The Fox Talk - Handball Diddeleng

The Fox Talk - Handball Diddeleng

Handball Diddeleng
Maa Luxemburg
Genret Urheilu
Kieli LB
Jaksot 2
Viimeisin 01.09.2026

De Podcast 'The Fox Talk - Handball Diddeleng' bitt spannend Insider-Stories, éierlech Gespréicher an och mol e gudde Schotz Quatsch aus der Welt vum Handball Diddeleng an eise Fiiss. Keng Superstars – mee 100 % lëtzebuergesch Handballpassioun mat Häerz, Harz an heiansdo Muskelkater. Mat Gäscht direkt aus eisem Veräin, vill Laachen an einfach e bëssen Handball-Talk. All Mount eng nei Episod – fir jiddereen, deen sech nëmme Minimal fir den Handball zu Lëtzebuerg an zu Diddeleng interesséiert.

Jaksot

  • #3 - mam Alain Poeckes | "Mir baue rëm eppes op, awer vill méi grouss" 01.09.2026 1t 13min
    Den Alain Poeckes – eng richteg HBD-Legend, deen am Handball praktesch alles gesinn, erlieft an iwwerlieft huet!No engem Joerzéngt, ass hien elo mat enger neier Tâche erëm voll dobäi. An och wann ee mengt, et wéisst een alles.. et gëtt ëmmer nach eppes ze léieren.Eng Persoun, déi den HBD matgeprägt huet, säi Kierper méi wéi eng Kéier fir de Veräin geopfert huet an de Logo bis haut mat Stolz op der Broscht dréit.Mee wat stëcht hannert där Legend? Wéi vill Geschichten ginn et iwwert den Alain? A wéi vill dovunner wësst dir?
  • #2 - mam Zoé Caruso | "Ech hunn déi Mentalitéit réischt säit dëser Saison" 09.06.2026 1t 13min
    D'Zoé Caruso - vum klengen Tollpatsch zum All-Star op der Riester Bant ! Wéi ass et dozou komm? Wat huet hatt geprägt? A wéi huet hatt den Championstitel gefeiert? An natierlech gëtt et net nëmmen Handball: Ass hatt méi Team Kaiserschmarren an Après-Ski oder léiwer Cocktail op der Plage? Lauschtert eran a léiert d’Zoé vun enger anerer Säit kennen – bescheiden, sympathesch an haut ee vun de wichtegste Piliere vum HBD.
  • #1 - mam Aldin Zekan | "Ech weess, wou ech hierkommen" 21.04.2026 1t
    E klenge Androck an dem Aldin Zekan seng Welt. Wat et heescht mat 2 Bridder opzewuessen déi och Handball spillen, wat seng Meenung zum lëtzebuerger Handball ass an nach vill méi. Hien gëtt eis och e klengen Abléck hannert Kulisse vun eisen Hären, wien nervt, wien ass de Clown a wien hätt dann heiansdo besser manner ze schwätzen. Wat hält den Aldin vun der aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg a wei gesäit säi Liewen aus. Mir si frou dass den Aldin sech eis offenbar huet an eisen éischten Invitée war.

Suosittu maassa

Tämä podcast esiintyy myös näiden maiden podcast-listoilla.