Kultur

Kultur

Radio 100,7
Land Luxembourg
Sjanger Nyheter
Språk LB
Episoder 50
Siste 16.10.2026

D'Podcast Kultur vum Radio 100,7 bitt Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit. Et gëtt iwwer aktuell kulturell Themaen an Aktivitéiten diskutéiert. D'Formate verbannen Interviewen mat Analysen a Bewäertungen. De Podcast richt sech u Leit, déi sech fir Kultur an déi reegelméisseg Debatte interesséieren.

Episoder

  • Porte Ouvertes bei den AAPL-Kënschtler:innen-Atelieren um Verluerekascht 16.10.2026
    Dëse Weekend invitéiert d’AAPL op hir -ewell- traditionell Portes Ouvertes. AA...? D’Associatioun vun den Artistes Plasticiens vu Lëtzebuerg, déi eng éischte Kéier 2008 vum Kënschtler Menn Adam gegrënnt gi war. Ma esou richteg aktiv ass d’Gewerkschaft eréischt zanter 2013, dëst duerch d’Initiativ vun de Kënschtler:inne Trixi Weis, Catherine Lorent a Bruno Baltzer. Viru gutt 5 Joer huet d’AAPL um Verluerekascht en Haus mat Kënschtleratelieren ageweit, an do ass dëse Samschden a Sonnden “Open House”, Kerstin Thalau.
  • Filmkritik: "Les Misérables" 16.10.2026
    D'Geschicht vum Jean Valjean, deen sech no selwer erlieftener Ongerechtegkeet fir Gerechtegkeet asetzt. De Fransous Fred Cavayé liwwert eng weider Verfilmung vum Victor Hugo sengem populäre Meeschterwierk. Eng Kritik vum Michel Delage.
  • Filmkritik: "Franz" 16.10.2026
    Der Agnieszka Holland hire Kafka-Biopic setzt sech mam historesche Personnage mee och der Ikon vun der Massekultur auserneen. Eng Kritik vum Michel Delage.
  • True Detective 15.10.2026
    Am déiwe Süde vun den USA probéieren déi zwee Detektive Rust Cohle a Marty Hart de Mord un der 28-järeger Dora Lange opzeklären. De Gilles Schreurs léisst déi éischt Staffel vun "True Detective" Revue passéieren.
  • Les enfants du soleil - Gespréich mam Myriam Muller 15.10.2026
    Geschriwwe wärend pre-revolutionnären Onrouen a Russland am Joer 1905, beliicht dem Gorky säin Text déi sozial Konflikter tëscht der Elite an dem "Rescht".vun der Gesellschaft, an touchéiert eng Ronn Punkten, déi sëch och haut wonn ufillen. Universell genuch, fir d'Stéck an eis Zait ernazehuelen, an äus de Parallelen eppes ze zéien, villaicht esouguer Hoffnung? Des an aner Froe beäntfert d'metteuse-en-scène um Mikro vum Marc Clement.
  • Filmkritik: Äppel a Biren vum Lukas Grevis 15.10.2026
    Eng jonk Fra mécht sech no der Première aleng op eng Rees a Griicheland, de Rucksak voll gepak mat Suergen an Zweiwel. A sengem zweete Long-métrage thematiséiert de Lëtzebuerger Lukas Grevis den Deuil, déi ambivalent Geschwëster-Relatiounen an d'Orientéierungslosegkeet vu Jonke vun haut. Eng Kritik vum Michel Delage.
  • Filmkritik: "Fatherland" (CinEast-Festival) 15.10.2026
    No sengem amerikaneschen Exil geet den Thomas Mann 1949 mat der Duechter Erika op Tournée duerch Däitschland. De polnesche Realisateur Pawel Pawlikowski weist a sengem Drama, wéi de weltberüümte Schrëftsteller virun de Ruine vun der Geschicht a vu sengem perséinleche Liewe steet. Eng Kritik vum Michel Delage.
  • Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann 14.10.2026
    Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. An den nächste Wochen beschwätzt de Jeff Schinker aacht Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut beschwätzt de Jeff Schinker, no "De l’autre du lac", ee weidere vu senge Favoritten: dem Boris Bergmann seng Autofiktioun "Minotaure".
  • Vum Optrag “Moquette aus dem Haus rappen” zu “Villa Kutter reparéieren" 14.10.2026
    Kuerz no den “Journées de l’Architecture” stinn tëscht dem 16. an 18. Oktober eis national ”Journées du Patrimoine” an d’Haus. Si sollen d’Ëffentlechkeet dësen Hierscht fir de Sujet “Patrimoine en péril: raviver, résister, réinventer” sensibiliséieren. De komplette Programm fannt dir op journeesdupatrimoine.lu. D’Kerstin Thalau stellt iech elo e Projet vir, bei deem en architektonesche Patrimoine “en péril” war, ma no intensiver Recherche “reparéiert” konnt ginn. Deen Terme hat déi zoustänneg Architektin gewielt: d’Diane Heirend schwätzt effektiv vun “dem Moler Joseph Kutter seng Villa um Lampertsbierg reparéieren”.
  • Sheebaba - Haut Release an dräi Wochen 14.10.2026
    De Raichtum vun der Lëtzebuerger Musekszeen huet sech ann deene lescht Joren decupléiert. Am Beraich New Wave Art Pop si Sheebaba et am Moment, déi déi de Fändel héichhalen. Düster, e bësse mysteriös a couragéiert, erennerend un dem Gaby Delgado-Lopez an dem Robert Görl hire projet DAF an de fréieren 80er. Sheebaaba hu viru kuerzem nei Musek opgeholl a brléngen de 7. November am Gudde Wëllen hir nei Plack Haut eraus. Eng halschent, de Julien Hübsch, ass eis zougeschalt fir ee klenge Scoop.
  • Prix Goncourt: "De l'autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme 13.10.2026
    Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du Quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La Guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. De Roman vun der Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an den nächste Wochen beschwätzt hien déi siwen aner Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut schwätze mer iwwert ee vun dem Jeff senge Favoritten: dem Sylvain Prudhomme säin "De l’autre côté du lac".
  • “Once upon a time” an aacht (on)duerchsiichtege Kapitelen 13.10.2026
    D'Ekipp vum Radio 100,7 denkt quasi all Dag un d’Kënschtlerin Trixi Weis. Op eiser Fassad ass jo der Sculptrice a Multimedia-Kënschtlerin hir “City clock” ze gesinn, eng vertikal LED-Auer, déi een am Fënnef-Minutten-Takt liese kann. Konscht fir den ëffentleche Raum vun 2013. D'Zäit beschäftegt d’Trixi Weis awer och haut nach ëmmer: aktuell presentéiert si an der Cité de l’image, also zu Klierf, d’Ausstellung “Once upon a time”. An dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Trixi Weis haut an de Studio invitéiert.
  • Nei am Kino 13.10.2026
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
  • Giorgio Vasari, Jeder nach seinem Kopf. Wagenbach: Kritik 12.10.2026
    A sengem Buch ‘Jeder nach seinem Kopf’ aus dem Wagenbach Verlag begéine mir Kënschtlergeschichten an Anekdoten, déi den Giorgio Vasari am Alldag vun esou grousse Meeschteren ewéi Raffael, Michelangelo oder Leonardo da Vinci opgegraff huet. Wéi de Vasari des Kënschtler op eng ganz ënnerhalsam Aart a Weis vum héije Sockel erof hëlt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.
  • Like A Jazz Machine 2026 12.10.2026
    Do wou eng Pop- der Rockband muss ee Concert spillen, ginn d’Saachen eescht. Déi eng oder aner Linn nach eemol prouwen, déi héich Nout treffen, trotzdem den Hals kraazt, an ass de Sound ok? Jazz-Museker hunn do e bësse méi eng relax Manéier. Mat Millioune geliesene Partituren, honnerte vun Impro-Sessions an enger bommesëcherer musikalescher Intuitioun, kann een am Moment liewen, an och spillen. Dat huet dëst Joer dee fir d’éischt am Hierscht organiséierten, wichtegsten Jazz Festival am Land "Like a Jazz Machine" nach eemol gewisen.
  • Filmkritik: "Ni vue, ni connue" 09.10.2026
    Eng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.
  • Filmkritik: "Primetime" 09.10.2026
    A senger Reality TV-Emissioun lackelt en Animateur méiglech Kannervergewalteger an d'Fal. Dem Lance Oppenheim säin Debutfilm exploréiert déi ruckelzeg moralesch Ofgrënn, an déi d'Medien, am Zesummeschloss mat der Police a Selbstjustiz-Gruppen, kënnen ofstierzen. Eng Kritik vum Michel Delage.
  • Lëtzebuerg op der Vienna Design Week 09.10.2026
    Dëst Joer war Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" huet sech alles em d’Stëmm vum Design gedréint. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radio 100,7-Freelancerin Emma Hizette huet eng Parti Live-Interviews, an deenen Lëtzebuerger Designer:inne mat engem auslännesche Binôme diskutéiert hunn, gemaach. Am Jeff Schinker senger Reportage gi mer gewuer, wéi et zu der Invitatioun op Wien koum, wat d'konzeptuell an zeenographesch Erausfuerderunge vun der Ausstellung waren a wisou et wichteg ass, dass mat dëser Expo, déi och als Archiv funktionéiert, éischt Schrëtt a Richtung Geschichtsschreiwung vum Lëtzebuerger Design ënnerholl goufen.
  • D'Bün fir politesch Messagen notzen? 08.10.2026
    Zënter 30 Joer stinn d'Sportfreunde Stiller op der Bün a ware gëschter och am Atelier op Besuch. Am Gespréich mam Sänger Peter Brugger ass et ëm de Gebuertsdag gaangen, deen si als Band feieren awer och ëm déi politesch Verantwortung vu Kënschtler:innen gaangen.
  • The Gentlemen: Vum britteschen Adel an d'Ënnerwelt 08.10.2026
    Den Eddie ierft nom Doud vu sengem Papp net nëmmen den Titel an d'Familljenhaus, mee entdeckt och eng riseg Cannabis-Plantage op sengem Terrain. Onfräiwëlleg geréit hien esou an eng Welt vun Drogendealer a Gangsteren – an ëmmer méi déif an déi kriminell Geschäfter eran. „The Gentlemen“ verbënnt schwaarzen Humor, skurril Personnagen a Spannung am typesche Guy-Ritchie-Stil – an ass dobäi virun allem herrlech absurd.

Populær i

Denne podkasten finnes også i podkast-listene til disse landene.