Panorama

Panorama

radio 100,7
Страна Люксембург
Жанры Новости
Язык LB
Эпизодов 50
Последний 17.07.2026

National an international Noriichten

Эпизоды

  • Owespanorama 17.07.2026
    1. D‘Reegele fir den Emissiounshandel an der EU gi gelockert – dat ënner anerem wéinst den héijen Energiepräisser 2. Den Drock op den Uniounsfraktiounschef Jens Spahn gëtt méi grouss, elo wëllt sech d‘CDU Spëtzt domat befaassen, sot de Friedrich Merz 3. Lëtzebuerg hätt deen onbeléiftste Premier iwwerhaapt – kritiséiert d‘LSAP
  • Mëttespanorama 17.07.2026
    1. D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC fuerdert eng Moderniséierung vun der Fonction Public 2. De CGDIS steet virun der Erausfuerderung genuch Fräiwëlleger ze fannen a si och op laang Siicht am Déngscht ze halen, dat sot den CGDIS-Direkter Paul Schroeder de Moie bei eis op der Antenn 3. Den US-President Donald Trump suergt e puer Méint virun den Tëschewale fir den US-Kongress op en Neits fir Mësstrauen u fairen a fräie Walen an den USA 4. No de grousse Bëschbränn zu Fontainebleau a Frankräich goufen elo zwee Bauaarbechter ugeklot. Si solle responsabel sinn, datt deen éischte Brand e Sonndeg ausgebrach ass
  • Moiespanorama 17.07.2026
    1. CGDIS: Hëtzwellen ware fir d'Rettungsdéngschter intensiv 2. Lëtzebuerg hält weider un der Ënnerstëtzung vun der UNRWA fest 3. Donald Trump reprochéiert China Manipulatioun vun den US-Walen
  • Moiespanorama 17.07.2026
    1. Regierung wëllt de Wunnengsbau ukuerbelen 2. Lëtzebuerg hält weider un der Ënnerstëtzung vun der UNRWA fest 3. Donald Trump reprochéiert China Manipulatioun vun den US-Walen
  • Owespanorama 16.07.2026
    1. D‘Regierung wëllt mat siwe Mesuren de Wunnengsbau no vir bréngen – dat virun allem mat steierleche Virdeeler 2. De CGDIS denkt iwwer eng besser Bezuelung vu senge fräiwëllege Pompjeeën an Ambulancieren no – Detailer huet de CGDIS awer net genannt 3. De belsche Cyclist Tim Merlier séchert sech haut seng drëtt Etappevictoire an der Tour de France vun de Männer
  • Mëttespanorama 16.07.2026
    1. De LUCET ruddert zeréck an der Fro, ob et Divergenze gouf tëschent der Uni an dem Edukatiounsministère iwwer d’Publikatioun vum Rapport iwwer de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul 2. An der Suite vun der Messerattack op en Affekot den 12. Juni zu Ettelbréck verurteelt de Barraeu vun Dikrech nach eemol all Gewaltdot vis a vis vun hire Memberen 3. “Mir sinn net frou doriwwer” - dat seet d’Lëtzebuerger Transportministerin Yuriko Backes iwwer de belsche Plang, ee Peage-System op den Autobunnen anzeféieren 4. Den EU-Kommissär fir d‘Migratioun Magnus Brunner plädéiert dofir déi däitsch Grenzkontrollen no an no nees ofzeschafen, elo wou déi nei europäesch Asylreform a Kraaft ass
  • Moiespanorama 16.07.2026
    1. Chamber hëlt Finanzement fir den Ausbau vum Tram un 2. Noen Osten: Zeechen nach ëmmer net op Deeskalatioun 3. Frankräich mécht Wee fir Reform vu Stierfhëllef endgülteg fräi 4. Argentinien ass zweete Finalist vu Fussball-WM
  • Moiespanorama 16.07.2026
    1. Chamber hëlt Finanzement fir den Ausbau vum Tram un 2. Noen Osten: Zeechen nach ëmmer net op Deeskalatioun 3. Frankräich mécht Wee fir Reform vu Stierfhëllef endgülteg fräi 4. Argentinien ass zweete Finalist vu Fussball-WM
  • Owespanorama 15.07.2026
    1. Pensiounskeess huet 2025 243.000 Pensiounen ausbezuelt 2. Fonds de compensation: Reserve bréngen 1,25 Milliarden u Revenu vu Placementer 3. Gréng Luucht vu Chamber fir Verlängerung vu Klimabonus Wunnen 4. 23 Firmaen hu Camionsflott op Elektro ëmgestallt 5. Sozialpartner gi sech eens iwwer Aktiounsplang Kollektivverträg
  • Mëttespanorama 15.07.2026
    1. D‘Sozialpartner goufe sech de Moien iwwer deen nationalen Aktiounsplang fir Kollektivverträg eens, dee kann elo op Bréissel geschéckt ginn 2. D'Chamber huet d'Reform vum Gesetz iwwer de Beruff vun den Infirmieren an Infirmièren ugeholl. D'Presidentin vun der Associatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanf, gesäit awer wéineg konkreet Verännerungen a fuerdert méi Autonomie um Terrain 3. An engem Schreiwes weist d‘Enregistrementsverwaltung all Virwërf zeréck, déi den Entrepreneur Kindy Fritsch op LinkedIn verëffentlecht huet 4. An der Fussballweltmeeschterschaft konnt sech Spuenie gëschter Owend 2:0 géint Frankräich duerchsetzen an ass domat deen éischte Finalist Deen zweete Finalist decidéiert sech dann haut den Owend am Match tëschent England an Argentinien
  • Moiespanorama 15.07.2026
    1. Stëmm vun der Strooss fuerdert ganzjäreg Opfangstruktur 2. Gesetz zu Revaloriséierung vum Infirmiersberuff: Kritik vun der Oppositioun 3. Keng Grenzkontrolle méi tëschent Spuenien a Gibraltar 4. WM: Spuenien an der Finall
  • Moiespanorama 15.07.2026
    1. Gesetz zu Revaloriséierung vum Infirmiersberuff: Kritik vun der Oppositioun 2. Keng Strof fir en 112-Operateur am Prozess ëm ënnerloossen Hëllef 3. Keng Grenzkontrolle méi tëschent Spuenien a Gibraltar 4. WM: Spuenien an der Finall
  • Owespanorama 14.07.2026
    1. 10 Joer feste Prisong fir een 18 Joer ale Mann, dee säi Stéifpapp ëmbruecht huet 2. Op der Kockelscheier wäerte vun Enn nächste Joer un Tester fir d‘Weltraumfaart gemaach ginn. D‘Chamber huet de Mëtteg mat grousser Majoritéit de Gesetzesprojet fir de Finanzement vum geplangten Testzenter um Space Campus op der Kockelscheier ugeholl 3. D‘Bränn am Bësch vu Fontainebleau wieren agegrenzt - 6 Verdächteger wiere virleefeg festgeholl ginn, dorënner ee fräiwëllege Pompjee, deen d‘Faiten och zouginn huet 4. D‘Ënnerstëtzerlänner vun der Ukrain ginn den nächste Schrëtt: se wëllen zesumme militäresch üben
  • Mëttespanorama 14.07.2026
    1. Etüd iwwer Projet ALPHA: LSAP an déi gréng reprochéiere Claude Meisch schlecht Kommunikatioun 2. Léon Gloden informéiert iwwer illegal Openthaltsgeneemegungen 3. Däitschland erënnert un Iwwerschwemmungen am Ahrtal viru 5 Joer
  • Moiespanorama 14.07.2026
    1. De Rapport iwwer de Projet Alpha léisst nach vill Froen opstoen, där Meenung ass d‘Enseignantsgewerkschaft SEW 2. D‘EU-Staate goufe sech gëschter zu Bréissel net iwwer en neie Sanktiounspak géint Russland eens 3. D‘USA hunn hënt op en Neits den Iran bombardéiert, dat schonn déi drëtt Nuecht hannerteneen. Betraff war ënner anerem d‘Hafestad Bandar Abbas am Süde vum Land 4. Am Tour de France geet et haut an déi 10. Etapp, am Massiv central tëschent Aurillac an Le Lioran, wou Attacken um profiléierte Parcours mat siwe Colle méiglech sinn 5. Op der Fussballweltmeeschterschaft ass et dann den Owend déi éischt Halleffinall, ëm néng Auer treffe Spuenien a Frankräich openeen
  • Moiespanorama 14.07.2026
    1. De Rapport iwwer de Projet Alpha léisst nach vill Froen opstoen, där Meenung ass d‘Enseignantsgewerkschaft SEW 2. D‘EU-Staate goufe sech gëschter zu Bréissel net iwwer en neie Sanktiounspak géint Russland eens 3. D‘USA hunn hënt op en Neits den Iran bombardéiert, dat schonn déi drëtt Nuecht hannerteneen. Betraff war ënner anerem d‘Hafestad Bandar Abbas am Süde vum Land 4. Am Tour de France geet et haut an déi 10. Etapp, am Massiv central tëschent Aurillac an Le Lioran, wou Attacken um profiléierte Parcours mat siwe Colle méiglech sinn 5. Op der Fussballweltmeeschterschaft ass et dann den Owend déi éischt Halleffinall, ëm néng Auer treffe Spuenien a Frankräich openeen
  • Owespanorama 13.07.2026
    1. D‘Staatsfinanze bleiwen am Minus, sinn awer substantiell an d‘Luucht gaangen – nämlech duerch eng Ierfschaft vu bal 500 Milliounen Euro 2. Keen Urteel virun 2028: Et dauert nach bal annerhalleft Joer bis sech d’Verwaltungsgeriicht um Fong mat der Suspendéierung vum Dokter Philippe Wilmes auserneesetzt 3. D'Evaluatioune vum Pilotprojet ALPHA iwwer d'Alphabetiséierung op Franséisch sinn am grousse Ganze positiv 4. D‘USA wëllen d‘Strooss vun Hormus iwwerhuelen an 20 Prozent vun der Valeur vun der Fracht vun de Schëffer froen, déi duerchfueren. Dat huet den Donald Trump ugekënnegt
  • Mëttespanorama 13.07.2026
    1. Xavier Bettel: EU soll elo iwwer Ëmgang mat Produiten aus israeelesche Siidlungen decidéieren 2. Iran drot sech net méi u Kaderaccord ze halen 3. Experte recommandéieren Alterslimitt bis 13 Joer fir d‘Notze vu Soziale Medien
  • Moiespanorama 13.07.2026
    1. Nei amerikanesch Attacken hënt op den Iran, Teheran reagéiert mat Ugrëff op d‘Golfstaaten 2. De Premier Luc Frieden ass haut op Visitt zu Paräis, hien hëlt do un der Reunioun vun der Koalitioun vun de Wëllegen deel 3. Dat gréisst Bëschmassiv a Frankräich, d‘Forêt de Fontainebleau steet a Flamen, 400 Pompjeeë sinn am Asaz 4. Zu Bréissel sollen haut nei Rechter fir Fluchpassagéier definitiv gréng Luucht kréien
  • Moiespanorama 13.07.2026
    1. Nei amerikanesch Attacken hënt op den Iran, Teheran reagéiert mat Ugrëff op d‘Golfstaaten 2. De Premier Luc Frieden ass haut op Visitt zu Paräis, hien hëlt do un der Reunioun vun der Koalitioun vun de Wëllegen deel 3. Dat gréisst Bëschmassiv a Frankräich, d‘Forêt de Fontainebleau steet a Flamen, 400 Pompjeeë sinn am Asaz 4. Zu Bréissel sollen haut nei Rechter fir Fluchpassagéier definitiv gréng Luucht kréien

Популярен в

Этот подкаст также попадал в подкаст-чарты этих стран.