Moiesstudio

Moiesstudio

radio 100,7
Țara Luxemburg
Genuri Știri
Limba LB
Episoade 50
Ultimul 09.10.2026

Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.

Episoade

  • Mam Serge Tonnar: Am Chouer fir d'mental Gesondheet sangen 09.10.2026
    De bekannte Museker sensibiliséiert dëse Weekend mat engem Videotournage fir d'mental Gesondheet. A jidderee ka matmaachen.
  • FC UNA Stroossen: Deen aktuell spannendste Veräin am Lëtzebuerger Fussball 09.10.2026
    2015 ass de de Club an d'BGL Ligue opgestiegen, huet sech do fest etabléiert an zielt elo zu de Spëtzeveräiner. E Gespréich mam President Luc Hilger.
  • "Schëdde" fir de Nëssmaart 09.10.2026
    De Sonndeg ass erëm den traditionelle Veianer Nëssmaart. Den Organisateuren no kommen all Joer bis zu 20.000 Visiteuren den zweete Sonndeg am Oktober verschidden Nëssproduiten op Veianen genéissen. Leschte Weekend hu sech dofir schonn e puer Dose Fräiwëlleger aus lokale Veräiner getraff, fir Nëss ze “schëdden”, wéi een an der Fachsprooch seet.
  • 3 Joer Remboursement vun der Psychotherapie: Et bleiwe grouss Hürden 09.10.2026
    Zënter 2023 gëtt d'Psychotherapie vun der CNS rembourséiert, mee d'Hürde bleiwe grouss. An och d'Konventioun tëschent der FAPSYLUX an der CNS léisst op sech waarden. D'Sophie Schroeder mat engem Bilan.
  • Literatur-Nobelpräis: Wéi zougänglech ass d'Wierk vun der Anne Carson? 09.10.2026
    Mir froen d'Schauspillerin Pascale Noé Adam, déi viru Kuerzem nach en Theaterstéck vun der Anne Carson opgefouert huet.
  • Retronom - En neie Geschichtspodcast vum Radio 100,7 08.10.2026
    Zënter de Moien ass déi éischt Episod online. Den Historiker Pit Peporté seet eis, ëm wat et geet.
  • Vera Bertemes-Hoffmann: Ginn d'Lafschong ganz un den Nol gehaang? 08.10.2026
    D'Lëtzebuerger Leeferin trëtt net méi bei internationale Compétitiounen un. Mir froe si, ob si och keng Courssen hei am Land méi wëllt lafen.
  • Jugendschutzreform: Ministèren trotz Kritik vum Staatsrot optimistesch 08.10.2026
    Kuerz virun der Summerpaus hat de Staatsrot a sengen zousätzlechen Avisen op en Neits eng Partie Opposition-formellen ausgeschwat. Bis Enn dës Joers sollen d'Texter elo nach eng Kéier ugepasst ginn. Bei wat fir enge Punkten et bei dëser komplexer Reform nach hapert.
  • Kleederfloumaart fir de gudden Zweck 08.10.2026
    Zu Biereng bei Miersch kann een dëser Deeg déi eng oder aner gutt Affär maachen, an dat och nach fir de gudden Zweck. D’Aktiv Frae Miersch organiséieren zweemol d’Joer e Second Hand Maart fir Kanner an Erwuessenekleeder – an de gesamten Erléis gëtt gespent. D’Initiativ hat kleng ugefaangen, mee antëscht krut se nawell eng grouss Envergure: Nom leschte Maart am Mäerz huet d’Associatioun iwwer 70.000 Euro gesammelt. Wien, a virun allem, wéi vill Aarbecht stécht derhannert?
  • Budgetsprojet 2027: "Mir sinn nach ëmmer an enger Culture de dépense" 08.10.2026
    Den Direkter vun der Handelskummer Carlo Thelen fuerdert a punkto Budgetspolitik méi Wäitsiicht. Seng an eng Rei aner - meeschtens kritesch - Reaktiounen hu mir zesummegefaasst.
  • Stroossen-EM am Cyclissem: Bronze fir Lëtzebuerg am Mixed Relay 07.10.2026
    De President vun der Vëlos-Federatioun, de Camille Dahm, reagéiert bei eis am Interview.
  • En Droits-Student kämpft eleng fir säi Recht - mat Erfolleg 07.10.2026
    Well hie keng Studieplaz an der Medezin krut, huet de jonke Lëtzebuerger Axel Dris géint de belsche Staat geklot - a vum Europäesche Geriichtshaff Recht kritt.
  • EU-Erweiderung: Nei Reegele fir nei EU-Memberen 07.10.2026
    D’Europäesch Unioun preparéiert sech drop, nei Memberen opzehuelen. Véier Länner si ganz vir an där aktueller Prozedur vun der Erweiderung vun der Europäescher Unioun: Et sinn dat Montenegro, Albanien, Moldau an d’Ukrain. Fir si gëtt an den nächsten Deeg eng “Road map” mat konkreeten Etappe presentéiert. Dat huet d’Europäesch Kommissioun en Dënschdeg matgedeelt. D’Kommissioun wëllt och d’Reegele vun deem Erweiderungs-Prozess upassen. Dat wier néideg, fir datt d’EU wuesse kann. Wat schwieft Bréissel fir d’Zukunft vun där jo dacks ëmstriddener EU-Erweiderung vir? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
  • Nei am Kino: Dës Filmer lafen haut un 07.10.2026
    De Michel Delage mam Iwwerbléck vun de neie Sortien.
  • Wëssenschaft oder Gefill: Op wat solle Spëtzecycliste lauschteren? 07.10.2026
    Mir froen de Lëtzebuerger Trainer Dan Lorang, dee bei der Ekipp Lidl-Trek eng Rei Spëtzecoureure betreit, déi am Moment op der Stroossen-EM a Slowenien um Depart sinn.
  • 7. Oktober: Wéi eng Nowierkungen huet den Hamas-Ugrëff 3 Joer dono? 07.10.2026
    Mir schwätze mat eisem Korrespondent an Israel.
  • Wat sinn d'Risiken am Gesondheetssecteur? 06.10.2026
    Virun allem Cyberugrëff, de Manktem u Ressourcen an Ëmwelt-Facteure wiere Risike fir de Gesondheetssecteur hei. Zu där Conclusioun kënnt eng Etüd vun der FHL. Explikatioune vun der Dr. Martine Goergen, Generaldirektesch vum CHL a Co-Autrice vun der Etüd.
  • Schülerprotester: Wéi ass d'Situatioun zu Metz? 06.10.2026
    Mir schalte live op d'Plaz fir eis e Bild vun der Situatioun ze maachen.
  • Firwat ginn et grad elo Neiwalen a Spuenien? 06.10.2026
    Mir froen eis Korrespondentin Aurélie Chamerois.
  • UNEL solidariséiert sech mat Protest vu Schüler:innen a Frankräich 06.10.2026
    D’Lëtzebuerger Studenten-Unioun UNEL weist sech solidaresch mat de protestéierende Lycéesschüler a Frankräich. Si kritiséiert déi schlecht Konditiounen an de Schoulen, verurteelt Gewalt op béide Säiten a warnt dovun, déi ganz Beweegung op d’Ausschreidungen ze reduzéieren. De Generalsekretär Angelo Locatelli erzielt dobäi och vu sengen eegene schlechten Erfarungen als Student zu Stroossbuerg.

Popular în

Acest podcast apare și în topurile de podcasturi din aceste țări.