Moiesstudio
radio 100,7
0
Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.
Эпизоды
-
Wat sinn d'Risiken am Gesondheetssecteur? 06.10.2026Virun allem Cyberugrëff, de Manktem u Ressourcen an Ëmwelt-Facteure wiere Risike fir de Gesondheetssecteur hei. Zu där Conclusioun kënnt eng Etüd vun der FHL. Explikatioune vun der Dr. Martine Goergen, Generaldirektesch vum CHL a Co-Autrice vun der Etüd. -
Schülerprotester: Wéi ass d'Situatioun zu Metz? 06.10.2026Mir schalte live op d'Plaz fir eis e Bild vun der Situatioun ze maachen. -
Firwat ginn et grad elo Neiwalen a Spuenien? 06.10.2026Mir froen eis Korrespondentin Aurélie Chamerois. -
UNEL solidariséiert sech mat Protest vu Schüler:innen a Frankräich 06.10.2026D’Lëtzebuerger Studenten-Unioun UNEL weist sech solidaresch mat de protestéierende Lycéesschüler a Frankräich. Si kritiséiert déi schlecht Konditiounen an de Schoulen, verurteelt Gewalt op béide Säiten a warnt dovun, déi ganz Beweegung op d’Ausschreidungen ze reduzéieren. De Generalsekretär Angelo Locatelli erzielt dobäi och vu sengen eegene schlechten Erfarungen als Student zu Stroossbuerg. -
Filmtipp: "Naza" 06.10.2026An hirem brisanten Documentaire loossen d'Realisateure Yuval Avraham a Rachel Szor anonymm Membere vun der israelescher Arméi an de Geheimdéngschter ze Wuert kommen. Aus hiren Aussoe geet ervir, datt d'Arméi wärend de Bombardementer vun der Gazasträif net nëmmen Hamas-Militanten an d'Viséier geholl mee och geziilt Zivilisten ëmbruecht huet. Et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp. -
No zwou Defaiten: Wat ass den Owend vun de Roude Léiwen ze erwaarden? 06.10.2026Am Stade de Luxembourg geet et haut nach eng Kéier géint Bulgarien. Mir schwätze virdru mat eisem Expert Roland Schaack. -
Just an dräi Gemengen hunn d'Kanner och samschdes Schoul 05.10.2026Fir d’Schoulkanner vu Géisdref, Parc Housen a Pëtschent geet et moies fréi lass. Um 7:40 Auer schellt et am Schoulhaff – um 12:40 Auer hu si de Schouldag da gepackt. Mëttes hunn déi ronn 800 Schülerinnen a Schüler aus dësen dräi Gemengen dofir awer ëmmer fräi. Méiglech ass dat, well d’Schoulkanner hei och samschdes véier Stonne Cours hunn – wann och just 12 mol pro Schouljoer. -
Pascal Bermes: Schäffen a Lycéesdirekter 05.10.2026De Pascal Bermes (CSV) ass eent vun dräi neie Gesiichter am Escher Schäfferot. Als Direkter vum LGE preparéiert hie grad d'Feierlechkeete fir den 125. Anniversaire d'nächst Joer. -
Virwërf géint Amazon: Wéi reagéiert d'ITM? 05.10.2026E Mataarbechter huet sech anonym bei der Gewerbeinspektioun wéinst Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht beklot. Wat kann d'ITM do maachen? Froen un hiren Direkter Marco Boly. -
Wie verlount zu Lëtzebuerg? 05.10.2026Den Observatoire de l'habitat huet déi finanziell a wirtschaftlech Situatioun vun de Bailleuren ënnert d'Lupp geholl. D'Christiane Kleer huet e puer Constaten erausgepickt. -
Dréchent: 15 bis 20 Prozent finanziell Aboussen um Mäerterter Hafen 05.10.2026De Waasserpeegel um Rhäin läit plazeweis am negative Beräich – an der leschter Woch goufen eng sëllegen nei Rekorder opgestallt. Dat huet de Wuerentransport op där wichteger Waasserstrooss staark ageschränkt. Den Impakt dovun ass och am Mäerterter Hafen ze spieren, wéi den Direkter vu Luxport Gilles Braquet eis op Nofro erkläert. Hie rechent mat finanziellen Aboussen an Héicht vu 15 bis 20 Prozent am Verglach zum Betrib an normalen Zäiten. -
Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg? 02.10.2026Och wann am Fussball grad Lännerspillpaus ass, esou suergt ee Club awer aktuell fir ganz vill Opreegung: Manchester City. Den englesche Fussballclub kritt nämlech virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Dat kéint fir den 10-fachen englesche Champion elo ganz grave Konsequenzen hunn. Am Raum sti ganzer 115 Fäll an deene sech Manchester City net u gewëss Reegele gehal huet. Dat tëschent 2009 an 2018. De Jo Diseviscourt mat Explikatiounen. -
Zu Schieren geet en neit Wandrad un d'Netz 02.10.2026Domat klëmmt d'Zuel vun Eoliennen am Land op 78, vun deenen déi allermeescht vun der Entreprise Soler bedriwwe ginn. Hiren Direkter Paul Zeimet gëtt Explikatiounen. -
Return-hubs an neie Krise-Mechanismus: Wat seet Lëtzebuerg dozou? 02.10.2026Et wäert an Zukunft méiglech si fir EU-Länner, Migranten a Flüchtlingslagere baussent der EU ze schécken. Déi néideg gesetzlech Reegelung dofir gouf en Donneschdeg endgülteg adoptéiert. Ass Lëtzebuerg un esou engem Modell interesséiert? A wat denkt den Innenminister iwwer de Projet vun engem neie Krisen-Interventiouns-Mechanismus, bei deem och kéinten Asylprozedure kuerzfristeg ausgesat ginn? Dat froe mir de Léon Gloden am live-Interview. -
Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna – den Opus ass live dobäi 02.10.2026Léiert de Martin Rajna elo scho kennen. Den néngten a jéngste Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker huet am Opus Interview no der éischter Tutti-Prouf virgëschter verroden, wéi d’Chimie ass a wat fir dësen Optrëtt musikalesch geplangt ass. An dësem Gespréich hate mir och d’Méiglechkeet fir den 31 Joer jonken ungareschen Dirigent bësse besser kennen ze léieren. Den Opus iwwerdréit dem Martin Rajna säin Amtsuntrëttsconcert live aus der Philharmonie, haut den Owend um hallwer 8. -
Kritik un EU-Decisioun iwwer russesch Oligarche Fridman an Ousmanov 02.10.2026Et gëtt Kritik un der Decisioun, zwee russesch Oligarche vun der Lëscht vun den europäesche Sanktioune géint Russland erofzehuelen. Lëtzebuerg hat sech jo dofir agesat, de Geschäftsmann Mikhail Fridman, deen de Grand Duché op Schuedenersatz verklot huet, vun där Lëscht ze sträichen. D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet d’Decisioun vun där leschter Woch bedauert. Si géif dee ganze Sanktiouns-System ofschwäche seet iwwerdeems den Europadeputéierten Ivars Ijab. Op där anerer Säit géing Russland alles maache fir d’EU dozou ze bréngen, d’Ukrain net méi ze ënnerstëtzen. D’Danièle Weber huet mam lettesche Liberale geschwat. -
Dréchene Summer: Waasserstänn nach ëmmer aussergewéinlech niddereg 01.10.2026Och Enn September leien d’Waasserstänn a ville Flëss a Baachen nach däitlech ënner dem normale Beräich. Zu Hunchereng ass d’Mierbech zënter Méint dréchen, zu Hesper beweegt sech och d’Uelzecht nach op engem ganz niddregen Niveau. D’Waasserverwaltung rechent domat, datt esou Drécheperioden an Zukunft méi dacks optriede kënnen. -
E kritesche Bléck op d'Lëtzebuerger Baukultur 01.10.2026E Gespréich mam Architekt Christian Bauer, dem éischte Lauréat vum Lëtzebuerger Architekturpräis, deen am Juni fir säi Liewenswierk ausgezeechent ginn ass. -
Zënshausse: Wat bedeit dat fir d'Clienten? 01.10.2026D’Spuerkeess erhéicht op den Dag vun haut hir Zënsen ëm ee Véirel, also ëm 0,25 Prozent. Wat bedeit dat fir d'Clienten? Froen un de Claude Hirtzig vun der BCEE. -
Navigatioun um Rhäin leit nach ëmmer ënner Niddregwaasser 01.10.2026Wéinst deem déiwe Waasserstand kéinte verschidde Schëffer just nach zu 10 Prozent beluede ginn, seet de Raphaël Wisselmann, Chef-Ingenieur vun der Rhäin-Kommissioun.
Популярен в
Этот подкаст также попадал в подкаст-чарты этих стран.