Endlech - De Podcast vum Trauerwee

Endlech - De Podcast vum Trauerwee

Trauerwee asbl.
Ülke Lüksemburg
Türler Society & Culture
Dil LB
Bölüm 13
Son 21.05.2026

Trauerwee asbl. begleed Kanner a Familljen an hirer Trauer an integréiert d'Themen ronderëm den Doud an d'Trauer an d'Gesellschaft. De Podcast bitt Ënnerstëtzung an Informatioun fir Leit, déi mat Trauer konfrontéiert sinn.

Bölümler

  • #13 De Sascha 21.05.2026 1sa 27dk
    An dëser Podcast-Folleg gëtt am Detail iwwer den Doud vun enger Persoun geschwat. Verschidde Beschreiwunge kënnen emotional belaaschtend sinn. Wéi geet een als Kand mam Dout vun sengem grousse Brudder ëm? D’Stefanie schwätzt an dëser Episod iwwert säi Verloscht an iwwert seng Aart a Weis domadder ëmzegoen. Am Podcast héiert een och dem Stefanie alias TYRA säin néit d’Lidd „Sascha“ - eng ganz speziell Hommage u säi grousse Brudder.
  • #12 De Papp fir alles 09.03.2026 42dk
    Wat geschidd mat enger Famill, wann d'Mamm op eemol feelt? An dëser Episod schwätze mir mam Yves Barthels iwwert de Verloscht vu senger Fra an d'Verännerungen, déi doduerch a sengem Lierwen agetruede sinn. 
  • #11 Suizid 14.01.2026 45dk
    Suizid vum Papp an der Kandheet, wéi geet een als Erwuessenen mat dësem Verloscht em? An dëser Episod schwätzt d'Simone Thill mat der Erzielkënschtlerin dem Luisa Bevilacqua iwwert Konscht an den Doud.
  • #10 Ronderëm de leschten Äddi 14.01.2026 51dk
    Wéi geet een domat ëm, wann een e Mënsch verléiert, deen engem immens vill bedeit huet? Wéi kann een traueren, ouni sech selwer ze verléieren? Wat heescht et, wierklech Äddi ze soen a wéiwäit däerf oder soll e Kanner mat abannen?  D’Simone Thill schwätzt an dëser Episod mam Martine Wirtz iwwert de leschten Äddi. 
  • #9 Trauer an der Schoul 14.01.2026 57dk
    D'Rentrée steet virun der Dir - a fir verschidde Kanner ass alles aneschters well an der Summervakanz e wichtege Mënsch gestuerwen ass.  Fir den Enseignant stellt sech d'Fro: Wéi reagéieren ech bei engem betraffene Kand? Wat kann hëllefen? An dëser Folleg, gi mer dëse Froen no a schwätze mam Nadine Wagner, Enseignante am Cycle 1 iwwert hir Erfarung mam Thema Trauer an der Schoul.
  • #8 Trauer als Aarbecht - E Gespréich mat enger Trauerriednerin 14.01.2026 46dk
    Wéi geet ee mat der Trauer vun anere Mënschen ëm? Wat bedeit et, Wierder ze fannen, wann anerer se verléieren? An dëser Episod vum Podcast schwätzt d'Simone Thill mam Marceline Goergen iwwert hier Aarbecht als Trauerriednerin.  
  • #7 Trauer - En Deel vum Liewen 14.01.2026 1sa 10dk
    Dës Episod ass eng Opnam vun der Konferenz déi d'Simone Thill den 23.04.2025 am Kader vun der Ausstellung Trauer - En Deel vum Liewen an der Gemeng Kielen gehalen huet.
  • #6 Trauer als Kand - Trauer haut 14.01.2026 46dk
    An dëser Episod schwetzt d'Simone Thill mam Zoe. D‘Zoe war engt vun den éischte Kanner wat virun 10 Joer an d'Trauergruppe vum Trauerwee komm ass nodeems säi Papp verstuerwe war. 
  • #5 Suizid 14.01.2026 1sa 2dk
    An dëser Episod dréit sech alles ronderëm di komplex Themen vum Suizid. D'Simone Thill schwätzt mam Vicky Pundel, enger betraffener Schwëster. 
  • #4 Feierdeeg an Trauer 14.01.2026 36dk
    Wéi erliewen Läit d'Féierdeeg déi an Trauer sin? Kann een sech doroper virbereeden? D'Simone Thill an d'Martine Wirtz schwëtzen iwwert des Themen zesumme mam Betty, enger betraffener Persoun a Mamm vun 3 Kanner.
  • #3 Kannertrauergruppen 14.01.2026 32dk
    An dëser Episod zielen d'Simone Thill an d'Christiane Rassel Iech wat de Sënn hannert dëse Gruppen ass a wéi esou Nomëtteger oflafen.
  • #2 Trauer - Schwarz, gro oder faarweg? 14.01.2026 33dk
    An der zweeter Episod vum Podcast schwëtzen d'Simone Thill an d'Martine Wirtz iwwert Trauer a wat dat esou mam Mënsch mécht.
  • #1 Eis Geschicht 14.01.2026 29dk
    An der éischter Episod gi mir der Fro no: Firwat gëtt et den Trauerwee?   Dem Simone Thill a Christiane Rassel hier perséinlech Geschichten waren d'Motivatioun fir dëse Projet unzegoen. Wéi war dat deemols wéi Sie mam Verloscht konfrontéiert waren, wéi geet et hinnen haut? Sie deele mat Iech hier Gedanken, Ängschten an Hoffnungen an erzielen Iech vum Ufank vun hierem Häerzensprojet.

Şurada popüler

Bu podcast şu ülkelerin podcast listelerinde de yer alıyor.