Fiasko Fest
radio 100,7
0
Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...
Эпизоды
-
S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin 14.06.2026Dat huet deemools scho wéigedoen. Och nach haut behaapt den Edwin Aldin, datt dat mat där enger Band do, déi hien zesumme mat engem Kolleeg gegrënnt huet, wierklech ee vu sengen einsaamste Momenter war. Wann op eemol alles ewechbrécht: d’Identitéit, d’Karriär an och d’Bezéiungen zu senge Kolleegen. Et war definitiv en Héichpunkt am Katalog vum Museker a Produzent senge perséinleche Scheitermomenter. Fiasko Fest mam Luc Spada iwwer e Mënsch, eng Séil, déi villes kann, awer näischt richteg?
-
S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling 07.06.2026D’Schauspillerin a Comedian Frédérique Colling huet net onbedéngt d’Gefill, datt si ëmmer dee beschten Timing huet. Vill Entscheedungen hätten och méi fréi getraff kënne ginn. Da misst een och net schwaach falen, wann eng Fra ee kësst. Mee wéi mir dacks an der Sendung Fiasko Fest vum Luc Spada léieren: Esou einfach ass et eben oft net. Och net op der Spillplaz, wuertwiertlech. Wou Leit einfach net verstoe kënnen, wéi dat dann ass, wann do ee Kand ass an zwou Fraen. Hei brauch et Gedold, mat sech, mat deenen aneren an am Liewen allgemeng.
-
S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live) 31.05.2026Den éischte Fiasko Fest Live am TNL ass mam Laurent Agostino. Dem Luc Spada säin Invité schwätzt ganz offen doriwwer, wéi et ass behënnert ze sinn a wat dat genau heescht. Hie fënnt et richteg vill iwwert sech a seng Behënnerung ze schwätze fir och deene Persounen ze hëllefen, déi sech do méi schwéier dinn. Souwuel matt dem Fakt selwer behënnert ze sinn, wéi och domadder, wéi een d’Wierder richteg benotzt. En déift Gespréich iwwer Liewen, Doud an déi Momenter, wou en ufänke muss, déi Situatioun unzehuelen, déi engem gebuede gëtt. Ganz an der Iddi vun: Entweder du gëss eens domat oder net. Kloer ass, dës Emissioun vu Fiasko Fest ass online an der Mediathéik an iwwerall do, wou dir gäre Podcasts lauschtert, als ongeschnidde Live Versioun ze lauschteren.
-
S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim 24.05.2026Fiasko Fest mam Laurent Prim ass warscheinlech eng vun den emotionaalste Sendunge fir de Luc Spada, zanterdeem hien iwwert all déi Momenter, déi net sou gutt lafen, um Radio 100,7 schwätzt . Et ass schwéier eppes ze beschreiwen, wat ee vergiesse well, obwuel et geschitt ass. Et muss een also leiere matt eppes ëmgoen, wat een net well, dass et geschitt ass. Mee och wann een et vergiess huet, heescht dat eben net, dass et ni geschitt ass. Den Ëmgang domadder, ouni sech elo engem Label zouuerdnen ze loossen, dat ass dat, ëm wat et geet. D’Muecht iwwert sech zeréck gewannen. An villäicht ass dat och genau de Grond, wisou et des Sendung gëtt.
-
S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz 17.05.2026Ween ass d’Simone Asselborn Bintz? Virun allem eng Fra vun hirem Mann, Mamm vu Kanner. Oder: Virun allem eng Partnerin. Dat ass wichteg ze wëssen. Esou fänkt d’Sendung un. An sou geet et weider: Heiansdo wier si och gären e Mann. Dofir gëtt et och e Grond. De gitt dir dann exklusiv bei Fiasko Fest mam Luc Spada gewuer. Mee och: D’Sendung fänkt lëschteg un, mä wéi et sech fir Loser gehéiert, ass net ëmmer alles sou einfach: et muss ee Shitstormen aushalen, méi al ginn an ëmmer dru bleiwen.
-
S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi 10.05.2026Et ass okay net ëmmer disziplinéiert ze sinn, natierlech. Mee wann ee seng Ziler erreeche wëllt, brauch et dann awer e bëssi dovun. An dann och nach Uni ofgebrach, jonk Papp ginn ... de Ricardo Prosperi huet e wäite Wee hanner sech. An awer: Näischt war eng méi grouss Erausfuerderung wéi sech der Trauer, nom Doud vun engem noe Mënsch, ze stellen, erzielt dee jonken Entrepreneur dem Luc Spada bei Fiasko Fest. A gläichzäiteg weess een duerno: Esou séier kann een näischt méi beandrocken. Méi schlëmm geet et jo awer sécher net, oder?
-
S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet 03.05.2026Un deem ganze Misär ass näischt Positives ze gewannen. Do brauch et keng verkläerte Romantik. Et ass een eleng an et muss een eleng do duerch. Wann eng schwéier Krankheet een erwëscht, kann ee sech am beschte selwer hëllefen. An am Fall vun der Kënschtlerin Chantal Maquet war déi eenzeg Chance, datt, um Ufank vun der ustrengender Therapie, net wäit vun hirer Wunneng zu Hamburg, eng Piscine opgemaach huet. An dat huet hier e bësse gehollef am Kampf géint de Kriibs. Moderéiert gëtt Fiasko Fest vum Luc Spada.
-
S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven 26.04.2026Eppes ass sécher: Wa beim Marianne Donven keen doheem ass, verléisst si hiert Haus direkt erëm. Si huet gäre Leit ronderëm sech. An ass och gäre fir Leit do. Eege Besoinen huet si eegener Ausso no komplett ofgeschaaft. Et gi jo schliisslech genuch Leit, déi nach ni an hirem Liewe Vakanz gemaach hunn. Oder an der Sauna waren. Wéi hänkt dat alles zesummen? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest genee no.
-
S03E31 Heiansdo deet et wéi: Tania Brugnoni 19.04.2026D’Tania Brugnoni ass Directrice vum MNAHA, elengerzéiend Mamm a ganz bewosst net an enger Bezéiung. A wéi et sech bei Fiasko Fest mam Luc Spada esou gehéiert, geet et och ëm déi donkel Stonnen, an deenen d’Hoffnung eleng net méi dréit. Fir déi ze iwwerwanne muss een zwar net gleeweg sinn, mee esou e klengt Stoussgebiet ka sécher net schueden. Egal a wéi eng Richtung. Virun allem, wann ee fréi geléiert huet, datt d’Liewen net garantéiert ass. Wat op laang Siicht de Virdeel huet, datt een zimmlech genee weess, wat een am Liewe wëllt.
-
S03E30 Heiansdo deet et wéi: Lena Rocca 12.04.2026E bëssi vun allem, vill Sport, als Model schaffen, un enger E-Sport Weltmeeschterschaft deelhuelen, awer och eng Karriär als Sängerin ustriewen a Biologie studéieren. D’Lena Rocca mécht vill. Vun allem e bëssi, näischt sou richteg? Gutt Fro! Sécher awer net méi zeréck an déi eng Schoul. Do, wou een ee vun deene “Komesche” war a sech net verstane gefillt huet. De Luc Spada freet no, awer et ass allgemeng bekannt: Bei Fiasko Fest ginn et zum Gléck keng sécher Äntwerten.
-
S03E29 Heiansdo deet et wéi: Jessica Lopes 05.04.2026D’Duechter vun enger elengerzéiender Mamm, Schrëftstellerin vun engem Buch a Soziologin, d’Jessica Lopes, weess wéi et ass, wann ee vill Fräiheet huet dat ze maachen, wat ee wëllt. Heescht also och, datt een e bëssi "egal wat" maache kann, éier een dann esou lues op de richtege Wee kënnt. Een, dee si souguer mat engem Master ofgeschloss huet. An haut? Et ass net ëmmer einfach en Deel vum System ze sinn, ouni vun der deemoleger Fräiheet profitéieren ze kënnen. Eng Fräiheet ouni Angscht. Wat ass dann do geschitt? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest genee no.
-
S03E28 Heiansdo deet et wéi: Christophe Reitz 29.03.2026Pragmatesch kann deChristophe Reitz (All Reitz Reserved) zimmlech gutt. Wéini dës Eegenschaft ubruecht ass (oder eben och net), erkläert de Museker dem Moderator LucSpada bei Fiasko Fest. Mee souvill sief verroden: Et huet natierlech mat Bequeemlechkeet ze dinn, mee net nëmmen. Och mat Angscht, mee net nëmmen. Et ass ni just dat eent oder dat anert, mee ëmmer bësse vun allem. An dohëlleft et sech heiansdo drun ze erënneren net ze streng mat sech selwerze sinn. Et muss jo awer weidergoen. Pragmatesch halt.
-
S03E27 Heiansdo deet et wéi: Krick 22.03.2026D’Krick ass zum Zombie ginn. Dat war éier si ugefaangen huet sech op hir Karriär als Musekerin ze konzentréieren. An domat och eng Iddi dovun ze kréien, wat et heescht fräi ze sinn. D’Fräiheet sech net zu eppes ze zwéngen, wat ee guer net wëllt a vläicht och guer net kann. Dat wier den Ufank. An da wier do nach dat mam sensibel sinn. Eigentlech eng gutt Saach, wéi de Luc Spada bei Fiasko Fest mengt. Oder net?
-
S03E26 Heiansdo deet et wéi: Alessia Bicchielli 15.03.2026Wéi eng Maschinn schaffen, einfach weider, net op den eegene Kierper lauschteren, alles fir d’Karriär. Datt dat net onbedéngt de richtege Mindset fir ee muss sinn, huet d’multidisziplinär Kënschtlerin a Moudendesignerin Alessia Bicchielli um eegene Kierper fir sech misse feststellen. Allgemeng kann ee soen, datt si hier Studienzäiten zu Mailand net a beschter Erënnerung huet. Wat alles geschitt ass a wisou si net méi den Dram huet fir d’Big Playeren an der Industrie ze schaffen, erzielt si dem Luc Spada bei Fiasko Fest.
-
S03E25 Heiansdo deet et wéi: François Benoy 08.03.2026Engagéiert sinn, voll a ganz un der Gesellschaft deelhuelen. An am Idealfall, klenge Spoiler, dës Welt e Stéck besser hannerloossen, wéi ee se virfonnt huet. Dat ass et, wat de François Benoy wëllt. An natierlech och méiglechst vill Leit op dëse Wee mathuelen, mee et muss een natierlech och entscheeden, wéini et genuch ass, well net all Mënsch bereet ass Léisungen op komplex Situatiounen ze fannen. Do gelt et “et net ze no u sech erunzeloossen.“ Méi dozou bei Fiasko Fest mam Luc Spada
-
S03E24 Heiansdo deet et wéi: Ninon 01.03.2026Just fir dass et kloer ass: Wann dir Anglizismen net verdrot, da musst dir elo ganz staark sinn. Et ass esou wéi d’Ninon sech am beschten ausdréckt an dat ass e Gléck, well d’Sängerin huet vill ze soen an och vill erlieft. Dat war net ëmmer einfach. Haut geet et hier awer gutt. Esou gutt, dass si Angscht huet et kéint all Moment eriwwer sinn, wat wierklech schued wier: Et ass grad sou schéin. Fiasko Fest gëtt moderéiert vum Luc Spada.
-
S03E23 Heiansdo deet et wéi: Laura Ferber 22.02.2026D’Laura Ferber leet zesumme mat hirem Brudder an der 4. Generatioun eng grouss Firma. Et geet ëm Hoer, souvill sief verroden. Hoer schneide ka si selwer leider net méi an den Dram vum Modele gouf iergendwann ënnerbrach. Et koum ee Moment, wéi si 24 Joer al, deen alles verännere sollt. An et huet vun do un och eng Zäit gedauert, bis si soe konnt: Et ass awer gutt. Vläicht ass et souguer e Kaddo. Fiasko Fest mam Luc Spada sicht alt erëm no Luucht am Donkelen, well Dir wësst: Mir sinn all Loser.
-
S03E22 Heiansdo deet et wéi: Céline Zimmer 15.02.2026An engem Raum mat (dacks) nëmme Männer. Eng Situatioun, déi dem Luc Spada seng Invitée bei Fiasko Fest scho méi dacks huet missen erliewen. A wéi dat dann esou ass, fillt sech dat besote Geschlecht net seelen dozou auserwielt, ongefrot seng Meenung matzedeelen, obwuel d’Expertin an deem Raum d’Architektin Céline Zimmer ass. A si och genee aus deem Grond an deem Raum do sëtzt. Hei brauch et Training an Zäit. An da geet et nach ëm dat eent Meedchen do, dat mat den Hoer am Gesiicht. Jo, dat spillt och eng Roll.
-
S03E21 Heiansdo deet et wéi: Nadine Robert 08.02.2026D’Nadine Robert ass Influencerin, Model an eng Persoun, déi aus den Erausfuerderunge vum Alldag eppes mécht, wat schwéier a Wierder ze faassen ass. Ëmmer faarweg ugedoen, ëmmer gutt gelaunt, ëmmer um "klimperen". De Luc Spada huet awer an dëser Emissioun vu Fiasko Fest Asiicht an d’Vergaangenheet vu senger Invitée kritt. Et war net ëmmer faarweg, net ëmmer schéin, mä och dacks ganz ellen, traureg an tragesch. E Gespréich vun enger Déift an Intimitéit, wéi een et esou guer an enger Sendung iwwer d'Scheitere seelen erlieft.
-
S03E20 Heiansdo deet et wéi: Gérard Thein 01.02.2026De Gérard Thein kennt seng Grenzen, et ginn der zwou. Eng no der éischter Bezéiung matt enger Etapp am Senegal an déi aner Grenz ass no Covid an engem schrecklechen Accident a sengem Betrib. Sécher ass: De Gérard Thein ass elo net méi "de Bouf vun", hien ass keng 10 Joer méi a muss elo Verantwortung droen. Och sécher: Zäit feelt ëmmer. De Luc Spada schwätzt hei an enger weiderer Folleg Fiasko Fest, heiansdo deet et wéi, mam Direkter vu Bonaria Frères iwwert Krisen, Famill a natierlech den Doud.
Популярен в
Этот подкаст также попадал в подкаст-чарты этих стран.