The Fox Talk - Handball Diddeleng

The Fox Talk - Handball Diddeleng

Handball Diddeleng
Țara Luxemburg
Genuri Sports
Limba LB
Episoade 2
Ultimul 09.06.2026

De Podcast 'The Fox Talk - Handball Diddeleng' bitt spannend Insider-Stories, éierlech Gespréicher an och mol e gudde Schotz Quatsch aus der Welt vum Handball Diddeleng an eise Fiiss. Keng Superstars – mee 100 % lëtzebuergesch Handballpassioun mat Häerz, Harz an heiansdo Muskelkater. Mat Gäscht direkt aus eisem Veräin, vill Laachen an einfach e bëssen Handball-Talk. All Mount eng nei Episod – fir jiddereen, deen sech nëmme Minimal fir den Handball zu Lëtzebuerg an zu Diddeleng interesséiert.

Episoade

  • #2 - mam Zoé Caruso | "Ech hunn déi Mentalitéit réischt säit dëser Saison" 09.06.2026 1h 13min
    D'Zoé Caruso - vum klengen Tollpatsch zum All-Star op der Riester Bant ! Wéi ass et dozou komm? Wat huet hatt geprägt? A wéi huet hatt den Championstitel gefeiert? An natierlech gëtt et net nëmmen Handball: Ass hatt méi Team Kaiserschmarren an Après-Ski oder léiwer Cocktail op der Plage? Lauschtert eran a léiert d’Zoé vun enger anerer Säit kennen – bescheiden, sympathesch an haut ee vun de wichtegste Piliere vum HBD.
  • #1 - mam Aldin Zekan | "Ech weess, wou ech hierkommen" 21.04.2026 1h
    E klenge Androck an dem Aldin Zekan seng Welt. Wat et heescht mat 2 Bridder opzewuessen déi och Handball spillen, wat seng Meenung zum lëtzebuerger Handball ass an nach vill méi. Hien gëtt eis och e klengen Abléck hannert Kulisse vun eisen Hären, wien nervt, wien ass de Clown a wien hätt dann heiansdo besser manner ze schwätzen. Wat hält den Aldin vun der aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg a wei gesäit säi Liewen aus. Mir si frou dass den Aldin sech eis offenbar huet an eisen éischten Invitée war.

Popular în

Acest podcast apare și în topurile de podcasturi din aceste țări.