Sport aus der Heemecht - De Podcast
Ben Schlammes
0
E sportleche Podcast, deen sech mat Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen an Erfolleger auserneesetzt. Éierlech, emotional a mat engem direkte Bléck op de Sport. De Podcast beliicht déi mënschlech Säit vum Sport a gëtt Abléck hannendrun d'Kulissen. Fir all déi, déi Sport net nëmmen als Resultat, mee als Geschicht erliewen.
Epizódok
-
#9 Julio Kirsch: „D'Grenz ass just am Kapp.“ 11.09.2026 57pAn der néngter Episod ass de Julio Kirsch op Besuch, fir eis vu sengem impressionante Wee ze erzielen. Nodeems hien am Fussball ee schwéiere Kräizbandrëss erlidden huet, misst hien onverhofft eng neie sportlech Karriär aschloen. Dës huet hien ënner anerem bis iwwer d'Zillinn vun engem kompletten Ironman an am Lafe bis op de Sommet vum Mont Ventoux gefouert.Dobäi geet et net just ëm d'Resultat um Enn vun all Challenge, mee haaptsächlech ëm d'Disziplin an d'Manéier, wéi een un d'Zil kënnt. Vill Spaass. :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro.0'45" - Ween ass de Julio Kirsch?1'50" - Dem Julio säi Kräizbandrëss a seng Reha.14'15" - De Wee zum Ironman.26'00" - Wéi ass et, fir de Mont Ventoux ropzelafen?34'45" - Weider Challenges an Ziler fir d'Zukunft.36'30" - D'Thema Disziplin.47'30" - Ofschléissend allgeméng Froen.57'00" - Outro. -
TRIVELA #4 Virschau op d'Bundesliga-Saison 2026/27 27.08.2026 1ó 52pDéi nei Saison an der däitscher Bundesliga steet virun der Dier. Zesumme mam Tom diskutéiert de Ben iwwert alles, wat dir virum Start an d'Saison 2026/27 wësse musst. Vill Spaass! :) -
#8 Julie Schütz & Lenny Karp (ALIS): „Gewannen ass net alles.“ 20.08.2026 1ó 21pAn der aachter Episod vum Podcast „Sport aus der Heemecht” dréit sech alles ëm d'Integritéit vum Sport mat de Schwéierpunkten op Anti-Doping, Safeguarding & Bekämpfung vu Manipulatioun. Fir iech dovun ee genauen Iwwerbléck ze maachen, hunn ech mam Julie Schütz & Lenny Karp vun der ALIS (Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le Sport) geschwat. Vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Julie.4'00" - Wat ass d'ALIS.7'05" - D'Thema Anti-Doping.45'20" - D'Thema Safeguarding.66'30" - D'Thema Bekämpfung vu Manipulatioun.80'50" - Outro.Social Media:Sport aus der Heemecht - De Podcast https://www.instagram.com/sportausderheemecht?igsh=bDZiMXI4Z29scHI4&igsi=bDZiMXI4Z29scHI4&utm_source=qrALIS https://www.instagram.com/alis.luxembourg?igsi=MWtveXMzYnNuYWV3YQ== -
BOX BOX #7 Tëschebilan vun der Saison 2026 inklusiv enger interessanter Analys am WM-Kampf 14.08.2026 1ó 10pNach genau eng Woch, dann ass d'Summerpaus vun der Formel 1 eriwwer an dofir ass elo ee gudden Zäitpunkt, fir op dat zréckzeblécken, wat bis elo an dëser neier Ära geschitt ass. De Luc an de Ben notzen dës Geleeënheet awer och, fir op dat no vir ze kucken, wat eis an de nächste Méint ënner anerem um Circuit an um Transfertmaart erwaart. Mir wënschen iech vill Spaass beim nolauschteren. -
TRIVELA #3 De Lionel Messi ass wuel de GOAT, mee Spuenie verdéngt Weltmeeschter. 21.07.2026 59pAn der drëtter Episod vun der Fussball-Rubrik „TRIVELA“ steet eng leschte Kéier d'WM 2026 am Fokus. Zesumme mam Yannick bléckt de Ben op dat zréck, wat d'Fussballwelt an de leschte Woche beweegt huet. -
#7 Katrin Kohl: „Ech hat näischt ze verléieren an um Enn war et dat Bescht, wat Ech maache konnt.“ 18.07.2026 50pAn der siwenter Episod ass mam Katrin Kohl eng ambitionéiert Para-Sportlerin am Podcast „Sport aus der Heemecht“ dobäi. D'Lëtzebuergerin schwätzt ënner anerem iwwert seng Erfarungen op de Paralympesche Spiller zu Paräis, wéi hat iwwerhaapt am Para-Sport gelant ass a wou et nach Verbesserungspotenzial gëtt.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun.1'15" - Den Ufank vum Katrin senger Karriär.5'00" - Dem Katrin seng gréissten Erausfuerderungen.6'05" - Den Opbau vum Katrin sengem Training.7'30" - D'Thema Inklusioun zu Lëtzebuerg (I).8'50" - Wéi entstinn d'Kategorien am Para-Sport?15'00" - Entweder, oder?21'45" - D'Paralympesch Spiller zu Paräis.37'05" - D'Thema Inklusioun zu Lëtzebuerg (II).44'00" - Ofschléissend generell Froen.50'00" - Outro.Merci un den Eddy Peters fir d'Foto um Cover vun der Episod. -
BOX BOX #6 Piastri, Sainz oder Verstappen: Wee fiert 2027 fir McLaren? 14.07.2026 49pD'Formel 1 geet gläich an d'Summerpaus al dofir geheien de Ben an de Luc ee Bléck op dat, wat zu Spielberg an zu Silverstone geschitt ass, si kucken op déi nächst zwou Coursen no vir a lancéieren d'Silly Season. -
TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel? 28.06.2026 1ó 37pAn der zweeter Episod vun der Fussball-Rubrik „Trivela“ ass de Christophe beim Ben op Besuch, fir iwwer d'WM ze schwätzen. Ganz trei dem Motto „no der Gruppephase ass virun der KO-Phase“ blécken si net just op dat zréck, wat scho geschitt ass, mee och op dat no vir, wat eis eventuell erwaarde kéint. Vill Spaass! :) -
BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona 15.06.2026 54pDéi fënneft Episod vun der Formel-1-Rubrik „Box Box“ ass ee Réckbléck op den éischten europäeschen Doubleheader zu Monaco an zu Barcelona an een Ausbléck op deen zweeten europäeschen Doubleheader zu Spielberg an zu Silverstone. Vill Spaass! :) -
TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes. 11.06.2026 1ó 51pAn der éischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ diskutéiert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026. Kann de Cristiano Ronaldo säin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé säin Ego op d'Säit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei Däitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wäit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine Yamal säin Turnéier? Huet Argentinien nach deen néidegen Honger? Packt et Brasilien aus der Krise?Dës a nach vill méi Froen probéiere mir an der éischter Episod ze beäntweren. Vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.1'00" - Football oder Soccer?1'15" - Déi éischt WM mat 48 Länner.6'30" - Grupp A (Mexiko, Südafrika, Südkorea & Tschechien)9'55" - Grupp B (Kanada, Bosnien & Herzegowina, Katar & Schwäiz)15'10" - Grupp C (Brasilien, Marokko, Haiti & Schottland)24'00" - Grupp D (USA, Paraguay, Australien & Tierkei)30'30" - Grupp E (Däitschland, Curaçao, Elfenbeinküste & Ecuador)48'20" - Grupp F (Holland, Japan, Schweden & Tunesien)55'25" - Grupp G (Belsch, Ägypten, Iran & Neuseeland)67'25" - Grupp H (Spuenien, Kap Verde, Saudi-Arabien & Uruguay)76'55" - Grupp I (Frankräich, Senegal, Irak & Norwegen)85'10" - Grupp J (Argentinien, Algerien, Éisterräich & Jordanien)88'20" - Grupp K (Portugal, DR Kongo, Usbekistan & Kolumbien)98'10" - Grupp L (England, Kroatien, Ghana, Panama)105'40" - Iwwerbléck & Predictions.108'40" - Outro. -
#6 Louis Marasi: „Mir hunn eis ni Limitte gesat a mir waren zum Schluss einfach am Flow.“ 09.06.2026 1ó 19pMat der Fussball-Weltmeeschterschaft steet dëse Mount dat wuel gréisste Sportevent vun der Welt um Programm. Dofir ass an der sechster Episod mam Louis Marasi een amtéierende Champion an U21-Nationalspiller am Fussball als Invité dobäi. Nieft aktuellen Theme ronderëm d'WM hëlt de Spiller vum FC Atert Bissen eis mat an d'Emotioune vu sengem entscheedende Gol um leschte Spilldag an erzielt, wat d'Ambitioune fir d'nächst Saison sinn, wann hie mat senger Ekipp an der Champions League spillt.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'40" - Dem Louis säi Championstitel mam FC Atert Bissen.16'35" - Champions League mam FC Atert Bissen.23'55" - D'Zäit an der U21-Nationalekipp.27'20" - D'Thema Talent, Entwécklung & Belaaschtung.38'15" - D'Fussball-Weltmeeschterschaft 2026.78'45" - Outro. -
BOX BOX #4 D'Champions entginn hirer Wall zu Montreal & wat zu Monaco fir méi Spannung géif suergen 27.05.2026 1ó 4pFir de Luc an de Ben war de Grousse Präis vu Kanada dee bis elo animéiertste Weekend vun dëser Formel-1-Saison. Nieft dem Duell ëm d'Spëtzt tëscht Russell an Antonelli hunn och den Hamilton an de Verstappen fir flott Momenter op der Streck gesuergt. Nieft der Streck huet virun allem McLaren mat engem Strategie-Debakel op sech opmierksam gemaach a bei enger Mëttelfeld-Ecurie gëtt d'Zukunft vun engem Grand-Prix-Gewënner hannerfrot. Zum Ofschloss präsentéieren de Luc an de Ben mat Hëllef vun ChatGPT e puer interessant Verbesserungsvirschléi fir de Grousse Präis vu Monaco méi attraktiv ze maachen. Vill Spaass! :) -
#5 Anne Simon: „Ech spillen net fir d'Statistiken, mee fir der Ekipp sou gutt et geet ze hëllefen.“ 20.05.2026 1ó 29pAn der fënnefter Episod huet de Ben sech fir déi éischte Kéier an dësem Podcast eng Profisportlerin un d'Säit geholl: D'Anne Simon. Déi talentéiert an ambitionéiert Basketspillerin erzielt vun hirem Wee aus der Jugend vum AB Contern bis an déi grouss wäit Welt. D'Bundesliga war dobäi just eng Tëschestatioun, de Championstitel mam BBC Gréngewald de kréinenden Ofschloss zu Lëtzebuerg an de Stipendium an den USA eng immens Liewenserfarung. Mëttlerweil ass d'Anne Simon Profi an Italien an eng Féierungsspillerin an der Nationalekipp.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'30" - Wat bedeit Basket fir d'Anne?1'45" - Wéini huet et „Click“ gemaach?4'55" - Den Debüt am Seniorsberäich.6'30" - De Sprong an d'Bundesliga.9'45" - 2018/19: De Retour op Lëtzebuerg, de Champions-Titel mam Gréngewald & d'Zäit op der Première.19'35" - D'Zäit an den USA.29'40" - Spill: Dem Anne seng Top-3.42'00" - D'Profi-Liewen an Italien & firwat et net mat der WNBA geklappt huet.67'40" - D'Karriär an der Nationalekipp.76'25" - Anekdoten.79'25" - Dem Anne säi Podcast mam Magaly.83'40" - Ofschléissend generell Froen.88'40" - Outro. -
BOX BOX #3 Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen a wéi gesäit et mat eisen Hot Takes aus? 05.05.2026 53pAn der drëtter Episod vum Podcast BOX BOX blécken de Ben an de Luc op de grousse Comeback vun der Formel 1 zu Miami zréck a stellen sech dobäi interessant froen: Ass de Kimi Antonelli iwwerhaapt ze schloen? Wéi steet et ëm dem Max Verstappen seng Zukunft? Ass Williams endlech 2026 ukomm? Wéi wäit kann Aston Martin nach falen? etc. Mir wënschen iech vill Spaass. :) -
#4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“ 07.04.2026 1ó 48pFir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'Säit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger Karriär & hëlt eis mat op säi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp.Lauschtert elo déi véiert Episod vu „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus wéi den Delvin vum jonken Nowuessspiller zu enger gestanener Gréisst am lëtzebuergesche Fussball ginn ass, wat hien dofir huet missen opferen, firwat hie bereet war alles fir eng Victoire ze maachen & wat hien um Terrain ausgezeechent huet. Ech wënschen iech vill Spaass. Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'40" - Dofir ass Fussball fir den Delvin méi wéi just Sport.2'05" - Jugendfussball beim FC Schëffleng & beim F91 Diddeleng.5'15" - Vum Offensivspiller zum Defensivspiller.7'15" - Den Iwwergang vum Jugend- an de Seniorsberäich.9'50" - Dräi Joer UN Käerjeng: Duerchbroch, Ofstig & Opstig.16'20" - Nächst Statioun: Péiteng.19'10" - De Retour op Diddeleng & wéi sech ee Veräin aus Lëtzebuerg zwee Mol fir d'Europa League qualifizéiere konnt.34'50" - De Racing als lescht Statioun.52'35" - Den Delvin beschreift säi Wee als Spiller an zitt ee Fazit.59'20" - Dem Delvin seng Dram-Ekipp.68'45" - Maach de Saz fäerdeg.71'35" - Dem Delvin seng duebel Roll um Racing.72'20" - D'Roll als techneschen Direkter vun der Racing-Akademie.94'30" - D'Roll als Co-Trainer vun der éischter Ekipp.101'25" - Pronostic.104'10" - Schlussfollgerung.107'50" - Outro. -
BOX BOX #2 Bearman schléit an nodeems d'Fuerer Alarm geschloen hunn: Wéi geet et mat der F1 weider? 31.03.2026 1ó 19pAn dëser Episod diskutéieren de Ben an de Luc iwwer dat, wat si vum Grousse Präis vu Japan zréckbehalen hunn: Wat sinn d'Ursaachen & Konsequenze vum Bearman-Crash? Ass de Kimi Antonelli Favorit op de WM-Titel? Ass McLaren zréck am Kampf ëm Victoiren? Wat leeft beim Max Verstappen? Wee gëtt Teamchef bei Aston Martin & Audi? Zum Schluss kënnt et och zu engem Blind Ranking. Mir wënschen iech vill Spaass. :) -
BOX BOX #1 Nei Ära, nei Saison, nei Problemer: Ween huet am meeschten Energie? 17.03.2026 1ó 42pMam grousse Start an déi nei Ära vun der Formel 1 ass och „Box Box“, de Formel-1-Talk vum Podcast „Sport aus der Heemecht“ elo lancéiert. An der éischter Episod probéieren de Ben an de Luc déi vill Froen, déi een sech no den éischten zwou Coursë ka stellen, ze beäntweren: Ass Mercedes iwwerhaapt ze klappen? Gett et eng Team-Order bei Ferrari? Wéi déif fale McLaren a Red Bull? Wat leeft schif bei Aston Martin? Wat kéint sech um Transfertmaart alles doen? Wat erwaart eis an de nächste Coursen? ... Mir wënschen iech vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.---- Grousse Präis vun Australien ----2'20" - Mercedes géint Ferrari un der Spëtzt.7'00" - Debakel fir McLaren & Red Bull.14'15" - Ass den George Russell iwwerhieflech? 17'10" - Kann den Isack Hadjar de Max Verstappen erausfuerderen?22'30" - D'Nummer 4 bei Red Bull: Arvid Lindblad oder Liam Lawson?24'30" - Steet de Franco Colapinto besser do wéi d'lescht Joer?26'00" - D'Transparenz vum Mercedes-Motor. 27'45" - Dem Carlos Sainz seng Decisioun fir Williams a géint Audi / Sauber.32'05" - Katastroph bei Aston Martin.35'20" - Fatal Transferte vum Fernando Alonso.---- Grousse Präis vu China ----46'20" - Spektakel zu Shanghai.47'45" - Ass Kimi Antonelli ee Kandidat op de WM-Titel?55'10" - Keng Team-Order bei Ferrari.63'45" - Dem Oliver Bearman seng Positioun an der Ferrari-Hierarchie.67'35" - Den Opstig vun Alpine.72'40" - De grousse Stuerz vu McLaren.82'10" - Wat zeechent den Oscar Piastri aus?---- Grousse Präis vu Japan ----86'15" - Honda-Heemspill & wat nach méiglech ass fir Aston Martin.91'00" - Wat dra beim Max Verstappen?95'45" - Wat geschitt mat de Course a Bahrain & Saudi-Arabien?101'25" - Outro vum Podcast. -
#3 Nathalie Neumann: „Zu Abu Dhabi eng Course ze fuere war onbeschreiflech a wéi een Dram.“ 04.03.2026 44pAn der drëtter Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass d'Nathalie Neumann op Besuch. Am Gespréich mam Ben gëtt hat exklusiv Ablécker an hir Karriär als ambitionéiert Fra am Automobilsport & schwätzt iwwer hir Ziler am europäeschen NASCAR. D'Lëtzebuergerin huet Motorsport am Blutt & ëmmer eng enk Verbindung zu hirem Rennwon.Lauschtert elo déi drëtt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi et sech ufillt, um Yas Marina Circuit eng Course ze fueren, wat d'Nathalie mëscht, wann et op der Streck e bësse méi knapp zougeet & wéi hat nieft dem Motorsport och eng Léift zum Hyrox entwéckelt huet. Ech wënschen iech vill Spaass. Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'50" - Den Ufank vum Nathalie senger Karriär am Autocross.3'00" - De grousse Schrëtt an de Radical Cup UK.5'35" - Dem Nathalie seng gréisste Lektioun & den Ëmgang mat Accidenter.9'30" - Firwat opgi fir d'Nathalie ni eng Optioun ass.10'30" - Anekdoten & Ritualer.14'15" - De nächste Schrëtt an d'NASCAR Euro Series.18'55" - Dem Nathalie säi Fuerstil.20'40" - Eng Ronn um Yas Marina Circuit & wat eng perfekte Ronn ass.24'25" - Training, Virbereedung & Hyrox.29'40" - Entweder, oder?38'15" - Wéi kënnt een als Fra vu Lëtzebuerg an déi grouss Motorsportwelt?40'20" - Ass d'Formel 1 iwwerhyped?43'30" - Wéi bleift d'Nathalie gär bei de Leit an Erënnerung?44'05" - Outro. -
#2 Mirko Mosr: „D'Goldmedail zu Sofia war ee groussen Highlight a menger Karriär & a mengem Liewen.“ 11.02.2026 1ó 20p„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ geet an déi zweete Ronn. Mam Mirko Mosr vun de Beaufort Knights diskutéiert de Ben iwwer interessant Themen aus dem Äishockey & Momenter, déi d'Karriär vum Nationalspiller gepräägt hunn. Egal wou de Mirko um Äis steet, hie lieft säi Sport zu 100 Prozent.Lauschtert elo déi zweet Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi een d'Zäit op laangen Auswäertsreesen an d'Belsch iwwerbréckt, wat ee gudden Äishockey-Spiller ausmëscht & ween um Enn d'Olympesch Spiller 2026 gewënnt. Ech wënschen iech vill Spaass.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.1'10" - D'Chronologie vum Mirko senger Karriär.11'25" - D'Zäit bei der Nationalekipp.15'35" - Entweder, oder?22'20" - Äishockey ganz einfach erkläert.28'20" - Dem Mirko seng Roll um Äis.29'35" - Déi wichtegst Fäegkeeten um Äis.33'40" - Witzeg Anekdoten aus dem Mirko senger Karriär.39'35" - Kläppereien & de Mann am Gol.46'20" - Dem Mirko säin Dram-Trio & säi beschte Géigespiller.49'50" - Wee géif de Mirko a seng All-Star-Ekipp opstellen?57'20" - De Faktor Mentalitéit am Äishockey.62'25" - Den Héichpunkt & den Déifpunkt am Mirko senger Karriär.66'00" - Wéi beschreift sech de Mirko um Äis?66'45" - Ausbléck op d'Zukunft.68'25" - Pronostic fir d'Olympesch Spiller & Diskussioun iwwer d'NHL.80'15" - Outro vun der zweeter Episod. -
#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“ 19.01.2026 1ó 16p„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass lancéiert. An der éischter Episod diskutéiert de Ben matt sengem Invité Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, déi d'Karriär vun engem Sportler hei am Land & am Profiberäich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger Karriär scho verschidde Profisportler begleet & gëtt eis ecklusiv Abléck a säin Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Bekannt ass hie virun allem am Fussball, mee och Athleten aus anere Sportaarte vertrauen op säin Training.Lauschtert elo déi éischt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi sech ënner anerem de Jean-Pierre Papin, de Zlatan Ibrahimovic & de Benjamin Henrichs um Karim sengem Wee bedeelegt hunn. Ech wënschen iech vill Spaass.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'40" - Ween ass de Karim Consbruck?3'30" - Dem Karim seng Zäit beim AC Mailand & Olympique Marseille.9'40" - Wéi wichteg ass de Faktor Gléck am Sport?10'35" - Mythos oder Wourecht?27'55" - Dem Karim seng Athleten & Aufgaben.38'15" - Witzeg Anekdoten aus dem Karim senger Karriär.44'15" - Wee géif de Karim an enger 5v5-Ekipp opstellen?48'00" - Dee prominentste Numm, deen de Karim a senger Karriär begéint huet.50'10" - Wat ass eigentlech Talent & wourun erkennt een dat?51'50" - D'Affär Brian Madjo.59'35" - Dem Karim seng Motivatioun & Ziler.63'40" - Prognose fir d'Joer 2026.75'05" - Outro vun der éischter Episod.
Népszerű itt:
Ez a podcast ezeknek az országoknak a podcast-listáin is szerepel.