Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
0
De Podcast 'Méi wéi Sex' beschäftegt sech mat Sex, Kierper a Sexualitéit op enger oppener an éierlecher Manéier. E riicht sech un all Mënsch mat engem Kierper, a behandelt Themen déi dacks tabu sinn. Episoden gi vum selwechten Numm (Méi wéi Sex) produzéiert a stinn a Verbindung mat Radio ARA zu Lëtzebuerg.
ตอน
-
#197: Vu Myspace zu Tiktok – Éischt Social Media Notzungen 18.09.2026 50นาทีOb een*t lo mat myspace oder Tiktok grouss ginn ass, den Internet bleift den Internet - a Social Media e grousse Bestanddeel vum Liewe vu ville Leit. De Joël an den Elie diskutéieren an dëser Episod, wéi sech sozial Medien an hire Liefzäite verännert hunn, a wéi eng Risiken an Avantagen déi selwecht bliwwe sinn. A natierlech gi si och op déi géigewäerteg Diskussiounen zum potentielle Social Media Verbuet vu Jonker an. Resourcen: Dem Joël seng Recherche iwwer Social Media fir d'Woxx Opklärung iwwer Scams BeeSecure fir Hëllef an Opklärung D'Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d'nächst Woch :) -
#196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun 10.07.2026 56นาทีMenstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar. De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun invitéiert. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg hunn hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen geholl. D’Diskussiounsronn gouf opgeholl an gëtt um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt. Dësen Event gouf am Kader vun der Ausstellung Et Leeft organiséiert. D'Ausstellung ass nach bis de 19. Juli 2026 am Luxembourg City Museum ze gesinn. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer den emotional Floorplan. -
#195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit) 26.06.2026 51นาทีMir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medikamenter ze huelen, a wéi affektéiert dat d Bezéiung zu Sexualitéit a Kierper? Den Elie, Lynn a Robin ginn an dëser Episod op dës Themen an a verzielen vun hiren Erfahrungen mat hire respektive Medikamenter. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink. -
#194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat? 12.06.2026 41นาทีEt ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass. An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes ILGA Rainbow Map ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik. -
#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen 29.05.2026 46นาทีBezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht. An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet. -
#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben 15.05.2026 50นาทีOp den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch. An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married? -
#191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten 01.05.2026 39นาทีGebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme Birthplans, Gebuertstechniken, lëschteg Anekdoten a nach villes méi op den Dësch. Quellen an interessant Artikelen: Medizinische Informationen zur Peridural Anästhesie in der Geburtshilfe - CHL Quality of maternal and newborn care around the time of childbirth in Luxembourg during the COVID- 19 pandemic - Maryse Arendt, Barbara Tasch, Francesca Conway, Aline Lecomte, Benedetta Covi, Ilaria Mariani, Emanuelle Pessa Valente, Marzia Lazzerini Beyond autonomy: Care ethics for midwifery and the humanization of birth - Elizabeth Newnham, Mavis Kirkham Obstetric and gynaecological violence in the EU - Silvia Brunello, Magali Gay-Berthomieu, Beth Smiles, Eneidia Bardho, Clémence Schantz, Virginie Rozee Self-determination: an increasingly important aspect of childbirth - Isabell Spilker Hypnobirthing: Schmerzfreie Geburt unter Hypnose? -
Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3) 17.04.2026 58นาทีSports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen? Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid - “Pucking Around” vum Emily Rath - “Deep End” vum Ali Hazelwood - “Sweat” vum Jonah Yorke - “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner Filmer: - Personal Best (1982) - Water Lilies (2007) - Challengers (2024) Artikelen: - “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run.” vum Bethy Squires (am New York Magazine). - “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine). - “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier” vum Vanessa Romo (bei npr). Real-life lesbian heated rivalries: - Julie Chu & Caroline Ouellette - Savolainen & Anna Kjellbin Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten: - “What’s up with the Heated Rivalry houses?” vum Kendra Gaylord op Youtube - “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak” vum Material Girls Podcast -
#189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren? 03.04.2026 49นาทีHuet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode. An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen. -
#188: Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet 20.03.2026 45นาทีEinfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statistiken net néierschléit. Wien wéi fruchtbar ass, huet awer och gesellschaftlech a sozioekonomesch Grënn. Een Thema, dat enk domadder verbonnen ass, si medezinesch Methoden, déi een*t an Usproch kann huelen, wann et op natierlechem Wee net klappt – an dem Kader gi mir dann och doriwwer opgekläert, wéi sënnvoll et ass, an den Tifküler ze jitzen. An der Rubrik erkläert d'Ella, wat den LEQGF ass a wat fir eng Etüd deen iwwert queer Mënschen zu Lëtzebuerg gemaach huet. -
#187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng 06.03.2026 39นาทีD'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser Episod erzielt d'Ella vu sengen Erfarungen mamm Nuvaréng, firwat hatt sech fir dat Verhütungsmëttel entscheed huet a wat him heinsdo op de Nerv geet. Dës Episod ass dann och Deel vun eiser Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op [email protected] oder kontaktéier eis iwwer social media. :) An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Hormoner a Psychedelica. Shownotes: Addendum zum Thema "Nuvaréng wärend dem Sex raushuelen": D'Ella sot an der Episod, dass een*t de Nuvaréng während dem Sex fir 3 Stonnen ka raushuelen, an dass all Keiers 24h tëscht dem Raushuele leie sollten. Et sollt een*t dat allerdéngs net all Dag maachen, oder et zur Sëcherheet mat sengem Doktor ofklären. Fachinformation Nuvaring Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (DE) mengverhuetung.lu: Vaginalring -
#186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen 20.02.2026 47นาทีZesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt? An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst. -
#185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun 06.02.2026 50นาทีMir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat digitaler Kommunikatioun a wéi déi sech op hir Relatiounen zu aneren a sech selwer auswierkt. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dee grouss diskutéierte Lien tëscht Testosteron an Aggressivitéit. -
#184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2) 23.01.2026 1ชม. 1นาทีDark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611. „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex -
#183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn 09.01.2026 52นาทีIergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach an deelen elo hir Erfarunge mat iech. Si erziele vu last-minute-Outfits, vu Kommunikatiounsschwieregkeeten a vun der Angscht, ob ze ville Fotoen ze sinn. An der Rubrik erkläert Kelly, wat den Dual-Control System ass. -
#182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen 26.12.2025 45นาทีD’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d’Weër geleet fir d’Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt. An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass. Quellen: Un droit à l’avortement dans la Constitution ? Les travaux parlementaires avancent - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Abtreibung in der Verfassung: Die Abgeordneten entscheiden sich für den Begriff „Freiheit“ - Luxemburger Wort Debatte um Abtreibung: Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich - Reporter.lu La liberté de recourir à l'avortement sera inscrite dans la Constitution - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Geschichte - fraendag.lu Brochure d'Information: Interruption Volontaire de Grossesse (IVG) - sante.lu ABTREIBUNG: Von lebenslänglich zur Fristenregelung - woxx.lu Schwangerschaftabbruch in Luxemburg - CID Fraen an Gender Die Gesetzgebung in Luxemburg - CID Fraen an Gender Why Luxemburg wants to write the freedom to have an abortion into the constitution - Lëtzebuerger Journal Erwäänten Erfahrungsbericht aus dem Lëtzebuerger Journal: Wat mengs du? Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage - Lëtzebuerger Journal -
#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech 12.12.2025 49นาทีStell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn. Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“. -
#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten 28.11.2025 48นาทีLiebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD. -
#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1) 14.11.2025 1ชม. 1นาทีWat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus! Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „Iron Flame“) vum Rebecca Yarros. -
#178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun 31.10.2025 49นาทีEis Intuitioun ass den Detektiv vun eisem Kierper, a soll eis amfong sëcher halen andeems se eis eng éischt Aschätzung vu neie Situatiounen a Mënsche gëtt. Mee wéi wësse mäer amfong, wéi mäer eiser Intuitioun vertraue kënnen, grad wann mäer an eisem Liewen traumatesch Erfarunge gemaach hunn? Wéi wierken déi sech op eis Intuitioun aus? A kann een Trauma, posttraumatesch Belaaschtungen an Intuitioun wierklech auseneen halen? Den Elie, d'Ella an d*e Robin ginn an dëser Episod denen (a méi) Froë no an diskutéieren hir Erfarungen. An der Rubrik fänkt Kelly eng nei Serie iwwer dem Emily Nagoski säi rezent Buch "Come Together" un a schwätzt iwwer den Intro an dat éischt Kapitel.
ยอดนิยมใน
พอดแคสต์นี้ปรากฏในชาร์ตพอดแคสต์ของประเทศเหล่านี้ด้วย