Omega Talks
Omega 90
0
Omega Talks ass e Podcast deen sech mat Palliative Care, Krankheet, Doud a Trauer beschäftegt. All Episod bitt inspiréierend Gespréicher, beréierend Geschichten a praktesch Tipps, fir dës wichteg Momenter am Liewe besser ze verstoen an ze meeschteren. De Podcast invitéiert de Dialog op a hëlleft d'Wierder ze fannen, déi dacks feelen.
Epizódok
-
#8 Kannertrauer: A wa mir mol driwwer schwätze géifen? 09.07.2026 35pMat engem Kand iwwer den Doud ze schwätzen ass fir vill Erwuessener eng vun de schwieregsten Aufgaben. Dobäi traueren och Kanner a brauche Wierder, déi hinnen hëllefen ze verstoen, wat si erliewen. An dëser Episod vun Omega Talks begréisse mir d'Martine Hentges, Kannerpsychologin bei Omega 90. Zesumme schwätze mir iwwer déi vill Froen, déi Elteren a Familljen sech stellen, wann e Kand mat Krankheet, Liewensenn oder dem Doud vun engem Mënsch konfrontéiert gëtt. Wéi erkläert een engem Kand den Doud? Soll een ëmmer d'Wourecht soen? Däerf e Kand déi verstuerwe Persoun gesinn oder op e Begriefnis goen? A wéini ass et sënnvoll, Hëllef ze sichen? E Gespréich, dat hëlleft, Kannertrauer besser ze verstoen an ënnersträicht, wéi wichteg et ass, doriwwer ze schwätzen. Intro: Aydio - Deltitnu
-
#7 Le deuil : briser le tabou 10.06.2026 37pLe deuil fait partie de la vie, et pourtant il reste souvent un sujet tabou. Dans cet épisode de Omega Talks, nous recevons Catherine Majerus et René Langer, psychologues au Haus Omega. À travers leur expérience auprès des patients et de leurs proches, ils abordent le deuil sous différents angles : son processus, ses manifestations, les questions qu’il soulève et les idées reçues qui l’entourent. Qu’est-ce que le deuil ? Est-ce une maladie ? Combien de temps dure-t-il ? Quand a-t-on besoin de soutien ? Et comment réagir face à une personne endeuillée ? Un échange sensible et authentique qui nous invite à parler du deuil sans jugement, avec humanité et bienveillance, et à briser un tabou qui nous concerne tous. Intro: Aydio - Deltitnu
-
#6 Futility: Wéi hale mir d’ethesch Linn? 20.05.2026 26pAn dëser Episod geet et ëm d’Thema „Futility“. Wéini brénge medezinesch oder therapeutesch Moossnamen nach e reellen Notzen – a wéini riskéieren si, méi ze schueden ewéi ze hëllefen? Zesumme mam Nicole Weis-Liefgen, Directrice vun Omega 90, schwätze mir iwwer ethesch Grenzen an der Fleeg an an der Medezin, iwwer „therapeutesch Verbassenheet“ an d’Fro, wéi een tëscht méiglecher Behandlung a sënnvoller Behandlung ënnerscheet. Eng Reflexioun iwwer Verantwortung, Mënschlechkeet an Entscheedungen, déi net nëmmen d’Gesondheetspersonal, mee och Familljen an eis Gesellschaft betreffen. 🌿 Intro: Aydio - Deltitnu
-
#5 L’alimentation en fin de vie : comprendre et accompagner 11.03.2026 31pQue signifie manger et boire lorsque la vie touche à sa fin ? Dans cet épisode de Omega Talks, nous abordons une question délicate : l’arrêt de l’alimentation et de l’hydratation chez une personne en fin de vie. Avec Dr Hélène Sarramagnan (Service Formation), nous parlons de ce que manger et boire représentent pour le patient et pour ses proches, du plaisir et des moments de partage liés à l’alimentation, mais aussi des différentes représentations culturelles autour de la nourriture. Un échange pour mieux comprendre et réfléchir à la manière d’accompagner ces situations avec respect et humanité. Intro: Aydio - Deltitnu 00:00 Bienvenue : Présentation du thème 03:09 La symbolique profonde de l'alimentation pour patients et proches 05:31 Comprendre le processus physiologique de l'arrêt de l'alimentation 09:28 Comment communiquer et soutenir les familles face à l'arrêt alimentaire 14:37 L'importance de l'anticipation et de la cohésion d'équipe soignante 17:47 Le rôle des observations objectives dans les décisions médicales 23:02 Stratégies pour soutenir les soignants et gérer le stress familial 27:26 L'avenir des soins palliatifs : un accompagnement naturel et humain
-
#4 Mäi Wëllen: wien entscheet, wann ech et net méi kann? 11.02.2026 33pAn dëser Episod geet et ëm d’Fro: Wat geschitt, wann ech mech enges Daags net méi ausdrécke kann? Wien weess dann, wat ech wëll – a wat net? Wéi kann ech mäi Wëlle festhalen, a firwat ass et wichteg, fréi driwwer nozedenken? Zesumme mam Marie-France Liefgen aus dem Service Formation schwätze mir iwwer d’Patienteverfügung, d’Roll vun der Vertrauenspersoun a wéi een dës auswielt. Eng Invitatioun, fréi nozedenken, Verantwortung ze iwwerhuelen – a senger eegener Stëmm Plaz ze ginn. Intro: Aydio - Deltitnu
-
#3 Les soins palliatifs à travers les yeux de deux soignants 14.01.2026 46pDans ce troisième épisode, Moïra Piefonck et René Langer partagent leur expérience du terrain, leurs émotions et ce que leur métier représente pour eux au quotidien. Ensemble, ils parlent avec sincérité de l’accompagnement en soins palliatifs, de la relation aux patients et aux proches, et de l’importance de l’humanité dans ces moments de vie sensibles. Intro: Aydio - Deltitnu
-
#2 Wat ass Palliative Care? 10.12.2025 24pAn dëser zweeter Episod vun Omega Talks geet et ëm d’Fro: Wat ass Palliative Care? D'Marie-France Liefgen an d'Cilly Soragna aus dem Service Formation erklären, wéi sech d'Palliative Care zu Lëtzebuerg an de leschte Joren entwéckelt huet, wat eigentlech den Ënnerscheed tëscht palliativ a kurativ ass, a firwat „palliativ“ net heescht, datt ee geschwë stierft. Si huelen iech och mat an den Alldag am Haus Omega, wou et net nëmmen ëm Ofschid geet – mee och ëm Liewen, Léift a Laachen. Intro: Aydio - Deltitnu
-
#1 E Bléck hannert d’Kulisse vun Omega 90 12.11.2025 25pWéi gesäit d’Aarbecht hannert dem Numm Omega 90 aus? An dëser éischter Episod vun Omega Talks schwätzt d'Yolanda mam Nicole Weis-Liefgen a mam Fabian Weiser, der Direktioun vun Omega 90. Si ginn eis en Abléck an d’Geschicht, d’Missioun an déi verschidden Offeren a Servicer vun eiser Associatioun. Zesumme kucke mir, wéi d’Equipe schafft, wat eis Projeten esou eenzegaarteg mécht – a wéi mir als Organisatioun Mënsche begleeden, déi sech an enger schwéierer Liewenssituatioun befannen. Lauschtert eran, léiert eis kennen, an entdeckt, wat Omega 90 ausmécht. Intro: Aydio - Deltitnu
-
Omega Talks - Trailer 11.11.2025 1pWëllkomm bei Omega Talks. De Podcast, deen iech am Liewe begleet – do, wou et ëm Krankheet, Doud a Trauer geet. All Episod invitéiert iech, Palliative Care aus enger neier Perspektiv z’entdecken: mat inspiréierende Gespréicher, beréierende Geschichten a prakteschen Tipps, fir dës wichteg Momenter am Liewe besser ze verstoen an ze meeschteren. Zesumme maache mir de Dialog op a fannen d’Wierder, déi dacks feelen. Intro: Aydio - Deltitnu
Népszerű itt:
Ez a podcast ezeknek az országoknak a podcast-listáin is szerepel.