu schonn erëm eng nei längsten Episod. Dëst am Hollerecher Schluechthaus ëmgi vu Konscht a Kultur. An dat mat Waasser, ahh nee Kaffi, oder awer Picon Béier. D'Geschichte sinn zum Deel wouer, anerer net. Wien weess dat schonn. Vill Spaass beim Lauschteren, och vum V.I.C senger Reimkickkonscht! In loving memory of Pascal vu Wooltz.
  • Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher 06.04.2026 1ч 19мин
    Zeréck zu Diddeleng an dat mam Yaya. Gutt, dass hien eis spontan gerett huet, soss wiere mir ouni Gaascht an ouni Location gewiescht. Dorunner huet d'Qualitéit vun der Episod awer guer net gelidden. Eis nei Rekord-Episod ass net just déi längsten, mee warscheinlech huet och nach ni een esou séier esou vill gezielt ewéi hien. Wann dat keng Loscht mëscht ze lauschteren oder d'Wierder ze zielen, wësse mir et och net. Mir soen eisem 'Man of Steel' Merci! Btw: Mir waren am Amarcord a kënnen de Veggie Burger empfeelen. De Limoncello ass och gutt!
  • Am Beet iwwert Content Creation, Reklammen fir eemol alles, Déieren op Inselen a ganz vill méi - mam Cecilia Said Vieira 02.03.2026 1ч 13мин
    Dat huet Spaass gemaach! Eng Episod iwwert Podcast a Social Media, Reklammen ënnert anerem fir Capri Sonne, ewéi een sech am Beschte Moie seet, dem Ceci seng rosa Switch a wat hat am Léifste spillt, wien am Meeschten "absolut" gesot huet,… Gars, hei gëss du vill gewuer! Merci un dech fir d’Lauschteren an un de Restaurant Beet fir de super Accueil.
  • Bei lafendem Betrib mat Iessen a Wäin, iwwert d'Boxen, staark Argumenter a ganz perséinlech Ablécker - mam Dany Zenari 02.02.2026 1ч 3мин
    Eng Freed an eng Éier den Dany Zenari als éischte Gaascht an eisem Podcast ze hunn. Mir si vill iwwert säi Restaurant, de Rucolino, gewuer ginn, wëssen elo wie wéini géint wie geboxt huet an nach vill méi. Lauschteren, lauschteren, lauschteren!
  • Chris & Pier 3.0, déi éischt penibel Geschichten, de Kakadude an de Biodreck 05.01.2026 52мин
    Léif, dass du hei méi iwwert d'Episod liese wollts. Mir roden dir un d'Episod ganz séier ze lauschteren an déi gewonnen Zäit ze notzen eis ze followen a Feedback ze ginn. Merci am Viraus!
  • Teaser 15.12.2025
    Teaser, Teaser, bla bla bla

Популаран у

Овај подкаст се појављује и у подкаст листама ових земаља.