Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
ประเทศ ลักเซมเบิร์ก
แนวเพลง News
ภาษา LB
จำนวนตอน 50
ล่าสุด 03.06.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

ตอน

  • Wéi den Aschoulungsalter déi ganz schoulesch Karriär ka beaflossen 03.06.2026
    Am August oder am September gebuer sinn: Dat ass jo eigentlech kee risegen Ënnerscheed. Géif ee mengen. Wat déi schoulesch Leeschtung ubelaangt, kann et awer en enormen Impakt hunn. Den 1. September, dat ass hei am Land de Stéchdatum fir d’Aschoulung: Wien duerno gebuer ass, wäert e Joer verspillen - an ass a senger Entwécklung deemno e ganzt Joer méi wäit, wéi en anert Kand, dat den 31. August dat Joer drop gebuer gouf. Trotzdeem ginn déi zwee zesummen ageschoult. Dat kann de ganze Rescht vu senger schoulescher Karriär beaflossen. Zu där Conclusioun kënnt eng nei Etude vum LISER.
  • Fiert geschwënn erëm en ICE iwwer Tréier? 03.06.2026
    Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Gordon Schnieder gestallt hunn. Den CDU-Politiker ass neie Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz.
  • Nei Return Hubs: D'EU verschäerft hir Migratiounspolitik weider 03.06.2026
    Eis Korrespondentin Agathe Cherki erkläert, wat geplangt ass.
  • Muselregioun: Kulturhaaptstad 2035? 03.06.2026
    De Schengener (Oppositiouns-)Conseiller Tom Bellion huet d'Iddi gëschter am Schengener Gemengerot thematiséiert. Wéi war den Echo?
  • Wéi een ekonomeschen Impakt huet de Blocage vun der Strooss vun Hormus? 03.06.2026
    Zenarien dozou hat de STATEC der Regierung an de Sozialpartner scho virun dräi Woche presentéiert. Prezisioune goufen et gëschter, um Dag vun der éischter Tripartite-Verhandlungsronn. De STATEC huet op Esch-Belval seng éischt Note de Conjoncture fir dëst Joer virgestallt.
  • Lactalis vs. EKABE: de leschte Stand 02.06.2026
    Am 100,7-Interview kommentéiert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen déi neisten Entwécklungen am Dossier.
  • Fräiwëlleger gesicht! Wéi schwéier ass et fir der ze fannen? 02.06.2026
    D'Anne Hoffmann erkläert, wéi et ëm de Benevolat zu Lëtzebuerg bestallt ass. Si ass Chargée de Direction vun der Agence du Bénévolat.
  • Tripartite: De Fuerderungskatalog vun der Union syndicale 02.06.2026
    D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB geet haut mat zolitte Fuerderungen an d'Tripartite. D'Regierung krut de Katalog vu Revendicatiounen d'lescht Woch zougestallt.
  • Firwat huet d'Uni Lëtzebuerg nach kee Master am Droit Luxembourgeois? 02.06.2026
    D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Droitsstudenten, d'ANELD, hält esou eng Formatioun fir néideg. Hire President Charel Bollig erkläert eis wisou.
  • Lactalis vs. EKABE: De leschte Stand 02.06.2026
    Am 100,7-Interview kommentéiert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen déi neisten Entwécklungen am Dossier.
  • Tripartite: de Fuerderungskatalog vun der Union syndicale 02.06.2026
    D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB geet haut mat zolitte Fuerderungen an d'Tripartite. D'Regierung krut de Katalog vu Revendicatiounen d'lescht Woch zougestallt.
  • Festival de l'enfance beschäftegt sech mat Alternativen zum Ecran 01.06.2026
    Handy an Tablett verhënneren, datt d'Kanner hir sozial, sproochlech a sportlech Kompetenze kënnen entwéckelen. Dat war ee vun de grousse Messagen um Festival vun de Kanner dëse Weekend. De Suchtpreventiounszenter huet um Festival och Alternativen zum Handy an den Ecrane gewisen.
  • Wéi eng Zukunft huet d'Mëllechproduktioun zu Lëtzebuerg? 01.06.2026
    Mir froen de President vun der Bauerenallianz Marco Koeune, nodeems d'Molkerei Ekabe ugekënnegt huet, datt se vum nächste Joer u keng Lëtzebuerger Mëllech méi wëllt kafen.
  • Stammzellespenden: Vill potentiell Donateuren decidéieren sech dergéint 01.06.2026
    D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d’Spill géif setzen. D’lescht Joer wieren 204 Persounen aus dem Spenderegëster ugeruff ginn, well et e Match ginn hätt mat engem Leukemie-Patient. Dovu wier all Drëtte guer net ze erreeche gewiescht a ronn 13 Prozent hätten eng Spend refuséiert, gëtt d’Sekretärin vun der Associatioun Pia Gorza un. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
  • Summervakanz: Gi wéinst dem Krich am Noen Oste manner Reese gebucht? 01.06.2026
    Mir hu beim Fernand Heinisch, dem President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Reesagencen (ULAV), nogefrot.
  • EU-Parlament kämpft géint de Phenomeen vum eidele Plenarsall 01.06.2026
    Ee Parlament an deem d’Deputéiert an der Plenière virun engem bal eidele Sall schwätze verdéngt säin Numm wuel kaum. Am Europaparlament awer ass dat souzesoen Alldag: An de Sitzungen an der Plenière si vun de 720 Europadeputéiert dacks just 30 bis 40 Leit oder nach manner present. Doriwwer, wéi dat ka geännert ginn an och, wéi kann dofir gesuergt ginn, datt am Plenarsall méi Debatten entstinn, gëtt am Parlament scho méi laang diskutéiert Allerdéngs bis elo ouni grousse Succès - elo soll en neie Versuch gestart ginn. D’Danièle Weber iwwer de Versuch, eng nei Dynamik an déi parlamentaresch Debatten ze bréngen.
  • Wéi vill fëmmen d'Lëtzebuerger:innen? 29.05.2026
    Ronn een Drëttel vun den Awunner:innen iwwer 16 Joer fëmme reegelméisseg oder heiansdo - a gräifen dacks schonn a jonkem Alter zur Zigarett. Explikatioune vun der Fondation Cancer
  • Wéi setzt ee sech als Fra um Bauerenhaff duerch? 29.05.2026
    2026 gouf vun de Vereenten Natiounen als internationalt Joer vun der Fra an der Landwirtschaft deklaréiert. Zil ass et, fir hir Roll an der globaler Agrarwirtschaft an Ernährungssécherheet ervir ze hiewen. Ma wéi ass d'Situatioun eigentlech hei am Land? Wéi ass et, als Fra an engem Secteur ze schaffen, deen traditionell als Männerdomän ugesi gëtt? D'Paule Rodesch war op Schëtter op den Haff "A Schmatten", deen d'Christine Hoffmann zesumme mat hirem Mann leet.
  • Coupefinall am Fussball: Wéi zouversiichtlech sinn déi Déifferdenger? 29.05.2026
    Mir froen de President vum FC Déifferdeng 03, de Fabrizio Bei
  • 30. Mee 1976: Explosioun am Pafendall mat 3 Doudegen 29.05.2026
    Zu Zéisseng war deemools Bensinn an d'Kanalisatioun gelaf amplaz an en Tank. Am Pafendall, um déifste Punkt vun der Stad, hu sech d'Gase konzentréiert an et koum zur Explosioun: Nieft den 3 Doudesaffer goufen nach 21 Leit verwonnt ginn; donieft goufe 17 Haiser zerstéiert. Joren duerno gouf de Quartier nei opgebaut.

ยอดนิยมใน

พอดแคสต์นี้ปรากฏในชาร์ตพอดแคสต์ของประเทศเหล่านี้ด้วย