D'Neiegkeeten
Radio 100,7
0
Den Podcast presentéiert all Woch kuerz Noriichten aus Lëtzebuerg an enger einfacher, lues geschwabeler Sprooch. D'Episoden si geduecht fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren a sech unhand vun aktuellen Theme weiderentwéckelen. All Samstag gëtt et a manner wéi dräi Minutte matgedeelt, wat d'Land beweegt.
Episodi
-
D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026 17.10.2026ILRES-Sondage Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren. D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e bësse speziell: Am ganze ginn et 60 Sëtz an d’CSV géif der – der Ëmfro no - 6 verléieren. Fir d’Pirate wier et e Minus vun 2. D’LSAP an d’DP géifen ee Sëtz bäikréien, déi gréng an d’ADR jee 3. A Prozenter wier eeben awer d’ADR de grousse Gewënner. D’Resultater vun der Ëmfro weisen awer och, datt déi aktuell Regierungskoalitioun nach just 30 vu 60 Sëtz an der Chamber hätt. Dat wier keng Majoritéit méi. Rentrée an der Chamber Dës Woch war iwweregens d’Rentrée vun der Chamber no der Summervakanz. An den éischte Sëtzunge goufen dräi nei Deputéiert vereedegt: D’Josée Lorsché fir déi gréng, de Gary Diderich an d’Ana Correia fir déi Lenk. Si ass déi éischt kapverdianesch Fra, déi bei eis an d’Chamber kënnt. Piratepartei D’Piratepartei war an de leschte Jore vill an der Press mat ënnerschiddleche Streidereien. An der leschter Legislaturperiod, tëschent 2018 a 2023, hu si Suen, déi si fir hir Aarbecht als Deputéierte kruten, net richteg agesat. An dofir goufe si elo gestrooft. D’Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen kréien elo hir Indemnitéite fir ee bis zwee Méint tëschent 25 an 30 Prozent gekierzt. Kannergeld An der Chamber selwer gouf dës Woch eng Erhéijung vum Kannergeld gestëmmt. Vum 1. Januar u gëtt et 45 Euro méi pro Kand, 60 Euro esou guer fir Kanner vun 12 Joer un. D‘Hëllef fir d‘Schoulrentrée geet ëm 60, respektiv 90 Euro erop. -
D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026 10.10.2026Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong" De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënner Kontroll." D‘Zuele vum neie Budget gesinn esou aus: D‘Depensë vum Zentralstaat, also d‘Ausgaben, sollen op 35,8 Milliarden Euro klammen. An d‘Recetten, also d‘Einnamen, op 33,9 Milliarden Euro. Ënner dem Stréch ass domat en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro fir d‘nächst Joer virgesinn. "Lëtzebuerg ka sech dat erlaben, well d‘Recettë sech no uewen entwéckelen“, sot de Finanzminister. D‘Staatsschold soll bis 2030 dann och weider knapp ënner 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Dat ass däitlech manner wéi a villen aneren EU Länner. Budget 2027: Héich Investitiounen a steierlech Entlaaschtungen Mir kucken de Budget 2027 nach e bësse méi am Detail: De Staat gëtt a ville Beräicher méi Suen aus. Fir Familljen, zum Beispill, gëtt d‘Kannergeld am Januar gehéicht. An de Mindestloun klëmmt d‘nächst Joer och, ëm 3,8 Prozent. Ee vun de gréisste Poste bei den Ausgabe sinn d‘Personalkäschte beim Staat. Déi sollen 2027 op 5,5 Milliarden Euro klammen. Och fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet si vill Sue virgesinn. D‘Ausgabe fir d‘Verdeedegung sollen d‘nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen. A fir d‘Police si 600 Milliounen Euro virgesinn. D‘Police soll ënner anerem nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer kréien. D‘Investitioune sollen op en neie Rekord klammen, vun iwwer 4,5 Milliarden Euro. Am Budget 2027 sinn och steierlech Entlaaschtunge fir d‘Betriber virgesinn. D‘Kierperschaftssteier – dat ass d‘Steier fir Betriber – soll fir grouss Entreprisë vu 16 op 15 Prozent erofgoen, a fir kleng a mëttelgrouss Betriber, vu 14 op 13 Prozent. Budget: Kritik vun Oppositioun, OGBL a Mouvement écologique Déi politesch Oppositioun huet gréisstendeels kritesch op de Budget 2027 reagéiert. D‘LSAP zum Beispill huet fonnt, datt d‘Regierung zwar vill Suen ausgëtt. Mee si hätt keng kloer Strategie fir déi grouss Problemer am Land ze léisen, zum Beispill déi héich Wunnengspräisser, esou d‘LSAP. D‘ADR huet fonnt, et wier net gutt fir Lëtzebuerg, wann d‘Land weider Scholde mécht. Och vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique gouf et Kritik. D‘Regierung géif weider op ekonomesche Wuesstem setzen a net genuch géint d‘Klimakris maachen. D‘Gewerkschaft OGBL huet hirersäits kritiséiert, datt d‘Steiere fir d‘Betriber weider erofgesat ginn. Dat wier net fair vis à vis de Leit, well si nach ëmmer de gréissten Deel vun de Steiere géife bezuelen, esou den OGBL. -
D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026 03.10.2026Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut D’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en neit Gemengenhaus gebaut. An iwwer dem Architektebüro hat d’Baufirma der Gemeng eng Rechnung vu 400.000 Euro ginn. Et ass dunn enger onbekannter Persoun gelongen, Zougang zum Email-Verkéier tëschent deenen dräi Partner ze kréien. An déi Persoun huet sech dunn als Vertrieder vum Architektebüro ausginn. Si huet d’Gemeng gefrot, datt d‘Suen op en anere Kont – wéi deen normalen - sollen iwwerwise ginn. Wat d‘Gemeng och gemaach huet. An domat waren déi 400.000 Euro fort. Chamber-Rentrée D’Chamber kënnt no der Summervakanz ëmmer eréischt den zweeten Dënschdeg am Oktober zesummen. Dës Woch gouf et schonn eng Rentréespressekonferenz. De Chamberpresident Claude Wiseler huet ënner anerem do annoncéiert, datt d’Chamber an Zukunft méi Kënschtlech Intelligenz wëllt gebrauchen, fir de Service fir d’Bierger:innen ze verbesseren. Ënner anerem sollen esou Ënnertitele bei Live-Iwwerdrounge vu Chamberssitzungen erstallt ginn. Neien Arméischef Déi Lëtzebuerger Arméi krut dës Woch en neie Chef: de Generol Claude Robinet huet vum Steve Thull iwwerholl, deen an d’Pensioun goung. D’Prioritéite vum neien Arméischef sinn ënner anerem d’Diversitéit vum Personal, mee och déi nei Technologien. D’Verteidegungsministesch Yuriko Backes sot nach, datt d’Regierung de militäresche Beruff méi attraktiv maache wëllt. Tourismus De Summer ass eriwwer, et ass Zäit e Bilan vun der Touristesaison ze zeien. De Campingsecteur ass dee Beräich, deen dëst Joer am meeschte gewuess ass. Par rapport zum leschte Joer gouf et tëschent Januar a Juli eng Steigerung vun 13 Prozent. D’Hoteller an d’Jugendherbergen haten dogéint liicht manner Iwwernuechtunge wéi am selwechten Zäitraum 2025. -
D'Neiegkeete vum 26. September 2026 26.09.2026Hybrid Menace: Dronen iwwer Lëtzebuerg Och zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De Fluchverkéier um Findel gouf zweemol gestoppt. D‘Leit an d‘Medien hu sech vill Froen iwwer déi Drone gestallt. Zu Lëtzebuerg wëssen d‘Autoritéiten awer nach ëmmer net, wien hanner den Drone stécht. Dat sot de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz. D‘Regierung kéint näischt soen, esou laang si net sécher weess, wie fir déi Drone responsabel ass, esou de Premier. Sécher ass awer: Et ware gréisser Dronen, déi een net esou einfach an engem Buttek ka kafen. De Premier sot och: D‘Dronen hätte bis elo keng Gefor fir d‘Populatioun duergestallt. Oppositioun: Kritik u Krisekommunikatioun vun der Regierung D‘Oppositioun huet der Regierung hire Krisekommunikatioun iwwer d‘Drone kritiséiert. Et misst ee sech froen, firwat d‘Regierung eng Pressekonferenz mat dräi Ministeren ofhält, wa si näischt Neies iwwer déi Drone soe kann, esou d’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an ADR. D‘Regierung hätt domat d‘Leit net verséchert, mee nach méi Onkloerheet iwwertd‘Drone geschaf. UNO-Vollversammlung: Ried vum Grand-Duc Guillaume De Lëtzebuerger Grand-Duc Guillaume huet fir d‘éischte Kéier eng Ried virun der UNO-Vollversammlung zu New York gehalen. Virun him hat schonn ënner anerem den amerikanesche President Donald Trump op därselwechter Bün geschwat. Hien huet do seng "America First" Politik verdeedegt. De Grand-Duc Guillaume huet a senger Ried par contre de Multilateralismus an de Respekt virun internationalen Institutioune verdeedegt. Et wier wichteg, datt d‘Länner an d‘Mënschen sech nees méi vertrauen, sot de Grand-Duc Guillaume. Ukrain: Kritik, well Oligarch vun EU-Sanktiouns-Lëscht gestrach gouf De russeschen Oligarch Michail Fridman gouf vun der EU hirer Sanktiouns-Lëscht erofgeholl. Lëtzebuerg hat sech dofir agesat, an d‘Ukrain huet dat schaarf kritiséiert. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet déi Decisioun awer verdeedegt. Si wier am nationalen Interêt vum Land geholl ginn a géif näischt un der Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vun der Ukrain änneren. Et ass onkloer, ob déi Decisioun eppes mat der Klo vum Michail Fridman virun engem internationale Geriicht ze dinn huet. De Milliardär fuerdert ronn 15 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg, well säi Verméigen hei am Land agefruer gouf. Nieft dem Michail Fridman gouf och nach de russeschen Oligarch Alischer Osmanow vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach. Dat op Wonsch vun der Slowakei a vu Frankräich. -
D'Neiegkeete vum 19. September 2026 19.09.2026Schoulrentrée D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den Neierunge fir dëse Schoulufank. Nei ass awer och de sougenannte Projet ALPHA: Domat kënne kleng Kanner elo op Däitsch oder Franséisch léiere liesen a schreiwen. Bis elo gouf dat just op Däitsch gemaach. Staatsexamen Wann een no der Schoul beim Staat wëllt schaffe goen, muss een de Staatsexame maachen. Hei sinn elo d‘Reegele geännert ginn. Deen Exame kann ee vun elo un nämlech all Schaffdag am Joer maachen. Bis elo gouf e just zwee oder dräi Mol d’Joer organiséiert. Elo muss een sech och direkt op eng konkret Aarbechtsplaz mellen. Dat war bis elo net esou. Nei ass hei och nach, datt den Exame just 1 Joer laang gutt ass. Bis elo waren et just 5 Joer. Falsch Diplomer Eng Firma vu Wolz, d‘Firma DTMD, soll jorelaang eppes gemaach hunn, wat si net duerft: Si soll Masterdiplomer an der Zänntechnologie ausgestallt hunn. Dat huet den däitsche Magasinn Spiegel gemellt. Déi Formatioun hätt wuel en Zertifikat vun enger däitscher Agence gehat. Mee d‘Schoul hätt awer d'Recht net gehat, fir déi Diplomer auszestellen. 500 Leit wiere betraff gewiescht. D‘Privatschoul soll an Tëschenzäit faillite sinn. Dronen Da gouf et Enn der Woch nach Opreegung wéinst Dronen, déi an der Géigend vu Miedernach – am Kanton Dikrech – solle gesi gi sinn. De Premier Luc Frieden hat en Donneschdeg déi interministeriell Cellule d'évaluation drones aberuff fir eng Analys vun der Situatioun ze maachen. -
D'Neiegkeete vum 12. September 2026 12.09.2026PISA-Etüd an de Schoulen: Schlecht Resultater fir Lëtzebuerg D‘Schoul fänkt elo nees un. Mee scho virun der Rentrée gouf vill iwwer d‘Schoul geschwat. An der PISA-Etüd 2025 iwwer d‘Schoulen huet Lëtzebuerg nämlech schlecht ofgeschnidden. Dës Etüd vergläicht d’Leeschtunge vu Schülerinnen a Schüler aus 91 Länner vun der OECD – dat ass d‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung. Lëtzebuerg huet sech an all den Haaptberäicher - Liesen, Wëssenschaften a Mathé - nach verschlechtert a läit do ënner dem Duerchschnëtt. Besonnesch am Liesen huet Lëtzebuerg schlecht ofgeschnidden. Bal 40 Prozent vun de Schülerinnen a Schüler erreechen am Liesen net de minimalen Niveau vun der OECD. Educatiounsminister: De Smartphone ass den Haaptproblem Den Educatiounsminister Claude Meisch vun der DP huet hei um Radio 100,7 op d‘PISA-Etüd reagéiert. Déi schlecht Resultater am Liese maachen him am meeschte Suergen. De Minister sot: De Smartphone wier den Haaptgrond firwat Jonker manner gutt liesen an Texter verstoe kënnen. Si kucke vill Videoen um Handy. An duerch déi Kënschtlech Intelligenz ass et einfach, Texter a Bicher ze resuméieren, amplaz se ze liesen, esou den Educatiounsminister. Hie wëllt elo mat de Schoulen a Gewerkschaften diskutéieren an d‘Reegele fir d‘Smartphonen an der Schoul méi streng maachen. D‘Schoul kann awer net alles eleng maachen, sot den Educatiounsminister nach. Och d‘Eltere missten dofir suergen, datt hir Kanner méi liesen a manner Zäit um Handy verbréngen. Klimawandel: Ëmweltminister reagéiert op de wäermste Summer De Summer ass eriwwer. Och zu Lëtzebuerg war et dee wäermste Summer jeemools. An et war extreem dréchen. Den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV war bei eis am Interview fir doriwwer ze schwätzen. Hie war averstanen, datt de Klimawandel ëmmer méi extreem gëtt. Mee hie war net averstanen, datt d‘Regierung net genuch dogéint mécht. Dem Serge Wilmes säi Parteikolleeg, den CSV Deputéierte Paul Galles, hat am August hei um Radio 100,7 gesot, d‘Regierung misst an der Klimapolitik méi maachen. Den Ëmweltminister sot: Lëtzebuerg géif seng Klimaziler anhalen. D‘Ausstéiss vum klimaschiedlechen CO2 wieren d‘lescht Joer zu Lëtzebuerg erofgaangen. An d‘Regierung hätt vill Mesurë geholl. Als Beispill huet den Ëmweltminister de sougenannte Klimabonus genannt. Dat si finanziell Hëllefen. Déi goufe bis 2030 verlängert. D‘Leit kënnen déi kréie wa si zum Beispill hir fossil Heizunge mat Wäermepompelen ersetzen, oder wa si Solaranlagen doheem installéieren. Den Ëmweltminister huet widderholl: Amplaz Verbueter oder méi restriktiv Mesuren anzeféieren, wëllt d‘CSV-DP-Regierung d‘Leit positiv encouragéieren, fir mat op de Wee vum Klimaschutz ze goen. -
D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026 18.07.2026Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et ass déi lescht Episod virun der Summervakanz; den 12. September si mer nees mat enger neier Episod fir Iech do. Mäin Numm ass Diane Lecorsais. An dësen Neiegkeeten: D’Tramsstreck gëtt ausgebaut. Bis 2033 fiert den Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL. An: Fir op den Autobunnen an der Belsch ze fueren, brauch ee geschwënn eng Vignette. Tramsstreck: An der Chamber hunn d’Deputéiert dës Woch alleguer “Jo” zum Ausbau vun der Tramsstreck gesot. Vun 2033 u fiert de Stater Tram vun der Stäreplaz aus bis bei de Centre hospitalier de Luxembourg. Déi nei Tramsstreck gëtt 2,1 Kilometer laang. Den Tram bleift op 4 neie Statioune stoen. Op engem Deel vun der Streck fiert en duerch en Tunnel. De Projet soll 171 Milliounen Euro kaschten. De Chantier fänkt 2029 un. Projet ALPHA Dës Woch huet den Educatiounsministère éischt Resultater vum ALPHA-Pilotprojet matgedeelt. De Projet ALPHA gesäit vir, datt Schoulkanner vu September u wiele kënnen, op si op Däitsch oder Franséisch liesen, schreiwen a rechne léieren. Bis elo gouf et dee Choix net well d’Kanner zu Lëtzebuerg d’Alphabet op Däitsch geléiert hunn. De Projet ALPHA gouf véier Joer laang a véier verschiddene Schoule getest. Den Educatiounsminister Claude Meisch sot, d’Resultater wieren encourageant. Zil vum Projet ALPHA wier et, Ongläichheeten am Schoulsystem ze stoppen. Gefor vu Bränn Wéinst deem waarmen an dréchene Wieder klëmmt d’Gefor vu Bränn an der Natur. Leschte Sonndeg hat et zum Beispill zu Konsdref gebrannt. D’Rettungsdéngschter ruffen d’Biergerinnen a Bierger dozou op, gutt opzepassen: Et soll ee keng Zigarettestëmp op de Buedem geheien an dobausse kee Feier umaachen. Grille soll een nëmmen op Plazen, déi dofir geduecht sinn. Et soll een net mam Auto iwwer Wisen, Felder an duerch Bëscher fueren. Wann een e Feier bemierkt, soll ee sech a Sécherheet bréngen an den Noutruff alarméieren. Peage op Autobunnen an der Belsch Vu Mee 2027 u muss een op den Autobunnen an der Belsch Peage bezuelen. Dat fënnt déi lëtzebuergesch Mobilitéitsministesch Yuriko Backes net gutt. D’Ministesch hätt léiwer eng europäesch Léisung gesinn. Esou missten d’Leit an Europa lauter verschidde Vignettë kafen. Si fäert och, datt et a verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg wéinst der Vignette méi Trafic wäert ginn. Autoschauffere kéinten iwwer kleng Stroosse fueren amplaz iwwer d’Autobunn, fir keng Vignette mussen ze kafen. Eng Vignette soll 90 Euro fir en Elektroauto an 100 bis 120 Euro fir en aneren Auto kaschten. -
D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026 11.07.2026Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Pit Beffort. An dësen Neiegkeeten: Ronn 200 Persoune wiere mat illegalen Dokumenter op Lëtzebuerg komm. An e Grupp vun Associatioune setzt sech fir méi bezuelbare Wunnraum an. Bedruchsaffär: De Parquet huet dës Woch eng gréisser Enquête ëffentlech gemaach. Ronn 200 Persounen aus Länner baussen der EU wiere mat illegalen Dokumenter a Lëtzebuerg agereest. Si hätten hei Sozialleeschtunge kritt, déi si net hätten dierfe kréien. D’Justiz enquêtéiert wéinst dem Verdacht op ënner anerem Korruptioun, Fälschungen a Verstéiss géint d’Immigratiounsgesetz. D’Enquête leeft schonn zënter 2023, mee si ass dës Woch eréischt public gemaach ginn. Dës Woch sinn och Perquisitioun gemaach ginn, beim Inneministère, beim Héichschoulministère, bei 5 Entreprisen an och bei Privatleit. An dëser Affär si bis ewell 28 Leit beschëllegt ginn. Dorënner wieren och 3 Leit, déi beim Staat schaffen. Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg D’Stad Lëtzebuerg huet dës Woch e Plang virgestallt fir méi Beem a Planzen an der Stad ze hunn. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot, d’Gemeng géif schonn zanter 2 Joer un deem Konzept schaffen. Dat Konzept soll och net kuerzfristeg sinn, mee fir déi nächst 5 bis 10 Joer gëllen. Alles an allem wiere 37 Plazen an der Stad identifizéiert ginn, wou méi Beem oder Planze sollen hikommen. Fir unzefänken, soll an dësem Summer a 4 verschidde Quartiere vun der Stad méi Gréngs installéiert ginn. Dës Moossname sinn an enger éischter Phas awer just temporär. Bilan Observatoire de l’égalité Zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer Ongläichheeten tëschent Mann a Fra. Dat geet aus dem Joresrapport vum Observatoire de l’égalite entre les genres ervir. Frae géife méi onbezuelt Aarbecht am Haushalt leeschte wéi Männer. Frae géifen och nach ëmmer manner gutt bezuelt gi wéi Männer an dofir och manner héich Pensioune kréien. Am Verglach mat anere Länner aus der EU läit Lëtzebuerg do op der drëttleschter Plaz. Alles an allem géif et awer och liicht Fortschrëtter ginn. Zum Beispill ginn ëmmer méi Frae schaffen. Et wieren och e wéineg méi Frae wéi Männer op der Uni ageschriwwen. ONG – Wunnengsnout 20 Associatioune fuerdere méi bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg. Ënner den 20 Associatioune sinn och international Organisatioune wéi Amnesty International an UNICEF. Hiert Zil ass, datt all Persoun zu Lëtzebuerg Zougang zu enger bezuelbarer Wunneng kritt. Si fäerten, datt dat an Zukunft net méi kéint de Fall sinn. D’Associatioune kritiséieren, datt vill Terrainen eidel stinn, op deene gebaut kéint ginn. Si fuerderen dofir ënner anerem, datt Gemenge per Gesetz gezwonge gi fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. -
D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026 04.07.2026Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn. D‘Rettungsdéngschter hate wärend der Hëtztwell vill ze dinn. Si hate 70 Prozent méi Asätz wéi zu normalen Zäiten. Och d‘Spideeler hunn déi héich Temperature gespiert. Et si vill méi Leit wéi soss an d‘Urgencë vun de Spideeler komm. Mee d‘Spideeler konnten d‘Situatioun awer meeschteren, sot de Gesondheetsministère. D‘Autoritéite wëllen sech elo besser op Hëtztwelle virbereeden. An der Haaptstad zum Beispill gëtt e Plang fir Hëtztwellen ausgeschafft. Et soll ënner anerem gekuckt ginn, wéi d‘Schoule méi resistent géint Hëtzt kënne gemaach ginn. Architektur: Muss un Hëtztwellen ugepasst ginn Well et ëmmer méi waarm gëtt, muss an Zukunft anescht gebaut ginn. Dat soten Architekten an Urbanisten an Interviewe mam Radio 100,7. Et gëtt verschidde Méiglechkeete Gebaier esou ze bauen, datt se sech net esou staark an esou séier ophëtzen, soten d‘Experten. Zum Beispill kënne Baumaterialien an Isolatiounssystemer gebraucht ginn, déi méi resistent géint Hëtzt sinn. Wichteg ass et den Experten no och, datt méi Beem a Vegetatioun an de Stied an an den Uertschaften ugeplanzt ginn. Well Beem Schiet maachen, ass et do däitlech méi kill wéi op Plaze mat vill Beton an ouni Schiet. Geriichtsurteel: Äiskënschtler krut Prisongsstrof mat Sursis Um Stater Geriicht gouf d‘Urteel bekannt an engem Prozess, iwwer dee vill an de Medie geschriwwen a geschwat gouf. Am November 2019 war um Chrëschtmaart an der Stad ee Stéck vun enger Äisskulptur op e klenge Bouf vun zwee Joer gefall. D‘Kand ass dobäi ëm d‘Liewe komm. Am Prozess waren néng Persounen an de Stater Tourismusbüro Luxembourg City Tourist Office ugeklot. Just zwou Persoune goufe schëlleg erkläert. Nämlech den Äiskënschtler, deen d‘Skulptur geschaf hat, a säi Mataarbechter. De Kënschtler gouf zu engem Joer Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt. Säi Mataarbechter krut néng Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro. Déi aner Beschëllegt an de Stater Tourimusbüro goufe fräi gesprach. De Parquet kann nach Appell géint dëst Urteel maachen. -
D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026 27.06.2026Hëtztwell: Neien Temperaturrekord fir de Mount Juni Lëtzebuerg huet wéi vill aner europäesch Länner eng ganz Woch laang un enger extreem laanger an intensiver Hëtztwell gelidden. Schonn ugangs der Woch, méindes, hunn d‘Autoritéiten déi héchst Alarmstuf rout wéinst héijen Temperature vun iwwer 30 Grad ausgeruff. An den Deeg duerno gouf et dunn ëmmer méi waarm. An donneschdes, de 25. Juni, gouf och zu Lëtzebuerg den Temperaturrekord fir de Mount Juni gebrach. Um Findel gouf eng Temperatur vu 36,3 Grad gemooss. Domadder gouf den ale Juni-Rekord vu 35,4 Grad aus dem Joer 2017 däitlech gebrach. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux huet preziséiert: Warscheinlech géif dee Rekord an den Deeg duerno nach eng Kéier gebrach ginn. Fir freides a samschdes waren nämlech Temperature vu bis zu 40 Grad gemellt. Krisemanagement an enger Krisesituatioun Hëtztwellen hunn e groussen Impakt op Mënschen, Déieren an Infrastrukturen. A bei enger rouder Warnung besteet eng extreem Gefor. D‘Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg hunn dowéinst hir Ekippe verstäerkt. All d‘Personal gouf mobiliséiert fir ze hëllefen. De CGDIS – dat heescht de Rettungsdéngscht – sot, datt d‘Rettungsdéngschter wärend der Hëtztwell vill méi Asätz hate wéi an normalen Zäiten. Do dobäi koum och nach de Nationalfeierdag, den 23. Juni, an d‘Feierlechkeete ronderëm. De Programm gouf zum Deel ugepasst wéinst der Hëtzt. Zum Beispill ware bei der Militärparad an der Stad dëst Joer kéng Hondsstaffelen dobäi. D‘Autoritéiten hunn d‘Populatioun reegelméisseg iwwer d‘Gefore vun der Hëtzt gewarnt an de Leit Recommandatioune ginn. Dorënner déi, datt ee vill a reegelméisseg Waasser sollt drénken, a sech esou an ewéi méiglech an der Sonn sollt ophalen. D‘Spideeler hu sech op eng méiglech Hausse vun den Urgencë virbereet. Besonnesch vulnerabel si bei extreemer Hëtzt ënner anerem eeler Leit a kleng Kanner. Kee generellt Schoulfräi wärend der Hëtztwell Wéinst der Hëtzt hu vill Schoulen zu Lëtzebuerg hir Horairen ugepasst. A ville Gemenge goufen de Schoulunterrecht mëttes ofgesot. All Gemeng huet do fir sech decidéiert. Mee och wann d‘ Schoule mëttes zou bliwwe sinn, gouf en Accueil fir d‘Kanner assuréiert. Sinn Hëtztwellen déi nei Normalitéit? Dës Hëtztwell ass net nëmmen extreem intensiv a laang. Si koum och aussergewéinlech fréi, am Juni. An dobäi ass et schonn déi zweet Hëtztwell fir dëst Joer. Déi éischt war jo am Mee, also nach éischter. Leider gesäit et den Ament net esou aus, wéi wann déi Situatioun an Zukunft besser wäert ginn. De Klimatolog Andrew Ferrone huet an engem Interview mam Radio 100,7 erkläert: Esou laang déi global Ausstéiss vun Zäregaser weider net erof ginn, musse mir an Zukunft mat esou Hëtztwelle wéi elo rechnen. Hien huet och betount: Wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, soen Klimatologe schonn zënter Joren, datt extreem Wiederkonditioune, dorënner Hëtztwellen an Iwwerschwemmungen, an Zukunft méi heefeg, méi intensiv a méi laang wäerte ginn. -
D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026 20.06.2026Klima: Zweet Hëtztwell banne kuerzer Zäit No der Hëtztwell am Mee ass Lëtzebuerg schonn nees mat extreem waarmen Temperature konfrontéiert. De Gesondheetsministère an de staatleche Wiederdéngscht Meteolux hunn alle béid déi zweethéchst Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Gemellt ginn Temperature bis zu 36 Grad iwwer e puer Deeg. Och nuets sollen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad falen. Dowéinst huet de Gesondheetsministère speziell Mesuren aktivéiert, fir eeler Leit iwwer 75 Joer ze schützen. Besonnesch wa si eleng liewen, schéckt de Ministère Leit bei si heem fir ze kucken, ob alles an der Rei ass. Fir d‘Leit op der Aarbecht virun der Hëtzt ze schützen huet déi zoustänneg Verwaltung ITM den Entreprisë Recommandatioune ginn. Wa Leit dobausse schaffen, misst garantéiert ginn, datt si genuch ze drénken hunn. An et soll opgepasst ginn, datt Leit net ze vill an der Sonn musse schaffen. D‘Schoule bleiwen trotz der Hëtzt fir elo mol op. Den Educatiounsministère huet awer och de Schouldirektere Recommandatioune geschéckt, fir d‘Kanner virun der Hëtzt ze schützen. D‘Autoritéiten evaluéieren d‘Situatioun vun der Hëtztwell konstant. Wann néideg, ginn d‘Mesuren ugepasst. Masken: Juristesch Onsécherheet Wärend der Covid-Pandemie ware Masken e permanenten Theema. An elo ass de Sujet Masken nees an der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez huet nämlech am Parlament zouginn: Wann d‘Covid-Gesetz Enn Juni ausleeft, gëtt et eng juristesch Onsécherheet, ob a wéini een eng Mask dierf undoen. Méiglecherweis maache Leit sech da strofbar, wa si eng Mask undoen, zum Beispill aus hygieenesche Grënn. Wéi d‘Gesondheetsministerin sot, ginn dofir elo d‘Reegelen, fir Masken unzedoen, iwwerschafft. Educatioun: Nei ëffentlech international Schoul zu Schëffleng Déi ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg hu grousse Succès. Dofir kritt och elo d‘Stad Schëffleng, am Süden, eng ëffentlech Europaschoul, wéi dës Schoulen och nach genannt ginn. D‘Deputéiert hunn de Gesetzesprojet fir dës Schoul am Parlament ugeholl. D‘Schoul soll méi wéi 21 Milliounen Euro kaschten. Et soll e Lycée entstoen, mee och eng Primärschoul an eng Spillschoul. Déi ëffentlech international Schoulen zu Lëtzebuerg baséieren um Konzept vun den Europaschoulen. Een Ënnerscheed mat den nationale Schoulen ass, datt d‘Schüler a Schülerinne méi e grousse Choix hunn, d’Sprooch ze wielen, an där d‘Haaptfächer sinn. Aarbechtsmaart: Leit verloosse Lëtzebuerg well Wunnen deier ass Auslänner, déi op Lëtzebuerg plënnere well si hei eng Aarbechtsplaz kruten, bleiwen net ganz laang. Dat weist eng nei Etude vum Fuerschungsinstitut LISER. D‘Hallschent vun deenen, déi op Lëtzebuerg koume fir ze schaffen, géifen d‘Land banne fënnef Joer nees verloossen. Den Haaptgrond, fir wat se net méi laang bleiwen, sinn déi héich Loyeren a Wunnkäschten, esou d‘Etüd. -
D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026 13.06.2026Intro Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Och dës Woch huet sech alles ronderëm d‘Mesurë gedréit, déi an der Tripartite decidéiert goufen, fir op d‘Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Wéinst deem Krich sinn och zu Lëtzebuerg d‘Energiepräisser an d‘Inflatioun geklommen. Tripartite Accord gouf ënnerschriwwen D‘Regierung an d‘Sozialpartner, also d‘Gewerkschaften a Patronen, hunn den Tripartite-Accord elo ënnerschriwwen. Do virdru ware si sech iwwer Mesuren eens ginn, fir d‘Inflatioun ze bremsen an d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. D‘Regierung gouf elo weider Detailer bekannt. Ënner anerem ginn d’Präisser fir Diesel, Bensinn, Mazout a Stroum fir eng limitéiert Zäit vum Staat subventionéiert. Duerch eng Reduktioun vun den Taxe solle Bensinn an Diesel 5 Cent de Liter méi bëlleg ginn. Den Heizungsmasutt an de Gas solle 15 Cent de Liter manner kaschten. Den Energieminister Lex Delles huet op Kriticke reagéiert, datt domat déi fossil Energië subventionéiert ginn. Hie sot awer, d‘Klimaziler vu Lëtzebuerg wieren net a Gefor. An de Staat géif och d‘Energietransitioun méi fërderen. Déi staatlech Subventioune fir Wärmepompelen, zum Beispill, sollen ëm 2.000 Euro gehéicht ginn. Genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, seet de Finanzminister D‘Mesuren, fir de Leit an de Betriber an dëser Kris ze hëllefen, wäerten awer vill kaschten. Tëschent 430 a 450 Milliounen Euro huet de Staat iwwer déi nächst zwee Joer dofir virgesinn. De Finanzminister Gilles Roth huet awer verséchert: De Staat hätt genuch finanzielle Sputt. Et si nämlech méi Steierrecetten erakomm, wéi erwaart, sot de Minister. Bis de Mount Mee krut de Staat 800 Milliounen Euro Steiere méi an d‘Kees, wéi an därselwechter Zäit d‘lescht Joer. Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten D‘Lëtzebuerger Arméi hëlleft weider fir ukrainesch Zaldoten auszebilden. Lëtzebuerg verlängert seng Bedeelegung un enger militärescher Ausbildungsmissioun vun der EU fir déi ukrainesch Arméi. D‘Verdeedegungsministerin Yuricko Backes huet confirméiert, datt déi Hëllef ëm weider zwee Joer verlängert gëtt. Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak Den Asyl- an Immigratiounspak vun der EU kann zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. D‘Parlament huet d‘Gesetzer dofir ugeholl. Generell gëtt d‘Immigratiounspolitik an den EU-Länner domat méi restriktiv. Dat huet fir Kriticke gesuergt. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun zu Lëtzebuerg zum Beispill sot, Lëtzebuerg wär ze vill restriktiv a géif hei méi wäit goen, wéi d‘EU et virgesäit. -
D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026 06.06.2026Tripartite am Mëttelpunkt Dës Woch huet bei eis bal alles ëm d’Tripartite gedréit: dat ass d’Reunioun vun der Regierung mat de Gewerkschaften an de Patronen, déi a Krisesituatioune kann zesummegeruff ginn. Déi Kéier war et wéinst de Konsequenze vum Krich am Noen Osten, ënner anerem wéinst den héijen Energiepräisser. Et gouf dräi Deeg matenee verhandelt an en Donneschdeg gouf et e prinzipiellen Accord. Et si verschidde Mesurë fir 2 Joer decidéiert ginn. Si wäerten de Staat 450 Milliounen Euro kaschten. Domat soll d'Inflatioun gebremst an d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn. Am Konkreete sollen zum Beispill d’Präisser fir Diesel, Bensinn, Mazout a Stroum vum Staat subventionéiert ginn. Et gouf och eng wichteg Decisioun iwwer de Mindestloun. Et ass ee sech iwwer méi en héije Steierkredit eens: deen, deen de Mindestloun kritt, soll bis den 1. Juli 2027 nieft senger Pai 200 Euro vum Staat bäikréien. Den Ament sinn dat schonn 81 Euro. An Zukunft sollen déi Leit dann nach 120 Euro méi kréien, wéi elo. Nom Accord soten d’Gewerkschaften an och d’Patronen, datt d’Diskussiounen an der Tripartite vill besser a méi konstruktiv ware wéi dat, wat een an de leschten 2 Joer erlieft hätt. Eng oppe Schwämm op der Kockelscheier E ganz anert Theema dann: et gëtt scho méi laang d’Iddi fir eng oppe Schwämm an der Stad Lëtzebuerg ze bauen: an déi Iddie gëtt elo méi konkreet. No jorelaange Verhandlungen huet d’Gemeng elo dee leschten Terrain, deen nach gefeelt huet: d’Schwämm soll op d’Kockelscheier kommen. Et soll ee 50 Meter laange Baseng an och e Waasserpark fir Kanner gebaut ginn. Wéini de Bau ufänkt an d’Schwämm opgeet, ass net gewosst. Tragescht Kloter-Accident zu Zolwer Da gouf et dës Woch nach en tragescht Accident an enger Kloterhal zu Zolwer: e Mann ass beim Klotere 7 Meter héich erofgefall a gestuerwen. Hien hat sech mat engem Roboter selwer geséchert: de System hätt och fonctionéiert, sot de Bedreiwer vun der Hal. D’Ursaach vum Accident bleift ze klären. -
D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026 30.05.2026Hëtztwell am Mee: Och zu Lëtzebuerg aussergewéinlech waarm A sämtlechen europäesche Länner goufen Temperaturrekorder fir de Mount Mee gebrach, zum Beispill a Frankräich an a Groussbritannien. Och zu Lëtzebuerg war et aussergewéinlech waarm fir e Mount Mee, mat Temperaturen iwwer 30 Grad. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux hat dowéinst fir e puer Deeg hannerteneen eng giel Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Dat ass déi niddregst vun den dräi Warnstufen. D‘Leit goufen opgeruff, sech virun der Hëtzt ze schützen, genuch ze drénken a physesch Aktivitéiten dobaussen esou gutt wéi méiglech ze evitéieren. An engem Interview mam Radio 100,7 huet de Luca Mathias vu MeteoLux erkläert: D‘Temperaturen hei am Land louchen 10 Grad iwwer den Duerchschnëttstemperature vum Mount Mee. Klimatologe weltwäit hunn hirersäits widderholl: Wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, ginn Hëtztwelle mat grousser Warscheinlechkeet an Zukunft méi heefeg, méi laang a méi intensiv. Stauséi: Groussen Undrang fir Schwammen ze goen Um Stauséi war wéinst de waarmen Temperaturen déi lescht Deeg natierlech vill lass. De Stauséi, am Norde vum Land, ass eng beléifte Plaz zu Lëtzebuerg fir schwammen ze goen. Mee fir d‘Stauséi-Gemengen a fir d‘Police ass et all Joer eng Erausfuerderung, fir d‘Mass vu Leit ze geréieren. Ee Problem ass zum Beispill d‘Parken, well vill Leit mam Auto op de Stauséi kommen. An ëmmer nees ginn et Leit, déi hiren Auto op Plazen histellen, wou et net erlaabt ass. D‘Police huet iwwer de verlängerte Päischtweekend da 87 Protokoller wéinst falschem Parken um Stauséi verdeelt. Iechternach: Dausende Leit op der Sprangpressessioun Trotz der Hëtzt war zu Iechternach wéi all Joer um Péngschtdënschdeg nees d‘Sprangpressessioun. Dës weltbekannte chrëschtlech reliéis Prozessioun ass eng vun de bedeitendsten Traditiounen zu Lëtzebuerg. A si gehéiert zënter 2010 zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet vun der UNESCO. Och dëst Joer sinn nees Dausende Gleeweger a sougenannte "Sprénger" duerch d‘Stroosse vun Iechternach gezunn. Bei der Prozessioun sprangen d‘Leit ëmmer zwee Schrëtt no vir, an ee Schrëtt no hannen. All Joer kommen och vill Pilger aus dem Ausland fir d‘Sprangpressessioun op Iechternach. Wéinst Inflatioun: Plus 2,5 Prozent bei Salairen a Pensiounen Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen oder eng Pensioun kréien, kréie méi Suen. D‘Salairen a Pensioune ginn nämlech op den 1. Juni ëm 2,5 Prozent gehéicht. Op deem Dag erfält nämlech eng sougenannten Indextranche, huet d‘Statistikamt Statec confirméiert. Eng Indextranche erfält, wann d‘Inflatioun, also d‘Präisser, klammen an e gewëssene Punkt erreechen. Deen Ament ginn d‘Salairen a Pensiounen zu Lëtzebuerg dann automatesch ëm 2,5 Prozent no uewen ugepasst. -
D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026 23.05.2026Ried zur Lag vun der Natioun Hei am Land gouf d’Aktualitéit dës Woch vun der Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Dat ass ëmmer e groussen Ament: de Chef vun der Regierung erkläert do, wéi d’Situatioun den Ament ass a wat fir Projeten an den nächsten 12 Méint solle realiséiert ginn. Dës Kéier huet de Premier Luc Frieden annerhallef Stonn geschwat. Dobäi huet hien awer keng grouss Annoncë gemaach, mee virun allem e Bilan vun de leschten 12 Méint gezunn. Wéi eng Mesurë wéinst dem Krich am Iran decidéiert ginn, huet de Luc Frieden wéi erwaart net gesot. Do muss nämlech op d’Tripartite gewaart ginn, déi a 14 Deeg zesumme kënnt. No der Ried gouf de Luc Frieden dunn – och dat war ze erwaarden - vill vun der Oppositioun kritiséiert. Seng Ried wier langweileg gewiescht. Hie géif och d’Realitéit vum Land net kennen. Dat waren zwou vun den Analysen, déi gemaach goufen. Congé fir Bluttspenden An der Chamber selwer gouf dann dës Woch géingt eng Propositioun iwwer d’Bluttspende vun der LSAP gestëmmt. D’Sozialisten hate gefuerdert, datt an Zukunft Leit aus dem Privatsecteur 4 Stonne Congé bei géife kréien, wa si Blutt spende ginn. Den Ament hu just Leit déi am ëffentlechen Secteur schafen dee Congé, genee wéi och Leit, bei deenen et am Kollektivvertrag gereegelt ass. D’Regierung hat sech am Virfeld scho géint den zousätzleche Congé fir de Privatsecteur ausgeschwat a sech dobäi op de Koalitiounsaccord beruff. Eurovision Song Contest 2027 Lëtzebuerg wäert och d'nächst Joer beim ESC derbäi sinn, obscho mir dëst Joer net an d’Final koumen. Dat huet de Luc Frieden nach an der Chamber annoncéiert. Déi Participatioun wier wichteg fir d‘Visibilitéit vum Land, mee och fir der Lëtzebuerger Museks- a Kulturzeen eng international Plattformen ze bidden. -
D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026 16.05.2026Neiegkeeten vum 16.5.2026 Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Sophie Morang. An enger Woch wéi dëser, mat engem Feierdag ass dacks eng roueg Aktualitéit. Dat war déi Kéier anescht. En Dënschdeg war nämlech e Rendez-vous dee vu villen Säite genee suivéiert gouf, rieds ass vun der éischter Reunioun vun der Tripartite. D’Sozialpartner, dat heescht Patronen a Gewerkschaften, souzen dräi Stonne mat der Regierung zesummen. Si hu fir d’éischt gekuckt, wéi d’Situatioun mam Krich am Noen Osten den Ament iwwerhaapt ass. Wann dee Krich nach bis de Summer dauert, da kéinte bannent engem Joer dräi Indextranchen erfalen, dat huet de STATEC ausgerechent. D’Patrone soten, déi Rechnung hätt si erféiert. D’Gewerkschafte waren och net zefridde well net iwwert déi sozial Situatioun vun de Leit geschwat gouf. Si hunn nach eng Kéier eng Erhéijung vum Mindestloun gefuerdert. Richteg Verhandlungen an der Tripartite sinn dann an dräi Wochen, Ufank Juni. Aus de Lëtzebuerger Schoule koumen dann Zuelen, déi een erféiere kënnen ... Méi wéi 800 Enseignante hunn d’läscht Joer verbal oder kierperlech Gewalt erlieft, dat seet den OGBL/SEW – eng Gewerkschaft vun Enseignanten. An de meeschte Fäll koum d’Gewalt vu Schüler, en Drëttel vun den Enseignanten huet awer och Gewalt vun den Elteren erlieft. D’Luxair huet hire Bilan vun 2025 presentéiert. Déi Lëtzebuerger Fluggesellschaft huet hei iwwer 2,6 Millioune Passagéier transportéiert, änlech vill wéi dat Joer virdrun. D‘Luxair huet 2025 och 30.000 Flich gemaach, dat waren der awer 1000 manner ewéi 2024. D’Erklärung dofir ass e Wiessel vun der Luxair-Fligerflott. An et sollt net sinn: Lëtzebuerg steet dëst Joer net an der Final vum Eurovision Song Contest. An der zweeter Halleffinall en Donneschdeg ass d’Eva Marija mat hirem Lidd „Mother Nature“ erausgeflunn. Déi jonk Sängerin an och d’Delegatioun ware ganz enttäuscht. Elo gëtt eng Analyse gemaach, wéi et fir Lëtzebuerg mam ESC weidergeet. -
D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026 09.05.2026D’Aktualitéit hei am Land gouf des Woch vun engem schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf dominéiert, mee och vu schlechten Ëmfroe fir d’Regierung – an och vu Preparatiounsgespréicher fir d’Tripartite.D’Regierung huet do e Mëttwoch eenzel mat de Gewerkschaften an och eenzel mat de Patrone geschwat. An der Tripartite setzen déi dräi zesummen un engem Dësch. Déi éischt Reunioun do ass an der neier Woch den 12. Mee. Quadripartite E Mëttwoch war och Quadripartite vun der CNS, der Gesondheetskeess. Do setzen och verschidde Partner um Dësch – nämlech d’ Regierung, d’Gewerkschaften, d’Patronen, mee och d’Prestatairen. An der Gesondheetskeess muss gespuert ginn, d’läscht Joer huet d’CNS e Minus vun 100 Milliounen Euro gemaach. E Mëttwoch goufen esou verschidden Iddien zesumme gedroen, wéi ee bis den Hierscht 95 Milliounen Euro ka spueren. Eng Iddi ass do, dass d’Doktere méi bëlleg Medikamenter an och manner Seancë beim Kiné solle verschreiwen. Sonndesfro En Dënschdeg nach koumen d’Resultater vun enger neier Ëmfro eraus – d’Leit goufe gefrot, wat si géife maachen, wann e Sonndeg Wale wieren. An d’Regierung steet net gutt do : an der Ëmfro huet d’Regierung keng Majoritéit méi. Et ass d’Partei vum Premier Luc Frieden, d’CSV déi vill Stëmme par Rapport zu 2023 géif verléieren – et wier fir si och e Minus vu 6 Sëtz an der Chamber. Biergcourse zu Eschduerf Da gouf des Woch och nach vill diskutéiert iwwert en Accident e Sonndeg op der Biergcourse zu Eschduerf. Hei war en Auto vun der Strooss ofkomm, deen dunn an d’Leitplanke gerannt ass. De Pilot vum Auto an eng zweet Persoun goufe liicht blesséiert. Eng weider Fra awer ass gestuerwen. Si war u Bord vun der Course als Streckeposten am Asaz a gouf vum Auto getraff. D’Course ass nom Accident ofgesot ginn. -
D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026 02.05.2026Däitsch Grenzkontrollen: Net legal, seet e Geriicht Déi temporär däitsch Grenzkontrollen tëschent Lëtzebuerg an dem Saarland an Däitschland sinn net legal. Dat huet e Geriicht zu Koblenz decidéiert. E Mann, deen an Däitschland wunnt, hat géint déi Grenzkontrolle geklot. Dat well hien no enger Visitt zu Lëtzebuerg op der däitscher Grenz kontrolléiert gouf. D'Geriicht zu Koblenz gouf him Recht. Dem Geriicht no verstoussen d‘Grenzkontrolle géint dat europäescht Recht. Et ass awer nach net kloer, wéi eng Konsequenzen dat Urteel huet. Däitschland kann nach Appell géint d‘Urteel maachen. Däitschland hat viru méi wéi annerhallwem Joer nees temporär Kontrollen op senge Grenze mat Lëtzebuerg a sengen aneren Nopeschlänner ageféiert. An dat obwuel Däitschland Member vum Schengen-Raum ass. Do gëllt déi fräi Zirkulatioun an et ginn am Prinzip keng Grenzkontrollen. D‘Länner kënnen awer an aussergewéinleche Fäll nees temporär Grenzkontrollen aféieren. Däitschland huet dat gemaach, fir déi illegal Migratioun ze bekämpfen. Lëtzebuerg ass géint déi Grenzkontrollen an huet ëmmer nees bei der EU-Kommissioun dowéinst Drock gemaach. Policegewalt: Prozess géint véier Polizisten Um Geriicht an der Haaptstad huet e Prozess iwwer Policegewalt ugefaangen. Et ass eng Affär, iwwer déi d‘Medien zu Lëtzebuerg scho vill bericht hunn. Véier Poliziste sinn ugeklot. D‘Affär geet zeréck op Mee 2023. E Mann, dee vun der Police mat op de Kommissariat op der Stater Gare geholl gouf, ass do vun engem Polizist geschloe ginn. Zwee aner Poliziste sollen dobäi gewiescht sinn. An dee véierte Polizist soll duerno probéiert hunn, dat wat geschitt ass, ze vertuschen. Déi véier Poliziste goufen duerno festgeholl a suspendéiert. Tripartite: Krise-Verhandlunge fänken den 12. Mee un Et gëtt schonn eng Kris zu Lëtzebuerg, mee déi richteg Kris riskéiert eréischt ze kommen. Dat sot de Premier Luc Frieden an Zesummenhang mat der Tripartite-Krisesëtzung, déi hie virun iwwer enger Woch ugekënnegt huet. De Premier huet elo en Datum fir déi Krisereunioun tëschent der Regierung an de Vertrieder vun de Gewerkschaften an de Betriber, genannt. Déi éischt Ronn vu Verhandlunge soll den 12. Mee sinn. Iwwer wéi eng Theemen diskutéiert gëtt ass nach ëmmer net kloer. Sécher ass, datt déi héich Energiepräisser wéinst dem Krich am Noen a Mëttleren Osten een Theema ginn. US-Ambassade: Diskussiounen ëm manipuléiert Foto Déi amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg huet eng manipuléiert Foto publizéiert. Dat huet fir vill Diskussioune gesuergt. Et geet ëm eng Foto, déi bei engem Evenement zu New York gemaach gouf. Op der originaler Foto vum Organisateur gesäit een e puer Gäscht, dorënner de Lëtzebuerger Groussherzog Guillaume, de Finanzminister, den Ausseminister, an déi fréier amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, d'Cynthia Stroum. Op där manipuléierter Foto vun der US-Ambassade war si awer net méi drop. Firwat, ass net kloer. D‘Cynthia Stroum war ënner dem demokratesche President Barack Obama e bësse méi wéi ee Joer laang amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg. D‘Lëtzebuerger Regierung an den Haff soten, datt d‘US Ambassade si net driwwer informéiert hat, datt déi Foto geännert gouf. -
D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026 25.04.2026Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Zwee Theemen hunn d‘Neiegkeeten dominéiert: Engersäits d‘Affär iwwert de Lëtzebuerger Dokter Philippe Wilmes. Hien däerf weider keng Operatioune méi maachen. An de Premier Luc Frieden huet eng Tripartite-Krisesëtzung fir de Juni ugekënnegt fir op d‘Energiekris wéinst dem Krich am Noen Osten ze reagéieren. Affär Wilmes: Dokter däerf weider keng Operatioune maachen De Lëtzebuerger Dokter Philippe Wilmes dierf weider keng Operatioune méi maachen. D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez huet déi provisoresch Suspendéierung vum Orthoped ëm weider 21 Méint verlängert. De Philippe Wilmes kritt virgehäit, Operatioune vu Kräizbänner u Knéie gemaach ze hunn, obwuel eng Operatioun net néideg gewiescht wier. D‘Ministerin huet d‘Suspendéierung vum Dokter verlängert, nodeems dräi franséisch Experten 10 Operatioune vum Philippe Wilmes ënnersicht hunn. An hirem Rapport waren déi dräi Experte sech eens: Bei allen 10 Fäll wier et net néideg gewiescht d‘Kräizband um Knéi ze operéieren. Et kéint een dofir bei dësen Operatioune vu medezinescher Verstümmelung schwätzen. De Rapport vun den Experte gouf elo och un de Parquet weidergeleet. Den Dokter Philippe Wilmes behaapt weider, hien hätt näischt falsch gemaach. Hie kritiséiert d‘Experten a seet hire Rapport wier medezinesch net korrekt. Energiekris: Premier annoncéiert Tripartite De Premier Luc Frieden reagéiert op d‘Energiekris wéinst dem Krich am Noen Osten. Och zu Lëtzebuerg bleiwen d‘Energiepräisser héich. Dofir huet de Premier eng Tripartite fir de Juni ugekënnegt. Eng Tripartite ass ee Kriseninstrument. D‘Regierung rifft do d‘Sozialpartner zesummen, also Vertrieder vun de Gewerkschaften an de Betriber. Si diskutéieren dann zesummen iwwer eventuell Mesuren an dëser Kris. Et ass méiglech, datt nei finanziell Hëllefe fir d‘Leit a fir d‘Betriber decidéiert ginn. De Premier stoung an de leschte Méint ënner Drock fir eng Tripartite ofzehalen. “Wéinst der Kris am Noen Osten ass elo de richtege Moment“, sot hien. De Premier fäert, datt déi héich Energiepräisser negativ Konsequenze fir d‘Leit, d‘Betriber an d‘Wirtschaft kéinten hunn. D‘Gewerkschafte wëlle bei dëse Gespréicher awer net nëmmen iwwer d‘Energiepräisser, mee och iwwer aner Theeme schwätzen, dorënner de Mindestloun. D‘Gewerkschafte soen, datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg nach ëmmer ze niddereg ass, fir domat liewen ze kënnen. CNA: Direkter trëtt zeréck No de villen Diskussiounen iwwer Problemer beim nationalen audiovisuellen Zenter CNA ass den Direkter Gilles Zeimet elo zeréckgetrueden. Hie stoung ënner anerem ënner Drock, well Fotoe vun där berüümter Sammlung “The Family of Man“ vum Edward Steichen ënner schlechte Konditiounen ausgestallt goufen. D‘Fotoe waren a Raim ausgestallt, wou et fiicht war. Den CNA-Direkter an de Kulturminister Eric Thill soten ëmmer, datt d‘Fotoe just eng kuerz Zäit a fiichte Raim ausgestallt goufen. Analyse weisen awer, datt et méi laang war wéi just e puer Minutten. De Kulturminister huet zouginn, datt hie falsch Informatiounen erausgouf. Hien huet sech dofir entschëllegt. Et ass nach net kloer, ob d‘Fotoe beschiedegt goufen an, wa jo, wéi schlëmm de Schued ass. “The Family of Man“ ass eng vun de bekanntste Fotosammlungen op der Welt. Si gouf 1955 vum Edward Steichen zesummegestallt. Hie gouf zu Lëtzebuerg gebuer. D‘Sammlung ass permanent am Schlass zu Clierf ënnerbruecht. -
D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026 18.04.2026Wëllkomm an der neier Episod vun den Neiegkeete vum Radio 100,7 fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Sophie Morang. Dës Woch an den Neiegkeete waren ënner anerem zwee grouss Projeten, engersäits d’Vergréisserung vum Fluchhafen, an anerersäits de Bau vun 11 neie Lycéeën. Da war et och d’Nouvelle, dass d’Museksschoul Cavem elo emol nach zou bleift an d’Police huet Vitess kontrolléiert. Vergréisserung vum Fluchhafen Findel Um Fluchhafe Findel wäert an nächster Zäit vill gebaut ginn: d’Terminalen A a B gi vergréissert an de Business Aviation Center an de Salon d’Honneur gi renovéiert. An dat am beschten nach virun 2029, da wa Lëtzebuerg d’EU-Presidence iwwerhëlt. D’Zil ass et, dass de Findel 2050 soll kënnen 10 Millioune Passagéier empfänken. Dat sinn der duebel esou vill wéi haut. D‘Aarbechte kaschte Luxairport, de Bedreiwer vum Findel, ronn 1 Milliard Euro, de Lëtzebuerger Staat iwwerhëlt e Fënneftel dovunner, nämlech 200 Milliounen. Bau vun neie Lycéeën Bis d’Joer 2050 sollen dann hei am Land och 11 nei Lycéeë gebaut ginn. Et geet een dovunner aus, dass an den nächste 24 Joer 17.500 Schüler bäikommen. Wouhinner déi nei Lycéeë kommen, ass den Ament nach net kloer. Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt awer an alle Regioune vum Land bauen. Esou solle laang Transportweeër fir d’Schüler verhënnert ginn. D’Museksschoul Cavem bleift zou D’Museksschoul Cavem ass no der Ouschtervakanz zoubliwwen ... Si ass faillite, de fréieren Direkter ass verschwonnen, 10 Enseignantë wëllen awer mat der Museksschoul weiderfueren. Si mussen dofir nach op eng genee juristesch a finanziell Analys vun der Situatioun waarden. Et hofft een, dass dat séier geet, esou dass fir d’Rentrée am September an der Cavem erëm ka Musek gemaach ginn. Vitesskontrolle vun der Police E Mëttwoch hat d’Police e Speedmarathon gemaach. Et gouf op grouss Vitesse kontrolléiert. D’Police huet 300 Protokoller ausgedeelt a 5 Fürerschäiner op der Plaz ofgeholl. Dernieft hunn och déi mobil Radaren nach iwwer 2.230 Mol geblëtzt, well Chaufferen ze séier ënnerwee waren.
Popolare in
Questo podcast compare anche nelle classifiche dei podcast di questi paesi.