Wat s de net sees!
radio 100,7
0
Sprooch, Méisproochegkeet, Lëtzebuergesch ... Eng Emissioun fir all sproochbegeeschtert Persoun
Episoade
-
Vun „Taschenueren“ a „Kratzeren“ 21.05.2026An dëser Episod erzielt den Daniel Wagener vum ZLS eis, firwat d’KI sech deelweis nach mam Lëtzebuergesche schwéierdeet. Unhand vun enger KI-generéierter Geschicht gi mer gewuer, datt sech Toole wéi ChatGPT zum Beispill gär mol Wierder ausdenken, déi et esou am Lëtzebuergeschen eigentlech net gëtt. Den Daniel Wagener verréit eis, wourunner dat läit: nämlech un engem Mangel un Daten. Well där brauch eng KI méiglechst vill an am beschten aus verschiddene Quellen. Ma firwat ass grad dat fir d’Lëtzebuergescht eng Erausfuerderung a wat gëtt gemaach, fir d’KI an Zukunft nach méi fit am Lëtzebuergeschen ze maachen?
-
Vu Buschtawenzopp, Héngerbritt a Gazpacho 07.05.2026An dëser Episod erzielt d’Isabel Andrade Bento vum ZLS, wat een esou alles ënner Zopp ka verstoen. Wéini ass eng Zopp eng Zopp? Wat sinn d’Krittären, déi dës Plate mussen erfëllen, fir esou bezeechent ze ginn, a wat qualifizéiert se, fir am LOD opgeholl ze ginn? Wat sinn d’Iwwersetzungen, déi am Lëtzebuerger Online Dictionnaire fir dës Wierder proposéiert ginn, a wéi eng Froe stelle sech beim Redigéiere vun esou Artikelen?
-
Vu Muttergottessen a Wollekekrazerten 30.04.2026Setzt Iech un den Dësch a kuckt Iech d’Läffelsgeschier emol un – mam linguistesche Brëll op der Nues! D’Forschett kënnt aus dem Franséischen, d’Messer aus dem Däitschen. De Läffel och, mee do gouf awer scho méi drun hantéiert: Aus dem däitsche Löffel ass e lëtzebuergesche Läffel ginn. Eent zu eent iwwerholl oder verlëtzebuergescht? Wat fir eng Fäll kann een am Lëtzebuergesche begéinen? A gëtt et eng Upak, fir et ëmmer “richteg“ ze maachen? Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch presentéiert e puer esou Fäll an deelt seng Gedanken iwwer dës Froen.
-
De Léiw oder de Léif? Eng haart Noss … oder net? 23.04.2026Bei ville Wierder ass ee sech net sécher, wéi se hanne geschriwwe ginn. Et schreift een nämlech net ëmmer dat, wat een héiert. Ass et “gudd“ oder “gutt“, “e Léiw“ oder “e Léif“, “eng Kierb“ oder “eng Kierp“? Do kann ee schonn emol duercherneekommen. D’Josiane Boever presentéiert an dëser Episod en einfachen Trick, fir dës kniwweleg Wierder ëmmer richteg ze schreiwen.
-
Lues, d’Miissi mécht grad eng Dada! 16.04.2026An dëser Episod hëlt d’Nathalie Entringer Iech mat op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Kannersprooch, vun der Miissi iwwer de Brummbrumm bis bei d’Dada. Lauschtert eran, wann Dir méi wëllt doriwwer gewuer ginn, wéi kleng Kanner - awer och déi Erwuessen, déi mat hinne kommunizéieren - schwätzen.
-
Räifränsch a Rulänner: e sproochleche Bléck op d’Riefzorten 26.03.2026Riefzort a Cepage, Pinot gris a Rulänner – wat gëtt et Sproochleches iwwer d’Riefzort als Wuert selwer, awer och iwwer déi verschidde Riefzorten, déi een op der Lëtzebuerger Musel dacks begéint, ze soen?
-
Autoantonymmen (Januswierder) 19.03.2026An der Episod vun haut gi mer eppes iwwer Autoantonymmen, och Januswierder genannt, gewuer. Domat si Wierder gemengt, déi mindestens zwee Sënner hunn, déi kontradiktoresch sinn. Dëst ass e Phenomeen, deen et a ville Sprooche gëtt, awer relativ seele virkënnt.
-
Homonymmen, Homofonen an Homografen an der Lëtzebuerger Sprooch 12.03.2026Et geet ëm Wierder, déi d’selwecht ausgeschwat respektiv d’selwecht geschriwwe ginn, awer ënnerschiddlech Bedeitungen hunn. D’Isabel Andrade Bento erkläert och unhand vun e puer Beispiller, wéi déi Wierder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gewise ginn.
-
Neologismussen am LOD 05.03.2026Nodeems an enger viregter Episod iwwer d’Neologismussen am eelere Luxemburger Wörterbuch geschwat gouf, kuckt den Daniel Wagener dës Kéier, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire zu dësem Theema verréit.
-
Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch 26.02.2026Mixer, Täschebuch a Lënsch: An dëser Episod geet et ëm Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch (LWB). D’Sara Martin erkläert, wat sech hanner dem Term “Neologismus“ verstoppt, an huet eng ganz Partie Beispiller aus dem LWB matbruecht.
-
"Mammesprooch“ 19.02.2026Fir den internationalen Dag vun der Mammesprooch den 21. Februar hëlt d’Sarah Muller de Begrëff "Mammesprooch“ ënner d’Lupp.
-
Eng Ausstellung iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch 12.02.2026"D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“- esou heescht déi mobil Ausstellung vum ZLS, dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, déi zanter 2023 den Tour duerch d’Land mécht. Wéi déi Ausstellung ausgesäit a wat den Inhalt ass, gitt Dir an dëser Episod gewuer.
-
D’Sprooch vun den Aen 05.02.2026Géi mer aus den Aen! Oder éischter: Ech hunn nëmmen Ae fir dech? Villes dréint sech an eiser Sprooch ronderëm d’Aen, wa mer iwwer Gefiller schwätzen. D’Josiane Boever huet eis e puer Beispiller matbruecht.
-
From digits to digital: D’Liesmaschinn an d’Zuelen 29.01.2026Vun Zuelwierder a Kommazuelen: An dëser Episod schwätzen d’Sara Martin an de Christopher Morse vum ZLS iwwer d’Zuelen am Lëtzebuergeschen an doriwwer, wéi d’Liesmaschinn léiert, mat verschiddenen Zueleformater ëmzegoen.
-
Beim Wënzer an der Kellerei 22.01.2026Wat ass Balleg? Wat sinn Heffen? Haut geet et ëm Begrëffer, déi ee wärend an och no der Lies beim Wënzer an der Kellerei héiert.
-
Verkéiert a verknäppt - E puer Wierder ëm d’Gezei 15.01.2026Jiddereen huet sech alt emol moies an der Däischtert ugedoen an ass da méi spéit am Dag - méi oder manner diskreet - drop higewise ginn, datt e Stéck Gezei net esou gedroe gouf, wéi et am Fong geduecht war. Mee wéi eng Wierder gi gebraucht, fir dat ze maachen? Den Alexandre Ecker geet op déi verschidden Aart a Weisen an, mat deenen ee kann ausdrécken, datt e Kleedungsstéck falsch ugedoe gouf.
-
De Klickklack beim Fänkches 08.01.2026Buet, Haischen a Klickklack: D’Sara Martin vum ZLS hëlt eis mat zeréck an d’Kandheet a schwätzt iwwer Fänkches an déi verschidde lëtzebuergesch Bezeechnunge fir déi "sécher“ Plaz, wou een net konnt gefaange ginn.
-
D’Etymologie vu lëtzebuergesche Wierder 18.12.2025De Sam Mersch gëtt en Abléck an d’Originne vu verschiddene Wierder.
-
Chrëschtdagslektür: Lëtzebuergesch. Vom Schnëssen und Schneeken 11.12.2025D’Nathalie Entringer schwätzt an dëser Episod iwwer e flott a kompakt Buch, dat si zesumme mam Sam Mersch geschriwwen huet an dat am September beim Duden (Cornelsen Verlag) erauskoum.
-
Vu gefëllte Croissanten a selwergemaachte Boxemännercher 04.12.2025An dëser Episod geet et ëm Grammaire, Variatioun an der Sprooch an den LOD. D’Nathalie Entringer erkläert eis, firwat verschidde Leit e gefëllten, anerer awer e gefëlltene Croissant iessen a wat fir Informatiounen een iwwer dëse Phänomeen am LOD fënnt.
Popular în
Acest podcast apare și în topurile de podcasturi din aceste țări.