Panorama
radio 100,7
0
National an international Noriichten
ตอน
-
Mëttespanorama 22.09.20261. Vun den Dronen, déi bis elo zu Lëtzebuerg detektéiert goufen, géif absolut keng direkt Gefor fir d’Populatioun ausgoen, sot de nach-Arméi-Chef Steve Thull 2. Mat hirem Klimaplang wëllt d’Stad Lëtzebuerg bis 2050 komplett klimaneutral ginn 3. De Grand-Duc Guillaume hält haut eng Ried zu New York am Kader vun der Generaldebatt vun der UNO-Vollversammlung 4. De Radio 100,7 schéckt d’Formatioun “Jambal” zesumme mam Rapper “Kenai Shogun” fir Lëtzebuerg op den Eurosonic Festival am Januar 5. Eskalatioun am Jemen: bei neie Kämpf tëscht der Huthi-Miliz an de Regierungstruppe sinn 154 Mënschen ëm d‘Liewe komm -
Moiespanorama 22.09.20261. Arméi-Chef: D‘Dronen, déi zu Lëtzebuerg detektéiert goufen, wiren keng direkt Gefor fir d‘Populatioun, esou de Steve Thull am 100,7 Interview 2. Findel: Et goufen nees Dronen detektéiert, dowéinst gouf de Fluchtrafic gëschter Owend eng knapp Stonn laang gestoppt 3. New York: Grand-Duc Guillaume hält Ried bei der Generaldebatt vun der UNO Vollversammlung 4. EU: Ambassadeure goufen sech nach net eens fir Sanktioune géint Persounen an Organisatiounen an Zesummenhang mat Russland ze verlängeren 5. USA: CNN an aner Medie kloe géint Decisioun vum Donald Trum, si aus dem Wäissen Haus auszeschléissen -
Moiespanorama 22.09.20261. Findel: Et goufen nees Dronen detektéiert, dowéinst gouf de Fluchtrafic gëschter Owend nees eng knapp Stonn laang gestoppt 2. New York: Grand-Duc Guillaume hält Ried bei der Generaldebatt vun der UNO Vollversammlung 3. UNO: Lëtzebuerg ënnerstëtzt weider den humanitäre System vun de Vereente Natiounen, esou den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel 4. EU: Ambassadeure goufe sech nach net eens fir Sanktioune géint Russland ze verlängeren 5. USA: CNN an aner Medie kloe géint Decisioun vum Donald Trump, si aus dem Wäissen Haus auszeschléissen -
Owespanorama 21.09.20261. De Staat huet net Wëlles seng Parten vun der BIL ze verkafen, seet de Finanzminister. 2. No den Drone-Virfäll vun de leschten Deeg diskutéieren d’Parteien an der Chamber iwwer d’Kommunikatioun dozou vun der Regierung. 3. Ëmmer manner Bréiwer, dofir awer ëmmer méi Päck: De Lëtzebuerger Postmarché huet sech an de leschte Joren däitlech verännert, esou den ILR. 4. Den zukünftege Vëlodrom zu Munneref soll Enn 2028 fäerdeg ginn. -
Mëttespanorama 21.09.20261. Interministeriell Drone-Cellule war zesummen: et gi keng weider Detailer oder zousätzlech Informatiounen zu de Virfäll de Weekend 2. De Chômagetaux ass am August op 6,5% geklomm: 20.136 Persounen si bei der ADEM ageschriwwen 3. D’Arméisgewerkschaft SPAL fuerdert en effikassen a konstruktive Sozialdialog mat der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes 4. Zwee Mineure sinn an den Erwuesseneprisong komm no brutalem Iwwerfall zu Bierchem 5. No de regionale Walen an Däitschland an de Verloschter vun CDU steet de Bundeskanzler Merz massiv ënner Drock -
Moiespanorama 21.09.20261. Mecklenburg-Vorpommern: AfD wënnt Landtagswal, CDU net méi am Landtag vertrueden 2. Berlin: Die Linke ass Walgewënner 3. Friedrich Merz: Bundeskanzler wëll trotz CDU-Walnéierlag bleiwen a Reformen ëmsetzen 4. Dronen: Iwwerwaachungs-Capacitéiten zu Lëtzebuerg goufe verstäerkt 5. Cyclissem: Vum nächste Joer un soll et och en Tour de Luxembourg vun de Frae ginn, esou den Andy Schleck -
Moiespanorama 21.09.20261. Mecklenburg-Vorpommern: AfD gewënnt Landtagswal, CDU net méi am Landtag vertrueden 2. Berlin: Die Linke ass Walgewënner 3. Friedrich Merz: Bundeskanzler wëll trotz CDU-Walnéierlag bleiwen a Reformen ëmsetzen 4. Dronen: Iwwerwaachungs-Capacitéiten zu Lëtzebuerg goufe verstäerkt 5. Cyclissem: Vum nächste Joer u soll et och en Tour de Luxembourg vun de Frae ginn, esou den Andy Schleck -
Panorama 20.09.20261. D’BIL kéint an den nächste Méint en neie Besëtzer kréien. Op alle Fall mécht de chineseschen Investmentgrupp Legend Holdings elo eescht mam Verkaf vu senge Parten: En europäeschen Institut oder een aus dem Mëttleren Oste kéint iwwerhuelen. 2. Saint-Pierre-et-Miquelon wär franséisch, dat wär eng Evidenz: Dat sot de President Emmanuel Macron virun enger Visite am franséischen Iwwerséigebitt. Op enger Kaart vum Donald Trump hat dat e bëssen anescht ausgesinn. 3. Bierchem kënnt am europäeschen Hären-Handball eng Ronn virun, Esch kéint haut nozéien, an d’Victoire am Tour de Luxembourg am Cyclissem ass dem Italiener Davide Piganzoli wuel net méi ze huelen: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
Panorama 20.09.20261. Den Dronevirfall, e Freiden den Owend, hei am Land huet d’Regierung op de Plang geruff. D’sougenannt Dronen-Cellule koum zesummen, fir den Tëschefall z’ënnersichen, deen de Flugverkéier brooch geluegt hat. 2. Et kéinte kruzial Wale fir den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ginn, d’Walen, haut, zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern. Zu Berlin streit d’CDU mat ëm d’Muecht, a Mecklenburg-Vorpommern dogéint kéint et sinn, dass si net an de Landtag kënnt. 3. Bierchem kënnt am europäeschen Hären-Handball eng Ronn virun, Esch kéint haut nozéien, an d’Victoire am Tour de Luxembourg am Cyclissem ass dem Italiener Davide Piganzoli wuel net méi ze huelen: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
Mëttespanorama 19.09.20261. Cellule d'évalutation "Drones" huet d'Virfäll um Findel evaluéiert 2. Virfall kascht d'Luxair e puer honnertdausend Euro 3. Accord tëschent den USA an Dänemark iwwer Grönland -
Moiespanorama 19.09.20261. Dronen: Fluchtrafick um Findel hënt ënnerbrach 2. Accord tëschent den USA an Dänemark iwwer Grönland 3. D. Trump wëllt verschidde Medien net méi op senge Pressekonferenzen -
Owespanorama 18.09.20261. Francois Biltgen soll fir weider 6 Joer Riichter um EuGh bleiwen 2. EU kritiséiert wéi Russland Parlamentswalen organiséiert 3. Jeff Strasser presentéiert XL-Kader fir Nationsleague -
Mëttespanorama 18.09.20261. D’Plainte vum Héichschoulministère géint eng Schoul, déi virgeheit kritt illegal Masterdiplomer ausgestallt ze hunn, ass elo beim Parquet ukomm. Dat huet de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hi confirméiert. 2. No der Drohnesichtung gëschter bei Medernach bleiwen nach vill Froen opstoen, gewosst ass awer dass och d‘Pilote ugewisne goufen ronderëm de Fluchafe Findel all Drohn direkt ze mellen 3. D’EU-Memberlänner sollte kucke sou séier wéi méiglech Mesuren ëmzesetzen fir e Social-Media-Verbuet fir Jonker anzeféieren. Dat sot d’Justiz an delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue am 100,7 Interview als Reaktioun op den entspriechenden Virschlag, den d`EU Kommission gëscht virgestallt hat.. 4. A Russland decidéieren d’Bierger vun haut bis e Sonndeg wéi eng Parteien an der neier Duma vertruede sinn: Oppositiounspartein sinn allerdensg net zougelooss -
Moiespanorama 18.09.20261. Dronen an der Géigend vu Miedernach signaliséiert 2. D'Luxlait iwwerhëlt d'Mëllech vun den EKABE-Baueren 3. Parlamentswalen a Russland -
Moiespanorama 18.09.20261. Dronen an der Géigend vu Miedernach signaliséiert 2. D'Luxlait iwwerhëlt d'Mëllech vun den EKABE-Baueren 3. Parlamentswalen a Russland -
Owespanorama 17.09.20261. D‘Luxlait iwwerhëlt d‘Bauere vun der EKABE an déi ronn 55 Millioune Liter Mëllech 2. SNE/CGFP kritiséiert Projet ALPHA a wëllt, datt et och getrennte Klasse ginn, déi op däitsch oder franséisch alphabetiséiert ginn 3. Mam “Kids Act” wëllt d’EU-Kommissioun sozial Medie fir Kanner ënner 13 Joer verbidden 4. Trotz Trump-Droung: Kanada geet op Propose fir associéierten EU-Member ze ginn, an 5. A Schweden huet de konservative Premierminister Ulf Kristersson no senger Néierlag bei de Parlamentswalen e Sonndeg demissionéiert -
Mëttespanorama 17.09.20261. D’EU-Kommissioun wëllt Kanner a Jonker besser virun zum Beispill TikTok, Snapchat an Instagram schützen, ënenr 13 Joer soolle Sozial Medie komplett verbuede ginn 2. Ufank nächst Joer sollen éischt konkreet Projete virleie fir de Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg besser opzestellen. Dat sot d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez de Moien op eiser Antenn. 3. Zu Washington huet d‘Representantenhaus - nom Senat – elo och e Gesetz mat weidere Sanktiounen géint Russland gestëmmt. D‘Zil ass den Ueleg– a Gasexport ze bremsen, iwwer deen Russland den Krich finanzeiert… 4. De neien däitsche Fussballnationaltrainer Jürgen Klopp huet haut de Kader fir seng éischt Lännermatcher presentéiert, 44 Spiller goufen nominéiert -
Moiespanorama 17.09.20261. M. Deprez: "Sträit mat der AMMD virun allem an der Ëffentlechkeet!" 2. CPTE: Konstruktiv Gespréicher 3. D. Trump: "Eng Partnerschaft vun der EU a Kanada wäert schaarf Konsequenzen hunn!" -
Moiespanorama 17.09.20261. 24 Deeg Nuetsstreik um Flughafe vu Charleroi 2. CPTE: Konstruktiv Gespréicher 3. D. Trump: "Eng Partnerschaft vun der EU a Kanada wäert schaarf Konsequenzen hunn!" -
Owespanorama 16.09.20261. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wëllt Kanada als éischten associéierte Member vun der EU 2. Affär AMMD an CNS: d‘Ministesch Martine Deprez trëfft sech haut mat der Dokteschgesellschaft 3. CPTE: Konstruktiven Echange tëschent Sozialpartner, Positiounen awer wäit auserneen 4. Police: 72 Arrestatiounen am August an a ronderëm d‘Stad 5. De fréiere President vum Kosovo Hashim Thaci ass zu Den Haag zu 25 Joer Prisong wéinst Krichsverbrieche verurteelt ginn
ยอดนิยมใน
พอดแคสต์นี้ปรากฏในชาร์ตพอดแคสต์ของประเทศเหล่านี้ด้วย