Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht
Paese USA
Generi Education, Language Learning
Lingua LB
Episodi 193
Ultimo 27.05.2026

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Episodi

  • Transportmëttel a Fürerschäin (A2) 02.06.2026 3min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Transportmëttel an hire Fürerschäinsexame schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Transportmëttel a Fürerschäin (A2) A: Salut Pol! So, wéi bass du haut op d’Aarbecht komm ? B: Moie Mia! Haut sinn ech mam Bus gefuer, well mäin Auto futti ass. A: O nee! Wat ass da geschitt? B: Ma, gëschter huet mäin Auto op eemol komesch Geräischer gemaach. An haut de Moien ass en du guer net méi ugesprongen. A : Dat ass awer nerveg ! Wéi laang hues du däin Auto da schonn? B: Zanter ongeféier dräi Joer. Virdru sinn ech ëmmer mam Vëlo oder mam Bus gefuer. A: Ech fueren och oft dacks mam Vëlo, besonnesch am Summer. Mee wann et reent, huelen ech léiwer de Bus oder den Tram. B: Dat verstinn ech. Hues du eigentlech de Fürerschäin? A: Jo, mee ech hunn e réischt d’lescht Joer gemaach. B: Seriö? An, war den Exame schwéier? A: Den theoreeteschen Deel war einfach, mee am prakteschen Exame sinn ech fir d’éischt derchgefall. B: Wierklech? Firwat, wann ech froen däerf? A: Ech war ganz opgereegt an war dofir net immens konzentréiert. An ech hunn eng Rechtsvirfaart ze spéit gesinn. B: O dat ka geschéieren. Vill Leit falen déi éischt Kéier duerch. A: Jo, dat huet mäi Farlehrer och gesot. Zwou Woche méi spéit hunn ech den Exame widderholl, an dunn hunn ech en och ganz gutt gepackt. B: Super! Da waars de bestëmmt frou. A: Jo, total. Ech hunn direkt menger Mamm ugeruff, an owes sinn ech mat mengem Frënd an de Restaurant gaang, fir dat ze feieren. B: Flott! Ech ka mech och nach u mäi Fürerschainsexamen erënneren. Ech hu mech deemools immens virbereet. A: Hues du et direkt gepackt? B : Jo, zum Gléck. Mee ech war och immens nervös. A: A fiers du elo gär Auto? B: Jo, besonnesch fir laang Strecken. De leschte Summer sinn ech mat Frënn an Italie gefuer. Mir hu bal zéng Stonne gebraucht. A: Wow, dat ass laang. Ech sinn d’lescht Joer mam Zuch op Berlin gefuer. Dat war och relax, well ech ënnerwee liesen a Musek kucke konnt. B: Dat ass richteg, mam Zuch fuere kann och relax sinn. Mee leider hunn d’Zich oft Retard. A: O jo! D’lescht Woch hunn ech bal eng Stonn op der Gare gewaart, well mäin Zuch Verspéidung hat. B: Dat ass typesch. Dofir huelen ech fir kuerz Strecke léiwer de Vëlo. Esou kommen ech dacks méi schnell un an ech hu mech an engems e bësse beweegt. A: An et ass gutt fir d’Ëmwelt! B: Genee. Mee am Wanter fueren ech guer net gär Vëlo. Dann ass et vill ze kal. A: Dat verstinn ech. Am Wanter huelen ech meeschtens den Tram oder de Bus fir op d’Aarbecht ze fueren. B: Eigentlech ass et gutt, verschidden Transportmëttelen ze hunn. Da kann ee méi flexibel sinn. A: Jo, dat stëmmt. Mee et ass awer praktesch, de Fürerschäin ze hunn. B: Op alle Fall. Et ass ee méi onofhängeg. A : Genee. Vläicht kafen ech mir d’nächst Joer och e klengen Auto. 
  • E Studentenjob (A2) 27.05.2026 3min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:E Studentenjob (A2)A: Hey! Wéi geet et dir? B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir? A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen? B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob? A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad. B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee? A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire. B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren? A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach. B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann? A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll. B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du? A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht. B: Nee, dat ass wierklech gutt.  A: Hues du schonn e CV geschriwwen? B: Jo, ech hu mäi CV fäerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufänke soll. A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene Geschäfter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. D’Uni huet normalerweis och e Site, wou reegelméisseg Studentenjobs gepostginn. B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vläicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn. A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée. B: Jo, an ech kann da meng Zäit besser organiséieren. A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job. B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht? A: Ech wollt méi onofhängeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen. B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer. A: Wou wëlls du hifueren? B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vläicht op Barcelona. A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech d’lescht Joer. B: Da muss ech séier e Job fannen! A: Dat wäert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht. B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir. A: Ok, kee Problem. B: Merci awer fir deng Hëllef. A: ‘t ass gär geschitt. Ech hoffen, du fënns séier eppes, dat dir gefält. B: Ech och!  
  • Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) 21.05.2026 5min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Vakanz um Mier oder an der Stad (B1)A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls? B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du? A: Ech géif léiwer op d’Mier fueren. No deene leschte stressege Méint brauch ech e bësse Rou. B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen! A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass d’Wieder do meeschtens besser. B: Hm, dat kënnt dorop un, wuer ee fiert. A Südeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill. A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen. B: Ech ginn dogéint léiwer ronderëm an entdecken nei Plazen. An enger Stad gëtt et einfach méi Ofwiesslung: Muséeën, Resturanten, Butteker… A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen. B: E bësse plange gehéiert dozou, mee dat mécht mir och Spaass. Ech si léiwer méi aktiv wéi just op der Plage ze leien an ze faulenzen. A: Nëmmen op der Plage leie géif ech och net. Et kann ee jo och Ausflich maachen. Mee insgesamt ass eng Vakanz um Mier méi relax fir mech. B: Vläicht wier e Mix am Beschten. Eng Stad um Mier, zum Beispill. A: Dat ass eng gutt Iddi. Esou huet ee béid Saachen: Kultur an Erhuelung. B: Genee. Da kéint ee moies d’Stad kucke goen an nomëttes op d’Plage goen. A: Dat kléngt ideal. Mee esou Plaze sinn oft méi deier, oder? B: Jo, leider schon. Eng reng Rees an eng Stad ass oft méi bëlleg wéi eng Vakanz op enger beléifter Destinatioun um Mier. A: Fir mech ass et awer wichteg, datt ech mech gutt erhuele kann. Dofir géif ech och léiwer e bësse méi Suen ausginn. B: Ech verstinn däi Punkt. Fir mech ass de Präis méi wichteg. Ech géif léiwer méi bëlleg reesen an dofir méi gesinn. A: Also, ech fannen eng schéi Plage méi wichteg wéi vill Aktivitéiten. B: An ech fannen Aktivitéite méi wichteg wéi Erhuelung. Mir hu wierklech ënnerschiddlech Prioritéiten. A: Haha, dat ass wouer. Mee genau dofir ass eng Kombinatioun vläicht déi bescht Léisung. B: Jo, ech denken och. Wou kéint een dann esou eppes maachen? A: Vläicht an Italien oder a Spuenien. Do ginn et vill Stied direkt um Mier. B: Spuenie géif mir méi zousoen. D’Stied sinn do oft méi lieweg, fannen ech. A: Mir gefält Italie besser, virun allem wéinst dem Iessen. B: Do hues de Recht, ech fannen italieenescht Iessen och wierklech besser. A: Also, Italien oder Spuenien? B: Hmm… schwiereg. Vläicht musse mir vergläichen, wat méi bëlleg ass. A: Gutt Iddi. A vläicht kucke mir och, wou d’Wieder am Beschten ass. B: Genee. A wou net ze vill lass ass – dat ass mir och wichteg. A: Mir och. Ech géif léiwer op eng roueg Plaz goen. B: Da siche mir am beschten zesummen eppes eraus. A: Jo, komm, mir kucken den Owend zesummen a vergläichen e puer Präisser. B: Perfekt, ech freeë mech schonn! A: Ech mech och! Egal, wuer mir fueren – Haaptsaach Vakanz an am wichtegsten zesummen! 
  • Den Dagesoflaf am Passé (A2) 19.05.2026 3min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Den Dagesoflaf am Passé A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter? B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin? A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du? B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mäi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt. A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir d’éischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech d’Kaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk. B: Ech hunn och direkt en Téi gedronk, mee ganz séier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am Buedzëmmer gewäsch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opd’Aarbecht gefuer. A: Hues du kee Kaffi gedronk ? B : Nee, leider net. Ech hat keng Zäit. Ech hu just e Müüslirigel an en Apel matgeholl. An du? A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de Busarrêt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pünktlech.  B: Däi Moie kléngt vill méi relax wéi mäin! Wat hues du dann alles op der Aarbecht gemaach? A: Ech hunn op vill E-Maile geäntwert a mat Aarbechtskolleege geschwat. Mëttes hunn ech mech mat enger Frëndin getraff a mir hunn zesumme giess. B: Flott! Ech hunn de ganzen Dag am Büro geschafft. Ech hat vill Reuniounen an hu mech fir eng aner Reunioun mat mengem Chef virbereet. A: O, dat kléngt ustrengend. Wéi ass d’Presentatioun gelaf? B: Gutt. Ech war e bëssen nervös, mee mäi Chef war zefridden. A: Super! No der Aarbecht hunn ech e bësse gerascht. Ech hu mech op de Kannapee geluecht an hunn e bëssen d’Tëlee gekuckt. B: Ech hunn no der Aarbecht Sport gemaach. Ech sinn an de Fitness gefuer an hunn eng Stonn trainéiert. A: Dat ass eng gutt Iddi. Hues du dech duerno besser gefillt? B: Jo, definitiv. Doheem hunn ech mech geduscht an eppes fir z’iesse preparéiert. A: Wat hues du gekacht? B: Nuddele mat Geméis a Poulet. An du? A: Ech hu just eng Zalot giess. Ech war net immens hongereg. B: A wat hues du owes gemaach? A: Ech hunn e bësse Lëtzebuergesch geléiert. Duerno hunn ech mech an d’Bett geluecht an hunn e Buch gelies. B: Ech hunn nach e bësse Playstation gespillt, mee um 22 Auer sinn ech schlofe gaangen. An du, um wéi vill Auer hues du geschlof? A: Ech hu géint 23 Auer d’Luucht ausgemaach a si séier ageschlof. B: Dat kléngt jo no engem gudden Dag. Muer stinn ech méi fréi op, fir datt ech net erëm esou midd a gestresst sinn. A: Gutt Iddi! Ech probéieren och, mäin Dag lues unzefänken. 
  • Iwwer eng Trennung schwätzen (A2) 14.05.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Trennung schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Iwwer eng Trennung schwätzen (A2) A: Moien! Wéi geet et dir? Ass alles ok? B: Hallo! Éierlech gesot geet et mir net esou gutt. A: O! Firwat? B: De Marco an ech... mir hunn eis getrennt... also, de Marco huet sech vu mir getrennt. A: O Nee! Dat deet mer immens leed! Wéini?  B: Virun dräi Deeg. A: Wéi geet et der? B: Ech sinn esou traureg. Mäin Häerz ass gebrach. Ech kräischen de ganzen Dag. Mir ware véier Joer zesummen. Ech wäert ni méi glécklech sinn. A: O, du Aarmt! Ech si mer sécher, dass et dir iergendwann nees besser geet. Véier Joer Bezéiung ass eng laang Zäit an no dräi Deeg ass et normal, dass du dech nach esou traureg fills. B: Mir haten esou eng schéin Zäit. A: Firwat huet de Marco da Schluss gemaach, wann ech froen däerf? B: Hien huet sech an eng aner Fra verléift. Mir hunn déi lescht Méint och oft gestridden. Am Fong ware mir allen zwee net méi glécklech, A: Dat kléngt schwiereg. B: Mee et deet trotzdeem wéi. A: Dat verstinn ech. Et kann een traureg sinn, och wann et vläicht déi richteg Decisioun war... B: Ech verlaangere sou vill no him! Eis Wunneng ass esou eidel ouni hien. Mir hu bal dräi Joer zesumme gewunnt. A: Hm, dat heescht, hien ass schonn erausgeplënnert...? B: Jo... direkt. Hie wunnt elo bei senger neier Frëndin. A: Wat?!  B: Jo, hien ass mir friemgaangen. Si haten déi lescht siwe Méint eng Affär! Ech sinn esou enttäuscht! A: Schrecklech! Dat deet mer esou leed! B: Merci... meng Schwëster wunnt de Moment bei mer. Dat hëlleft...  A: Dat ass gutt. Et hëlleft, mat aneren ze schwätzen. B: Jo. Nuets denken ech awer vill no a ka kaum schlofen. A: Dat gleewen ech der direkt. Wéini ass däin nächste Congé? Vläicht ass et gutt, wann s de aus der Wunneng kënns an e puer Deeg fortfiers...en Tapéitewiessel! B: Dat ass warscheinlech eng gutt Iddi. An der Wunneng erënnert mech alles un hien. Ech wäert och net do wunne bleiwen. Ech ka mer de Loyer eleng net leeschten. Och nach dat! Elo muss ech nach eng nei Wunneng sichen! A: Dat muss jo net haut oder muer sinn. Sich der eng Vakanzendestinatioun eraus fir e puer Deeg fort. Duerno geet et der bestëmmt besser! Soll ech matkommen? Ech ka mer e puer Deeg fräihuelen. B: Bass de sécher? Dat ass immens léif vun dir! A: Duerfir si Frënn do! B: Merci, dass de fir mech do bass! A: Gär geschitt! Komm, mir kucken emol, wuer mer hifueren. 
  • Saache fir eng Studentewunneng kafen (A2) 12.05.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Plënnere vun engem Student an eng Studentewunneng schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Saache fir eng Studentewunneng kafen  A: Wat scrolls du schonn erëm op dengem Handy? B: Majo, ech sinn hei op enger Internetsäit fir secondhand Saachen ze kafen oder ze verkafen.  A: Sichs de eppes Bestëmmtes oder verkeefs de Saachen? Hues de doheem d’Fréijoersbotz gemaach? B: Nee, mäi Meedche geet geschwënn op d’Uni a fir seng éischt eege Wunneng brauch hatt elo allerhand Saachen.  A: Wéi flott! Mee jo, dat kascht bestëmmt vill, wann een dat alles nei kafe muss. B: Genee, mir wëllen net alles nei kafen an ech hunn hei secondhand e flotten Zerwiss vun enger gudder Mark fonnt fir nëmmen 20 €. En ass zwar net ganz komplett, mee dat ass net schlëmm. A: Wat feelt dann? B: Eng Taass, eng Schossel an zwee Glieser. Déi grouss an déi kleng Tellere sinn nach all do. Hatt ass jo eleng, da gi fënnef Tasen, fënnef Schosselen a véier Glieser duer. Hatt ka sech jo nach eppes nokafen, wann hatt et brauch. A: Jo. Fir den Ufank ass dat jo net schlecht. Wat brauch hatt dann nach alles? B: Hatt brauch nach Dëppen a Panen: e grousst Dëppe fir Nuddelen ze kachen, e klengt Dëppe fir Zoossen ze maachen, eng grouss Pan fir Geméis ze broden an eng kleng Pan fir zum Beispill Spigeleeër ze maachen.  A: Wéi ass et mam Besteck? B: Mir hunn nach kee Besteck, mee et steet ganz uewen op der Lëscht. A: Ma, ech hunn nach en aalt Besteck. Vläicht feelen do och e puer Forschetten, Messeren oder Läffelen, mee fir eng Persoun misst et awer duergoen. Wier dat ok fir iech? B: Genial! Villmools Merci, dat wier super! A: Topp! Dat läit säit Jore bei eis am Keller an enger Këscht. Ech si frou, wann een et gebrauche kann. B: Wéi vill frees de? A: Näischt! Ech schenken iech et! Entweeder dir kritt et oder mir bréngen et op de Recycling.  B: Déck léif! Merci! A: Gär geschitt! Wat brauch hatt dann nach alles...? B: Op der Lëscht stinn nach e Schnéibiesem, en Zoppeläffel, e Bräiläffel aus Holz, ... ëmm ... A: Kichemesseren? B: Jo, e grousst an e klengt Kichemesser. An e Schneidbriet. A: An eng Kaffismaschinn? B: Vläicht méi spéit. Fir d’éischt kafe mer déi wichteg Saachen, wéi zum Beispill e Wasserkocher, e Béchsenëffner, Kichendicher, ... A: A jo, a Botzgeschier! B: Jo! Fir an der Kichen: Spüli, e Schwämpchen, Spulllompen, eng Biischtchen, an dann nach, fir allgemeng ze botzen: e Staubsauger, Torschongen, eng Raclette, eng Kierbiischt, an natierlech Botzmëttelen. A: An Dreckstuten. B: Jo! Déi éischt Botzmëttelen an Tute kafe mir, fir datt et weess, wat een alles brauch. Duerno muss hatt dat awer selwer nokafen. A: Et brauch ee wierklech vill fir eng nei Wunneng. Wéi ass et mat de Miwwelen? B: Do hate mer Chance. Mir kënnen d’Miwwelen vun der viregter Studentin iwwerhuelen. Vläicht kafe mer eng nei Matrass. Déi momentan ass scho méi al a richt net gutt. A: Dat kann ech verstoen! Freet däi Meedche sech op dat neit Kapitel? B: Jo! Hatt ass schonn immens opgereegt!  A: A wéi geet et dir domat? B: Ech freeë mech fir hatt, mee ech wäert et immens vermëssen! Hatt wäert eemol de Mount oder all sechs Wochen heemkommen, wann et Zäit huet. Dat ass och gutt esou. Et ass wierklech en neit Kapitel an enger neier Stad, ouni seng Elteren, eng eege Wunneng, nei Frënn, nei Erfarungen. Ech hu super Erënnerungen u meng Studienzäit an ech hoffen, datt et bei him d’selwecht flott gëtt. A: Ech och! Trotz den Examen. Ech wënschen him eng super Zäit. B: Merci! A: Wéini soll ech d’Besteck matbréngen?  B: Wann s de Zäit hues! Mir hunn nach e puer Wochen Zäit éier hatt plënnert! A: An der Rei!  
  • Aarbechtszäiten an Auerzäiten (A1) 07.05.2026 3min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut trainéiere mir d'Auerzäiten.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:  De Schoulmeeschter De Schoulmeeschter schafft an enger Schoul. Hie fänkt um hallwer aacht moies mat schaffen un. Hien hält um Véierel op dräi nomëttes mat schaffen op.   D’Doktesch D’Doktesch schafft an enger Praxis. Si fänkt um Véierel vir siwe moies mat schaffen un. Si hält um hallwer véier nomëttes mat schaffen op.   De Bäcker De Bäcker schafft an enger Bäckerei Hie fänkt um hallwer fënnef moies mat schaffen un. Hien hält um hallwer zwou nomëttes mat schaffen op.   D’Verkeeferin D’Verkeeferin schafft an engem Buttek. Si fänkt um néng Auer moies mat schaffen un. Si hält um Véierel vir sechs owes mat schaffen op.   Den Infirmier Den Infirmier schafft op Schichten an enger Klinick. Haut huet hien Nuetsschicht. Hie fänkt um Véierel vir zéng owes mat schaffen un. Hien hält um Véierel op 6 moies mat schaffen op.   Ech erwächen um hallwer siwen.   Um Véierel op siwen drénken ech Kaffi.   Ech fueren um Véierel vir aacht doheem fort.   De Cours fänkt um hallwer néng un.   Um Véierel op néng maachen ech eng Paus.   Ech schaffe bis Véierel vir zwielef.   Um hallwer eng iessen ech zu Mëtteg.   Ech treffe meng Frëndin um Véierel vir eng.   Um hallwer dräi drénken ech e Kaffi.   Ech hunn um Véierel op dräi e Rendez-vous.   Um Véierel vir dräi ginn ech heem.   Ech maachen um hallwer véier Sport.    Um Véierel vir fënnef duschen ech.   Ech kachen um Véierel vir sechs.   Um hallwer siwen iessen ech zu Owend.   Ech kucken um Véierel op siwen d’Tëlee.   Um Véierel vir aacht telefonéieren ech.   Ech liesen um hallwer néng e Buch.   Um Véierel op néng ginn ech schlofen. 
  • Noriichten iwwer Hënn & Catsitting (A2-B1) 05.05.2026 5min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren.-Transkript:Zwou Noriichten iwwer Hënn A: O, wow! B: Wat ass? A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf. B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm? A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien! B: O, deen aarme Mupp!  A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun! B: An dunn? A: Spadséiergänger hunn am Nomëtteg dem Hond säi Gebills héieren an d’Pompjeeë geruff. B: Zum Géck hu si dat héieren! Wéi hunn d’Pompjeeën den Hond dann du gerett? A: Fir d’éischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeën, well de Buedem jo net fest war. B: A wéi hu si dat gemaach? A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt. B: Uff! A: D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir den Hond, de Leo, erëm iwwerreecht. B: Schéin! A: Et waren am Ganzen zéng Pompjeeën am Asaz! B: Wow! Wat eng Geschicht! Ech hoffen, de Mupp erhëlt sech geschwë vun deem Schreck! A: Ech och! B: Ech hunn och eng Geschicht vun engem Hond héieren, mee do ass den Hond den Held oder besser: d’Heldin. Et ass eng Hondsdamm. A: Erziel! B: An der Nuecht war bei enger eelerer Koppel am Keller e Feier ausgebrach. D’Fra hat géint 1 Auer den Noutruff gewielt a si an hire Mann konnte mat Zäit d’Haus verloossen, ier d’Rettungsekippen an d’Pompjeeën op d’Plaz koumen. Déi zwee hunn awer misse mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol, mee et hätt kënne méi schlëmm ausgoen. Mee, dank hirer Hondsdamm ass net méi geschitt. Déi hat nämlech esou laang gebillt, bis d’Koppel erwächt ass a gemierkt huet, dass d’Haus voller Damp war. A: Super! B: An net nëmme koum si mat Zäiten eraus, och d’Feier war relativ séier geläscht. A: Wéi geet et dem Hond? B: Deem ass och näischt geschitt! A: Weess een, firwat et gebrannt hat? B: Jo, iergend en Defekt un enger Modelleisebunn. A: O! Glécklecherweis ass et gutt ausgaang! Catsitting an nom Haus kucken A: Salut Julie, hues du kuerz Zäit ? B : Jo, wat ass lass ? A : Ma, ech fueren d’nächst Woch fir zéng Deeg an d’Vakanz an ech hunn nach kee fonnt, deen no menger Kaz, dem Luna, kucke kann. Kéints du dat villäicht maachen? B: Jo, natierlech! Wat muss ech da genee ech maachen? A: Merci! Dat hëlleft mir vill. Also, d’Luna och ganz léif an onkomplizéiert. Ech brauch just een, deen him all Dag moies an owes d’Fudder gëtt a frësch Waasser dohi stellt.  B: Dat kann ech maachen. Geet d’Luna net eraus? A: Nee, hatt ass gewinnt, dobannen ze bleiwen. B: An der Rei. Soll ech villäicht soss nach eppes maachen, wärend s de an der Vakanz bass? A: Jo, kéints du vläicht all puer Deeg eng Kéier an d’Boîte kucke goen an de Courier eraushuelen? B: Kee Problem, dat maachen ech. Soss nach eppes? A: Nee, ech mengen net. A… dach. Du kéints vläicht owes eng Kéier d’Fënster opmaachen an e bësse lëften, a kucken, op d’Planzen um Balcon kee Waasser brauchen. D’Stränz steet och um Balcon. B: Ok, dat geet. A: Merci! Hei ass de Schlëssel. B: A wéini kënns du zeréck? A : Den 18. Mee, owes. B : Ok, et ass notéiert.  A: Merci fir deng Hëllef, Julie, ech wäert mech bei dir revanchéieren. 
  • D'Oktav an de Mäertchen (A2) 30.04.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptD’Oktav an de Mäertchen A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen. B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill doriwwer. A: Jo, gär! D’Oktav ass eng reliéis Feier hei zu Lëtzebuerg. Si gëtt zu Éiere vun der Muttergottes gefeiert. Tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere pilgeren Dausende vu Gleewegenaus der ganzer Groussregioun bis an d’Stad. B: O, dat ass méi grouss wéi ech geduecht hunn. A firwat pilgeren d’Leit dohinner? A: Si ginn an d’Kathedral Notre-Dame, fir d’Statu vun der Muttergottes ze kucken an ze éieren. Si gëtt als „Consolatrix Afflictorum“ bezeechent, dat heescht Tréischteri vun den Trauregen. D’Traditioun geet zeréck bis an d’17. Joerhonnert. B: Wéi huet dat dann ugefaangen? A: Ma, zu där Zäit hat d’Land vill Problemer wéi Epidemien, Kricher a Hongersnout. D’Leit hunn d’Muttergottes als Schutz an Trouscht gewielt. Zanterhier ass d’Oktav eng ganz wichtegTraditioun bliwwen. B: Dat mécht et nach méi speziell. A wat ass dann de Mäertchen? A: De Mäertchen ass e Maart um Knuedler, deen extra fir d’Oktav organiséiert gëtt. Do ginn et vill Stänn, wou een iessen, drénken an och lokal Produiten entdecke kann. B: A, also eng Kombinatioun aus reliéiser Traditioun an engem klenge Fest. A: Genee! Vill Leit ginn no der Pilgerrees nach dohinner, fir sech z’entspanen an d’Stëmmung ze genéissen. B: Wat kann een dann do genee iessen? A: Ganz vill verschidde Saachen! Lëtzebuergesch Spezialitéiten, verschidden Desserten an nach aner Saachen. Et ass fir jiddereen eppes dobäi. B: Dat kléngt wierklech flott. Gees du eleng oder mat anere Leit? A: Ech hat eigentlech vir, eleng ze goen. Ech wëll dat als perséinlech Erfarung erliewen. Mee ënnerwee trëfft een ëmmer Leit an et kënnt ee séier an d’Gespréich. B: Dat gleewen ech. Ech ka mir virstellen, datt do eng speziell Energie ass, wann esou vill Leit zesumme pilgeren.  A: Absolut. Et ass roueg, mee gläichzäiteg och lieweg. An du hues Zäit, fir nozedenken oder einfach de Moment ze genéissen.  B: Hmm, elo kréien ech och Loscht esou eppes ze maachen. Muss een dofir reliéis sinn? A: Nee, iwwerhaapt net. Vill Leit ginn aus Traditioun oder einfach fir d’Erfarung dohinner. Jidderee ka matkommen. Aner Leit gi just op de Mäertchen, well se eppes Guddes iesse wëllenoder als Aktivitéit mat de Kanner. B: Dat ass gutt ze wëssen. Ech kucke mol wéi ech mech organiséiert kréien. Solle mir dat zesumme maachen oder wëlls du onbedéngt eleng goen? A: Nee, mir kënne gär zesumme goen, da kann ech dir nach e puer Saache weisen an erklären. B: Dat wier super, merci! Ech freeë mech schonn. 
  • Den Zuch verpasst & en Accident mam Vëlo (A2) 28.04.2026 6min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir zwee Dialoger: am éischten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun den Zuch fir op d'Aarbecht verpasst huet. Am zweeten Dialog héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident mam Vëlo erzielt.Vill Spass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
  • Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1) 23.04.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Wat méchs du dann dëse Weekend? B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn. A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen? B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir d’éischt d’Onkraut erausrappen an de Buedem oplackeren. A: A, dat ass bestëmmt vill Aarbecht.  B: Jo, mee et mécht Spaass. An ech si vill dobaussen un der frëscher Loft. A: Hues de schonn eppes geplanzt? B: Jo, ech hu schonn Zalot, Spinat a Réidercher geplanzt. A: Firwat grad déi Planzen? B: Se halen d’Keelt aus a kënnen och wuessen, wann et nach kal ass. Am Abrëll ass d’Wieder nach immens onbestänneg. A: Jo, et seet ee jo: Abrëll, Abrëll, dee weess net, wat e wëll. B: (laacht) Genee! A: A wat wëlls du nach uplanzen? B: Ech wëll nach Muerten a Grompere setzen.  A: Wéi ass et mat Tomaten? B: A jo! Also ech zillen d’Tomaten de Moment nach bannen op mengem Fënsterbriet an der Kichen. No den Äishellege komme se dann eraus an de Gaart. A: Wat ass dat? B: D’Äishelleg si Mëtt Mee, vum 11. bis de 15. Mee. Eng Bauerereegel seet, datt bis de 15. Mee nach Frascht am Fréijoer méiglech ass. Duerno kann ee sech bal sécher sinn, datt d’Deeg méi waarm ginn. A: O, dat ass jo guer net gutt fir d’Planzen. B: Genee, duerfir ass et besser, wann een déi kriddeleg Planzen eréischt duerno planzt. A: Dat ass e gudden Tipp. B: Jo. Ech géing och nach gär Kraider ubauen. A: Wat dann zum Beispill? B: Péiterséileg, Majiskraut, Bratzel an Dëll. Déi benotzen ech oft, wann ech kachen. A: Dat ass immens praktesch! Dann hues de ëmmer frësch Kraider doheem! Wat eng gutt Iddi! B: Esou Kraider kanns du och uplanzen. Dofir brauch ee kee Gaart. Hues de e Balcon? A: ‘t ass wouer! Jo, ech hunn e klenge Balcon. B: Ma, perfekt! Duer kanns du och Saache séien. A: Wat dann zum Beispill? B: Ech géif soen, Tomaten an engem Blummendëppen an och Äerdbier. D’Kraider kanns de och op de Balcon setzen. Oder eeben op e Fënsterbriet. A: Dat kléngt super! B: Du kanns och Blumme séien, zum Beispill Sonneblummen. Se wuesse séier a sinn net schwéier. A: Dat ass gutt fir Ufänger wéi ech. B: Et muss ee just reegelméisseg nätzen a Gedold hunn. A: Du hues mech elo richteg motivéiert! B: Hues de schonn eng Iddi? A: Ech fänken emol kleng un: op alle Fall Kraider fir ze kachen a vläicht probéieren ech d’Tomaten am Dëppen nach. B: Dat ass e gudde Plang. Et muss ee jo net alles matenee maachen. A: Genee. Schrëtt fir Schrëtt. B: Wann s de Froen hues, da mells de dech bei mer! Ech hëllefen dir gär! A: Villmools Merci! Ech freeë mech drop, unzefänken. 
  • Um Nopeschfest (A2) 21.04.2026 5min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi e puer Persoun um Nopeschfest matenee schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptA: Hallo dir zwee! Schéin, datt dir och hei sidd. M: Salut Anna! Jo, d’Nopeschfest ass ëmmer flott. Vill Leit a gutt Iessen. C: Moien alleguer! Ech wunnen eréischt zanter zwou Wochen hei. Ech kennen nach net vill Noperen. A: O, bass du hei an eiser Residence? Wëllkomm! Ech wunne scho fënnef Joer hei. C: Merci! Ech sinn d’Clara. Ech wunnen um zweete Stack, dat éischt Appartement op der lénkser Säit. M: A, da bass du meng nei Nopesch! Ech wunnen direkt uewendriwwer. Ech sinn de Marco. C: A, et freet mech, dech kennenzeléieren. Hoffenlech maachen ech net ze vill Kaméidi. Ech hu geschter Owend nach e bësse Musek um Balcon gelauschtert. M: Nee, alles gutt. Ech hunn näischt héieren. A wann ech eppes héieren, wat mech stéiert, soen ech dir Bescheed. A: Dat ass hei am Haus flott. Déi meescht Leit si frëndlech a schwätze mateneen. C: Dat kléngt gutt. A menger aler Wunneng hunn ech meng Nopere guer net kannt. Dat war e bësse schued. M: Hei ass et anescht. Am Summer gi mir oft zesumme spadséieren oder grillen am Gaart. A: Jo, dat ass richteg! D’lescht Joer hu mir mat der Residence vis-à-vis e grousst Grillfest organiséiert. C: Wow, dat kléngt flott! Ech grille ganz gär. A propos Iessen, wat ass dat hei? M: Dat sinn Arancini. Meng Fra huet déi gemaach. Wëlls du ee schmaachen? C: Jo, gär! Merci. Mmh, déi si ganz gutt ! A: Ech hunn eng klassesch Nuddelszalot gemaach. Déi steet do hannen um Dësch. C: O, ech iesse ganz gär Nuddelszalot. Ech ginn herno emol kucken. M: Vu wou kënns du eigentlech, Clara? C : Ech komme vun Tréier, mee ech schaffen zanter sechs Joer zu Lëtzebuerg. Ech hat keng Loscht méi, all Dag ze pendelen, dofir hunn ech decidéiert, an d’Stad ze plënneren. A: Dat verstinn ech. Wou schaffs du dann? C: Ech schaffen an engem Architektebüro um Belair. M: O, interessant! Schaffs du all Dag um Büro, oder schaffs du och heiansdo vun doheem? C: Ech muss leider déi meescht Deeg op de Büro goen. Ech däerf just een Dag d’Woch vun doheem schaffen. A: Dat ass awer blöd. Mee ech verstinn dat. Ech si Proff an engem Lycée. C: Seriö? Wat fir Fächer gëss du dann? A: Däitsch a Geschicht. Et mécht mir Spaass, mee heiansdo ass et awer och stresseg. Dofir sinn ech frou, net wäit ewech vun der Schoul ze wunnen.  M: Ech verstinn! Ech schaffen hei am Spidol an der Rezeptioun. C: Dat ass bestëmmt och stresseg, oder? M: Jo, besonnesch moies, wa vill Patiente gläichzäiteg kommen. A: Mee du bass ëmmer roueg a frëndlech. Dat ass bestëmmt wichteg op denger Aarbecht. C: Wat maacht dir da gär an ärer Fräizäit? A: Ech gi gär lafen an ech strécke gär. An du? C: Ech mole gär an treffe mech gär mat Frënn. Heiansdo ginn ech och an de Kino oder an den Theater. M: Ech spillen de Weekend oft Fussball mat Frënn. An ech kache gär. C: Seriö? Da muss du mir emol eng Kéier e Rezept ginn. Ech ka guer net gutt kachen! M: Natierlech! Ech kann dir och weisen, wéi een Arancini mécht. A: Dat wier dach eng flott Iddi fir dat nächst Nopeschfest: e Kachowend! C: O jo, dat fannen ech super! M: Mir kënne jo eng Lëscht maachen. Jidderee bréngt Ingrediente fir e Plat aus sengem Land oder senger Regioun mat. Da kache mir zesummen, an duerno schmaache mir alles zesummen. A: Gutt Iddi! Dann hu mir vill verschidde Saache fir z'iessen. C: Dat kléngt no engem flotten Owend. M: Kuck, do hanne spillt elo ee Gittar. Solle mir emol kucke goen? 
  • Beruff: Elektriker/Elektrikerin (A1) 16.04.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren!- TranskriptA: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff? B: Ech sinn Elektriker. A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen? B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte mat de Sécherungen. A: Wéi laang schaffs du schonn als Elektriker/Elektrikerin? B: Zënter aacht Joer. A: Schaffs du och op engem Büro? B: Nee, bal ni. Ech schaffe meeschtens op Chantieren oder direkt bei de Clienten doheem. A: Dat heescht, du bass vill ënnerwee... B: Mol sou, mol sou. Heiansdo sinn ech just e puer Stonne bei engem Client, heiansdo sinn ech e puer Deeg op engem Chantier. A: Wat gefält dir besser? Bei de Clienten doheem oder d’Aarbecht op enger Baustell? B: Dat hänkt dervun of. Ech si frou, wann ech meng Aarbecht gutt maache kann an d’Clienten all zefridde sinn. A: Wéi gesäit en typeschen Aarbechtsdag aus? B: Ech fänke fréi u mat schaffen, heiansdo schonn um 7 Auer moies. Fir d’éischt fueren ech op e Chantier oder bei e Client heem. Ech kucken d’Pläng a beschwätze mam Client, wat gemaach gi muss. Duerno fänken ech un: ech leeë Kabelen, ech installéiere Steckdousen oder schléisse Geräter un. Ech iwwerpréiwe reegelméisseg, ob alles richteg fonctionéiert. A: Schaffs de eleng oder am Team? B: Op de grousse Chantiere schaffen ech mat mengen Aarbechtskolleegen zesummen. Bei Privatleit schaffen ech awer meeschtens eleng. A: Ass däi Beruff geféierlech? B: E bëssen. Stroum ka geféierlech sinn. Duerfir musse mir ëmmer virsiichteg sinn an eis un d’Sécherheetsreegelen halen. Mir doen och extra Schutzkleedung un, Sécherheetsschong an heiansdo och Händschen. Dat ass immens wichteg. A: Wat gefält dir un dengem Beruff? B: Ech fannen et flott, datt ech mat den Hänn schaffe kann. Ech sëtzen net gär op engem Büro, mee si léiwer aktiv. Ech gesinn och gär d’Resultater, zum Beispill eng Luucht, déi fonctionéiert oder wann e ganze System fäerdeg ass. A: Wat gefält dir net esou gutt? B: Heiansdo sinn d’Aarbechtszäiten immens laang a wann ech dobausse schaffe muss, wann et reent... Dann ass et ongemittlech! A: Wéi bass du Elektriker/Elektrikerin ginn? B: Ech hunn nom Lycée eng Léier gemaach.  A: Hues de wärend der Léier och scho praktesch geschafft? B: Jo, ech hunn an engem Betrib e Stage gemaach a Coursen an der Handwierkerschoul geholl. An der Schoul léiert ee vill iwwer d’Technik an d’Sécherheet. Et war net ëmmer einfach, virun allem d’Theorie.Mee sou ass et bei deene meeschte Beruffer.  A: Géings de däi Beruff recommandéieren? B: Jo! Op alle Fall! Besonnesch fir déi Leit, déi gäre praktesch schaffen a sech fir Technik interesséieren. Online fënnt een all d’Informatiounen. Et gëtt verschidden Diplomer, déi ee maache kann. Et kann een zum Beispill och als Erwuessenen eng Léier maachen. Et ass ni ze spéit, säi Beruff ze wiesselen.  A: Zum Schluss nach: wat méchs du gär an denger Fräizäit? B: A menger Fräizäit ginn ech gär Vëlo fueren. Do kann ech gutt ofschalten. Heiansdo hëllefen ech och Kolleegen, fir doheem Luuchten opzehänken oder fir deen een oder aneren elektreschen Apparat zeflécken. Awer just heiansdo!  A: Villmools Merci fir d’Gespréich. B: Gär geschitt. 
  • Liblingsiessen & Ratatouille kachen (A2) 14.04.2026 6min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hiert Liblingsiesse schwätzen. Duerno héiere mir och e Rezept, fir eng Ratatouille ze kachen. -Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
  • Eis Dagesroutinnen (A1-A2) 08.04.2026 6min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Dagesroutinne schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
  • E Wellness-Weekend (A2) 01.04.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer e Wellness-Weekend, dee si geplangt hu, schwätzen.Vill Spass beim Nolauschteren!-Transkript:A: An, frees du dech op eise Wellness-Weekend? B: Jo, ech freeë mech esou vill. Ech muss wierklech e bëssen ofschalten a brauch Entspanung. A: Ech och, onbedéngt ! Ech sinn och frou, datt mir eis decidéiert hunn am Hotel z’iwwernuechten. Online hu mir jo scho gesinn, datt hir Zëmmeren immens schéin a gemittlech ausgesinn. B: Voll. Wat solle mir als éischt am Wellness-Beräich maachen? A: Ech géif gär direkt an d'Sauna goen. Si hu fënnef Saunaen dobaussen an dräi dobannen. Si hunn och dräi Hammamen. B: Topp! Hammam ass perfekt fir d’Haut. Si hu bestëmmt och sou Peelinge mat Salz, Kraider an äthereschen Ueleger. Dono kënne mir jo an d’Schwämm e bësse schwamme goen. A: Ganz gär! Si hunn dobaussen och e Naturteich, also eppes wéi e Weier an deem ee schwamme kann... Vläicht kënne mir eis an deem ofkillen, wa mir aus der Sauna kommen. Wann dat eis ze kal ass, gi mir einfach an den Outdoor-Whirlpool.  B: Dat ass e gudd ePlang. Hues du schonn eng Massage gebucht? A: Jo, ech hu fir eis zwee eng Massage vum ganze Kierper reservéiert. 90 Minutte puer Entspanung. B: En Dram! Ech wollt och eng Gesiichtsbehandlung probéieren. Meng Haut brauch e bësse Fleeg. A: Gutt Iddi. Ech mengen, ech maachen och eng kleng Manikür. Et ass schéin, sech mol verwinnen ze loossen. B: Absolut. Ech hu gesinn, datt si och zwee grouss Räim hunn, wou ee sech ausroue kann. Do kënne mir einfach a Rou leien an e Buch liesen oder einfach näischt maachen. A: Genau dat brauch ech: Rou a kee Stress. B: Wéi gesäit et mam Iessen aus? Den Hotel huet e ganz gudde Restaurant, hunn ech héieren. A: Genee. E Freideg Owend hu mir e Menü mat véier Gäng. B: Véier Gäng? Dat kléngt luxuriéis! Weess du, wat et gëtt? A: Als éischt gëtt et e Rommel-Carpaccio mat Geessekéis, Nëss an enger Hunneg-Moschtert Vinaigrette. Dono gëtt et eng Kürbiszopp mat Kokosmëllech an Ingwer. B: Mmmm! A wat gëtt et als Haaptplat? A: Et gëtt Saumonsfilet, Quinoa a Spargele mat enger Zitroun-Dill-Zooss. Si hunn awer och vegetaresch a vegan Optiounen, mee déi hunn ech net gekuckt. B: Guer kee Problem, ech iesse gär Fësch.  A: Ech och. Als Dessert gëtt et nach en Äerdbierssorbet mat Peffermënz a Mascarpone.  B: Dat kléngt wierklech alles excellent. A: An eisem Package, hu mir jo och de Kaffi moies. Do gëtt et e grousse Buffet.  B: Dat ass perfekt. Da kënne mir do gutt iessen an dann eisen Dag am Wellness genéissen.  A: Jo, vläicht kënne mir jo virum Kaffi nach eng kleng Yoga-Sessioun maachen.  B: Ganz gär. Ech libe Yoga. A: Perfekt! Ech freeë mech schonn immens op dee rouegen an erhuelsame Weekend. B: Ech och. Dat hu mir eis definitiv verdéngt. 
  • Iwwer Online-Dating schwätzen (B1) 26.03.2026 4min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Erfarunge mat Online-Dating schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Wat méchs du de Weekend ?B: Majo, de Lino an ech fuere vun e Freideg op e Samschdeg fort. Mir feieren eisen 10. Joresdag!A: Wow! 10 Joer!  Felicitatiounen!B: Merci! D’Zäit vergeet...A: Wéi hutt dir iech dann deemools kenne geléiert?B: Mir hunn eis iwwer eng Dating-App kenne geléiert.A: Wierklech? Ech kennen nëmmen Horrorgeschichte vun Onlinedating. Vill Leit soen, datt een do just iwwerflächlech Kontakter fënnt oder d’Leit oft an hirem Profil léien. Ech hätt Angscht, eng béis Iwwerraschung ze kréien.B: Jo, mee bei eis huet dat immens gutt geklappt. Bei aneren huet et den Onlinedating och gutt fonctionéiert. Ech kenne Leit, déi bestuet sinn a Kanner hunn. Et gëtt dat Eent an dat Anert.A: Jo, ok. Trotzdeem hunn ech d’Gefill, datt Dating-Apps net immens romantesch sinn. Et gesäit een eng Foto vun enger Persoun an da swipet een no riets oder no lénks. Dat ass iergendwéi wéi e Spill. Mir gefält dat net.B: Ech verstinn, wat s de mengs. Ech perséinlech fannen awer Discoen, wou haart Musek leeft ass an eventuell Alkohol gedronk gëtt, onromantesch. Wat ech bei eis schéi fannen, ass, datt de Lino an ech zwou Woche laang geschriwwen hunn, éier mir eis fir d’éischt getraff hunn. Ech wousst vu Fotoen natierlech wéi en ausgesäit, mee ech hu mech wärend där Zäit a säi Charakter, säin Humor, säi Wësse verléift. A bei eisem éischten Date hate mir schonn direkt vill Gespréichtheemen.A: Hm...ok...ech verstinn. Anerersäits gesäit een am reale Liewen direkt, ob d’Chimie passt an et verléiert ee keng onnéideg Zäit. Has de da guer keng Bedenken?B: Vläicht e bëssen. Virum Lino hunn ech och mat anere Männer geschriwwen. Verschiddener ware fuerchtbar. An ech gouf och vun engem no eisem éischten Date geghost.A: Geghost?B: Ghosting ass, wann eng Persoun ouni Erklärung de Kontakt ofbrécht. Mir haten eist éischt Date an am Fong war et wierklech flott. Ech hat e gutt Gefill. Wéi ech mech nach eng Kéier treffe wollt, huet hie mir net méi geäntwert... am Plaz ze soen, datt en net interesséiert ass.A: Ee, wéi feig vun him!B: Gell! Mee e puer Wochen drop hunn ech schonn de Lino kenne geléiert!A: Dir hat wierklech Chance. Ech denken trotzdeem, datt een immens gutt oppasse muss. Et weess een net ëmmer, wie sech hannert de Fotoen an Informatioune verstoppt.B: Am reale Liewe muss een och oppassen...A: Ech perséinlech wënsche mer, datt ech mäi Partner zoufälleg treffen, zum Beispill an engem Café oder bei Frënn.B: Dat ass natierlech immens romantesch, mee bei mir huet dat leider net geklappt...A: Hues du dech dowéinst op der Dating-App ugemellt?B: Genee. Ech sinn Enn 2014, no mengem Studium, zeréck op Lëtzebuerg komm. 2015 hunn ech eng Aarbecht fonnt an hat immens vill ze dinn. Ech si guer net méi erausgaangen an hat och kaum Zäit fir Hobbyen, duerfir hunn ech keng nei Leit kenne geléiert...Ouni d’Dating-App hätt ech de Lino ni kenne geléiert. Mir schaffen zwar allen zwee an der Stad, mee mir wieren eis vläicht ni iwwer de Wee gelaf.A: Jo, ok. Vläicht soll ech meng Meenung e bëssen änneren. Béid Weeër hunn hir Vir- an Nodeeler. Är Geschicht weist jo, datt Onlinedating fonctionéiere kann. B: Genee.A: Vläicht probéieren ech et iergendwann och. B: Ech drécken der d’Daumen!A: Merci! Ech wënschen iech zwee Léiwen e schéinen Anniversaire!B: Merci!
  • Vakanz mam Camper & e Museksfestival (A2) 24.03.2026 7min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwou Persounen eng Vakanz mam Camper plangen. Am zweeten Deel héiere mir, wéi zwou aner Persounen e Weekend op engem Museksfestival plangen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
  • Communautéitsgäert zu Lëtzebuerg (B1) 19.03.2026 5min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis e bëssen iwwer d'Gemeinschaftsgäert zu Lëtzebuerg erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
  • Iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzen (B1) 17.03.2026 5min
    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef op der Aarbecht iwwer eng Gehaltserhéijung schwätzt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

Popolare in

Questo podcast compare anche nelle classifiche dei podcast di questi paesi.