Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

radio 100,7
Држава Луксембург
Жанрови Вести
Језик LB
Епизоде 50
Последња 14.07.2026

Wat lauschters du? ass e Podcast deen aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner presentéiert. De Podcast gëtt vum radio 100,7 produzéiert a bitt en Iwwerbléck iwwer déi lescht Episoden a Sujete vun anere Podcasten. Et ass eng Plattform fir d'Entdeckung vu lëtzebuergeschen an Nopeschlänner Podcasten.

Епизоде

  • Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen 14.07.2026
    „Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen“ erzielt de spektakuläre Fall vum däitsche Bezuelungsdéngscht Wirecard, dee vun engem gefeierten DAXX-Konzern zu engem vun de gréisste Finanzskandaler an Europa ginn ass. D'Investigativjournalisten vun der Süddeutschen Zeitung kombinéieren exklusiv Recherchen, Originaltéin an eng spannend Erzielweis zu engem richtege Wirtschaftskrimi. Am Mëttelpunkt stinn de fréieren CEO Markus Braun an de bis haut flüchtege Jan Marsalek, deem seng Geschicht ëmmer méi a Richtung Spionage féiert. Sou gëtt aus engem komplexe Finanzthema e spannende Podcast, deen och ouni wirtschaftlecht Virwëssen nozevollzéien ass.
  • A History of the United States in 100 Objects 07.07.2026
    D'Geschicht vun den USA un Hand vun honnert Objeten, déi op den éischte Bléck ganz alldeeglech wierken, mee eng aussergewéinlech Geschicht verstoppen. Mat vill Atmosphär, exzellenter Produktioun an engem rouege Storytelling mécht de Roman Mars aus all Géigestand eng Rees duerch déi amerikanesch Vergaangenheet. De Podcast gëtt vun der BBC produzéiert a leeft am Feed vum bekannte Podcast “99% Invisible”.
  • Happy Hippo 30.06.2026
    Den "Happy Hippo"-Podcast ass e Lëtzebuergeschen Ënnerhalungspodcast, an deem d'Hosts op eng humoristesch Manéier iwwer Alldag an aktuell Theemen, Popkultur an Erfarunge schwätzen. Et ass dee Laberpodcast zu Lëtzebuerg mat neien Episoden zënter 2017, deen am längste leeft. De Podcast huet mëttlerweil iwwer 200 Episoden a gehéiert zu de bekanntste Podcasten zu Lëtzebuerg.
  • Behind The Games – Wer den Sport kontrolliert 16.06.2026
    Eng 5-deeleg investigativ Podcast-Serie vun Deutschlandfunk iwwer d'Muechtstrukturen an d'Geschäfter hanner dem internationale Fussball. D'Serie weist, wéi de FIFA-President Gianni Infantino säin Afloss ausgebaut huet a wéi Politik, Suen a Sport enk matenee verbonne sinn. Mat Recherchen, Interviewen an Hannergrondanalyse beliicht de Podcast d'Skandaler ronderëm d'FIFA, d'Weltmeeschterschaftsvergaben a Muechtstrukture vu globale Sportsorganisatiounen.
  • Ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuergesche Laberpodcast 09.06.2026
    Erklär&Laach ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laberpodcast vun de Membere vun Duck Féiss: Philippe Berscheid, Baschti Gudenburg a Joe Dennenwald. Zënter 2019 schwätzen déi dräi op humoristesch Aart iwwer Alldag, Aktualitéit, Popkultur an all méigleche Blödsinn, dacks mat villen Insider-Witzer a spontanen Ofschweifungen. De Podcast gëllt als ee vun de bekanntsten an am längste lafende lëtzebuergesche Laberpodcasten.
  • Obsessed - Döner Papers 02.06.2026
    Eng 6-deeleg Podcast-Serie vum BR, an där d'Journalistin Aylin Doğan no der Ursprongsgeschicht vum bekannten Döner-Logo sicht, deen iwwerall an Däitschland op de Pabeiertuten ze gesinn ass. Aus där Recherche entwéckelt sech eng spannend Geschicht iwwer Migratioun, Entreprenariat a Kulturgeschicht vum Döner.
  • Die Abnehmspritze - Schlank um jeden Preis? 26.05.2026
    „Die Abnehmspritze – Schlank um jeden Preis?“ ass e 5-deelege Audio-Doku-Podcast vum NDR an SWR iwwert den Hype ronderëm Ozempic a Co. De Podcast verbënnt perséinlech Geschichten, medezinesch Fakten a gesellschaftlech Froen iwwer Schéinheetsidealer a Selbstoptiméierung.
  • Paus. 19.05.2026
    Paus. ass ee lëtzebuergesche Comedy- a Laber-Podcast mam Yannick Schumacher an der Jill Lallemang. An enger ganz spontaner an internetaffiner Atmosphär schwätzen déi zwee iwwer Alldag,Popkultur, Social Media, Lëtzebuerg an alles wat hinnen duerch de Kapp geet. DePodcast lieft virun allem vun der staarker Chemie tëscht den Hosts, villen Insider-Jokes an enger ganz aktiver Community.
  • Gesundes Laufen Podcast - Am Puls 12.05.2026
    „Gesundes Laufen“ ass e Podcast iwwer gesond a nohaltegt Lafen, mat vill prakteschen Tipps zu Training, Regeneratioun a Verletzungspräventioun. D’Gespréicher riichten sech virun allem u Fräizäitleefer a Leit, déi Sport a Gesondheet besser an hiren Alldag integréiere wëllen. E gëtt moderéiert vum Armand Rech, Grënner vun der Lafschoul Gesundes Laufen.
  • "{ungeskriptet} - Gespräche, die dich weiter bringen" 05.05.2026
    De Podcast “{ungeskriptet}“ vum Ben Berndt ass eng Gespréichssendung mat laangen, oppene Gespréicher mat ënnerschiddleche Gäscht aus Gesellschaft, Politik a Social Media. D’Gespréicher si meeschtens net geschnidden an erlaben et de Gäscht, hir Meenungen a Perspektiven ouni vill Ënnerbriechung ze deelen. D'Format ass erfollegräich duerch seng Authentizitéit, gëtt awer och kritiséiert, well journalistesch Nofroen an Anuerdnung dacks feelen.
  • Mario Basler - Letzter Typ 28.04.2026
    E véierdeelege Doku-Podcast, an deem d’Journalistin Katharina Reckers dräi Deeg mam fréiere Foussballspiller Mario Basler verbréngt. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wien de Mario Basler hanner sengem Image als "leschte richtegen Typ“ wierklech ass. De Podcast kombinéiert Interview, Observatioun a Storytelling a bitt eng perséinlech an deels kontrovers Approche.
  • Familie Verstehen - Gewaltfreie Kommunikation 21.04.2026
    De Podcast vun der Kathy Weber ass fir Eltere geduecht, déi hiert deeglecht Familljeliewe méi bewosst a manner konfliktgeluede gestalte wëllen. A kuerze, haaptsächlech monologeschen Episoden erkläert si d'Prinzippie vun der gewaltfräier Kommunikatioun mat konkreete Beispiller a weist alternativ Weeër, wéi een op typesch Elteresituatioune reagéiere kann. De Fokus läit manner op séiere Léisungen, mee méi dorop eng laangfristeg Verännerung bei den Elteren ze bewierken.
  • "Gemischtes Hack" 14.04.2026
    E wéchentleche Podcast mam Felix Lobrecht an dem Tommi Schmitt, an deem si iwwer Alldagstheemen, Popkultur a perséinlech Erliefnisser schwätzen. D’Gespréicher si spontan an net staark strukturéiert, mat engem Fokus op Humor an Austausch tëschent deenen zwee. De Podcast gehéiert zu de populäerste Formater am däitschsproochege Raum an huet eng grouss a stabil Audience.
  • "Dive in with (e)me“ 07.04.2026
    De Podcast vun der Fondation EME, meeschtens moderéiert vun der Sarah Bergdoll, schwätzt mat Experten an Expertinnen a Participante vu Projete vun der Fondatioun, wéi Musek méi inklusiv an accessibel ka sinn.
  • Hors d'Œuvre 31.03.2026
    En Interview-Podcast, dee vun der Œuvre Nationale produzéiert gëtt, an an deem sozial, kulturell a gemeinschaftlech Projeten zu Lëtzebuerg presentéiert an d'Leit hannendrun interviewt ginn. Host ass d’Sarah Bellissent.
  • Zréck zu dir 24.03.2026
    De Podcast „Zréck zu dir“ vun der Bonnie Losch soll engem hëllefen seng Gefiller ze verstoen, mental méi staark ze ginn an den Zougaang zu sech selwer (rëm) ze fannen. Hei ginn et Interviewen, Themenepisoden a Meditatiounen oder Gebieder.
  • 1cm 17.03.2026
    A 6 Episode ginn d’Journalisten a Journalistinne vumLëtzebuerger Journal der Fro no wéi Persoune mat enger Beanträchtegung besserkennen an den Aarbechtsmarché integréiert ginn. Wat sinn d’Erausfuerderungen,d’Kompetenzen, wéi eng Politik bréichten d’Mënschen an d’Gesellschaft fir méiinklusiv ze sinn? Zum Podcast gehéiert och eng innovativ Social Media Campagnemat Artikelen an einfacher Sprooch.
  • "Stalino - Geschichten einer besetzten Stadt“ 10.03.2026
    En Dokumentar-Geschichts-Podcast iwwer déi däitsch Besatzung vun der Stad Donetsk wärend dem Zweete Weltkrich. E kombinéiert historesch Fuerschung mat narrativer Erzielung a weist de Krich aus der Perspektiv vun eenzelen Awunner:inne vun der Stad. E Podcast vun dekoder.org a Kooperatioun mam Léierstull fir osteuropäesch Geschicht op der Universitéit Heidelberg
  • Plottwist 03.03.2026
    E lëtzebuergesche Filmpodcast vum Mike Winter a Yannick Schumacher, an deem déi zwee Filmnerds mat vill Passioun iwwer hir Léift fir de Kino a fir Serië schwätzen. Si analyséieren nei Releasen an och Klassiker, diskutéieren Theorien, Theemen a filmesch Detailer. De Podcast vermëttelt Fachwësse an engem lockere Gespréichsstil a riicht sech un all déi, déi Filmer net nëmme kucken, mee och wierklech verstoe wëllen.
  • KINO.TO - Die verbotene Streamingrevolution 24.02.2026
    An dësem 5-deelege serielle Podcast vum MDR gëtt d’Geschicht vu kino.to, der éischter a gréisster illegaler Streaming-Plattform an Däitschland an doriwwereraus erzielt.

Популаран у

Овај подкаст се појављује и у подкаст листама ових земаља.