Invité:e vum Dag
radio 100,7
0
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Bölümler
-
Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant 16.10.2026Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert. -
Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin 15.10.2026Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest? -
Marc Reiners, President vum Produzentecomité bei Luxlait 14.10.2026D'Luxlait iwwerhëlt temporär 50 fréier Ekabe-Produzenten, kann deenen hir Mëllech awer net hei am Land verschaffen. Wat bedeit dat fir déi Concernéiert a fir d'Molkerei selwer? -
Marc Schoentgen, Co-Direkter vun der Stëftung ZpB 13.10.2026Den Zentrum fir politesch Bildung feiert 10 Joer. Eng Zäit, an där Desinformatioun a Politikverdrossenheet allgemeng zougeholl hunn. Wéi geet een dogéint vir? -
Guy Bley, Haut-Comissaire à la protection nationale 12.10.2026Wat ass d'Zil vun der neier Campagne fir 72 Stonnen Autonomie vun de Bierger bei nationale Krisen? A wéi prett sinn d'Autoritéite wann déi "nächst Kris bestëmmt kënnt"? -
Patrick Michaely, Direkter vum Naturmusée 09.10.2026Virun 30 Joer ass den MNHN vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert. Wéi huet e sech zënterhir entwéckelt? A wéi soll e sech nach weider entwéckelen? -
Gilles Roth, CSV-Finanzminister 08.10.2026Froen iwwer de Budgetsprojet fir 2027, dee gëschter an der Chamber déposéiert a virgestallt ginn ass. -
Dr. Emile Bock, President vun der SLMUC 07.10.2026Wat ass d'Zil vun där neier “Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Catastrophe”? Dat froe mir hire President. -
Marc Wagener, Generaldirekter vun der Croix-Rouge 06.10.2026Den 1. August huet de fréieren UEL-Direkter d'Nofolleg vum Michel Simonis un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Roude Kräiz iwwerholl. -
Astrid de Leeuw, Ligue Santé Mentale 05.10.2026Haut ass den Optakt vun der 5. Semaine de la santé mentale. Si steet ënner der Iwwerschrëft "On a tous un bagage. Ensemble, avançons plus légers!". -
Simone Niclou, Vize-Rekter vun der uni.lu 02.10.2026Wéi geet et viru mam Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg? Wéini kënnt de Master? A wéi ass et mat weidere Spezialisatiounen? -
Claude Wiseler, Chamberpresident 01.10.2026Dronen, Petititiounen, Piraten a Stabilitéit vun den Institutiounen: Dat si Stéchwieder am Gespréich mam éischte Bierger vum Land. -
Michel Reckinger, UEL-President 30.09.2026Haut ass dem Michel Reckinger säi leschten Dag als President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen: Zäit fir e Bilan. -
Georges Wagner, Direkter vun der Associatioun vun der Assurance accident 29.09.2026D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert. -
Sam Tanson 28.09.2026Déi gréng Deputéiert äussert sech zu der Krisekommunikatioun vun der Regierung, zu der Affär Fridman an erkläert, firwat hir Partei géint d'Steierreform wäert stëmmen. -
Eric Thill 25.09.2026Muer ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eréischt fir déi 2. Kéier, nodeems de Kulturministère deen Dag d’lescht Joer ageféiert huet. Wéi kann a soll d’Lëtzebuergescht nach weider promovéiert ginn. Firwat wëllen net méi Leit Lëtzebuergesch-Proff ginn a wat soll am nächsten Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch drastoen, dat froe mir den DP-Kulturminister Eric Thill. -
Gary Diderich, zukënftegen Deputéierte vun déi Lénk 24.09.2026Hie rotéiert am Oktober mat der Ana Correira an d'Chamber. Wéi wëlle si un d'Aarbecht vun hire VIrgänger uknäppen? -
Patrick Schnieder, Member vum Bundestag (CDU) 23.09.2026Wou steiert déi däitsch CDU hin? A wéi vill vun deem Wee ass mam President a Bundeskanzler Friedrich Merz ze maachen? Dat froe mir de fréiere Verkéiersminister. -
Steve Thull, Chef vun der Lëtzebuerger Arméi 22.09.2026Op den 1. Oktober gëtt et ee Wiessel un der Spëtzt vun der Arméi an de Steve Thull geet an d'Pensioun. Wat behält hien aus de leschte 6 Joer zeréck a wou steet d'Arméi elo? -
Rejko Krüger, Neurolog am Luxembourg Centre for Systems Biomedic 21.09.2026Um Weltalzheimerdag froe mir den Direkter vun der Abteilung Transversal Translational Medicine vum Fuerschungszenter LIH (Luxembourg Institute of Health) a Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten, wéi déi nei KI-baséiert Diagnos-Outile fonctionéieren, an ob Chatbots d'Gehierfitess beaflossen.
Şurada popüler
Bu podcast şu ülkelerin podcast listelerinde de yer alıyor.