Buvette - De Fussballpodcast
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
0
De Podcast Buvette - De Fussballpodcast behandelt Fussball aus enger entspannter an ënnerhaltsamer Perspektiv. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel schwätzen iwwer aktuell Theme aus dem lëtzebuerger an internationale Fussball. Si ginn vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker a brénge jidder Woch hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. Et geet ëm déi déifgrënnegst Fussballtheme an der Buvette, mat vill Leidenschaft a gudde Gespréicher.
Jaksot
-
Schwaarze Weekend fir Vogels 16.09.2026 24minE schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill Goler n der Éierepromotioun. -
Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping 10.09.2026 27minFussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette 216 - D'Ballfëscher vum Camping. -
Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten 02.09.2026 35minMir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher. Da schwätze mir nach iwwer nei Transferten am Land a bewäerten de neien Trikot vun der FLF. -
Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder 26.08.2026 35min4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et een Influencer am Gol, masseg rout Kaarten an der Éierepromotioun an eng gutt Stëmmung zu Menster. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder. -
Episod 213 - Stade Brian Madjo 19.08.2026 34min3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee wansinneg schéine Gol geschoss huet. Och déi éischt Divisioune ginn an dëser Episod beschwat, an där Menster direkt mam Ostkracher géint Gréiwemaacher start an et gëtt ee Grond firwat de Racing iergendwann de Stadionnumm ännere muss. Alles dat a nach vill méi an der Episod 213 mam Numm Stade Brian Madjo. -
Episod 212 - Do si mir erëm 12.08.2026 31minNo enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun, Éierepromotioun an sou weider. -
Episod 211 - Coupe Final 03.06.2026 35minWat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann och déi lescht Episod fir dës Futtballsaison am August geet et dann nees weider. Vill Spaass mat der Episod: Coupe Final! -
Episod 210 - Wansinn 20.05.2026 30minAn dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette. -
Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi 06.05.2026 24minDe Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den Op- an Ofstigskrimi an den eenzelnen Ligen an drécken all den Ekippen d’Daumen. -
Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe 29.04.2026 42minMir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat war zu Bartreng lass? An et ass nach esou vill méi am Lëtzebuerger Fussball geschitt. Méi Detailer ginn et wéi gewinnt an der neitster Episod vun der Buvette. -
Episod 207 - Et gëtt gemunkelt 22.04.2026 30minMir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue z'erzielen, den Dylan schwäermt vun der klenger Buvette zu Uewerkuer a nach villes méi gëtt et an dëser Episod Buvette mam Titel "Et gëtt gemunkelt". -
Episod 206 - Bläifouss 15.04.2026 48minDe Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk? Wien ass de Bläifouss zu Leideleng a kënns du och schonn sou lues a WM-Féiwer? Alles a nach méi an dëser Episod Buvette mam Titel Bläifouss. -
Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass? 09.04.2026 20minNo zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an dëser Episod vu Buvette mam Titel 'Wat ass dann nëmme lass?'. -
Episod 204 - Force à Yannis 18.03.2026 36minAn der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et grondsätzlech zimmlech roueg. Wat et dann nach Schéines zu Mamer an der Buvette gëtt, gëss du wéi gewinnt an der Buvette mat der Episod Force àYannis gewuer. -
Episod 203 - WhatsApp 11.03.2026 37minZu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der Buvette - WhatsApp. -
Episod 202 - Firwat am Fong ëmmer Fussball? 04.03.2026 32minRouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent dem Terrain wéi um Terrain. D' Episod 202 vun der Buvette befaasst sech och mam Theema firwat et am Fong ëmmer ëm Fussball geet. -
Episod 201 - Iwwerraschungen 25.02.2026 31minIwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu Munneref sinn d’Supporter ze haart an d’Terraine sinn iwwerall eng Katastroph. Wat nach sou lass war, gëtt et wéi gewinnt hei an der Buvette an dat mat lauter Iwwerraschungen. -
Episod 200 - Weider geet et 18.02.2026 32minD'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der BGL Ligue an an der Éierepromotioun rullt de Ball nees a wat alles soss nach sou geschitt ass, gëtt et wéi gewinnt an dëser Episod Buvette - Weider geet et also! -
Episod 199 - Ab an d'Wanterpaus 10.12.2025 34minEng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der Réckronn. Dat alles wëlls du net verpassen, da lauschter dir déi 199 Episod vun der Buvette un. -
Episod 198 - Maske-Ben 03.12.2025 22minVirun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no engem zéie Kampf leider net belounen. Wat nach esou lass war wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Maske-Ben.
Suosittu maassa
Tämä podcast esiintyy myös näiden maiden podcast-listoilla.