Kultur
Radio 100,7
0
D'Podcast Kultur vum Radio 100,7 bitt Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit. Et gëtt iwwer aktuell kulturell Themaen an Aktivitéiten diskutéiert. D'Formate verbannen Interviewen mat Analysen a Bewäertungen. De Podcast richt sech u Leit, déi sech fir Kultur an déi reegelméisseg Debatte interesséieren.
Avsnitt
-
Open Air Belval 19.10.2026D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e weidere groussen Numm annoncéiert. -
CinEast-Festival Kompetitioun (1) 19.10.2026Am Sozialdrama "Shame and money" kritt eng Koppel vu Baueren an der kosovarescher Haaptstad Pristina déi sozial Klassenënnerscheeder voll ze spieren. De polneschen Drama "Tell me what you feel" kombinéiert eng "boy meets girl"-Geschicht mat engem sozial-therapeuteschen Usaz. Zwou Film-Kriticke vum Michel Delage. -
Sally Rooney 19.10.2026D‘Sally Rooney ass eng gefeiert jonke Schrëftstellerinnen aus Irland déi weltwäit méi wéi 6 Milliounen Bicher verkaaf huet. Zu hire Lieser zielen ënnert anerem de Barack Obama an d‘Taylor Swift. Mee elo ginn hir Bicher a Groussbritannien net méi verkaaf. Firwat, dat erkläert d‘Claire Barthelemy. -
Postkaarte vum Guy : Istanbul (1) 19.10.2026De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou hien Interviewe mëcht, fir aus dëse Stëmmen e Buch iwwer d’Stad um Bosporus entstoen ze loossen. Viru véier Joer war hie schonn eng Kéier e puer Méint do. Huet sech eppes verännert? Wéi steet et mat der Fräiheet? A kann een nuets iwwerhaapt nach a Rou säi Béier drénken? -
Porte Ouvertes bei den AAPL-Kënschtler:innen-Atelieren um Verluerekascht 16.10.2026Dëse Weekend invitéiert d’AAPL op hir -ewell- traditionell Portes Ouvertes. AA...? D’Associatioun vun den Artistes Plasticiens vu Lëtzebuerg, déi eng éischte Kéier 2008 vum Kënschtler Menn Adam gegrënnt gi war. Ma esou richteg aktiv ass d’Gewerkschaft eréischt zanter 2013, dëst duerch d’Initiativ vun de Kënschtler:inne Trixi Weis, Catherine Lorent a Bruno Baltzer. Viru gutt 5 Joer huet d’AAPL um Verluerekascht en Haus mat Kënschtleratelieren ageweit, an do ass dëse Samschden a Sonnden “Open House”, Kerstin Thalau. -
Filmkritik: "Les Misérables" 16.10.2026D'Geschicht vum Jean Valjean, deen sech no selwer erlieftener Ongerechtegkeet fir Gerechtegkeet asetzt. De Fransous Fred Cavayé liwwert eng weider Verfilmung vum Victor Hugo sengem populäre Meeschterwierk. Eng Kritik vum Michel Delage. -
Filmkritik: "Franz" 16.10.2026Der Agnieszka Holland hire Kafka-Biopic setzt sech mam historesche Personnage mee och der Ikon vun der Massekultur auserneen. Eng Kritik vum Michel Delage. -
True Detective 15.10.2026Am déiwe Süde vun den USA probéieren déi zwee Detektive Rust Cohle a Marty Hart de Mord un der 28-järeger Dora Lange opzeklären. De Gilles Schreurs léisst déi éischt Staffel vun "True Detective" Revue passéieren. -
Les enfants du soleil - Gespréich mam Myriam Muller 15.10.2026Geschriwwe wärend pre-revolutionnären Onrouen a Russland am Joer 1905, beliicht dem Gorky säin Text déi sozial Konflikter tëscht der Elite an dem "Rescht".vun der Gesellschaft, an touchéiert eng Ronn Punkten, déi sëch och haut wonn ufillen. Universell genuch, fir d'Stéck an eis Zait ernazehuelen, an äus de Parallelen eppes ze zéien, villaicht esouguer Hoffnung? Des an aner Froe beäntfert d'metteuse-en-scène um Mikro vum Marc Clement. -
Filmkritik: Äppel a Biren vum Lukas Grevis 15.10.2026Eng jonk Fra mécht sech no der Première aleng op eng Rees a Griicheland, de Rucksak voll gepak mat Suergen an Zweiwel. A sengem zweete Long-métrage thematiséiert de Lëtzebuerger Lukas Grevis den Deuil, déi ambivalent Geschwëster-Relatiounen an d'Orientéierungslosegkeet vu Jonke vun haut. Eng Kritik vum Michel Delage. -
Filmkritik: "Fatherland" (CinEast-Festival) 15.10.2026No sengem amerikaneschen Exil geet den Thomas Mann 1949 mat der Duechter Erika op Tournée duerch Däitschland. De polnesche Realisateur Pawel Pawlikowski weist a sengem Drama, wéi de weltberüümte Schrëftsteller virun de Ruine vun der Geschicht a vu sengem perséinleche Liewe steet. Eng Kritik vum Michel Delage. -
Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann 14.10.2026Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. An den nächste Wochen beschwätzt de Jeff Schinker aacht Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut beschwätzt de Jeff Schinker, no "De l’autre du lac", ee weidere vu senge Favoritten: dem Boris Bergmann seng Autofiktioun "Minotaure". -
Vum Optrag “Moquette aus dem Haus rappen” zu “Villa Kutter reparéieren" 14.10.2026Kuerz no den “Journées de l’Architecture” stinn tëscht dem 16. an 18. Oktober eis national ”Journées du Patrimoine” an d’Haus. Si sollen d’Ëffentlechkeet dësen Hierscht fir de Sujet “Patrimoine en péril: raviver, résister, réinventer” sensibiliséieren. De komplette Programm fannt dir op journeesdupatrimoine.lu. D’Kerstin Thalau stellt iech elo e Projet vir, bei deem en architektonesche Patrimoine “en péril” war, ma no intensiver Recherche “reparéiert” konnt ginn. Deen Terme hat déi zoustänneg Architektin gewielt: d’Diane Heirend schwätzt effektiv vun “dem Moler Joseph Kutter seng Villa um Lampertsbierg reparéieren”. -
Sheebaba - Haut Release an dräi Wochen 14.10.2026De Raichtum vun der Lëtzebuerger Musekszeen huet sech ann deene lescht Joren decupléiert. Am Beraich New Wave Art Pop si Sheebaba et am Moment, déi déi de Fändel héichhalen. Düster, e bësse mysteriös a couragéiert, erennerend un dem Gaby Delgado-Lopez an dem Robert Görl hire projet DAF an de fréieren 80er. Sheebaaba hu viru kuerzem nei Musek opgeholl a brléngen de 7. November am Gudde Wëllen hir nei Plack Haut eraus. Eng halschent, de Julien Hübsch, ass eis zougeschalt fir ee klenge Scoop. -
Prix Goncourt: "De l'autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme 13.10.2026Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du Quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La Guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. De Roman vun der Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an den nächste Wochen beschwätzt hien déi siwen aner Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut schwätze mer iwwert ee vun dem Jeff senge Favoritten: dem Sylvain Prudhomme säin "De l’autre côté du lac". -
“Once upon a time” an aacht (on)duerchsiichtege Kapitelen 13.10.2026D'Ekipp vum Radio 100,7 denkt quasi all Dag un d’Kënschtlerin Trixi Weis. Op eiser Fassad ass jo der Sculptrice a Multimedia-Kënschtlerin hir “City clock” ze gesinn, eng vertikal LED-Auer, déi een am Fënnef-Minutten-Takt liese kann. Konscht fir den ëffentleche Raum vun 2013. D'Zäit beschäftegt d’Trixi Weis awer och haut nach ëmmer: aktuell presentéiert si an der Cité de l’image, also zu Klierf, d’Ausstellung “Once upon a time”. An dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Trixi Weis haut an de Studio invitéiert. -
Nei am Kino 13.10.2026Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage. -
Giorgio Vasari, Jeder nach seinem Kopf. Wagenbach: Kritik 12.10.2026A sengem Buch ‘Jeder nach seinem Kopf’ aus dem Wagenbach Verlag begéine mir Kënschtlergeschichten an Anekdoten, déi den Giorgio Vasari am Alldag vun esou grousse Meeschteren ewéi Raffael, Michelangelo oder Leonardo da Vinci opgegraff huet. Wéi de Vasari des Kënschtler op eng ganz ënnerhalsam Aart a Weis vum héije Sockel erof hëlt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti. -
Like A Jazz Machine 2026 12.10.2026Do wou eng Pop- der Rockband muss ee Concert spillen, ginn d’Saachen eescht. Déi eng oder aner Linn nach eemol prouwen, déi héich Nout treffen, trotzdem den Hals kraazt, an ass de Sound ok? Jazz-Museker hunn do e bësse méi eng relax Manéier. Mat Millioune geliesene Partituren, honnerte vun Impro-Sessions an enger bommesëcherer musikalescher Intuitioun, kann een am Moment liewen, an och spillen. Dat huet dëst Joer dee fir d’éischt am Hierscht organiséierten, wichtegsten Jazz Festival am Land "Like a Jazz Machine" nach eemol gewisen. -
Filmkritik: "Ni vue, ni connue" 09.10.2026Eng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.
Populär i
Den här podcasten finns även i podcastlistor i dessa länder.